En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.
Serge Allard
D’Grippesaison ass voll am Gaang. Wéi staark sinn déi Jéngst dëst Joer vun den Infektioune betraff? Rick Mertens freet de President vun der Associatioun vun de Kannerdokteren.
2/2/2024 • 0
Jean-Luc de Matteis a Robert Fornieri
D'Regierung w ëllt de Bausecteur relancéieren an d'Wunnen erëm méi bëlleg maachen. Mee iwwerzeegen déi annoncéiert Mesuren och d'Gewerkschaften? De Rick Mertens freet bei OGBL an LCGB no.
2/1/2024 • 0
Thierry Hoscheit
Verstéisst d'Stater Heescheverbuet géint d'Verfassung? De Rick Mertens freet den neie President vun der Cour constitutionnelle, wéi déi Fro ka gekläert ginn.
1/31/2024 • 0
Xavier Bettel
Den Ausseminister schwätzt sech op der internationaler Bün gär fir de Rechtsstaat aus. Mee wéi konsequent ass d’Lëtzebuerger Regierung op dem Punkt? Dat freet de Rick Mertens de Chefdiplomat.
1/30/2024 • 0
Corinne Cahen
Grad an de Stied sinn déi Leit, déi an Aarmut liewen besonnesch visibel: dorënner och déi, déi heesche fir ze iwwerliewen. Ass et och an der DP-Sozialschäffen hirem Sënn, datt Heescherten aus dem Stadbild verschwannen?
1/29/2024 • 0
Lex Delles
De Bausecteur ass en crise: wat beidet dat? Froe vum Maurice Molitor un de Wirtschaftsminister.
1/26/2024 • 0
Martine Solovieff
De Maurice Molitor befreet Procureure générale d’État iwwer den Heescheverbuet, d'Comparution immédiate an den neie Conseil national de la Justice, dee si presidéiert.
1/25/2024 • 0
Patrick Dury
D'Sozialwalen, eng eventuell Pensiounsreform an d'Situatioun um Bau si Stéchwieder am Gespréich, dat de Maurice Molitor mam LCGB-President féiert.
1/24/2024 • 0
Christophe Hansen
Platzt dem CSV-Politiker säin Dram vum EU-Kommissär wéinst der Spëtzekandidatur vum Nicolas Schmit? Ënner anerem dat freet de Maurice Molitor.
1/23/2024 • 0
Marc Ruppert
De Frank Engel féiert déi nach jonk Partei Fokus duerch hiren éischten Europa-Walkampf. Mee wéi vill Optimismus an Zesummenhalt gëtt et nach bei Fokus no zwou Walnéierlagen a rezent méi kriteschen Artikelen an der Press? Dat freet d'Christiane Kleer de Parteipresident.
1/22/2024 • 0
Nicolas Schmit
De fréieren LSAP-Minister féiert déi europäesch Sozialisten als Spëtzekandidat an d’Walen. Mee huet hie wierklech Chancë Kommissiounspresident ze ginn? Moderatioun: Rick Mertens
1/19/2024 • 0
Marlène Negrini
D’Policegewerkschaft SNPGL weist sech skeptesch géintiwwer dem Stater Heescheverbuet. Wéi eng Erfarungen hunn d’Poliziste bis elo Terrain gemaach? De Rick Mertens freet d’SNPGL-Presidentin.
1/18/2024 • 0
Spezial: Wéi ass d'Wiederlag den Ament?
Wéinst staarkem Äisreen gëllt zanter 6 Auer déi héchst Wiederwarnung. Mam Luca Matthias vu Meteolux a mat eiser Reporterin Sophie Schroeder maache mir de Point. Moderatioun: Rick Mertens
1/17/2024 • 0
Sylvain Hoffmann
Déi nei Sozialministesch wëllt de Pensiounssystem iwwerdenke fir d’Pensiounen ofzesécheren. Mee ass dat wierklech néideg? De Rick Mertens freet den Direkter vun der Chambre des Salariés.
1/16/2024 • 0
Jean-Claude Hollerich
D’Relioun ass fir vill Leit ëmmer manner wichteg, seet de Statec, an an de Keese vum Bistum si grouss Lächer zanter der Trennung vu Kierch a Staat. Kloer ass: An de leschten zéng Joer huet d’Roll vun der Kathoulescher Kierch an der Ëffentlechkeet zu Lëtzebuerg nach eemol staark ofgeholl. De Virworf, datt d'Kierch et verpasst hätt mat der Zäit ze goen, ass net ze iwwerhéieren, net nëmmen hei am Land. Wéi soll et elo weidergoen? Dat freet d’Christiane Kleer de Lëtzebuerger Kardinol.
1/15/2024 • 0
Gilbert Pregno
No zéng Joer un der Spëtzt vun der consultativer Mënscherechtskommissioun stellt de President säi Posten zur Verfügung. Hien äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
1/12/2024 • 0
Jill Goeres
No sechs Méint un der Spëtzt vun der Gemeng Bech: Froe vum Maurice Molitor un déi jéngst Buergermeeschtesch am Land.
1/11/2024 • 0
Guy Hoffmann
Vun A wéi Agencen bis Z wéi Zënsen: Froe vum Maurice Molitor un de President vun der Raiffeisebank
1/10/2024 • 0
Paul Nathan
De Maurice Molitor mam Vize-President vun der Handwierkerkammer iwwer d’Suergen an d’Erwaardunge vun der Baubranche.
