Den Alain Atten hëlt d'Lëtzebuerger Sprooch op de Leescht
Sproochmates: De Lenz, 25/02/2024
Bis d'Fréijoer do ass, dauert wuel nach e Strapp. Den Alain Atten verspreet awer schonn e bëssche Virfreed ...
2/25/2024 • 3 minutes, 17 seconds
Sproochmates: Blasiendag, 04/02/2024
Geseente Käerzen, e Reech am Grapp, eng Sprenz am Hals an e Wollef deen d'Schwäin zeréckbréngt. Den Alain Atten zielt eis dann och nach, datt den hellege Blasius effektiv eppes mat blosen ze dinn huet ...
2/4/2024 • 3 minutes, 10 seconds
Sproochmates: Liichtmëssdag, 28/01/2024
Den Alain Atten erzielt haut vun engem Dacks a vu Schnéier aus Wues. Liichtmëssdag - de Brauch vum heesche goen ...
1/28/2024 • 2 minutes, 59 seconds
Sproochmates: Antunnendag, 21/01/2024
Den Alain Atten erzielt eis haut d'Geschicht vum Toni a sengem Schwäin.
1/21/2024 • 3 minutes
Sproochmates: Tëscht de Joren, 14/01/2024
Den Alain Atten hëlt eis nees mat op eng Zäitrees bei där eng Rechemaschinn nawell vu Virdeel ka sinn ...
1/14/2024 • 3 minutes, 11 seconds
Sproochmates: Dräikinneksdag, 07/01/2024
Hutt dir schonns är Galette des rois eragefeiert an d'Boun fonnt? Dann net vergiessen d'Kroun unzedoen. Dat ass jo esou e flotte Brauch ëm den Dräikinneksdag. Dozou gëtt et awer nach vill méi ze soen, eise Sproochmates Alain Atten geet deem Dag vum 6. Januar mol op de Fong.
1/7/2024 • 3 minutes
Sproochmates: D'Pätterstéck, 31/12/2023
De Sproochmates huet sech haut mam Pätterstéck.
12/31/2023 • 3 minutes, 10 seconds
Sproochmates: Plënnerchersdag, 24/12/2023
Haut ass Hellegowend. Muer Chrëschtdag an iwwermuer den 2. Chrëschtdag, Stiefesdag. Den Alain Atten erënnert awer nach un e ganz alen Numm fir de 26. Dezember ...
12/24/2023 • 3 minutes, 5 seconds
Sproochmates: de Chrëschtbeemchen, 17/12/2023
Den Alain Atten zielt eis haut eppes iwwert de Beemchen.
12/17/2023 • 3 minutes, 4 seconds
Sproochmates: Den Adventskranz, 10/12/2023
4 Käerze fir déi 4 Sonndeger viru Chrëschtdag. Den Alain Atten erzielt haut iwwert de Brauch vum Adventskranz.
12/10/2023 • 3 minutes, 6 seconds
Sproochmates: De Kleeschen, 03/12/2023
D'lescht Woch huet den Alain Atten eis eng Rutt bruecht, haut ginn et Kaddoen an e gutt gefëllten Teller. Nach 3 mol schlofe goen, dann ass Niklosdag.
12/3/2023 • 3 minutes, 5 seconds
Sproochmates: Den Housécker, 26/11/2023
Nach 10 mol schlofe goen, da kënnt en. Mä de Kleeschen huet jo meeschtens nach een dobäi. An iwwert deen erzielt haut eise Sproochmates Alain Atten.
11/26/2023 • 3 minutes, 1 second
Sproochmates: Katréngendag, 19/11/2023
Vun der Maus Ketti bis bei de Familljennumm Treinen: D'Catherine ass omnipresent am Lëtzebuerger Ländchen.
11/19/2023 • 3 minutes, 6 seconds
Sproochmates: Mäertesdag, 12/11/2023
Gëschter war säin Dag. An der Zäit war Mäertesdag de Rendezvous fir Wënzer a Baueren. Den Alain Atten erënnert un de réimeschen Zaldot dee säin Mantel gedeelt huet ...
11/12/2023 • 3 minutes, 12 seconds
Sproochmates: Haupeschdag, 05/11/2023
Vun Hellegen, Pateren, Béischten, Bréidercher, Schlësselen, Tollwut, Juegd a Maart: Den Alain Atten war nees a seng Archive wullen.
11/5/2023 • 2 minutes, 52 seconds
Sproochmates: Allerhellegen, 29/10/2023
Allerhellegen oder Halloween? Den Alain Atten probéiert béides ënnert een Hutt ze kréien.
10/29/2023 • 3 minutes, 7 seconds
Sproochmates: Aus den Uuchten, 22/10/2023
Vu Spannrieder, Liichtspéin a Maulafen ... den Alain Atten hëlt eis mat an eng Zäit wou nach alles seng Zäit hat.
10/22/2023 • 3 minutes, 6 seconds
Sproochmates: Rommelsluuchten, 08/10/2023
Allerhellegen ass nach net fir haut a muer, den Alain Atten bastelt awer schonn um Trauliicht.
10/8/2023 • 3 minutes, 7 seconds
Sproochmates: Drauwelies, 01/10/2023
Den Oktober gëtt och nach "Wäimount" genannt. Den Alain Atten hëlt eis haut mat an de Wangert.
