Winamp Logo
RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen Cover
RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen Profile

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

Luxembourgish, Social, 1 season, 68 episodes, 8 hours, 5 minutes
About
De Podcast fir gelieften Inclusioun. Inclusioun bedeit net just datt Mënsche mat an ouni Behënnerung gutt zesumme liewen, mä och, datt si sech géigesäiteg verstinn. Als selwer Betraffenen traut sech de Sascha Lang och Themen unzeschwätzen un déi net jiddweree sech eruntraut. Inclusioun ganz einfach Liewen ass gelieften Inclusioun.
Episode Artwork

Episod 68 - Revivre vum Ensemble Blancontact

Zanter enger Zäit gëtt et d’Netzwierk Mosaik Kultur Inklusiv. Initiator dovu war d'Mierscher Kulturhaus. Bei dësem Netzwierk geet et net just nëmmen drëm Veranstaltungen accessibel ze gestalten, mä och Kënschtler mat Behënnerung zu fërderen. An dësem Episod schwätze mir iwwert dëst Netzwierk, a beschäftegen eis haaptsächlech mam Ensemble Blancontact. Invitéiert sinn: Annick Puetz, Giovanni Zazzera, Ensemble BlanContact an Peggy Kind, Kulturhaus Miersch an Netzwierk Mosaik Kultur Inklusiv.
2/1/202432 minutes, 1 second
Episode Artwork

Episod 67 - Weltdag vun der Brailleschrëft

Wéi geet et der Brailleschrëft? Dat freet ee sech 199 Joer no hirer Entwécklung duerch de Louis Braille. De Reiner Delgado an d'Sonja Schmidt schaffe beim Däitschen Blannen- a Sehbehënnerteverband op nationalem an Europäeschem Niveau, fir d’Promotioun an d’Weiderentwécklung vun der Brailleschrëft.
1/3/202458 minutes, 40 seconds
Episode Artwork

Episod 66 - Hëllef fir eng besser Mobiliteit – Neie Projet vun Info-Handicap

SAMT – sou heescht den neien Projet vun Info-Handicap op Initiativ vum Familje Ministere. Dëse Projet déngt dozou Leit mat Behënnerung ze ënnerstëtzen an der Notzung vum ëffentlechen Transport. Méi Detailer, a wéi ee ka matmaachen, ginn et am Interview mam Valentino Nardella vun Info-Handicap.
12/27/202325 minutes, 5 seconds
Episode Artwork

Episod 65 - Perséinlech Assistenz als Schlëssel zur Inclusioun

Een Interview mam Raul Krauthausen Zu Lëtzebuerg lafe Preparatioune fir perséinlech Assistenz anzeféieren. Dat wäert nach daueren an trotzdeem ass et spannend iwwert den Tellerrand ze kucken an nozefroen wéi dat am Ausland ëmgesat gëtt, a wat fir eng Wichtegkeet dës Form vun der Ënnerstëtzung fir Persounen mat Behënnerung an der Inclusioun spillt. De Raul Krauthausen ass Aktivist an Däitschland an hien erzielt am Podcast firwat hien dovunner iwwerzeegt ass, dass déi perséinlech Assistenz de Schlëssel zur Inclusioun ass.
12/22/202351 minutes, 7 seconds
Episode Artwork

Episod 64 - Internationalen Dag vun de Mënsche mat Behënnerung

Den 03. Dezember weise vill Associatiounen an Institutiounen op d'Besoine vu Mënsche mat Behënnerung hin. Viru knapps 14 Deeg gouf den Max Hahn als neien/ale Familljeminister bestätegt. Am Koalitiounsvertrag steet op ville Plazen eppes iwwert Inclusioun, mä virun allem vun der Säit 77 bis 83 ginn ambitiéis Projeten ugestouss. Wie interpretéiert de Minister dësen Koalitiounsoptrag? Wat sinn d’Erausfuerderungen a wéi wichteg ass dem Minister den Dialog mat den Leit um Terrain?
12/2/202333 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

Episod 63 - 25 Joer ALAN

D’Maladies Rares ginn zu Letzebouerg vertrueden duerch d’Associatioun ALAN. Wie wichteg dës rar Krankheete sinn gesäit een dorun, dass et en eegene Plan d’Action zu dësem Thema gëtt. Maladies Rares hunn awer och eng staark Auswierkung op d’Thema Inclusioun, well si féieren dax zu Behënnerung, meeschtens där, déi een net gesäit. Mam Daniel Theisen, Direkter vun ALAN feiere mir 25 Joer Associatiounsjubiläum an schwätzen iwwer d’Erausfuerderunge bei de Maladies Rares.
11/30/20230
Episode Artwork

Episod 62 - Mënsche mat Behënnerung dierfen net vergiess ginn

Wärend de Koalitiounsverhandlunge kommen Associatiounen aus der Behënnerten Zeen zu Wuert. Mat dobäi: Joel Delvaux: Nëmme Mat Eis an ZeFi Patrick Hurst : CSPH, Nëmme Mat Eis an CET Martine Kirsch: ZeFi Nadine Medinger: Conseil National Infohandicap Jean-Marc Scheer: Wäertvollt Liewen Marie-Marthe Müller: Aktivistin an Nëmme Mat Eis Martine Eischen : Trisomie 21 Moderatioun : Sascha Lang
10/24/20231 hour, 30 minutes, 45 seconds
Episode Artwork

Episod 61 - LPC - Paralympicdays an Paralympics 2024 zu Parais

D'Paralympics 2024 zu Paräis werfen hir Schied viraus. Virdru sinn den 28. an 29. Oktober 2023 Paralympic Days am Reha Zenter. Mam Mathis Finke a Marc Kiefer kucke mir op déi zwee Evenementer, déi fir de Paralympesche Sport wichteg sinn.
10/16/202338 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