1/9/2024 • 0
Carole Reckinger
Zanter Kuerzem däerf een an der Stad net méi heeschen. Wat bedeit dat fir Leit, déi op der Strooss sinn? De Rick Mertens freet déi politesch Spriecherin vun der Caritas.
1/8/2024 • 0
Leonie de Jonge
Och 2024 gëtt e Superwaljoer: Nach ni goufen et ronderëm d’Welt esou vill Wale wéi dëst Joer. Riskéieren och esou vill Populiste gewielt ze gi wéi nach ni virdrun? Dat freet de Rick Mertens eng Lëtzebuerger Populismus-Fuerscherin.
1/5/2024 • 0
Monique Reiff
Déi nei Regierung wëllt d’Spideeler entlaaschten, andeems se méi klengen Dokteschpraxisse méi Méiglechkeete gëtt. Mee déi festagestallte Spidolsdoktere si skeptesch. De Rick Mertens freet hir Presidentin firwat.
1/4/2024 • 0
Monique Reiff
Déi nei Regierung wëllt d’Spideeler entlaaschten, andeems se méi klengen Dokteschpraxisse méi Méiglechkeete gëtt. Mee déi festagestallte Spidolsdoktere si skeptesch. De Rick Mertens freet hier Präsidentin firwat.
1/4/2024 • 0
Isabelle Schlesser
D’Ekonomie dréit am Moment méi lues, an de Chômage klëmmt. Wéi vill Suerge muss ee sech fir 2024 maachen? De Rick Mertens freet d’Direktesch vum Aarbechtsamt ADEM.
1/3/2024 • 0
Shirley Feider
Wou gëtt et am Ëmgang mat de Patienten nach Loft no uewen? Dat froe mir d'Presidentin vun der CAPAT, dem Daachverband vun de Patientenassociatiounen. Moderatioun: Rick Mertens
1/2/2024 • 0
Raymond Conzemius
Mam techneschen Direkter vum COSL kuckt de Maurice Molitor no vir op d'Olympesch Spiller 2024 zu Paräis.
12/29/2023 • 0
Carole Hartmann
Mat der DP-Generalsekretärin an neier Iechternacher Buergermeeschtesch kuckt de Maurice Molitor zeréck op een - fir hir Partei a fir si perséinlech - erfollegräicht Superwaljoer 2023.
12/28/2023 • 0
Djuna Bernard
2023, en Annus horribilis fir déi gréng. De Maurice Molitor mecht e Réck- an en Ausbléck mat der Co-Presidentin vun der Partei.
12/27/2023 • 0
Julien Licheron
Wéineg Aktivitéit um Lëtzebuerger Wunnengsmaart am 3. Trimester: 2023: d’Analys vum LISER-Fuerscher am Interview beim Maurice Molitor
12/22/2023 • 0
Tom Haas
Déi nei Note de conjoncture vum STATEC zeechent kee rosegt Bild vun eiser Ekonomie. Ee vun hiren Auteuren erkläert d'Hannergrënn am Gespréich mam Maurice Molitor.
12/21/2023 • 0
Fred Keup
Geet et eiser Sprooch esou gutt oder esou schlecht wéi ni? Dat zweet, seet den ADR-Fraktiounschef am Gespréich mam Maurice Molitor.
12/20/2023 • 0
Yuriko Backes
Mobilitéit, ëffentlech Bauten, Verdeedegun an Egalité sinn déi nei Ressorte vun der Ex-Finanzministesch. Froen dozou vum Maurice Molitor
12/19/2023 • 0
Luc Frieden
No engem Mount an engem Dag als neie Regierungschef: de Premier am Interview beim Maurice Molitor.
12/18/2023 • 0
Serge Wilmes
.
12/15/2023 • 0
Monique Hermes
De Maurice Molitor schwätzt mat der neier Buergermeeschtesch vu Gréiwemaacher, déi de Léon Gloden un der Spëtzt vun der Gemeng ersetzt.
12/14/2023 • 0
Den CSV-Inneminister Léon Gloden huet gréng Luucht gi fir dat ëmstriddent Policereglement vun der Stad Lëtzebuerg iwwert den Heescheverbuet. Riskéiert Lëtzebuerg dann net änlech ewéi d'Schwäiz am Fall vun engem Recours vum Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff kondamnéiert ze ginn? Eng Fro iwwert déi mam neien CSV-Inneminister diskutéiert gëtt.
12/13/2023 • 0
Pierre Reding
D'Lëtzebuergescht als Haaptsprooch Doheem an op der Aarbecht an an der Schoul hëlt of, aner Sproochen diversifiéieren d'Sproochelandschaft. Mam Comissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch de Pierre Reding diskutéiere mer iwwert den Défi den Zougang zur Sprooch ze vereinfachen a mir kucken ob déi Etüd vum Statec hindeit datt d'Lëtzebuergescht un Terrain verléiert.
12/12/2023 • 0
Antoine Fischbach
No der Publikatioun vu PISA 2022 - ouni Lëtzebuerg: Froe vum Maurice Molitor un de “Mister Schoulmonitoring” vun der uni.lu
12/11/2023 • 0
Joëlle Welfring
De Maurice Molitor schwätzt mat der fréierer Ëmweltministesch an aktueller Deputéierter vun déi gréng iwwer d’COP28 an d’Klimapläng vun der neier Regierung.
