Medizinesch, kulturell oder reliéis – et ginn vill Grënn, wisou een Penis beschnidde ka sinn. Ass een*t mat engem beschniddenen Penis méi oder manner sensibel an kënnt een*t méi oder manner fréi zum Orgasmus? De Joël an den Elie schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat et heescht, beschnidden ze sinn an wéi si domadder eenz … Continue reading "#93 Feelt do net eppes? – Beschnidde Penissen"
3/11/2022 • 38 minutes, 14 seconds
#84 Lies de nach oder fummels de schonn? – Sex(ualitéit) a Medien
An dëser Folleg kuckt d’Team vu Méi wéi Sex, wat sech an der Mediewelt gedoen huet, säit de Joël déi éischt “Fraenzäitschrëft” am Grapp hat an d’Anne Nackedeien an der Bravo studéiert huet. Wéini gëtt vum wiem op wéi eng Aart a Weis a lëtzebuergescher Zeitungen, um Radio, a Podcasten an op der Telée iwwer … Continue reading "#84 Lies de nach oder fummels de schonn? – Sex(ualitéit) a Medien"
5/21/2021 • 46 minutes, 31 seconds
#78 Zesumme wuesse – Laangzäitbezéiungen zanter dem Lycée
Et gi Bezéiungen, déi hale just eng Vakanz oder een Summer – an anerer schonn zanter dem Lycée. Wéi ass d’Liewen als Koppel, wann een*t scho sou laang zesummen ass? D’Liz an d’Geraldine zielen dem Joël, wéi si an hiren jeeweilege Bezéiungen geléiert hunn, mat Konflikter ëmzegoen an wéi (on)komplizéiert d’Relatioun zur Famill vun dem*der … Continue reading "#78 Zesumme wuesse – Laangzäitbezéiungen zanter dem Lycée"
2/26/2021 • 48 minutes, 11 seconds
#71 De Wee ass d’Zil – wat et bedeit, trans ze sinn (auf Deutsch)
„Transitioun“ ass e Wuert dat alles anescht wéi Stëllstand suggeréiert. Wann et am Kontext vun Transgeschlechtlechkeet verwennt gëtt, kënnen d’Verännerungen, déi stattfannen, ganz villfälteg sinn. An zwar net nëmme fir d’trans Persoun selwer, mä och fir hiert Ëmfeld. Wat alles zu dësem extrem individuelle Prozess gehéiert a wat fir Méiglechkeeten et ginn, doriwwer schwätzt de … Continue reading "#71 De Wee ass d’Zil – wat et bedeit, trans ze sinn (auf Deutsch)"
11/20/2020 • 37 minutes, 36 seconds
#68 Sexident um Turbo-Rond-Point Klitoris – Éischt-Hëllef-Folleg fir sexuell Noutfäll
Op elo en gerassene Kondom, eng Analfissur oder en Ausschlag am Intimberäich. All dëst si Saachen, déi een definitiv net mat aplangt, mä déi awer mol geschéien kënnen, wann een sech eleng oder mateneen ameséiert. Net ze panikéieren a sech selwer hëllefen ze kënnen, ass wichteg. Awer et ass genee sou legitim, och Professioneller em … Continue reading "#68 Sexident um Turbo-Rond-Point Klitoris – Éischt-Hëllef-Folleg fir sexuell Noutfäll"
10/9/2020 • 37 minutes, 12 seconds
#009 Vulva, Titten, Penis, Fotz
Firwat soe mir am Podcast eigentlech Penis an net Schwanz? A wat mengen d'Leit genee domat, wa se Muschi soen? Vagina ? Kitzler? Dat Ganzt? Wann et ëm Begrëffer geet, gëtt et séier komplizéiert – d’Kelly an d’Tessie hu probéiert e bëssen Uerdnung an de Chaos ze bréngen. Am Uschloss geet et ënnert anerem ëm Asexualitéit an Aromantik.