10/1/2023 • 2 minutes, 55 seconds
Sproochmates: Méchelsdag, 24/09/2023
Vu Misch bis Mike: Méchelsdag. Fréier mol e Feierdag am Bauerewiesen an am Handwierk. Den Alain Atten hëlt eis mat zeréck bis an d'Mëttelalter.
9/24/2023 • 2 minutes, 57 seconds
Sproochmates: Gromperevakanz, 17/09/2023
Déi grouss Vakanz ass eriwwer. Mä fréier gouf et am Hierscht dacks nach eng zousätzlech Vakanz. Schold heirun war d'Gromper. E Fall fir den Alain Atten.
9/17/2023 • 2 minutes, 58 seconds
Sproochmates: Den éischte Séimann, 03/09/2023 08:20
Dës Woch beschäftegt den Alain Atten sech mam Patréiner un deen den 1. September geduecht gouf. Den hellege Gilles, a wat deen Datum esou wichteg mécht.
9/3/2023 • 0
Sproochmates: D'Fouer, 27/08/2023 08:20
Beim Alain Atten dréint sech haut alles ronderëm déi Stater Kiermes um Glacis.
8/27/2023 • 0
Sproochmates: Kiermesdag, 20/08/2023 08:20
't ass Kiermes am Duerf ... an dëser Deeg jo an der Stad. Den Alain Atten hëlt de Brauchkalenner nees eraus.
8/20/2023 • 0
Sproochmates: Krautwëschdag, 13/08/2023 08:20
De Feierdag matzen am Summer: Maria Himmelfaart, Krautwëschdag Léiffrawëschdag - den Alain Atten erzielt aus vergaangenen Zäiten ...
8/13/2023 • 0
Sproochmates: Luerenzdag, 06/08/2023 08:20
Brandhellegen, Wiederhellegen ... a wat de Laurent mat Luerenzweiler an Ungarn verbënnt: Den Alain Atten huet den Iwwerbléck.
8/6/2023 • 0
Mam Sproochmates an de Karschnatz, 30/07/2023 08:20
Den Alain Atten entféiert eis an eng Zäit wou nach kee Méidrescher iwwert d'Feld getuckert ass.
7/30/2023 • 0
Sproochmates: Jakobsdag, 23/07/2023 13:20
D'Evolutioun vun de Nimm Jakob, Jacques a Jacqueline a Jeanne interesséieren eise Sproochmates haut. Den Alain Atten huet sech mam Jakobsdag.
7/23/2023 • 0
De Sproochmates: d'Madeléin, 16/07/2023 08:20
Mir kucken op de Kalenner, den 22. Juli ass dem Madeleine säin Dag. Ma mat eisem Sproochmates Alain Atten geet et och an de Süde vum Land, well do wunne se zu Lamadelaine.
7/16/2023 • 0
De Sproochmates: Den hellegen Téiwelt, 02/07/2023 08:20
Thibault, Theobald, Téibelt, Téiwelt. Den Alain Atten iwwert en Hellegen, deen anscheinend vu Pëtten bis op Santiago de Compostela gereest ass.
7/2/2023 • 0
De Sproochmates: Péiteschdag, 25/06/2023 08:20
Péiter a Paul - den Alain Atten iwwert de Feierdag vum 29. Juni.
6/25/2023 • 0
De Sproochmates: Gehaansdag, 18/06/2023 08:20
Den Alain Atten befaasst sech haut mam Dag no Nationalfeierdag: E chrëschtleche Feierdag zum Gedenke vum hellege Jang den Deefer.
6/18/2023 • 0
De Sproochmates: De wëlle Mann, 11/06/2023 08:20
An der Zäit goufen et hei am Land eng etlech Fréijoersgebräicher déi haut bal kee méi kennt. Haut erënnert den Alain Atten un de "wëlle Mann".
6/11/2023 • 0
De Sproochmates: Zerläichendag, 04/06/2023 08:20
Hutt Dir scho mol vum Zerläichendag héieren? Abee, déi mannst vun eis kënnen nach domadder eppes ufänken. Ma et schuet net fir ze wësse wat mat deem Feierdag, deen et awer net méi gëtt, op sech huet. Eise Sproochmates Alain Atten geet deem Dag op de Fong.
6/4/2023 • 0
De Sproochmates: Sprangpressessioun, 28/05/2023 08:20
Iechternach steet den Dënschden am Mëttelpunkt, well do ass den nächsten Dënschden d'Sprangpressessioun. Zanter 2010 steet dës op der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet. Wat et mat dësem Dag an dëser Traditioun op sech huet, kee weess dat besser wéi eise Sproochmates Alain Atten.
5/28/2023 • 0
De Sproochmates: Ëm d'Päischten, 21/05/2023 08:20
Vun der Bretzel bis bei de Kiermesdänzchen: Den Alain Atten léisst d'Gewunnechte vun de Geschenktraditiounen am ale Freieschkalenner nees opliewen.
5/21/2023 • 0
De Sproochmates: Häraffertendag, 14/05/2023 08:20
Op den 18. Mee fält dëst Joer Christi Himmelfaart. Et kann een deen Dag och nach vun Häraffertendag nennen. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert wat et mat dem Ausdrock op sech huet.
5/14/2023 • 0
De Sproochmates: Meedrank a Meekraut, 07/05/2023 08:20
Päischtmount oder Oktavmount, de Mee a seng vill verschidden Traditiounen a Bräich. Haut erzielt eis den Alain Atten e puer flott Geschichte ronderëm d'Meekraitchen an de Meedrank ...