Episod 60 - Table ronde mat den Kandidaten zum Thema Inklusioun

Wie eng Behënnertepolitik erwaart ons an deenen nächste Joren? An dësem Episod si Kandidaten an Kandidatinnen mat an ouni Behënnerung invitéiert. Zesumme gëtt ee Réck- an Ausbléck gemaach. Mat dobei sinn: Anne Winter – Fokus Joel Delvaux – Déi Lénk Gaby Damjanovic – Déi Gréng Stéphanie Weydert – CSV Susannah Vant Tonder – LSAP Raymond Remakel – Piraten Tom Weidig – ADR
9/29/20231 hour, 42 minutes, 46 seconds
Episode Artwork

Episod 59 - Biller fir d’Ouren

Audiodeskriptioun beim weltwäit erfolgräichste Musical zu Hamburg Bei der Audiodeskriptioun kréie blann a séibehënnert Leit beschriwwe wat an deene Momenter passéiert, wou op der Bün net geschwat gëtt, oder och am Film keen Dialog ze héieren ass. Fir dat dauerhaft live ëm ze setze war bis elo quasi onméiglech, well et nach keng Technik dofir gouf. Elo ass se do: "Earcatch" heescht eng App déi dat méiglech mécht. Beim "König der Löwen" gëtt déi APP zanter dem 13. September bei alle Virstellungen agesat. De Sascha Lang war bei der Première dobäi, an erkläert an dësem Episod, wéi déi Erfarung war, a wéi d'Technik hannendru funktionéiert. D’App "Earcatch" fannt Dir an all guddem App-Store.
9/18/202352 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

Episod 58 - Design for All, 22/08/2023 14:21

Méi ewéi just Barrièrefräiheet fir Leit mat Behënnerung Den Design fir jiddereen ass ëmmer ganz enk mam Thema Accessibilitéit verbonnen. No dem Akraafttriede vum neien Accessibilitéitsgesetz, den 1. Juli 2023, zu Lëtzebuerg, ass d'Thema Design fir all méi aktuell wéi jee. Dat ass och d'Zil vun der Associatioun, där hire President de fréieren Direkter vum Info Handicap Silvio Sagramola ass. Hien ass net nëmmen de President vun dëser Associatioun, hie gouf och vun der Europäescher Kommissioun als Kontaktpersoun an Expert zu Lëtzebuerg fir hir Accessibilitéitscampagne ernannt. Am Podcast geet et drëm, wat d'Associatioun mécht, wat Europa plangt a wéi dat Ganzt zu Lëtzebuerg ëmgesat gëtt
8/22/20230
Episode Artwork

Episod 57 - Daat neit Accessibilitéitsgesetz, 25/07/2023 12:01

Net just eng Chance fir Persoune mat Behënnerung Zanter dem 01.07.2023 ass et a Kraaft. Dës Kéier ass net just den ëffentelche Secteur viséiert, net just d’Neibauten, mee och den Private Secteur an den Bestand! E Gesetz wat ee Meilesteen an der Accessibilitéit wäert duerstellen. „Ee grousse Schrëtt a Richtung Barrièrefräiheet net just fir Persounen mat Behënnerung“, esou gesäit et och dee Familljeminister Max Hahn an dësem Episod. Nieft dem Minister Hahn ginn et och vill Informatiounen vum Architekt vum Familljeministère a President vum Conseil Consultatif à l’accessibilité, Magnus Koerfer.
7/25/20230
Episode Artwork

Episod 56 - 20 Joer Département des Travailleurs Handicapés, 22/06/2023 13:30

Den DTH huet am Mee seng 20 Joer gefeiert Vun Ufank un ass de Joël Delvaux, selwer betraff, staark engagéiert an och mëttlerweil Responsabel fir dësen Departement. Mat him gëtt et an dësem Episod ee Bléck op déi lescht 20 Joer, mir sträifen den Historique vum DTH a gi gefuer, wat een an Zukunft misst besser maachen.
6/22/20230
Episode Artwork

Episod 55 - ATVA, 30/05/2023 10:38

Eng Bréck op den éischten Aarbechtsmaart ATVA steet fir Agence pour la transition vers une vie autonome. Si bitt eng Ënnerstëtzung vun der Schoul op den Aarbechtsmaart. Recht op Aarbecht fir jiddereen, Iwwergang: Schoul – Ausbildung – Aarbecht, mee wat ass hier Missioun genee? Wien ass hier Zilgrupp? Wien dierf ënnerstëtzt ginn, a firwat ass den Assistant à l’inclusion bis elo ee gescheiterte Modell? Ënnert anerem déi Froe versiche mer mam Direkter Paul Feitler ze beäntwerten. An da schwätze mer och iwwert d’Table Ronde den 14. Juni an de Coloque den 16. Juni, déi d’ATVA zesumme mam Ministere de l’éducation organiséiert.
5/30/20230
Episode Artwork

Episod 54 - Rehab zu Karlsruhe, 17/05/2023 14:58

Therapie, Rehabilitatioun an Inclusioun op enger Plaz D'REHAB zielt zu deene gréissten Foire fir de Beräich Inclusioun a Rehabilitatioun an Däitschland. Vum 15. bis de 17. Juni ass déi Foire fir déi 22. Kéier. Mam Annika Gehrmeyer (Projektleiterin) a mam Volker Neumann (Editeur vum Ratgeber MOBITIPP) schwätze mir iwwert dës Editioun.
5/17/20230
Episode Artwork

Episod 53 - Semaines de Sensibilisation VDL, 28/04/2023 17:04

Sensibiliséirungswochen vun der Stad Letzebouerg – dee Feste Rendez-Vous all Joer Ufank Mee organiséiert d’Stad nees wéi all Joer d'Sensibiliséierungswochen. Gutt De Programm ass gutt gefëllt, vun Iessen am Däischteren iwwert d'Inclusiounsgala bis hin zum Aktiounsdag, de 6. Mee op der Plëss. Mam Schäffen Patrick Goldschmidt an der Responsabel vum Service Integratioun an Inclusioun vun der Stad gi mer op dës Sensibiliséierungswochen an, a kucken och, wéi an der Stater Gemeng dat neit Accessibilitéitsgesetz gelieft gëtt.
4/28/20230
Episode Artwork

