Winamp Logo
RTL - FLF-Magazin Cover
RTL - FLF-Magazin Profile

RTL - FLF-Magazin

Luxembourgish, Football, 1 season, 47 episodes, 32 minutes
About
De Magazin vun der Football Federatioun mat villen News vum Championnat an der Nationaléquipe
Episode Artwork

FLF Magazin, 11/12/2023

De Weekend war dee leschten Spilldag am nationale Futtball Championnat virun der Wanterpaus.Am FLF Magazin vun haut zitt de Jeff Kettenmeyer de Bilan vun der Allerronn an bei wiem et an Zukunft besser muss lafen.
12/11/20232 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

FLF-Magazin: Am Fall vun EM-Qualifikatioun sinn d'Rout Léiwen an engem Grupp mat ë.a. Portugal, 04/12/2023

Wann déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe am Mäerz sech an de Play-Offs vun der Nations League nach fir d'Europameeschterschaft de nächste Summer an Däitschland géif qualifizéieren, dann géifen d'Rout Léiwen et an der Gruppephase ënnert anerem mat Portugal ze dinn kréien. An der ieweschter Divisioun hei am Land kënnen sech déi zwee Tabellenéischt Déifferdeng an Diddeleng ofsetzen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky HIppert:
12/4/20232 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

FLF Magazin, 27/11/2023

2 Matcher bléiwen Déifferdeng nach fir déi ganz Hironn am nationale Futtball ongeschloen ze bleiwen.Den Tabelleleader ass souverän ënnerwee, mä och hannendrun ass Diddeleng an engem exzellenten Laf.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer zeréck op den 13. Spilldag.
11/27/20232 minutes, 31 seconds
Episode Artwork

FLF Magazin, 13/11/2023

Am nationalen Futtball bléift Déifferdeng weiderhinn ongeschloen. Um 12. Spilldag war och de Spëtzematch tëscht Diddeleng an Hesper. Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och op Käerjeng.
11/13/20232 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

FLF Magazin, 06/11/2023

Am nationale Futtball bléift Déifferdeng och nom Spëtzematch zu Hesper un der Tabellespëtzt. Diddeleng huet zanter 5 Matcher net méi verluer an ass och nees voll am Coup fir de Kampf ëm den Titel.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer virun allem op den ieweschten Deel vun der Tabell.
11/6/20232 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

FLF Magazin, 30/10/2023

Am nationalen Futtball stoung de Weekend alles am Zeechen vun der Coupe de Luxembourg.Eng Partie Veräiner aus der BGL Ligue hunn sech ganz schwéier gedoen an anerer goufen souguer eliminéiert.De Jeff Kettenmeyer kuckt am FLF Magazin vun haut op e puer Matcher zeréck.
10/30/20232 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

FLF Magazin, 23/10/2023

Am nationale Futtball ass nom 10. Spilldag Déifferdeng nach ëmmer ongeschloen.Do hannendrun huet de Swift Hesper elo déi zweete Plaz vun Nidderkuer iwwerholl.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och an den Tabellekeller.
10/23/20232 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

FLF-Magazin: Wichteg Partie an der EM-Qualifikatioun, 16/10/2023

Déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe spillt den Owend wuel ee vun de wichtegste Matcher an hirer Geschicht. Wann et géint d'Slowakei vun 1/4 vir 9 un, eng Victoire gëtt, dann bleiwen d'Chancen erhalen, datt d'FLF-Formatioun sech fir d'Europameeschterschaft d'nächst Joer an Däitschland kéint qualifizéieren. De Weekend war hei am Land awer och zum Beispill den 8. Spilldag an der Éierepromotioun. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
10/16/20232 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

FLF-Magazin: 9. Spilldag an der BGL, an lo d'Lännermatcher, 09/10/2023

Déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe ass zanter gëschter am gaangen zwee vun hire wichtegsten Matcher an der Geschicht vun de Roude Léiwen ze preparéieren. Do virdrun war awer nach de 9.Spilldag an der BGL-Ligue. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
10/9/20232 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