12/8/2023 • 0
Guy Castegnaro & Robert Schneider
De Maurice Molitor ënnerhält sech mat den zwee Co-Auteure vum Buch “De Casteg” iwwer de Gewerkschaftsleader John Castegnaro.
12/7/2023 • 0
Michel Reckinger
De Maurice Molitor schwätzt mam UEL-President a Patron vun engem Installateursbetrib iwwer d'Wunnengsbau- a d'Wärmepompel-Offensiven.
12/6/2023 • 0
Romain Wolff
De President vun der CGFP iwwer d'Erwaardunge vu senger Organisatioun un déi nei Regierung
12/5/2023 • 0
Christian Weis
Dräi Deeg viru senger Vereedegung: Froe vum Maurice Molitor un deen neie Buergermeeschter vun Esch/Uelzecht
12/4/2023 • 0
Florian Bieber
Gehéieren d'Länner vum Westbalkan an d'Europäesch Unioun? Ë. a. dat freet de Maurice Molitor den Auteur vum Buch "Pulverfass Balkan".
12/1/2023 • 0
François Koepp
De Lëtzebuerger gëtt nees grad esouvill Geld am Restaurant aus wéi virun der Pandemie. Ass déi schwéier Zäit fir zerguttst iwwerstanen? De Maurice Molitor freet de Generalsekretär vun der Horesca.
11/30/2023 • 0
Elisabeth Margue
De Maurice Molitor schwätzt mat der neier Justizministesch an elo eenzeger CSV-Presidentin.
11/29/2023 • 0
Martine Deprez
De Maurice Molitor am Gespréich mat der neier Gesondheets- a Sozialministerin
11/28/2023 • 0
Gilles Roth
Wat ass eng “responsabel an nohalteg Budgetspolitik”? Den neie Finanzminister am Interview beim Maurice Molitor
11/27/2023 • 0
Marc Baum
De Maurice Molitor freet den Deputéierte vun déi Lénk, wat d’Pläng vun der neier Regierung “kal an däischter” mécht.
11/24/2023 • 0
Claude Meisch
De Maurice Molitor schwätzt mam alen Educatiouns- an neie Logementsminister iwwer dee gewaltegen Aarbechtspensum, deen hie sech opgelueden huet.
11/23/2023 • 0
Claude Wiseler
Léiwer Éischte Bierger wéi nach eemol Minister: den neie Chamberpresident äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
11/22/2023 • 0
Nora Back
Véier Deeg nom Leak vum Koalitiounsaccord a véier Méint virun de Sozialwalen: Froe vum Maurice Molitor un d’Presidentin vum OGBL.
11/21/2023 • 0
Pia Oppel a Christoph Bumb
Am Gespréich mam Maurice Molitor analyséieren d'100,7-Journalistin an de Reporter.lu-Chefredakter de Koalitiounsaccord.
11/20/2023 • 0
Marc Spautz
Froe vum Maurice Molitor un den neie President vun der CSV-Fraktioun an der Chamber
11/17/2023 • 0
Sam Tanson
Haut nach Ministesch, vun en Dënschdeg un Oppositiounsdeputéiert: Froe vum Maurice Molitor un d'Ex-Spëtzekandidatin vun déi gréng iwwer hir nei Roll.
11/16/2023 • 0
Taina Bofferding
Trotz hirem gudde Walresultat war d'nach-Ministesch net onbedéngt predestinéiert fir Presidentin vun hirer Fraktioun, der LSAP ze ginn. Wéi wëllt si virgoe fir déi nei Ekipp zesummenzeféieren an hir Plaz op der Oppositiounsbänk ze definéieren?
11/15/2023 • 0
Karin Weyer
Zanter dem Ufank vum Krich am Noen Osten hunn Ufeindungen an och Menacë géint Judden erëm zougeholl. Wéi huet d’Lag zu Lëtzebuerg sech entwéckelt? Dat freet d'Christiane Kleer d’Direktesch vum Zenter géint Radikaliséierung, méi bekannt ënner dem Numm respect.lu.
11/14/2023 • 0
Christian Oberlé
De finanziellen Equiliber vun der CNS kënnt a gutt dräi Joer un d'Wackelen. Musse mir geschwënn all méi abezuelen, a kéint et zu Verschlechterunge bei de Leeschtunge kommen? Dat freet d¨Christiane Kleer de President vun der CNS.
11/13/2023 • 0
Emile Eicher
Accueil vu Flüchtlingen: Loossen d’Gemengen de Staat am Stéch? Froe vum Maurice Molitor un den aktuellen (an zukünftegen?) President vum SYVICOL
11/10/2023 • 0
Dr. Philippe Türk
No der Quadripartite vu gëschter schwätzt de Maurice Molitor mam President vun der Federatioun vun de Spideeler (FHL) iwwer d’Finanzsituatioun a -perspektive vun der CNS.
11/9/2023 • 0
Daniel Kohl
Den neien Direkter vum Cluster for Logistics schwätzt am Gespréich mam Maurice Molitor iwwer Problemer, Suergen, Chancen an Erausfuerderunge vun der Logistik-Branche.