Episod 52 - SightCity, 13/04/2023 16:05

20. Editioun vun der SightCity – Déi gréisst Foire weltwäit fir Hëllefsmëttel fir Blann an Sehbehënnert Leit Wat kleng ugefaangen huet, ass mëttlerweil ee feste Rendez-vous, an den Treffpunkt vun der Blannen- a Sehbehënnertenzeen weltwäit. Iwwert 100 Aussteller aus aller Welt op enger neier Plaz. En Interview mam Dagmar Krutzki, Geschäftsführerin vu SightCity Frankfurt.
4/13/20230
Episode Artwork

Episod 51 - Wien Inclusioun wëll fennt Weeër, 27/03/2023 11:36

Zanter méi wéi 15 Joer zielt de Raul Krauthausen zu den Aktivisten a punkto Inclusioun an Däitschland Als Grënner vun de Sozialhelden, Initiateur vu der Wheelmap, huet hie vill Saachen initiéiert. Säin zweet Buch ass elo do. "Déi, déi Inclusioun wëllen, fannen e Wee - déi, déi se net wëllen, fannen Excusen" Wéi vill Gesellschaft brauch et fir Inclusioun ze kreéieren? Wou sinn d'Barrièren wierklech? Wéi eng Auswierkung kënnt vun der Politik? De Raul Krauthausen beäntwert dës a vill aner Froen am Buch an e puer dovunner an der Episod mam Sascha Lang.
3/27/20230
Episode Artwork

Episod 50 - Eng Ëmfro vum Familljeministère an Zesummenaarbecht mam LISER, 28/02/2023 00:00

Wéi liewe Leit mat enger Behënnerung 2023 zu Lëtzebuerg? Wat sinn d'Bedierfnesser a punkto Accessibilitéit, Selbstbestëmmung an Inclusioun? Wat brauche Leit mat enger Behënnerung fir mat Dignitéit zu Lëtzebuerg ze liewen? Eng Ëmfro vum Familljeministère an Zesummenaarbecht mam LISER behandelt dës Froen. Et war net genuch aus de Statistiken ze liesen, well de Familljeministère net op all Daten zougräifen dierf. Mir hunn an der 50. Episod mat der Familljeministesch Corinne Cahen geschwat iwwer d'Wichtegkeet vun der Ëmfro, méiglech Konklusiounen a wéi d'Behënnerungspolitik duerch dëse Questionnaire geformt ka ginn.
2/27/20230
Episode Artwork

Episod 49 - EDS – Ehlers-Danlos Syndrom – eng vun ville seelene Krankheeten, 24/02/2023 13:22

Een Interview mam Jessica Goedert Ass eng Krankheet eng Behënnerung, oder gëtt een duerch eng Krankheet behënnert? Déi Fro gëtt sech ganz dacks gestallt bei Behënnerungen déi een net gesäit oder Krankheeten déi als seele Krankheet gëllen. D'Jessica Goedert huet EDS, 1-2% vun der Bevëlkerung hunn dës Krankheet. Eng Krankheet déi méi Siichtbarkeet brauch, an déi definitiv behënnert, esou d’Jessica Goedert an dësem Episod.
2/24/20230
Episode Artwork

Episod 48 - Dat neit Accessibilitéitsgesetz, 30/01/2023 11:24

E Meilesteen zu Lëtzebuerg Am Juni 2023 trëtt dat neit Accessibilitéitsgesetz zu Lëtzebuerg a Kraaft. Alles am ëffentleche Raum a Privatwunnengen muss da barrièrefräi gebaut oder barrièrefräi ugepasst ginn. Eng aner nei Funktioun vun dësem Gesetz ass, datt privat Immobilien-Bauträger verflicht sinn barrièrefräi Wunnengen ze schafen, wann se Residenze bauen. D‘Adapth ass zënter iwwer 25 Joer amgaang fir ee barrièrefräit Bauen ze sensibiliséieren. Dëst Gesetz hieft d'Aarbecht vum Adapth op en neien Niveau. Mam Fabiano Munisso, Direkter vun ADAPTH, geet et ëm d'Aarbecht, d'Entwécklung, awer virun allem iwwer d'Auswierkunge vum neie Gesetz.
1/30/20230
Episode Artwork

Episod 47 - Aktiounsplang 2.0 iwwert d'Inklusioun, 21/12/2022 20:30

Et war virgesinn, dass eng extern Etude gemaach gëtt, wou den Actionsplang an der Emsetzung drun ass. Zesummen mat den 14 Ministèren, den 8 Aarbechtsgruppen, dem Steering Group an dem CSPH gouf dës Evaluatioun, déi vu KPMG duerchgefouert gouf, opgebaut. Den 21.12.2022 gouf se offiziell presentéiert.
12/21/20220
Episode Artwork

Episod 46 - Sport an Inklusioun, 10/11/2022 10:42

Vum Breede- bis zum Leeschtungssport Wa mir iwwer Inklusioun schwätzen, da sinn Fräizäit a Sport grad esou en Deel dovun, wéi d’sozial a schoulesch Inclusioun. Wéi aas et mat der Inklusioun am Sport zu Lëtzebuerg? Wou ass de Paralympesche Sport am Joer 1 no de Paralympics an no der Ära Tom Habscheid? Wat sinn d'Erausfuerderunge fir den LPC, besonnesch well de Comité momentan fir Kompetitioun a populäre Sport verantwortlech ass? D'Martine Kirsch vun ZEFI (zesumme fir Inklusioun) beschreift als Presidentin a betraffe Mamm déi aktuell Situatioun am Zesummenhang mat der Inklusioun. De Marc Kiefer, Sportsdirekter vum LPC, geet et ausserdeem ëm den aktuellen Zoustand vum Paralympesche Sport, d'Paradays an natierlech och Inklusioun.
11/10/20220
Episode Artwork