5/7/2023 • 0
De Sproochmates: Uechter de Mee, 30/04/2023 08:20
Muer fänkt de Mee un. Den Alain Atten frëscht dowéinst deen een oder anere Brauch op.
4/30/2023 • 0
De Sproochmates: D'Ouschterär, 23/04/2023 08:20
Ouschteren ass fir dëst Joer zwar schonn eriwwer, mä da wësst der et alt scho fir déi nächste Kéier: Den Alain Atten erzielt haut, wou d'Ouschtereeër oder Är hierkommen ...
4/23/2023 • 0
De Sproochmates: D'Eemaischen, 16/04/2023 08:20
Se huet iwwerhaapt näischt mat enger klenger Maus ze dinn. Awer Villercher spillen d'Haaptroll ...
4/16/2023 • 0
De Sproochmates: D'Ouschternuecht, 09/04/2023 08:20
Mir all kenne jo déi grouss helleg Nuecht. Mä wat huet oder hat et mat der Ouschternuecht op sech? A wéi eng Roll huet d'Feier an deem Kontext gespillt? Wann een et weess, dann den Alain Atten.
4/9/2023 • 0
De Sproochmates: Pällemsonndeg, 02/04/2023 08:15
"Buxus sempervirens" - oder méi einfach: Pällem. Den Alain Atten erzielt eis haut, 1 Woch virun Ouschteren, vu Gréngs, vum Blëtz a vun engem Iesel.
4/2/2023 • 0
De Sproochmates: Ellesonndeg, 26/03/2023 08:15
Haut ass Ellesonndeg. En Dag, op deem d'Leit fréier mol der Däiwel gefaart hunn. Den Alain Atten huet dann och herno e konkret Beispill parat.
3/26/2023 • 0
De Sproochmates: Bretzelsonndeg, 19/03/2023 08:15
Firwat soll een op Halleffaaschte senger Léifster eng Bretzel schenken? Den Alain Atten rifft eis déi schéin Traditioun an Erënnerung.
3/19/2023 • 0
De Sproochmates: Faaschtebounesonndeg, 05/03/2023 08:15
Eng Woch no Buergsonndeg ass Bounesonndeg. Den Alain Atten bliedert am Faaschtenzäit-Kalenner a krut an deem Kontext och Post vu Wolz.
3/5/2023 • 0
De Sproochmates: Buergsonndeg, 26/02/2023 08:15
Haut ass Buergsonndeg, de Wanter gëtt verbrannt. Zu deem Dag fält dem Alain Atten bestëmmt nees esou munches an ...
2/26/2023 • 0
De Sproochmates: D'Pan an der Fuesent, 19/02/2023 08:15
Et huet sech elo net extra verkleet fir eis iwwert d'Fuesent ze schwätzen. Eise Sproochmates Alain Atten huet sech haut mat engem ale Sproch, dee formidabel op dësen Dag passt.
2/19/2023 • 0
De Sproochmates: Blasiendag, 05/02/2023 08:15
E Wollef, Käerzen, eng Sprenz an e Reech. Den Alain Atten war nees ganz déif an d'Brauch- an Traditiounskëscht wullen.
2/5/2023 • 0
De Sproochmates: Liichtmëssdag, 29/01/2023 08:15
Nächst Woch en Donneschdeg ass Liichtmëssdag. Den Alain Atten erënnert un dëse schéinen ale Brauch.
1/29/2023 • 0
De Sproochmates: Antunnendag, 22/01/2023 08:15
Déi eng feieren en am Januar, déi aner am Juni. Tony, Tunn, Antoine ... Wat den Hellegen Antonius mat Schwäin a Schnéi ze dinn huet: Den Alain Atten befaasst sech haut mam Antunnendag
1/22/2023 • 0
De Sproochmates: D'Pätterstéck, 15/01/2023 08:15
Den Alain Atten huet eis haut e ganz spezielle Kaddo matbruecht.
1/15/2023 • 0
De Sproochmates: Dräikinneksdag, 08/01/2023 08:15
Virgëschter war Dräikinneksdag. C + M + B, Stäresangen an de Bäcker mat der Boun - den Alain Atten huet nees esou munches ze verzielen ...
1/8/2023 • 0
De Sproochmates: Tëscht de Joren, 01/01/2023 08:15
Mir si matzen dran tëscht de Joren, dat ass déi Zäit tëscht Chrëschtdag an dem 6. Januar. Dat weess eise Sproochmates Alain Atten beschtens ze erklären.
1/1/2023 • 0
De Sproochmates: De Chrëschtbeemchen, 18/12/2022 08:15
De Beemchen. 1 Woch viru Chrëschtdag misst e jo scho gerëscht sinn? Den Alain Atten hänkt dann elo nach e puer nostalgesch Bullen drun.
12/18/2022 • 0
Sproochmates: Den Adventskranz, 11/12/2022 13:15
Vill Léit hunn dëser Deeg een doheem a fänken haut déi 3. Käerz drop un. Den Adventskranz begleet een duerch d'Chrëschtzäit. Den Alain Atten kuckt haut op d'Traditioun vun dësem schéine Kranz zeréck.
12/11/2022 • 0
De Sproochmates: Den Adventskranz, 11/12/2022 08:15
12/11/2022 • 0
De Sproochmates: De Kleeschen, 04/12/2022 08:15
Haut ass den 2. Advent, Bäerbelendag. Den Alain Atten kuckt awer elo schonn op iwwermuer, da kënnt jo de Kleeschen ...