11/8/2023 • 0
Franz Fayot
Den nach-Wirtschaftsminister kritiséiert d’Budgetspolitik vun der nächster Regierung schonn éier déi nei Koalitioun steet. Opgrond vu wat? De Franz Fayot äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
11/7/2023 • 0
Lis de Pina
Iwwer 900 Reklamatiounen huet d’Médiation Scolaire schon entgéint geholl zanter se viru fënnef Joer gegrënnt gouf. Mee wéi kann dee Service iwwerhaapt hëllefen? De Rick Mertens freet d’Cheffin vum Service.
11/6/2023 • 0
Georges Merenz
Iwwer 100 Joer laang war de Landesverband eng eegestänneg Eisebunnergewerkschaft. Mee elo gëtt en en Deel vum OGBL. De Rick Mertens ënnerhält sech mam leschte President.
11/3/2023 • 0
Felix Wildschütz
Virun zwou Wochen huet e klenge franséischen Zirkus fir Opreegung gesuergt, well en exotesch Déiere mat an d’Land bruecht huet. Wéi dacks kënnt esou eppes vir? De Rick Mertens freet den Direkter vun der Veterinärverwaltung.
11/2/2023 • 0
Leo Wagener
Muer op Allerhellege gedenke vill Leit de Verstuerwenen aus hirem Ëmfeld. Mee wéi grouss ass déi reliéis Bedeitung vun dem Dag nach? De Rick Mertens freet de Weibëschof.
10/31/2023 • 0
Netty Thines
D’Associatioun vun de Publicitéitsagencë warnt virun enger Kris an hirem Secteur. Wat sinn d’Grënn dofir? Mir froen eng Vertriederin aus dem Verwaltungsrot.
10/30/2023 • 0
Marc Hostert
Digitalisatioun am Gesondheetsberäich – wou si mer drun? Am Gespréich mam Maurice Molitor mecht den neie President vun der Agence eSanté de Point.
10/27/2023 • 0
Martina Holbach
Greenpeace Lëtzebuerg huet getest, wéi eescht d’Banken hir Obligatioun huele fir Clienten op nohalteg Finanzproduiten hinzeweisen. Am Gespréich mam Maurice Molitor erklärt déi zoustänneg Campaignerin wéi dee mystery shopping finktionnéiert an zu wéi enge Resultater e geféiert huet.
10/26/2023 • 0
Martine Kemp
D'Martine Kemp iwwerhëlt d’Mandat vum Christophe Hansen, deen als neie Lëtzebuerger Deputéierte vereedegt gouf, am Europaparlament. Déi 29-Joer-jonk CSV-Politikerin wäert, an de gutt siwe Méint, déi nach bis déi nächst Europawale bleiwen, och all d’Dossiere vun hirem Virgänger iwwerhuelen.
10/25/2023 • 0
Marc Crochet
De Maurice Molitor schwätzt mam Generaldirekter vun der Caritas iwwer déi nei Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Flüchtlingspolitik.
10/24/2023 • 0
Dr Pit Buchler
No 14 Joer un der Spëtzt vum Collège médical huet den Dr Pit Buchler d'Presidentschaft ofginn. Am Gespréich mam Maurice Molitor zitt hien e Bilan a werft e kritesche Bléck op de Lëtzebuerger Gesondheetssystem.
10/23/2023 • 0
Jean Asselborn
De Konflikt am Noen Osten drot ze eskaléieren, an et komme nees méi Flüchtlingen op Lëtzebuerg. Wéi preparéiert de laangjäregen Ausseminister an dësen onrouegen Zäiten den Terrain fir säin Nofollger? Moderatioun: Rick Mertens.
10/20/2023 • 0
Romain Wolff
Wat erwaart d’Staatsbeamtegewerkschaft sech vun der neier Regierung? Mir froen de President vun der CGFP. Moderatioun: Rick Mertens.
10/19/2023 • 0
Marc Goergen
Firwat sinn d’Piraten bei de Chamberwalen hannert den Erwaardungen zréck bliwwen? Mir froen hire Partei-Coordinateur. Moderatioun: Rick Mertens.
10/18/2023 • 0
Andrew Ferrone
Wat erwaarden d’Wëssenschaftler aus dem Observatoire vun der Klimapolitik sech vun der neier Regierung? Mir froe hire President. Moderatioun: Rick Mertens.
10/17/2023 • 0
François Bausch
Virun enger Woch hunn Déi Gréng déi heftegst Waldéfaite an hirer Geschicht erlieft. Wéi konnt et dozou kommen? Dat froe mir den erfuerenste grénge Politiker. Moderatioun: Rick Mertens.
10/16/2023 • 0
Paulette Lenert
Fënnef Deeg no de Chamberwalen äntwert d'LSAP-Spëtzekandidatin dem Maurice Molitor ë.a. op d'Fro, wéi si de Walsonndeg erlieft a verdaut huet a wéi eng Roll si fir sech an der Oppositioun gesäit.
10/13/2023 • 0
Marc Niederkorn
No nëmmen engem Joer huet d'SNCI, déi national Kredit- an Investitiounsgesellschaft, hiren Direkter entlooss. Dee Concernéierten erkläert am Interview mam Maurice Molitor, wourun hie gescheitert ass.
10/12/2023 • 0
Gérard Schockmel
Den Infektiolog aus den Hôpitaux Robert Schuman gëtt DP-Deputéierten. Mee am Fong geet dat him net duer. Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert hie seng Virstellungen an Ambitiounen.