FLF Magazin, 25/09/2023

Am nationale Futtball Championnat geet et Schlag op Schlag.E Mëttwoch steet schonns dee nächsten Spilldag um Programme an do stinn eng Partie Veräiner no 7 Spilldeeg schonn zolidd ënner Drock.De Jeff Kettemeyer kuckt am FLF Magazin op d'Matcher vu gëschter zeréck an wot och ee Bléck no vir.
9/25/20232 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

FLF Magazin, 18/09/2023

Fir de Kont vum 6. Spilldag an der BGL Ligue goufen et e puer iwwerraschend Resultater.Diddeleng kënnt zu Munneref ënner d'Rieder, Käerjeng kritt den éischte Punkt vun der Saison an och Déifferdeng konnt sech net zu Stroossen duerchsetzen.
9/18/20232 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

FLF-Magazin: Rout Léiwen hu géint Island gewonnen, 11/09/2023 18:20

Déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe ass mattendran, an hirem duebele Rendez-vous, an der Europameeschterschaftsqualifikatioun. Den Owend vun 1/4 vir 9 un spillen d'Rout Léiwen zu Faro géint Portugal. E Freideg gouf et déi éischt Victoire iwwerhaapt géint Island. D'Qualifikatioun fir d'EM d'nächst Joer an Däitschland ass op jiderfall fir d'Equipe vum Nationaltrainer Luc Holtz keng Utopie méi. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
9/11/20232 minutes, 53 seconds
Episode Artwork

FLF Magazin, 14/08/2023 18:50

Am nationale Futtball war gëschter de kompletten zweeten Spilldag.An do gouf et direkt déi éischt Néierlag vun der Saison fir de Champion Hesper.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer ënnert anerem op des Spëtzepartie zeréck.
8/14/20230
Episode Artwork

FLF Magazin, 07/08/2023 18:50

No der Summerpaus war de leschte Weekend den Optakt vum nationale Futtball Championnat.Mat Hesper gëtt et dës Saison ee klore Favorit op den Titel. Ma och Nidderkuer mécht sech seriö Hoffnungen.Um éischte Spilldag sinn déi zwee souverän era gestart an am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer och op Equippen déi ee manner gudden Depart haten.
8/7/20230
Episode Artwork

FLF-Magazin: Hesper Champion, Etzella an Hueschtert falen eraus, 22/05/2023 18:20

Et waren nach eng Kéier richteg spannend lescht 90 Minutten an der nationaler Futtball-Saison. An der BGL-Ligue hunn ënnen an der Tabell nach eng Rei Froe misse gekläert ginn. Um Enn fält nieft Hueschtert och nach d'Etzella aus der ieweschter Divisioun eraus. D'Fola an Käerjeng mussen an d'Relegatioun.
5/22/20230
Episode Artwork

FLF Magazin, 15/05/2023 18:20

Am nationale Futtball steet zanter gëschter fest datt Hueschtert déi nächst Saison eng Etage méi déif spillt.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op den Tabellekeller an wei d'Ausgangspositiounen virum leschte Spilldag sinn.
5/15/20230
Episode Artwork

FLF Magazin, 01/05/2023 18:50

Am ieweschten Deel vun der Tabell huet Hesper näischt ubrenne gelooss an kënnt dem Titel ëmmer méi no. De Progrès Nidderkuer ass elo sécher europäesch mee ënnen an der Tabell sinn nach keng Decisiounen gefall.Mir konzentréieren eis am FLF-Magazin deemno och op den Ofstigskampf Serge Olmo...
5/1/20230
Episode Artwork

FLF Magazin, 24/04/2023 18:50

Am Futtball gesäit et ëmmer méi duerno aus wéi wann Hesper des Saison géif Champion ginn.De Swift huet weiderhin 6 Punkten Avance op Diddeleng.Am FLF Magazin vun haut geet et awer virop ëm den Escher Derby tëscht der Jeunesse an der Fola, Jeff Kettenmeyer.
4/24/20230
Episode Artwork