12/4/2022 • 0
De Sproochmates: Housécker, 27/11/2022 08:15
11/27/2022 • 0
De Sproochmates: Katréngendag, 20/11/2022 08:15
Vun der Maus Ketti bis bei de Familljennumm Treinen: D'Catherine ass omnipresent am Lëtzebuerger Ländchen.
11/20/2022 • 0
De Sproochmates: Mäertesdag, 13/11/2022 08:15
Virgëschter war Mäertesdag. Den Alain Atten erënnert un de réimeschen Zaldot, dee säi Mantel mat engem Heeschemann soll gedeelt hunn. A wat et mat deene "4 gutt Nuechten" op sech huet, erzielt de Sproochmates och.
11/13/2022 • 0
De Sproochmates: Haupeschdag, 06/11/2022 08:15
Den Hubert/Hubertus ass de Patréiner vun de Jeeër. Den Alain Atten huet nogesicht an erzielt Iech och wat et mat der Geschicht vum Haupeschwonner op sech huet.
11/6/2022 • 0
De Sproochmates: Allerhellegen an Halloween, 30/10/2022 08:15
Den Alain Atten wot de Verglach: Ginn a goufen et Gemeinsamkeeten, kann een déi zwou Traditiounen zesummeleeën?
10/30/2022 • 0
De Sproochmates: D'Allerhellegennëss, 23/10/2022 08:15
Den Alain Atten erzielt haut vun engem ale Brauch, mat deem sengerzäit déi Éisleker Meedercher hir romantesch Oder weise wollten.
10/23/2022 • 0
De Sproochmates: Trauliichter, 16/10/2022 08:15
Den Alain Atten erzielt aus der Zäit vun de Rommelsspiichten. Deemools huet nach kee vun Halloween geschwat ...
10/16/2022 • 0
De Sproochmates: Äppelzäit, 09/10/2022 08:15
Den Alain Atten hëlt eis haut mat an de Bongert.
10/9/2022 • 0
De Sproochmates: D'Drauwelies, 02/10/2022 08:15
Den Oktober gëtt och nach "Wäimount" genannt, deemno hëlt den Alain Atten eis haut mat an d'Drauwelies.
10/2/2022 • 0
De Sproochmates: Méchelsdag, 25/09/2022 08:15
Moie Misch! Am Mëttelalter war et nach e richtege Feierdag. Den Alain Atten iwwert den 29. September
9/25/2022 • 0
De Sproochmates: Gromperevakanz, 18/09/2022 08:15
Viru kuerzen gouf et d'Gromperefest, ma viru laangem gouf et Gromperevakanz. Deen Terme ass awer nawell aus eisem Sproochegebrauch verschwonnen. Wat domadder gemengt ass, erkläert eis de Sproochmates Alain Atten.
9/18/2022 • 0
De Sproochmates: Huewermount, 11/09/2022 14:15
September ass do! Fir den 9. Mount vum Joer kann een awer och anescht soen, eise Sproochmates Alain Atten kënnt mat Proposen.
9/11/2022 • 0
De Sproochmates: Kiermeszäit, 04/09/2022 14:15
Déi gréisste Kiermes vum Land steet de Moment um Glacis. Wat kéint de Sproochmates aneschtes maachen, wéi an dësen Zäiten iwwert d'Kiermes ze zielen.
9/4/2022 • 0
Sproochmates: D'Fouer, 28/08/2022 14:15
Se ass un, eis Fouer. Eise Sproochmates Alain Atten huet villes nogekuckt wat mat dësem Fest ze dinn huet, dat schonn e puer 100 Joer um Bockel huet.
8/28/2022 • 0
Sproochmates: Bartelméisdag, 21/08/2022 14:15
De 24. August ass den Dag vum Barthélémy. Ma wat dëse Mann mat de Kiermesse ze dinn huet, dat weess eise Sproochmates Alain Atten.
8/21/2022 • 0
Sproochmates: Krautwëschdag, 14/08/2022 14:15
De 15. August ass Maria Himmelfaart. Op dësem Feierdag feieren d'Marien hiren Namensdag an eise Sproochmates Alain Atten gëtt eis zu dësem Dag weider Detailer.
8/14/2022 • 0
Sproochmates: De Karschnatz, 07/08/2022 14:15
Mir sinn am 8. Mount ukomm, dem August. Dee kann een awer och de Karschnatz nennen. Firwat, dat weess eise Sproochmates Alain Atten.
8/7/2022 • 0
Sproochmates: Jakobsdag, 31/07/2022 14:15
De 25. Juli war de Jakobsdag. Firwat mir dee feiere a wat een iwwert dësen Dag sollt wëssen, da weess nach natierlech eise Sproochmates Alain Atten.
7/31/2022 • 0
Sproochmates : D'Muedeléin, 24/07/2022 14:15
7/24/2022 • 0
Sproochmates: Déi ass mer ze kromm, sot de Fuuss, 13/07/2022 19:30
Op der Sich no Erklärunge vum Sproch vun haut, begéine mir e Fuuss, eng Kaz e Bierebam an eng Wurscht. Ma et ass net grad evident fir d'Hierkonft vun dësem Sproch "Déi ass mer ze kromm, sot de Fuss" ze deiten. De Sproochmates probéiert et op alle Fall mol.
7/13/2022 • 0
Sproochmates: Eng Schminni, 11/07/2022 19:30
Et gesäit ganz duerno aus wéi wa mir dës Kéier mam Alain Atten Schaarschtecher botze ginn. Kamäin kann een och fir de Schaarschtech soen, grad ewéi Schminni, an ëm déi geet et elo beim Sproochmates.