10/11/2023 • 0
Alexandra Schoos
14 Joer nom Robert Mehlen huet d'ADR nees en Deputéiertemandat am Bezierk Oste gewonnen. D'Alexandra Schoos ass déi éischt Fra, déi fir d'Partei an d'Chamber kënnt. Si äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
10/10/2023 • 0
No der Chamberwal: D’Parteispëtzte reagéieren
Den CSV-President Claude Wiseler, d’DP-Generalsekretärin Carole Hartmann, déi gréng Presidentin Djuna Bernard, an d'Francine Closener, ee vun den LSAP-Parteipresidenten, diskutéieren iwwer d’Walresultat. Moderatioun: Rick Mertens
10/9/2023 • 0
Live-Debat: Wéi komme mir aus der Logementskris?
Semiray Ahmedova (déi gréng), de Gary Diderich (déi Lénk), d’Mandy Arendt (Piraten) an den Tom Becker (Fokus) diskutéiere live zu Miersch. Moderatioun: Rick Mertens
10/6/2023 • 0
Sven Clement
D’Piraten hoffen drop de Kinneksmaacher vun der neier Regierung ze ginn. Mee wéi eng Fuerderunge géife si iwwerhaapt un déi aner Parteie stellen? Moderatioun: Rick Mertens.
10/5/2023 • 0
Blanche Weber
Léisst dës Walcampagne hoffen, datt Lëtzebuerg an den nächste fënnef Joer méi séier am Klimaschutz virukënnt? De Rick Mertens freet d’Presidentin vum Mouvement Ecologique.
10/4/2023 • 0
Fred Keup
Den ADR-President seet, hie géif keng Antisemitten a Rietsradikaler a senger Partei toleréieren. Mee wéi glafwierdeg ass dat nach? Moderatioun: Rick Mertens
10/3/2023 • 0
Elefannteronn: Bettel, Lenert, Frieden an Tanson am Live-Debat
D’Spëtzekandidate vun DP, LSAP, CSV an déi gréng sti sech 40 Minutte laang live géintiwwer. Moderatioun: Rick Mertens
10/2/2023 • 0
Wéi gi mir de Stau lass?
Den Yves Cruchten (LSAP), d’Barbara Agostino (DP), de Fernand Kartheiser (ADR) an de Marc Goergen (Piraten) diskutéieren zu Käerjeng doriwwer, wéi eng Mobilitéitspolitik an den nächste fënnef Joer gebraucht gëtt. Moderatioun: Rick Mertens
9/29/2023 • 0
Wéi gi mir de Stau lass?
Den Yves Cruchten (LSAP), d’Barbara Agostino (DP), de Fernand Kartheiser (ADR) an de Marc Goergen (Piraten) diskutéieren zu Käerjeng doriwwer, wéi eng Mobilitéitspolitik an den nächste fënnef Joer gebraucht gëtt. Moderatioun: Rick Mertens
9/29/2023 • 0
Carole Thoma
déi Lénk fuerderen ënner anerem eng “Jobgarantie” fir jiddwereen dee schaffe wëllt, an eng 32-Stonne-Woch. Mee wéi realistesch sinn esou Fuerderungen? De Rick Mertens freet eng vun de Spëtzekandidatinnen.
9/28/2023 • 0
Marc Ruppert
Fokus versprécht couragéiert nei Iddien. Mee fir wéi vill Verännerung steet dei nei Partei wierklech? De Rick Mertens freet ee vun hire Spëtzekandidaten aus dem Zentrum.
9/27/2023 • 0
Raoul Schaaf
Och virun de Chamberwale gëtt nees vill iwwer de Garer Quartier an der Stad diskutéiert. Mee wéi kann een d’Situatioun do wierklech verbesseren? De Rick Mertens freet de President vum Suchtverband.
9/26/2023 • 0
Giovanni Patri
D’Kandidateleschten vu Liberté-Fräiheet sinn am Summer a Rekordzäit enstanen. Mee zitt d’Partei wierklech un engem Strang? De Rick Mertens freet de Spëtzekandidat aus dem Südbezierk.
9/25/2023 • 0
Debat: Wéi maache mir eise Gesondheetssystem fit fir Zukunft?
D’Carole Hartmann (DP), de Jean-Claude Schmit (LSAP), de Claude Wiseler (CSV) an de Steve Schmitz (Liberté) diskutéiere live virum Centre Medical um Potaaschbierg. Moderatioun: Rick Mertens
9/22/2023 • 0
Joe Thein
Déi Konservativ hunn zanter hirer Grënnung 2017 nach ni e politescht Mandat gewonnen. Mat wéi engen Ambitioune gi si an des Chamberwalen? De Rick Mertens freet hire Spëtzekandidat.
9/21/2023 • 0
Sam Tanson
dei Gréng sinn net gutt an d’Waljoer gestart. Wéi wëlle si de Negativtrend elo nach stoppen? De Rick Mertens freet hir Spëtzekandidatin.
9/20/2023 • 0
Sam Tanson
dei Gréng sinn net gutt an d’Waljoer gestart. Wéi wëlle si de Negativtrend elo nach stoppen? De Rick Mertens freet hir Spëtzekandidatin.