FLF-Magazin: Hesper um gudde Wee fir Champion ze ginn, 17/04/2023 18:50

An der BGL-Ligue am Lëtzebuerger Futtball bleiwen nach 450 Minutten, also 5 Spilldeeg, ze spillen. Gëscht huet Hesper an der Spëtzepartie mat der 4-3 Victoire géint den Zweeten Diddeleng e wichtege Schratt an Direktioun éischte Championstitel gemaach. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
4/17/20230
Episode Artwork

FLF Magazin, 10/04/2023 18:50

Am nationale Futtball bleift de Kampf ëm de Championstitel ganz spannend.Hesper an Diddeleng hunn eng Woch virum eegenen Duell hir Matcher gewonnen.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och an den Tabellekeller.
4/10/20230
Episode Artwork

FLF Magazin, 03/04/2023 18:50

No der Paus wéinst der Nationalekipp waren d'Spiller vun der héchster Divisioun dës Woch direkt 2 Mol gefuerdert.Uewen an der Tabell hunn den Swift an den F91 hir Hausaufgabe gemaach. Ënnenof hunn haaptsächlech d'Fola a Monnerech wichteg Punkte gesammelt.No der Häre Nationalekipp, virun enger décker Woch, wäerten och d'Rout Léiwinnen an den Asaz goen. Och heizou Prezisiounen am FLF Magazin mam Serge Olmo.
4/3/20230
Episode Artwork

FLF-Magazin: Nidderkuer an Péiteng komme méi no, 13/03/2023 18:50

Um 20.te Spilldag an der BGL-Ligue hunn déi zwee Tabellenéischt Hesper an Diddeleng Punkten hänke gelooss. Den Drëtten Nidderkuer an och de 4.ten Péiteng kommen op jiddwerfalls ëmmer méi no. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
3/13/20230
Episode Artwork

FLF Magazin, 06/03/2023 18:50

Am nationale Futtball Championnat huet den F91 Diddeleng vun der Néierlag vun Hesper profitéiert an reckelt nees mei no un den Tabelleleader erun.De Champion huet elo nach zwou Punkten Reckstand.Donieft ginn et am FLF Magazin och Neiegkeeten aus dem Tabellekeller, Jeff Kettenmeyer
3/6/20230
Episode Artwork

FLF Magazin, 27/02/2023 18:50

An nationale Futtball Championnat léisst den F91 Diddeleng lues awer sécher Plomme hänken an Hesper ass amgaangen vir ewech ze marschéieren.De Swift huet nom 18. Spilldag elo 5 Punkten Avance op den aktuelle Champion.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer ënnert anerem op d'Spëtzepartie Diddeleng géint de Racing zeréck.
2/27/20230
Episode Artwork

FLF-Mag, 20/02/2023 18:50

Um 17ten Spilldag an der Ieweschter Divisioun hunn di 3 éischt an der Tabell de vollen Asaz kritt. Am Ofstiigsduell huet d'Fola e wichtege Succès an den Däichwisen gefeiert. Dammen waren op Malta am Asaz an et gëtt en Trikot vun der Nationalequipe ze gewannen . Dëst sinn d'Sujeten vum FLF Magasinn deen iech haut vum Gilles TRICCA presentéiert gëtt
2/20/20230
Episode Artwork

FLF Magazin, 12/12/2022 18:50

Et hat sech schonns fréi an der Saison gewisen, datt mat Diddeleng an Hesper zwou Equippen iwwert deenen anere stinn.Bis d'Wanterpaus konnten sech déi 2 nawell zolidd ofsetzen.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de leschte Spilldag virun der Paus zeréck.
12/12/20220
Episode Artwork

FLF Magazin: Déifferdenger Derby mat Victoire vum Progrès, 05/12/2022 18:50

Um zweetleschte Spilldag virun der Wanterpaus gouf et an der BGL-Ligue de Déifferdenger Derby. Um Enn huet d'Partie tëscht dem FC Déifferdeng 03 an dem Progrès Nidderkuer och dat gehalen wat een sech vun esou engem Match erwaart. De FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert.
12/5/20220
Episode Artwork

FLF Magazin, 28/11/2022 18:50

Am Futtball hunn den F91 an Titus Péiteng um 13. Spilldag eng gutt Affär gemach.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op ee Spilldag zeréck op deem et just an engem Match kee Gol gouf.
11/28/20220
Episode Artwork