7/11/2022 • 0
Sproochmates: Den hellegen Theobald, 08/07/2022 19:30
Den Hellegen iwwert deen de Sproochmates haut schwätzt ass net de Patréiner deem säin Namensdag haut gefeiert gëtt. Nach steet säin Numm och mol an de Kalenneren, mä ëmmer manner dacks. Et geet ëm den hellegen Theobald.
7/8/2022 • 0
Sproochmates: Een an der Gitt halen, 06/07/2022 19:30
Bei deem geléinte Wuert vun haut kann den Alain Atten net just erkläre wou dat hierkënnt, mä anengems och eng Lëtzebuerger Riedensaart op de Leescht huelen. Wat ass déi Gitt, an där een heiansdo gehale gëtt?
7/6/2022 • 0
Sproochmates: Chalet, 04/07/2022 19:30
Den Alain Atten fënnt d'Iddie fir d'Wierder déi hien hei zerpléckt op alle méigleche Plazen. Och déi Wierder déi d'Lëtzebuerger Sprooch an aner Sprooche léine gaangen ass, ewéi de Chalet. Do huet de Sproochmates sech zeréckversat gefillt a seng Zäit bei de Scouten, wa beim Lagerfeier Lidder gesonge gi sinn, an déi Kléng et deene Groussen nogemaach hunn, ouni genee ze wëssen ëm wat et an deem Lidd geet...
7/4/2022 • 0
Sproochmates: Péiteschdag, 01/07/2022 19:30
Virgëschter war Péiteschdag. En Dag dee vill Leit haut net méi um Radar hunn, ma fréier ass wéinstens ernimmt ginn. Den Alain Atten weess natierlech genuch iwwert den 29. Juni ze zielen.
7/1/2022 • 0
Sproochmates: Engem d'Waasser net kënne reechen, 29/06/2022 19:30
Deen do ass eng Nummer ze grouss fir dech. Do kanns du net mathalen. A wéi kéint een dann nach fir sou eng Situatioun soen? Déi Saach mam Waasser reechen. Firwat grad Waasser, firwat reechen? Den Alain Atten zerpléckt eis de Sproch "engem d'Waasser net kënne reechen".
6/29/2022 • 0
Sproochmates: Per Force, 27/06/2022 19:30
Mat de geléinte Wierder ass et wéi mat ville Saachen am Liewen, se kommen, se ginn a kommen heiansdo erëm. Den Alain Atten huet nawell e gutt Beispill an deem Kontext fonnt; per force, läit op der Hand, hu mir aus dem Franséische geléint mä wéi a wéini? De Sproochmates huet den Dictionnaire opgeschloen.
6/27/2022 • 0
Sproochmates: Gehaansdag, 24/06/2022 19:30
De 24. Juni ass de Gehaansdag. A wie kéint eis besser erkläre wéi eise Sproochmates Alain Atten, wat et mat dësem Dag op sech huet.
6/24/2022 • 0
Sproochmates: Mam Daach duerch de Bësch, 22/06/2022 19:30
Dës Kéier geet et wäit zréck an eise Spréch. Deene meeschte seet ''Mam Daach duerch de Bësch'' guer näischt méi. Fir datt se eis awer aliichten, suergt eise Sproochmates Alain Atten.
6/22/2022 • 0
Sproochmates: Eng Forschett, 20/06/2022 19:30
Haut komme mir op d'Geschier ze schwätzen. Nieft Messer a Läffel brauche mir nach eng Forschett. A genee domadder huet sech haut eise Sproochmates Alain Atten.
6/20/2022 • 0
De Sproochmates: Zärläichendag, 17/06/2022 19:30
6/17/2022 • 0
De Sproochmates: No den Nouten, 15/06/2022 19:30
Sou e puer Deeg virun der Fête de la musique weist sech och de Sproochmates nawell musikalesch. Den Alain Atten erkläert wat et mam Sproch "No den Nouten" op sech huet.
6/15/2022 • 0
De Sproochmates: Fritten, 13/06/2022 19:30
D'Meenunge gi warscheinlech auserneen, mä an der Belsch ginn et wierklech gudder; Fritten. Natierlech ass déi Versioun vun der Gromper och bei eis am Land bekannt. A firwat mir d'Fritte Fritten nennen, weess den Alain Atten.
6/13/2022 • 0
Sproochmates: de wëlle Mann, 10/06/2022 19:30
Sech de wëlle Mann stellen, steet ee gewéinlech. Den Alain Atten dee weess, datt dat eppes mat Péngschten ze dinn huet.
6/10/2022 • 0
Sproochmates: aarm wéi eng Kierchemaus, 08/06/2022 19:30
Wann een net ze vill knabberen huet, kann ee mol op de Sproch "aarm wéi eng Kierchemaus" kommen. Firwat grad d'Maus an der Kierch sou aarm ass, probéiert den Alain Atten z'erklären.
6/8/2022 • 0
Sproochmates: eng Zeesi, 06/06/2022 16:30
De Sproochmates Alain Atten erkläert Begrëffer vun A bis Z. Haut ass et um Z. Z wéi Zeesi
Et ass eng Traditioun dënschdes no Päischten. D'Sprangprëssessioun: wou kënnt den Numm an d'Traditioun u sech iwwerhaapt hir? Dat weess kee besser wéi de Sproochmates Alain Atten
6/3/2022 • 0
Sproochmates: zwou Mécke mat engem Schlag, 01/06/2022 19:30
Den dapere Schneider hat eng 7 futti geschloen, sou huet et jo am Märche geheescht. Et goung vu Mécke riets. Bei eisem Sproch mussen der just zwou dru gleewen. Wat et bedeit, verréit eis den Alain Atten.