Episod 45 -Perséinlech Assistenz a firwat se wichteg ass, 31/10/2022 07:00

Eent vun de wichtegsten Instrumenter fir Selbstbestëmmung aus der UNO-Konventioun iwwer d'Rechter vu Persoune mat enger Behënnerung Sie erlaabt Leit mat enger Behënnerung Verantwortung fir hiert Liewen ze huelen. Esou Méiglechkeete ginn et schonn an eisen Nopeschlänner. Lëtzebuerg deet sech offiziell schwéier, mä huet zanter méi ewéi 10 Joer e Modell vun der ASBL "Wäertvollt Liewen" toleréiert. Mam Jean-Marc Scheer vun därr ASBL kläre mir firwat Lëtzebuerg mat dem Thema kämpft, wéi d'Associatioun hire Patienten d'Méiglechkeet schaaft fir e wäertvollt Liewen ze garantéieren, a wéi et hei am Land ëmgesat ka ginn. De Sascha Lang schwätzt och mam Elena Merslikin vun der Däitscher ASBL "ASL" vun Berlin doriwwer wat d'Budgetshëllef mécht, a wat d'Selbstbestëmmung duerch Perséinlech Assistenz fir déi Betraffen geännert huet.
10/31/20220
Episode Artwork

Episod 44 - Wëll ech wierklech nees gesinn?, 26/10/2022 16:07

Et gëtt dacks Neiegkeeten iwwer Weeër wéi blann Leit erëm kéinte gesinn. Kënschtlech Intelligenz mécht et méiglech. Medezinesch ass eng Aen-Transplantatioun néideg, mä déi geet nach net. De Sascha Lang ass zanter sengem 3. Liewensjoer blann. Eng vun den heefegste Froen, déi hie gestallt kritt ass: Géifs du gär gesinn? Firwat seng Äntwert iwwerrascht, an wat hien doriwwer denkt, héiert Dir an dësem Episod.
10/26/20220
Episode Artwork

Episod 43 - Post Group, soziaalt Engagement an Inclusioun, 04/10/2022 14:27

De Post Group ass ee vun de gréisste Patronen zu Lëtzebuerg. Mat de Beräicher Finanzen, Telekom a Courier ass et och e grousse Player an der Gesellschaft Am Fréijoer stellt de Post Group ëmmer säi Bilan vir. Ee vun den Aspekter ass och ëmmer déi sozial Verantwortung vun enger Firma. D'Inclusioun spillt net nëmmen eng Roll an der Entreprise intern, wat d'Beschäftegung vu Leit mat enger Behënnerung ugeet, mee och par rapport zu den Servicer, déi ugebuede ginn. De Generaldirekter Claude Strasser, d'Directrice fir de Beräich Ressource Humaine Isabelle Faber an de Pascal Recchia, Psycholog an éischte Kontaktpunkt fir sozial Themen bei der Post, hunn dem Sascha Lang seng Froen beäntwert.
10/4/20220
Episode Artwork

Episod 42 - Colors of Blindness, 13/09/2022 17:30

D'Fondatioun Blannevereenegung profitéiert vun der Publikatioun vum Joreskalenner fir op hir Aktivitéiten opmierksam ze maachen. An der Quinzaine "Colors Of Blindness" gëtt et een ofwiesslungsräiche Programm fir déi betraffe wéi och fir Familljen oder Interesséierter. De Generaldirekter Thierry Lutgen an den Damien Talbo, Chargé de Direction vum Beräich Betreiung, Berodung a Fräizäit, presentéieren dem Sascha Lang de Projet.
9/13/20220
Episode Artwork

Episod 41 - Net blann, net gesinn, 01/09/2022 11:11

Akzeptéieren a lassloosse: Eng degenerativ Aekrankheet ass fir vill op den éischte Bléck net ze erdroen Dir fillt dacks datt Är Siicht manner gëtt, mä Dir wësst net wéini dee Moment kënnt, wou Dir ganz blann sidd. Dat gëllt och fir aner Behënnerungen a Krankheeten. An Zesummenaarbecht mat Pro Retina Däitschland, dem Thomas Reichelt an Heidrun Köllner hu mir dësen Thema verdéift a probéiert erauszefannen, wéi esou ee Prozess fir déi Betraffen, awer och fir hiert Ëmfeld méi einfach a méi agreabel gemaach ka ginn. D'Iris, den Hagen an de Sascha féieren Iech duerch dësen intensiven Episod.
9/1/20220
Episode Artwork

Episod 40 - Monica Semedo – Eng Diagnose verännert ee Liewen, 14/07/2022 08:16

Zënter dëser Legislaturperiod vertrëtt d'Monica Semedo Lëtzebuerg am Europaparlament Virdru war si jorelaang Presentatrice bei RTL. D’Monica Semedo stoung ëmmer am Mëttelpunkt. Virun e puer Méint krut si e Message deen säin Liewen direkt verännert huet. Wéi si domat ëmgeet, firwat si et mat där Diagnos an den IGEL Podcast gepackt huet a wéi et wieder geet, dat héiert Dir an dësem Episod.
7/14/20220
Episode Artwork

Episod 39 - Reha Tennis - Trotz Behënnerung Tennis spillen, 27/06/2022 16:04

Céci-Tennis, Rollstull Tennis an Tennis fir Persoune mat mentaler Beanträchtegung – dat alles ass Reha Tennis Wei een Blannen Tennis spille kann ass fir deen een oder aneren onvirstellbar, mä et geet. An deem 39. Episod ënnerhält sech de Sascha Lang, dee selwer Tennis spillt, mam Charlotte Rodier (Trainerin a Spillerin op der Spora) an dem Gilles Müller, Sportsdirekter a fréier Nummer 1 am Lëtzebuerger Tennis iwwert de Reha Tennis hei am Land.
6/27/20220
Episode Artwork