FLF-Magazin: Nationalequipe spillt géint Ungarn an Bulgarien gläich., 21/11/2022 18:50

An de leschten Deeg huet déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe d'Joer 2022 mat enger positiver Note ofgeschloss. En Donneschdeg gouf et am Stade de Luxembourg en 2-2 Remis géint Ungarn, an gëscht hunn d'Rout Léiwen op der nämmlechter Plaz 0-0 géint Bulgarien gläichgespillt. An der 111 Joer aler Geschicht vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun gouf et domat e neie Rekord. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
11/21/20220
Episode Artwork

FLF Magazin, 14/11/2022 18:50

Am nationale Futtball hunn déi 2 Tabelleleader Hesper an Diddeleng sech gëschter e bëssen méi schwéier gedoen wéi gewinnt.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och op d'Jeunesse déi mam Jacques Müller ee neie Wand krut.
11/14/20220
Episode Artwork

FLF-Magazin: Hesper deet Diddeleng am Spëtzenduell wéi!, 07/11/2022 18:50

Bis den 11. Spilldag waren an der BGL Ligue mam F91 a mat Hesper zwou Equippen déi nach kee Match verluer haten. Gëscht war et dunn am Stade Jos Nosbaum zu Diddeleng den Duell tëscht deenen zwee Tabellenéischten, an do war de Swift einfach déi besser Equipe. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
11/7/20220
Episode Artwork

FLF Magazin, 31/10/2022 18:50

Am nationale Futtball stoung de Weekend d'Coupe um Programme.Grouss Iwwerraschungen sinn allerdéngs ausbliwen, mä verschidden Equippen hunn sech awer schwéier gedoen.Am FLF Magazin vun haut huet de Jeff Kettenmeyer sech eng Partie Matcher erausgepickt.
10/31/20220
Episode Artwork

FLF Magazin, 17/10/2022 18:50

Am FLF Magazin vun haut geet et ëm den 9. Spilldag an der BGL Ligue.Donieft kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och op den FLF Kongress zeréck op deem de Paul Philipp op en Neits gewielt gouf.
10/17/20220
Episode Artwork

FLF Magazin, 10/10/2022 18:50

An der EM Qualifikatioun spillt d'Lëtzebuerger Futtball Nationalequipe vu Mäerz 2023 un géint Portugal, Bosnien, Island, d'Slowkei an Lichtenstein.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op desen Tirage, an awer och op den 8. Spilldag an der BGL Ligue.
10/10/20220
Episode Artwork

FLF Magazin, 03/10/2022 18:50

Am nationale Futtball stoungen de Weekend d'Coupe Matcher um Programme.Grouss Iwwerraschungen sinn ausbliwwen, all Equipe aus der BGL Ligue konnt sech duerchsetzen.Am Goal vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer awer virun allem op eng Equipe déi eng Etage méi déif spillt.
10/3/20220
Episode Artwork

FLF Magazin, 26/09/2022 18:50

D'Lëtzebuerger Futtball Nationalequipe huet gëschter Owend fir den Ofschloss vun der UEFA Nations League 1-0 géint Litauen gewonnen.Am Goal vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op des wichteg Victoire zeréck an erkläert och wat des zweet Tabelleplaz bedeit.
9/26/20220
Episode Artwork

FLF Magazin, 19/09/2022 18:50

Am nationalen Futtball Championnat marschéieren Diddeleng an Hesper weider vir ewech.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de 7. Spilldag zeréck an och schonns no vir op de Lännermatch.
9/19/20220
Episode Artwork

FLF Magazin, 12/09/2022 18:50

Nom 6. Spilldag am nationale Futtball Championnat setzen sech Diddeleng an Hesper lues awer sécher vun der Konkurrent of.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och méi ënnen an d'Tabell.
9/12/20220
Episode Artwork

FLF Magazin, 29/08/2022 17:50

Am nationale Futtball Championnat marschéieren 2 Equippen mam Maximum vun 12 Punkten vir ewech.Hesper an Diddeleng schéngen net ouni Grond déi zwee Topfavoritten op den Titel ze sinn.Am FLF Magazin vun haut hellt de Jeff Kettenmeyer déi zwee méi genee ënnert d'Lupp.
8/29/20220
Episode Artwork