6/1/2022 • 0
Sproochmates: eng Farce, 30/05/2022 19:30
Eng Farce kann een opféieren, et kann een awer d'Farce och beim Metzler fannen. Egal wéi, d'Wuert ass geléint a mir hätten et gären erkläert. Alt erëm en Job fir de Sproochmates, Alain Atten.
5/30/2022 • 0
Sproochmates: ëm d'Päischten, 29/05/2022 15:30
Déi lescht Schoulvakanz virun der grousser Vakanz ass sou gutt wéi gelaf. Meeschtens ass dat jo eng Vakanz mat Feierdeeg; de Päischtsonndeg an de Päischtméindeg, déi falen dës Kéier awer aus der Péngschtvakanz eraus. Wéi och ëmmer den Alain Atten ass déi richteg Persoun fir d'Traditioune ronderëm dës Deeg z'erklären.
5/29/2022 • 0
Sproochmates: duerch d'Fangere kucken, 25/05/2022 19:30
Mam Fanger kann een nawell vill maachen. Zum Beispill an d'Wonn leeën, drop kucken, se am Spill hunn oder derduerch kucken. A genee domat setzt sech den Alain Atten gären auserneen; duerch d'Fangere kucken.
5/25/2022 • 0
Sproochmates - Eng Folie, 23/05/2022 19:30
Am Lëtzebuergesche gëtt et net fir all Wuert e Wuert, dofir musse mer eis och heiansdo an eng aner Sprooch eppes léine goen. Dat mëscht eise Sproochmates och hat an huet sech mat der Folie.
5/23/2022 • 0
Sproochmates: Häraffertendag, 20/05/2022 19:30
De 40. Dag no Ouschtere fält ëmmer op en Donneschden. Déi meescht vun eis schwätzen da vu Christi Himmelfaart. Ma et gëtt op mannst nach eng weider Manéier fir dëse Feierdag ze betitelen. Den Alain Atten iwwert den Häraffertendag.
5/20/2022 • 0
Sproochmates: mam lénke Fouss opstoen, 18/05/2022 19:30
Et gi sou Deeg do klappt net all ze vill, da brauch ee sech och net ze wonnere wann ee gefrot gëtt ob een net mam lénke Fouss opgestanen ass. Firwat grad dee lénke Fouss an net dee rietsen? Den Alain Atten erkläert.
5/18/2022 • 0
Sproochmates: eng Entrée, 16/05/2022 19:30
De Géigendeel vu Sortie ass Entrée, de Géigendeel vun Dessert ass och Entrée. Ob elo am Kader vun enger Moolzecht oder vum An- oder Ausgang, de Sproochmates verréit wéi dat geléinte Wuert de Wee an d'Lëtzebuergescht fonnt huet.
5/16/2022 • 0
Sproochmates: den Oktavmount, 13/05/2022 19:30
De leschte Weekend huet d'Oktav ugefaangen; fir déi eng heescht dat an d'Kathedral pilgeren, fir déi aner en Tour iwwert de Mäertche maachen. Den Alain Atten gëtt weider Prezisiounen iwwert den Oktavmount.
5/13/2022 • 0
Sproochmates: den Duxall gestëbst kréien, 11/05/2022 19:30
Et geet dës Kéier mam Alain Atten an d'Kierch. Net fir ze priedegen, mä et geet op den Duxall, do wou de Chouer steet, besonnesch an de grousse Kierchen. De Sproochmates huet awer och d'Lompen dobäi, well mir kréien den Duxall gestëbst.
5/11/2022 • 0
Sproochmates: Eng Tranche, 09/05/2022 18:45
Geléinte Wierder, sou kënne mir déi nächst Minutte beschreiwen. Abee haut hu mir e Wuert derbäi an do gëtt et schwéier anescht dofir ze soe wéi elo esou, Detailer wéi gewinnt vun eisem Sproochmates Alain Atten.
5/9/2022 • 0
Sproochmates: uechter de Mee, 06/05/2022 19:30
De Mee huet, oder hat, sou munch Traditiounen. Den Alain Atten verschaaft eis den Iwwerbléck, et geet ënner anerem ëm de Meebam.
5/6/2022 • 0
De Sproochmates: D'Klëppele bei d'Tromm, 04/05/2022 19:30
Et gëtt Leit déi gi séier op. Dee Moment geheit een D'Klëppele bei d'Tromm. Wou deen Ausdrock iwwerhaapt hier kënnt an op den Term nach benotzt gëtt dat weess den RTL-Sproochmates.
5/4/2022 • 0
De Sproochmates: Eng Serie, 02/05/2022 19:30
Et gëtt Wierder an eiser Sprooch, déi geléint sinn. Se hunn hir fest Plaz an eisem Wuertschatz. Ee Wuert wat zanter de Streamingplattformen erëm an aller Mond ass, ass d'Wuert "Serie". Den Alain Atten huet a sengen décksten an eelste Bicher nogekuckt.