9/20/2023 • 0
Dr. Marc Berna
Rendez-vouse bei Spezialisten sinn - wéi et schéngt - gefrot wéi ni. Een Drëttel méi Ufroe vu Patiente goufe rezent am Stater CHL gezielt, een Deel vun deenen Demanden huet souguer misste refuséiert ginn. Och an de Robert-Schuman-Spideeler wier den Drock héich, seet hiren Direkter, den Dr. Marc Berna. D'Christiane Kleer freet hien, firwat dat esou ass, a wat d'Léisunge wieren.
9/19/2023 • 0
Dr. Marc Berna
Rendez-vouse bei Spezialisten sinn - wéi et schéngt - gefrot wéi ni. Een Drëttel méi Ufroe vu Patiente goufe rezent am Stater CHL gezielt, een Deel vun deenen Demanden huet souguer misste refuséiert ginn. Och an de Robert-Schuman-Spideeler wier den Drock héich, seet hiren Direkter, den Dr. Marc Berna. D'Christiane Kleer freet hien, firwat dat esou ass, a wat d'Léisunge wieren.
9/19/2023 • 0
Paulette Lenert
D’LSAP wëllt fir méi sozial Gerechtegkeet suergen. Mee wéi wäit sinn d’Sozialiste bereet dofir ze goen? De Rick Mertens freet hir Spëtzekandidatin.
9/18/2023 • 0
Paulette Lenert
D’LSAP wëllt fir méi sozial Gerechtegkeet suergen. Mee wéi wäit sinn d’Sozialiste bereet dofir ze goen? De Rick Mertens freet hir Spëtzekandidatin.
9/18/2023 • 0
Debat: Wat muss Lëtzebuerg bäidroe fir de Klimawandel ze bremsen?
D’Joëlle Welfring (déi gréng), d’Martine Hansen (CSV), de Michel Lemaire (ADR) an d’Myriam Cecchetti (déi Lénk) diskutéiere live op engem Bauerenhaff zu Knapphouschent. Moderatioun: Rick Mertens.
9/15/2023 • 0
Debat: Wat muss Lëtzebuerg bäidroe fir de Klimawandel ze bremsen?
D’Joëlle Welfring (déi gréng), d’Martine Hansen (CSV), de Michel Lemaire (ADR) an d’Myriam Cecchetti (déi Lénk) diskutéiere live op engem Bauerenhaff zu Knapphouschent. Moderatioun: Rick Mertens.
9/15/2023 • 0
Luc Frieden
D’CSV versprécht praktesch all d’Stéit steierlech ze entlaaschten. Mee wéi realistesch ass dat an ekonomesch onsécheren Zäiten? Dat freet de Rick Mertens hire Spëtzekandidat.
9/14/2023 • 0
Luc Frieden
D’CSV versprécht praktesch all d’Stéit steierlech ze entlaaschten. Mee wéi realistesch ass dat an ekonomesch onsécheren Zäiten? Dat freet de Rick Mertens hire Spëtzekandidat.
9/14/2023 • 0
Luc Frieden
D’CSV versprécht praktesch all d’Stéit steierlech ze entlaaschten. Mee wéi realistesch ass dat an ekonomesch onsécheren Zäiten? Dat freet de Rick Mertens hire Spëtzekandidat.
9/14/2023 • 17 minutes, 15 seconds
Xavier Bettel
De Premier versprécht de Wieler e responsabelen Ëmgang mat de Staatsfinanzen an och steierlech Erliichterungen. Wéi passt dat zesummen? Moderatioun: Rick Mertens
9/13/2023 • 15 minutes, 59 seconds
Xavier Bettel
De Premier versprécht de Wieler e responsabelen Ëmgang mat de Staatsfinanzen an och steierlech Erliichterungen. Wéi passt dat zesummen? Moderatioun: Rick Mertens
9/13/2023 • 0
Xavier Bettel
De Premier versprécht de Wieler e responsabelen Ëmgang mat de Staatsfinanzen an och steierlech Erliichterungen. Wéi passt dat zesummen? Moderatioun: Rick Mertens
9/13/2023 • 0
Nora Back
Wéi zefridden ass déi gréisste Gewerkschaft mat de Proposen, déi d’Parteien an hire Programmer maachen? De Rick Mertens freet d’Presidentin vum OGBL.
9/12/2023 • 14 minutes, 54 seconds
Nora Back
Wéi zefridden ass déi gréisste Gewerkschaft mat de Proposen, déi d’Parteien an hire Programmer maachen? De Rick Mertens freet d’Presidentin vum OGBL.
9/12/2023 • 0
Nora Back
Wéi zefridden ass déi gréisste Gewerkschaft mat de Proposen, déi d’Parteien an hire Programmer maachen? De Rick Mertens freet d’Presidentin vum OGBL.
9/12/2023 • 0
Face-à-Face: Frank Engel vs. Roy Reding
De fréieren CSV-President an de fréieren ADR-Députéierten triede bei dëse Wale mat neie Parteien un. Wat hunn d’Wieler dovun? Dat freet de Rick Mertens an eisem Face-à-Face.
9/11/2023 • 18 minutes, 26 seconds
Face-à-Face: Frank Engel vs. Roy Reding
De fréieren CSV-President an de fréieren ADR-Députéierten triede bei dëse Wale mat neie Parteien un. Wat hunn d’Wieler dovun? Dat freet de Rick Mertens an eisem Face-à-Face.