Episod 38 - Rehab zu Karlsruhe, 17/06/2022 11:50

Endlech nees eng Foire fir Rehabilitatioun an onser Géigend Et gi verschidde Messe-Highlights am Joer, virun allem wann et ëm d'Thema Rehabilitatioun, Therapie an Inclusioun geet. D’Rehab zu Karlsruhe ass eng Traditiounsfoire, déi dëst Joer fir déi 21. Kéier vum 23. - 25. Juni ass. Zanter méi ewéi 30 Joer zielt si zu den Rendez-vousen a Süddäitschland, knapp 2 Stonne vun hei ewech. De Sascha Lang ënnerhält sech mat der Projektmanagerin Annika Gehrmeyer iwwer dës Foire, d'Wichtegkeet an d’Erausfuerderungen eng Foire vun an fir vulnerabel Leit ze organiséieren.
6/17/20220
Episode Artwork

Episod 37 - Susanna van Tonder, 30/05/2022 15:04

Den 30. Mee as Welt MS-Dag. Fir dësen Dag huet de Sascha Lang d'Susanna van Tonder an den IGEL-Podcast invitéiert. Mam Susanna geet et ënner anerem ëm de Stand vun der MS-Erkrankung, ëm d’Akzeptanz vun der Behënnerung an ëm den Engagement an der Selbstvertreter-Bewegung. D'Susanna ass och mat an der "Wat ass normal?" Campagne vum Minister de la Famille.
5/30/20220
Episode Artwork

Episod 36 - Inclusioun an der Fräizäit, 19/05/2022 07:36

Siichtbarkeet vun Persoune mat Behënnerung huet als Konsequenz, dass och ëmmer méi Leit gär u Fräizäitaktivitéiten Deel huele wëllen. Och wann an der UN Behënnerterechtkonventioun dëst Recht verankert gouf, esou gesäit et um Terrain nach anescht aus. ZEFI – Zesummen fir Inclusioun organiséiert heiriwwer den 30. Mee eng Table Ronde mat gudde Beispiller, mä och mam Zil op d’Probleemer hinzeweisen. An dësem Episod weist de Sascha Lang am Gespréich mam Martine Kirsch vun ZEFI op d'Konferenz hin, an erkläert scho graff d’Thematik.
5/19/20220
Episode Artwork

Episod 35 - Europäesche Protestdag, 29/04/2022 15:06

Zanter 30 Joer gëtt um 5. Mee an Europa protestéiert fir d’Rechter vun de Persoune mat Behënnerung. Eng Beweegung déi aus Amerika koum. Matbruecht huet se den Ottmar Miles-Paul, Aktivist a Journalist aus Däitschland. Och zu Lëtzebuerg hat "Nëmme mat Eis" 2-3 Joer matgemaach. Zanter laangem ass et hei awer Roueg ëm de 5. Mee. Iwwert d’Geschicht vum Protestdag, Motivatioun vun Aktivisten, an d'Wichtegkeet vun esou engem Dag geet et an dësem Episod.
4/29/20220
Episode Artwork

Episod 34 - Semaine de sensibilisation Gemeng Lëtzebuerg, 22/04/2022 07:59

Den 23. Abrëll starten d’Sensibiliséierungswoche vun der Stad Lëtzebuerg Sensibiliséierung ass wichteg, well domat gi Barrièren ofgebaut an Mënschen mat an ouni Behënnerung gi méi no bruecht. Och dëst Joer ass de Programm trotz 2 Joer Paus nees extrem villsäiteg. De Sascha Lang ënnerhält sech an dësem Episod mam Madeleine Kayser vun der Stad Lëtzebuerg.
4/22/20220
Episode Artwork

Episod 33 - Inclusioun brauch och déi richteg Technik, 01/04/2022 14:53

Stellt Iech fir Är Ärm an Är Been kënne keng Funktioune mei ausféihren, domat och Ären eegene Rollstull net méi bewegen Daat stellt fir vill Leid eng echt Barriere duer, fir een inklusivt Lierwen ze féiren. Innovatioun aus hei gefroot. An dësem Episod hu mer ons mat der Firma Munevo ënnerhal, déi aus engem Fuerschungsprojet op der Uni een Hëllefsmettel geschaf huet, mat deem Mënsche mat esou enger staarker Aschränkung awer selbstänneg liewe kënnen. De Claudio Lewerens erkläert Munevo Home, Drive a Smart, an weist wat KI alles kann.
4/1/20220
Episode Artwork

Episod 32 - Bewegung trotz Prothees: Movao – Move as one, 14/03/2022 10:05

Otto Bock zielt zu deene gréissten Firmen am Beräich Protheesen op der Welt. Leit déi eng Amputatioun hannert oder viru sech hunn, brauchen Informatioun an wëlle sech och mat Gläichgesënnten austauschen. Sécherlech gëtt et Facebook an Instagram, mä dat ass dacks kee geschützte Raum. Otto Bock huet doraus eng Iddi entwéckelt an eng international Plattform/Community gegrënnt, mam Numm „Movao“ – Move As one. Mir schwätzen an dësem Episode iwwert déi Plattform, déi viru kuerzem an Däitschland hire Start hat an am Benelux schonns erfollegräich leeft.
3/14/20220
Episode Artwork

Épisod 31 - Cooperatioun Wiltz, 28/02/2022 10:57

2023 feiert d’Cooperatioun Wiltz hire 40. Anniversaire. D’Asbl an d’Société Coopérative sinn aus Woltz net mei ewech ze denken. D’Société Coopérative ass méi ewéi just een Atelier d’Inclusion. 90% vun den Mataarbechter hunn een Inclusiounshannergrond. Wat d’Asbl, déi ënnert anerem de Wëlzer Festival organiséiert an d’Société Coopérative gemeinsam hunn a wéi staark d’Inclusioun zu Wolz ass, dat verroden d’Elvira Mittheis (Directrice vun der Asbl) an de Philipp Schockweiler (Marketing a Kommunikatioun vun der Société Coopérative)
2/28/20220
Episode Artwork

Episod 30 - Behënnertebeobtraagten op Regierungsniveau, 21/02/2022 09:01

Schonn zanter Jore beschäftegt sech d'Behënnertewelt mat der Fro: Brauche mir zu Lëtzebuerg ee Behënnertebeobtraagten op Regierungsniveau? Vum Marie-Josée Jacobs bis Corinne Cahen waren all d’Familljeministerinnen der Meenung: Nee! Mir héieren an dësem Episod de Jürgen Dusel, hien ass fir d'zweet a sengem Amt als Bundesbehindertenbeauftragter bestätegt ginn. Wat seng Aufgaben sinn, firwat et wichteg ass ee Bindeglied tëscht de Betraffenen an der Politik zu hunn, an ob hien der Lëtzebuerger Regierung een Tipp gëtt?
2/21/20220
Episode Artwork