5/2/2022 • 0
De Sproochmates: D'Meekraitchen, 29/04/2022 19:30
De Mee steet virun der Dier an d'Natur ass an der Bléi. Wien op de Kalenner kuckt dee kann do liesen "Bléiemount". Ma och Péngschten kënnt huet eppes mam Mee ze sinn. Den Alain Atten iwwer d'Oktav, Päischten a Pescht.
4/29/2022 • 0
Sproochmates: e Virement, 25/04/2022 19:30
Déi meescht vun eis dierfte schonn ee gemaach hunn. E Virement. Ëm d'Sue selwer oder d'Technik hannert der Iwwerweisung geet et beim Alain Atten awer elo manner. De Sproochmates intresséiert sech éischter fir de Wee vun dësem geléinte Wuert an eise Sproochgebrauch.
4/25/2022 • 0
Sproochmates: Ouschtereeër, 22/04/2022 19:30
Ouschteren ass zwar laanscht ma trotzdeem gesäit ee se nach, gefierft oder aus Schockela. Wéi et schéngt ass den Alain Atten dem Ouschterhues iwwert de Wee gelaf, et geet nämlech ëm d'Ouschtereeër.
4/22/2022 • 0
Sproochmates: déck do sinn, 20/04/2022 19:30
Et mécht ëmmer nees Spaass dem Alain Atten nozelauschteren. Well dacks kënnt den Alain Atten mat engem Sproch bei deem een net wierklech weess, firwat e sech grad dee Sproch erausgesicht huet. Haut geet et ëm "déck do sinn".
4/20/2022 • 0
Sproochmates: Eng Ambiance, 18/04/2022 18:45
Geléinte Wierder, sou kann een elo déi nächste Minutte mat eisem Sproochmates ëmschreiwen. Also Wierder, déi mir aus enger anerer Sprooch léinen an déi sech ganz gutt am Lëtzebuergeschen installéiert hunn. Den Alain Atten huet sech haut mam Wuert ''Ambiance''.
4/18/2022 • 0
Sproochmates: D'Ouschternuecht, 15/04/2022 19:30
De Weekend steet virun der Dier an Ouschteren och. Den Alain Atten stëmmt ons schonn op Ouschteren an a beschäftegt sech mat der Ouschternuecht.
4/15/2022 • 0
Sproochmates: op kee gréngen Zweig, 13/04/2022 19:30
Et geet déi Kéier an de Bësch, awer net sou richteg, well e gréngen Zweig fënnt een och bei sech am Gaart. Ma heiansdo kënnt een net op e gréngen Zweig, den Alain Atten hëlleft eis.
4/13/2022 • 0
Sproochmates: eng Zopp, 11/04/2022 19:30
Wat kënnt dann haut op den Dësch? Zopp an z'iessen? Domat wäre mir beim Wuert fir dat sech den Alain Atten déi Kéier decidéiert huet. Et geet ëm d'Zopp.
4/11/2022 • 0
Sproochmates: Pällemsonndeg, 08/04/2022 19:30
D'Sonndeger virun Ouschteren hunn alleguer hir eegen Nimm a Bedeitungen. Dëse Sonnde ass de leschte virun Ouschtersonndeg. Den Alain Atten erkläert wat et mam Pällemsonndeg op sech huet.
4/8/2022 • 0
De Sproochmates: Kleng Fësch kréien och Waasser, 06/04/2022 19:30
Wéini kréien d'Fësch Waasser a wat wëll dëst Spréchwuert genee soen? Den Alain Atten weess wou de Saz hierkënnt a wéini een dësen ka benotzen.
4/6/2022 • 0
Sproochmates: eng Zooss, 04/04/2022 19:30
Beim Sproochmates Alain gi Begrëffer vun A-Z erkläert. Haut geet et an d'Kichen. Z wéi Zooss
4/4/2022 • 0
Sproochmates: Ellesonndeg, 01/04/2022 19:30
Ouschtere réckelt ëmmer méi no; wëllt heeschen, mir sinn nach ëmmer an der Faaschtenzäit. Leschte Sonnde ware mir an der Hallschent, Halleffaaschten oder Bretzelsonndeg, de leschte Sonnde virun Ouschteren ass de Pällemsonndeg a wat ass dann dëse Sonndeg? Ellesonndeg, d'Explikatioune vum Alain Atten.
4/1/2022 • 0
Sproochmates: engem de Marsch blosen, 30/03/2022 19:30
Dës Kéier bléist e ganz anere Wand beim Sproochmates. Den Alain Atten huet wëlles engem de Marsch ze blosen, respektiv z'erkläre firwat et dee Sproch iwwerhaapt gëtt.
3/30/2022 • 0
Sproochmates: Bretzelsonndeg, 27/03/2022 14:15
Haut ass Halleffaaschten, also och Bretzelsonndeg. Zwou Saache si sécher; dëst Joer kënnt dir d'Bretzel ouni Mask kafe goen an et ass erëm un den Hären hirer Madamm eng Bretzel ze schenken. De Rescht erkläert den Alain Atten
3/27/2022 • 0
Sproochmates: dann hale mir de Bock, 23/03/2022 19:30
Et bleift alles beim Alen. Kann ee sou soen, et gëtt awer nach e flott lëtzebuergescht Spréchwuert fir dat selwecht auszedrécken. Et huet mol eppes mat engem Bock ze dinn, den Alain Atten erkläert.
3/23/2022 • 0
Sproochmates: de Gros, 21/03/2022 19:30
Dës Kéier fënnt ee relativ séier eraus wou mir dat geléinte Wuert fänke waren. De Gros, schéngt evident datt et aus dem Franséische kënnt, mä wéi, den Alain Atten.