Sport-Magazin: De Claude Origer, Préparateur physique vun der FLF-Formatioun. am Portrait, 06/06/2022 17:50

Wéi an de meeschte Sportaarte spillt d'Préparation physique am Futtball  eng wichteg Roll. Bei der Futtball-Nationalekipp huet de Claude Origer dës Missioun. Wéi hien dozou komm ass an aus wat seng Aarbecht besteet, dat verréit ons de Gilles Tricca.
6/6/20220
Episode Artwork

FLF Magazin: Barragematcher an Coupe, 30/05/2022 17:50

Et ass d'Phase vun den Decisiounen am nationale Futtball. An de Barragematcher konnten sech Hueschtert an Wolz all Kéier an der BGL-Ligue halen. An der Coupe de Luxembourg ass de Stater Racing no der Victoire an der Final géint Diddeleng, d'nächst Saison europäesch. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
5/30/20220
Episode Artwork

FLF Magazin, 23/05/2022 17:50

Gëschter konnt sech den F91 Diddeleng souverän zu Wolz dee 16. Championstitel a senger Veräinsgeschicht sécheren.Am Goal vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de Championnat zeréck.Ma och d'U17 EM an Israel spillt eng Roll.
5/23/20220
Episode Artwork

FLF Magazin: F91 quasi Champion, U-17 bei der EM, 16/05/2022 17:50

Fir d'Spiller vun der Lëtzebuerger U-17 Futtballnationalequipe fänkt haut e grousse Moment an hirer Karriär un. Bei der Schlussphase vun der Europameeschterschaft kritt d'Equipe vum FLF-Nationaltrainer Mario Mutsch et lo a ronn enger Stonn mam Organisateur Israel. An der BGL-Ligue ass den F91 Diddeleng esougutt wéi Champion, ma fir de Rescht sinn awer nach e puer Decisiounen op. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
5/16/20220
Episode Artwork

FLF MAGAZIN, 09/05/2022 17:50

Zanter e Samsdeg steet den Lëtzebuerger Champion bei den Dammen fest. De Stater Racing gewënnt fir 2t noeneen den Titel.Bei de Hären, do bleift et 2 Spilldeeg viru Schluss weiderhin spannend esouwuel uewen an der Tabell wéi och fir d'Barrageplazen.Dëst sinn Themen vum FLF-Magasinn deen iech haut vum Gilles Tricca presentéiert gëtt
5/9/20220
Episode Artwork

FLF Magazin, 02/05/2022 17:50

Am nationale Futtball Championnat bleiwen elo nach 3 Spilldeeg bis de Championstitel secher feststeet.Gëschter huet den F91 Diddeleng ee grousse Schratt Richtung Meeschterkroun gemach, ma och d'Fola huet nach realistesch Chancen, Jeff Kettenmeyer.
5/2/20220
Episode Artwork

FLF Magazin, 25/04/2022 17:50

Am nationalen Futtball gëtt et nees richteg spannend.Den F91 Diddeleng kritt wackeleg Been an huet just nach zwee Punkten Avance op de Swift Hesper.Am Goal vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op des spannend Schlussphase no vir.
4/25/20220
Episode Artwork

FLF-Magazin: Dammen wannen géint Lettland, an RM Hamm Benfica steet als Ofsteiger fest, 11/04/2022 17:50

Déi Lëtzebuerger Futtball-Dammennationalequipe huet an der aktueller Weltmeeschterschaftsqualifikatioun schonn hiren zweete Match gewonnen. E Samschdeg war et zu Beetebuerg eng 3-2 Victoire géint Lettland. Muer geet et zu Esch scho weider géint Nordmazedonien. An der BGL-Ligue kann den F91 Diddeleng op mannst schonn d'Telefonsnummer eraushuelen fir den Schampes fir d'Championsfeier ze bestellen..., d'Jeunesse wäert d'nächst Saison keng Coupe d'Europe spillen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
4/11/20220