Episod 29 - Centre de Logopédie, 31/01/2022 08:24

8 Competenzzentren ginn et zanter 2018 hei am Land. 2 an engem ass definitiv deen zu Stroossen. Hei geet et em d'Sprooch an och ëm Schwerhöregkeet. Wie déi 2 Voletë enk mateneen verknäppt sinn, a wat fir eng Aarbecht de Centre och a Punkto Inclusioun mécht, dovun erzielt den Direkter Marc Schmidt an dësem Episod.
1/31/20220
Episode Artwork

Episod 28 - Wat as Peer Counseling?, 19/01/2022 17:51

Mënsche mat Behënnerung musse gestäerkt ginn, fir dass si hir Rechter a Flichte kennen an duerchsetzen. Aus Amerika kënnt den Begrëff Peer Counseling, deen net just an der Behënnerte-Beweegung gelieft gëtt. De Sascha Lang schwätzt mam Birgit Schopmans aus Däitschland iwwer Peer Counseling. Zanter méi ewéi 30 Joer ass si an der Berodung aktiv. Zu Lëtzebuerg gëtt de Peer Counseling nach weider net behäerzegt.
1/19/20220
Episode Artwork

Episod 27 - De Louis Braille an d'Brailleschrëft, 04/01/2022 06:00

De 4. Januar 1809 gouf den Louis Braille zu Präis gebuer. Duerch een Accident ass hie blann ginn. Verzweiwlung war awer net Senges. Hien huet ugefaangen eng Schrëft ze entwéckelen, fir déi Millioune vun Blanne Leit him ëmmer Dankbar wäerte sinn. D’Brailleschrëft gouf gebuer. An dësem Episod schwätze mir mam Anja Lehmann vum Deutschen Zentrum für Barrierefreies Lesen iwwert de Personnage Louis Braille.
1/4/20220
Episode Artwork

Episod 26 - Table Ronde iwwert d'Inclusioun zu Lëtzebuerg 2, 17/12/2021 11:20

Bei Thema Aarbecht muss nach vill geschéien. A brauche mir een Behënnertebeoptraagten? Een Thema wat ëmmer nees Kappzerbrieches mécht ass d'Thema Aarbecht. Vill ze wéineg Leit mat Behënnerung sinn um éischten Aarbechtsmaart vertrueden. Brauch Lëtzebuerg ee Behënnertenbeoptraagten, also eng Persoun déi tëscht deene Betraffenen an dem Stat, der Politik, ka vermëtteln? A wat sinn d'Wënsch vun onse Gäscht fir 2022? Bei dëser Table Ronde sinn dobäi: Corinne Cahen - Ministerin fir Famill Olivier Grüneisen - Direkter Infohandicap Gilbert Pregno - Commission Consultative des Droits de l'homme Joel Delvaux - Aktivist, bei Nëmme Mat eis Patrick Hurst - Präsident vum Centre d'égalité de Traitement
12/17/20210
Episode Artwork

Episod 25 - Eng Table Ronde iwwert Inclusioun zu Lëtzebuerg, 02/12/2021 00:00

Am Kader vum 3. Dezember, dem Internationale Dag vun de Mënsche mat Behënnerung maache mir de Bilan D'Pandemie huet d'Ëmsetzung vum Aktiounsplang 2.0 extreem perturbéiert, an dach sinn vill Dossieren weiderkomm. Mee ob se gutt oder manner gutt weiderkomm sinn, hänkt vum Bléckwénkel of. Op onser éischter digitaler Table Ronde hu mer den Bols gefillt. Deel 1 mat dëse Gäscht: Corinne Cahen - Ministerin fir Famill Olivier Grüneisen - Direkter Infohandicap Gilbert Pregno - Commission Consultative des Droits de l'homme Joel Delvaux - Aktivist, bei Nëmme Mat eis Patrick Hurst - Präsident vum Centre d'égalité de Traitement
12/1/20210
Episode Artwork

Episod 24 - Internationalen Dag fir Menschen mat Behënnerung, 26/11/2021 14:09

Den 3. Dezember ass den Internationalen Dag fir Leit mat enger Behënnerung. Aktiounen, Medien a soss Eventer machen dann op d’Erausfuerderungen opmierksam. An deem 24. Episod froe mir ons : Brauche mir esou een Dag eigentlech? Den Sascha Lang léisst folgend Persounen zu Wuert kommen: Sylvie Bonn – Klaro (Zentrum fir déi Liichtsprooch) Olivier Grüneisen – Directer Info-Handicap Sherley Feider – Präsidentin ALAN (Maladies Rares) Patrick de Rond – Präsident Conseil National Info-Handicap Joel Delvaux – Nemme Mat Eis ASBL Nadine Reinesch – Präsidentin Commissioun Social Inclusioun Gemeng Mamer Patrick Hurst – Präsident CET Corinne Cahen – Ministerin fir Famille Gilbert Pregno – Member am CCDH
11/26/20210
Episode Artwork

Episod 23 - Déi klengste weiblech Zwillinge vun der Welt, 11/11/2021 15:22

1,23 an 1,32 Meter sinn se grouss, mä hiere Message ass riseg Klengwüchsegkeet zielt als Behënnerung. Mä wéi scho méi dacks an dësem Podcast gesot gouf: Tëscht behënnert sinn an sech behënnert fille gëtt et een Ënnerscheed. D’Katharina an Elisabeth Lindinger sinn dem Guiness World Records Buch no, déi klengste weiblech Zwillinge vun der Welt. De Sascha Lang interviewt déi zwou Fraen a schwätzt mat hinnen iwwert Motivatioun, Erausfuerderungen an Inclusioun.
11/11/20210
Episode Artwork