9/11/2023 • 0
Face-à-Face: Frank Engel vs. Roy Reding
De fréieren CSV-President an de fréieren ADR-Députéierten triede bei dëse Wale mat neie Parteien un. Wat hunn d’Wieler dovun? Dat freet de Rick Mertens an eisem Face-à-Face.
9/11/2023 • 0
Philippe Schannes
Haut an engem Mount si Chamberwalen: am Virfeld dovu schwätzt de Serge Kesseler mam Vize-President vu Volt Lëtzebuerg a Kandidat am Bezierk Osten, dem Philippe Schannes. Volt Lëtzebuerg trëtt eng éischte Kéier bei Chamberwalen un.
9/8/2023 • 13 minutes, 54 seconds
Ali Ruckert
Am Virfeld vun de Chamberwalen ass et den Optakt vun enger Serie vun Interviewe mat Spëtzekandidaten a Spëtzekandidatinne vun allen 12 Parteien a Beweegungen, déi den 8. Oktober untrieden.
Dem Serge Kesseler säin Invité fir dësen éischten Deel ass den Ali Ruckert, de President vun der kommunistescher Partei a KPL-Spëtzekandidat am Süden.
9/7/2023 • 13 minutes, 15 seconds
Jacques Vandivinit
De Fonds du Logement huet säi Joresrapport 2022 virgeluecht. Am Interview mam Generaldirekter geet et awer och ëm d'Situatioun am Bausecteur an um Wunnengsmaart. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
9/6/2023 • 14 minutes, 26 seconds
Tom Haas
Wéi entwéckele sech d'Lëtzebuerger CO2-Emissiounen? A wéi ass den Impakt vun der Dekarboniséierung op eis Ekonomie? Froen un de STATEC vum Maurice Molitor
9/5/2023 • 15 minutes, 35 seconds
Mireille Rahmé-Bley
Haut (4.9.) ass Kiermesméindeg, den Dag vun der Stater Braderie: Froe vum Maurice Molitor un d'Presidentin vum Geschäftsverband (UCVL)
9/4/2023 • 12 minutes, 56 seconds
Gilbert Goergen
De President vum Postsyndikat iwwer déi (a sengen Aen) "katastrophal Resultater" vun enger Ëmfro beim Personal iwwer d'Klima am Betrib. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
9/1/2023 • 13 minutes, 58 seconds
Carlo Thelen
De Generaldirekter vun der Chambre de commerce iwwer d'Erwaardunge vum Patronat un d'Politik am Virfeld vun de Chamberwalen. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
8/31/2023 • 14 minutes, 21 seconds
Paul Engel
Den éischte Buergermeeschter vun der neier Gemeng Groussbus-Wal iwwer d'Erausfuerderunge vun der Fusioun, déi op den 1. September Realitéit gëtt. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
8/30/2023 • 11 minutes, 55 seconds
Serge Kollwelter
De Porte-parole vum Ronnen Dësch iwwer d'Walpréifsteng, op déi sech eng Dosen ONGen am Hibléck op d'Chamberwalen verstännegt hunn, am Gespréich mam Maurice Molitor.
8/29/2023 • 13 minutes, 24 seconds
Laurent Schley
De Wollef ass nees zu Lëtzebuerg opgetaucht. "Eng gutt Noriicht!", seet de Sous-Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
8/28/2023 • 15 minutes, 47 seconds
Tom Wirion
De Generaldirekter vun der Chambre des Métiers schwätzt vun enger "historescher Kris", mat där d'Bauhandwierk konfrontéiert wier. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
8/25/2023 • 14 minutes, 19 seconds
Samuel Ruben
"Wunnen: Tout reste affaires": mat deem Wuertspill iwwerschreift den Ekonomist seng Analys vun der Lëtzebuerger Logementspolitik.
De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
8/24/2023 • 15 minutes, 25 seconds
Dr. Paul Hédo
De President vun der Associatioun vun de Psychiateren, Kannerpsychiateren a Psychotherapeuten (SLPPP) reagéiert op de Plan national santé mentale vun der Regierung. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
8/23/2023 • 14 minutes, 48 seconds
Carole Muller
D'Presidentin vun der Luxembourg Confederation iwwer deen neien Numm vun der Ex-CLC an d'Erwaardunge vun de Secteuren Handel, Servicer an Transport am Virfeld vun de Walen. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
8/22/2023 • 14 minutes, 15 seconds
Alex Donnersbach
Wéi eng Argumenter muss d'CSV bei de jonke Wieler:innen an d'Fënster stellen, wa se wëllt zeréck un Muecht kommen? De Rick Mertens freet de President vun der CSJ.
8/21/2023 • 14 minutes, 17 seconds
Maksymilian Woroszylo
D'Jugendorganisatioun vun der ADR trëtt provokativ op. Mécht se der Partei domatt am Waljoer wierklech ee Gefalen? De Rick Mertens freet de President vun der Adrenalin.
8/18/2023 • 13 minutes, 32 seconds
Michael Agostini
Sëtzt d'DP an hirem Walprogramm déi richteg Schwéierpunkte fir déi jonk Generatioun? De Rick Mertens freet de President vun der DP-Jugendsektioun JDL.
8/17/2023 • 14 minutes
Claudia Monti
D'Erzéiungsanstalt zu Dräibuer suergt weider fir negativ Schlagzeilen. Ginn et effektiv Dysfonctionnementer am Zenter fir stroffälleg Mineuren? De Rick Mertens freet d'Ombudsman ëm hir Meenung.