3/21/2022 • 0
Sproochmates: Léinesonndeg, 18/03/2022 19:30
Mam Sproochmates gi mir dës Kéier léinen. Méi wat oder wien? Um Léinesonndeg war et laanscht d'Musel Usus, datt all Duerfmeedchen e Borscht fir de Schutz zougewise krut, gekoppelt mat der Verflichtung fir sech op bestëmmte Feierdeeg géigesäiteg ze beschenken. De Rescht erkläert den Alain Atten.
3/18/2022 • 0
De Sproochmates: Wie sech gutt hält mat de Kueben, 16/03/2022 19:30
Ëmmer erëm ass et interessant dem Alain Atten nozelauschteren, wann et ëm eis Sprooch geet. Nodeems et scho vill Erklärungen iwwer eenzelt Wierder goufen, kommen mer dann haut bei e Sproch. "Wie sech gutt hält mat de Kueben". Wéi muss dee verstane ginn, wat stécht derhannert?
3/16/2022 • 0
Sproochmates: e Plat, 14/03/2022 19:30
An? Wat gëtt et dann haut z'iessen? Mam Alain Atten geet et dës Kéier an de Restaurant. Et dierf ee gespaant si wéi ee Plat de Sproochmates sech erausgesicht huet.
3/14/2022 • 0
Sproochmates: deem Fette säi Brudder, 11/03/2022 19:30
"Raute wénken" ass genee dee richtege Sproch fir de Sproch vun haut ze presentéieren. Da loosse mir eis mol iwwerrasche wat den Alain Atten iwwert deem Fette säi Brudder z'erziele weess.
3/11/2022 • 0
Sproochmates: et gëtt keng Zopp sou waarm giess....., 09/03/2022 19:30
E gudden ale Sproch, deen och haut nach, wann och net méi ganz sou vill, gären an den Asaz kënnt. Op alle Fall weess een direkt wou een drun ass. Oder och net? Den Alain Atten hëlt eis mat an d'Kichen well "et gëtt keng Zopp sou waarm giess wéi se gekacht gëtt".
3/9/2022 • 0
Sproochmates: eng Coupe, 07/03/2022 19:30
Et kann een dat am Sport gewannen, beim Coiffer kritt een dat och a wa ee mol op der Musel ass kann een dat och drénken. Eng Coupe. Dir mierkt et gëtt vill iwwer dat geléinte Wuert ze schwätzen, Zäit fir dem Alain Atten den Terrain z'iwwerloossen.
3/7/2022 • 0
Sproochmates: Buergsonndeg, 04/03/2022 19:30
E Sonnde gëtt de Wanter verbrannt. De Weekend nom Fuesweekend ass Buergsonndeg. Ob sech de Wanter wierklech drunhält, hänkt natierlech vum Wieder of. De Sproochmates iwwer eis Traditioun déi et och deels an der Belsch an och an Däitschland gëtt.
3/4/2022 • 0
Sproochmates: vu lauter Beem de Bësch net méi gesinn, 02/03/2022 19:30
E gudden ale Sproch ass dës Kéier un der Rei. Et geet ëm Beem, vill Beem, an e Bësch. Villäicht gesitt dir jo och heiansdo de Bësch vu lauter Beem net méi. D'Erklärunge kommen net vum Fierschter mä natierlech vum Alain Atten.
3/2/2022 • 0
Sproochmates: eng Bull, 28/02/2022 19:30
Et ass ronn, d'Fransouse spille ganz gär domat, et kann een et och waarm maache fir sech op de Bauch ze leeën an et ass virun allem e geléinte Wuert. Firwat och soss géing den Alain Atten sech Zäit huele fir iwwer eng Bull ze schwätzen.
2/28/2022 • 0
Sproochmates: d'Pan an der Fuesent, 25/02/2022 19:30
Et dierft och dëst Joer keng Fuesent gi wéi mir se mol kannt hunn, trotzdeem kann een driwwer schwätzen, also de Sproochmates. Dës Kéier mat engem Artikel aus der Kichen. Nieft der Seibecken, dem Dëppen an dem Geschier fënnt ee meeschtens och eng Pan. A wat mécht d'Pan der Fuesent? E Fall fir den Alain Atten.
2/25/2022 • 0
Sproochmates: wéi de Schniewel engem gewuess ass, 23/02/2022 19:30
Wann een d'Babbel net zou kritt oder Saache seet déi de Vis-à-vis héiere wëll oder net, da kann ee soen "dee schwätzt wéi de Schniewel engem gewuess ass". E flotte Sproch dee mir erkläert wëlle kréien, et wier dann um Alain Atten.
2/23/2022 • 0
Sproochmates: e Choix, 21/02/2022 19:30
An der Serie vun de geléinte Wierder déi eis den Alain Atten ausernee pléckt, maache mir dës Kéier Statioun bei eis franséischen Noperen. Et geet ëm e Wuert dat déi lescht Zäit nawell vill am Kontext vu Covid19 an Impfung ze héieren an ze liese war, et geet ëm de Choix beim Sproochmates.
2/21/2022 • 0
Sproochmates: Zweeërlee Fuesent, 18/02/2022 19:30
Haut huet den Alain Atten sech net mat der Fuesent mee hie werft de Begrëff "zweeërlee Fuesent" an d'Ronn. Wat dat heescht a wéini ee vun zweeërlee Fuesent schwätze ka weess eise Sproochmates.