Episod 22 - Wat as Sexualassistenz, 27/10/2021 07:24

Persoune mat schweierer Behënnerung hu genee wéo jiddwereen och de Besoin no Sexualitéit. Dax ass et hinnen awer net méiglech dës ze liewen, sief et well et kierperlech net geet, oder och geeschteg. De Sascha Lang huet sech an der neister Episode mam Nina De Vries ënnerhalen. Sie praktizéiert Sexualassistenz an Däitschland, an si gëtt ons een Abléck wat dat bedeit, wien dat mécht a fir wien dës Zort vun Assistenz wichteg ass. Mam Vera Bintener vum Info Handicap kucke mer dann och wéi dëst Thema zu Lëtzebuerg ugepak gët.
10/27/20210
Episode Artwork

Episod 21 - De Wäisse Bengel als Hëllefsmettel, 14/10/2021 11:14

Vum 8. bis de 15. Oktober 2021 ass d'Semaine de la Vue De 14. Oktober ass d'Journée de la Vue an de 15.10.2021 ass den Dag vum Wäisse Bengel. An am Oktober huet de Centre pour le développement des compétences relatives à la vue eng Campagne mam Titel : Gesäis de mech lancéiert. Dat si gutt Grënn fir ons mam Thema Wäisse Bengel an Mobilitéitstraining ze beschäftegen. Mam Tobias Stuntebeck schwätze mer iwwert d’Entwéckelung an d’Geschicht vum Wäisse Bengel, mam Annouck Preusche an dem Thierry Metz geet et em d’Orientéierung, de Mobilitéitstraining an d’Ausbildung zum Mobilitéitstrainer. A mir loossen Notzer zu Wuert kommen, déi ons erzielen wat fir si den Wäisse Bengel bedeit.
10/14/20210
Episode Artwork

Episod 20 - Ouni Gehéier a blann, 30/09/2021 15:01

Näischt héieren a Blann sinn, eng Kombinatioun déi ee sech schwéier virstelle kann. Déi 2 Sënner, déi u sech extreem hëllefe kënnen, sinn an deem Fall net do. Zu Lëtzebuerg gëtt et ganz wéineg Persounen déi dovu betraff sinn, an dach sollte mer ons mat deem Thema beschäftegen, well d’Liewe fir dëse Persounekrees extrem an der Isolatioun ka stattfannen. An Däitschland gräifen dës Persounen op Assistenz zeréck, léieren d’Lormen an kréien aner zousätzlech Ënnerstetzung. Hei am Land ginn et wéineg Informatiounen, wéi dëse Leit gehollef gëtt. An dësem Episod hu mir ons dowéinst interesséiert, wie Leit ouni Gehéier, déi och nach blann sinn, an Däitschland gehollef kréien, wéi eng Methoden et fir d'Kommunikatioun ginn, an wéi wichteg d’Assistenz ass. De Sascha Lang am Gespréich mam Reiner Delgado vum Däitsche Blinden- und Sehbehindertenverband.
9/30/20210
Episode Artwork

Episod 19 - Schoulesch Inclusioun ass nach ëmmer een Drama, 13/09/2021 10:04

Interview mam Martine Kirsch vun der ASBL ZEFI An dem 19. Episod schwätzt d'Martine Kirsch^, Präsidentin vun Zefi (Zesummen fir Inclusioun) vun besuergenden Zoustänn wat déi schoulesch Inclusioun betrëfft. Et klappt trotz neiem Gesetz an UN Behënnerte Rechtskonventioun nach ëmmer net. An um Educatiounsministère stéisst een op daf Oueren. Am leschten Deel vum Podcast erzielt den Moderator Sascha Lang Iech, wéi hien an den 80zeger Joren Inclusioun selwer erliewt huet, ouni dass een deemools driwwer geschwat huet.
9/13/20210
Episode Artwork

Episod 18 - Mat Behënnerung an anere Kulturen liewen, 27/08/2021 00:00

Flüchtlings-Thematik as nees an aller Mond Mir hunn 2 Temoignagen vu Persounen, déi erlieft hunn, wéi Behënnerung an aneren Kulturen ugesi gëtt. Den Meddhin Saho ass Flüchtling an kënnt aus Syrien. 2014 ass hien iwwer d'Tierkei, Spuenien an Däitschland komm, an konnt seng Abschiebung verhënneren. D’Jessica Schroeder huet International Kulturmanagement studéiert an war an Indien, Myanmar, Thailand an Uganda, an huet do selwer erliewt, wat fir ee Stellewäert Persoune mat Behënnerung hunn.
8/26/20210
Episode Artwork

Episod 17 - „Ech wënsche mer Näischt, ech maachen einfach“, 13/08/2021 07:30

Et sinn dem Tom Habscheid seng 2. Paralympics Spiller 2021 zu Tokio. De jonke Sportler erzielt am Interview net just iwwert säi Sport, mä och iwwert seng Behënnerung a wéi hien domat ëmgeet. Desweideren erlaabt den Tom Habscheid och een Abléck an säin Alldag, mä och wie hien Inklusioun gesäit. An zum Schluss verréid hien och och, wat hien dovunner hält, dass an Zukunft solle Sportler mat an ouni Behënnerung zesummen un de Start vun Kompetitiounen goen.
8/13/20210
Episode Artwork

Episod 16 - Bicher liese wann ee blann oder sehbehindert ass, 31/07/2021 07:30

Aus onsem Alldag sinn Bicher net méi ewech ze denken. Mä wat maachen, wann ee Bicher opgrond vun enger Erkrankung un den Aen net méi liese kann? Dräi Méiglechkeete sti Blann an Seebehënnerte Leit zur Verfügung: Brailleschreft, Groussdrock an natierlech d’Hörbuch. Mam Frank Groben Direkter vum Centre de Compétence de la Vue „CDV“, a mam Paulo Lopes Bibliothécaire vun der Audiobibliothéik vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung huet de Sascha Lang sech ënnerhaal an erausfonnt, wie eng Meiglechkeeten et zu Lëtzebuerg gëtt. Wieder Infos kritt een och op: https://www.cc-cdv.lu an https://www.flb.lu.
7/31/20210
Episode Artwork

Episod 15 - Hörberatung Lëtzebuerg, 20/07/2021 08:26

Am Joer 2050 sollen, enger neister Etüd no, 25% vun den Leit op dëser Welt Schued um Gehéier hunn. Domat kënnt op d’Hörberatung Lëtzebuerg nach vill Aarbescht duer. Dofir notze mir elo schonns d'Geleeënheet si virzestellen. De Romain Heinz war am Interview beim Sascha Lang. A méi Informatiounen iwwert d'Hörberatung fënnt een op: http://www.hoergeschaedigt.lu
7/20/20210
Episode Artwork

Episod 14 - Luxembourg Paralympics Comitee, 01/07/2021 06:00

Mënsche mat Behënnerung brauchen de Sport genee wie jiddwereen. Schonn an den 70zeger Joren huet sech eng ASBL gegrënnt fir dëse Sport ze fërderen. Haut ass et den Luxembourg Paralympics Comitee. De Sascha Lang schwätz mam Sportdirekter Marc Kieffer iwwert den Stand vum Behënnertesport, ons Athleten, Spiller zu Tokyo, an wat Klassifikatioune sinn.
7/1/20210
Episode Artwork

Episod 13 - Den Thema Inclusioun anescht upaken, 25/06/2021 08:23

Inclusioun ass zu Mamer méi grouss an geet wäit iwwert d'Thema Behënnerung eraus. Fir dës ëmzesetzen ass d'Nadine Reinesch aktiv als Präsidentin vun der Commission Consultative "Sozial Inclusioun", an de Bled BEKTESHI ass Responsabel vun der Maison des Citoyens. An onser 13. Episode gëtt dëst Konzept méi genee virgestallt. Mei Informatiounen fannt Dir op https://www.mamer.lu.
6/25/20210
Episode Artwork

Episod 12 - Infohandicap an de Conseil National, 31/05/2021 07:30

1993 gouf d’Contactstell Infohandicap zu Lëtzebuerg gegrënnt. Sie regruppéiert Informatioun, Sensibiliséierung an Aktioun zum Thema Handicap an Inclusioun. Zanter 2017 ass den Olivier Grüneisen Direkter. Hie geet op d’Missiounen vum IHA an, an den Sekretär vun Conseil National erkläert d'Missioune vun dësem wichtege Gremium.
5/31/20210
Episode Artwork

Episod 11 - Wat ass ALAN?, 17/05/2021 08:30

Ronn 7000 seele Krankheete ginn et, an déi meescht féieren zu enger Behënnerung. Dofir ass d’Shirley Feider-Hohen am Interview fir ons ALAN virzestellen an ons opzeklären, wat een ënnert enger Maladie Rare versteet. Mei Infos zu ALAN op https://www.alan.lu
5/17/20210
Episode Artwork

Episod 10 - Mir mussen ons ëmmer nees beweisen, 11/05/2021 07:21

Een Interview mam Aktivist, Politiker an Rollstuhlfuerer Joel Delvaux. „Et huet een dacks d'Gefill, grad an der Behënnertenzeen, et misst een ëmmer nees beweisen, dass ee weess wat fir ee Betraffene selwer richteg ass“, sou de Joël Delvaux, den am Alldag den Departement des Travailleurs Handicapés vum OGBL leed.
5/11/20210
Episode Artwork

Episod 9 - De Comité Participatif vun der Gemeng Lëtzebuerg, 30/04/2021 09:08

Um politesche Geschehen deelhuelen, verlaangt och d’UN-Behënnertekonventioun. Zanter méi ewéi 10 Joer lieft d’Stad Lëtzebuerg dat mam Comité Participatif.
4/30/20210
Episode Artwork

Episod 8 - Autismus, 13/04/2021 00:01

De Sascha Lang wollt wësse wat Autismus genee ass. Hu Mënsche mat Autismus keng Gefiller? Sinn si héichbegaabt?
4/12/20210
Episode Artwork

Episod 7 - Trisomie 21, 29/03/2021 18:56

Den 21.03.2021 war de Weltdownsyndromdag, Grond genuch fir mol méi genee ze froen: Wat ass Downsyndrom oder och Trisomie 21?
3/29/20210
Episode Artwork

Episod 6 - D’Association Chien Guide Aveugle au Luxembourg, 19/03/2021 19:05

Den Zugang zum Blanneféierhond vereinfachen, an d’Liewe fir Hond a Mënsch erliichteren, dat woren d’Grënn fir dës Associatioun, déi et zanter 2001 gëtt.
3/19/20210
Episode Artwork

Episod 5 - Gebäerdesprooch, 03/03/2021 15:53

Mënschen déi Gehörlos an Stomm sinn, notzen d'Gebäerdesprooch fir ze kommunizéieren. D'Claire Bergem studéiert dës Sprooch.
3/3/20210
Episode Artwork

Episod 4 - Showdown, 29/01/2021 06:48

Zanter knapp 5 Joer gëtt zu Lëtzebuerg och Showdown gespillt. Eng inklusiv Sportaart fir Blanner, Sehender an Seebehennerter.
1/29/20210
Episode Artwork

Episod 3 - Luciano Fratini, 18/01/2021 08:42

Matt 22 Joer hat den Luciano Fratini een schwéiert Autosaccident a sëtzt zanterhier am Rollstull. Opginn war keng Optioun fir den Aktivist an Sportler.
1/18/20210
Episode Artwork

Episod 2 - D'Familjeministesch Corinne Cahen, 08/12/2020 13:34

Behënnerten-Europapolitik, National Behënnertepolitik, den Aktiounsplang an den Accessibility Act aus Europa.
12/8/20200
Episode Artwork

Episod 1 - Philippe Pozzo di Borgo, 20/11/2020 08:45

Hie sëtzt zanter engem Accident am Rollstull, a seng Geschicht war d'Inspiratioun fir de Film "Intouchables".
11/20/20200