8/16/2023 • 13 minutes, 59 seconds
Izabela Golinska
D'Jongsozialisten si sech an der Klimapolitik net ganz een mat hirer Mammepartei. Wéi gi si am Walkampf domat ëm? De Rick Mertens freet d'Juso-Presidentin.
8/14/2023 • 12 minutes, 30 seconds
Jean-Paul Lickes
Huet de Reen an de leschten zwou Woche gehollef eis Drénkwaasser-Reserven erëm opzefëllen? De Rick Mertens freet den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt.
8/11/2023 • 14 minutes, 1 second
Mandy Arendt
Och d'Piraten hunn eng Jugendpartei. Wéi eng Roll spille si parteiintern? De Rick Mertens freet hir Spriecherin, déi zanter Kuerzem och Buergermeeschtesch vu Colmer-Bierg ass.
8/10/2023 • 12 minutes, 15 seconds
Marco Koeune
Den neie President vun der Bauerenallianz ass zanter iwwer 20 Joer Bio-Bauer. Mee firwat stellen net méi Baueren op Bio ëm? Ënner anerem déi Fro stellt de Rick Mertens.
8/9/2023 • 12 minutes, 37 seconds
Alain Origer
Zanter zwou Wochen däerf een doheem Cannabis ubauen. Op wat muss een dobäi oppassen? De Rick Mertens freet den nationalen Drogebeoptraagten.
8/8/2023 • 12 minutes, 11 seconds
Tania Mousel
déi Lénk hunn d'lescht Woch mat engem ëmstriddene Facebook-Post fir vill Diskussioun gesuergt. Ass et eng gutt Iddi am Waljoer esou ze kommunizéieren? De Rick Mertens freet eng Vertriederin vun der Parteijugend.
8/7/2023 • 13 minutes, 9 seconds
Thierry Hoscheit
D'ALIA geheit RTL vir, si hätten d'Parteie virun de Gemengewalen net d'selwecht behandelt. Mee wéi eng Reegele ginn et do iwwerhaapt? Dat freet de Rick Mertens de President vun der Medienautoritéit.
8/4/2023 • 14 minutes, 4 seconds
Amy Winandy
D'Gemengewalen sinn net gutt gelaf fir déi gréng. Wat kënne si fir d'Chamberwale besser maachen? Dat freet de Rick Mertens d'Spriecherin vun déi jonk gréng.
8/3/2023 • 11 minutes, 36 seconds
Alexandra Oxacelay
Hunn d'Covidkris an déi héich Präisser an de leschte Méint dozou baigedro, datt méi Leit an d'Aarmut gefall sinn? De Rick Mertens freet d'Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss.
8/2/2023 • 12 minutes, 17 seconds
Romain Nati
Den Direkter vum Stater Centre Hospitalier geet fir d'LSAP mat an d'Walen. Fir wéi eng Gesondheetspolitik wëllt hie sech asetzen? Ënner anerem dat freet de Rick Mertens.
8/1/2023 • 12 minutes
Georges Bock
Den Nohaltegkeetsrot fuerdert, datt Verschmotzung a Ressourcëverbrauch méi staark besteiert ginn. Wéi kann een dat maachen? De Rick Mertens freet den zoustännege Member vum CSDD, dem Conseil supérieur pour un développement durable.
7/31/2023 • 13 minutes, 14 seconds
Marc Fischbach
De President vun der COPAS, dem Daachverband vun de Prestatairen an der Betreiung a Fleeg vun eelere Leit, mat Kritik um neie Gesetz iwwer d'Qualitéit vun de Servicer. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/28/2023 • 15 minutes, 37 seconds
Claude Meisch
Den Educatiounsminister iwwer d'Alphabetisatioun op Franséisch, de Modell vun den ëffentlechen europäesche Schoulen an de Pro a Contra vun engem Handyverbuet. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/27/2023 • 15 minutes, 19 seconds
Fred Keup
Den ADR-President iwwer déi rezent Partei-intern Turbulenzen an d'Strategie fir d'Chamberwalen. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/26/2023 • 15 minutes, 18 seconds
Pierre Barthelmé
Froe vum Maurice Molitor un de President vun der Konkurrenz-Autoritéit, där hir Enquête iwwer den Immobiliesecteur d'lëscht Woch Welle geschloen huet.
7/25/2023 • 14 minutes, 9 seconds
Frank Engel
Nom Fokus-Kongress vun e Samschdeg: wat proposéiert déi nei Partei a Saache Logement, Steieren, Bildung oder Santé? A wéini presentéiert se hir Lëschten? De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/24/2023 • 16 minutes, 12 seconds
Steve Thull
De Chef d'État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi iwwer d'Arméireform, déi haut an der Chamber gestëmmt wäert ginn. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/21/2023 • 15 minutes, 44 seconds
Barbara Agostino
Froe vum Maurice Molitor un déi nei DP-Deputéiert, déi de 27. Juni vereedegt gouf. An déi eng Vergaangenheet am Fussball huet: Dat passt um Dag, op deem d'Frae-WM ufänkt.
7/20/2023 • 14 minutes, 24 seconds
Roy Reding
Den Ex-ADR-Deputéierten iwwer de Clinch mat senger fréierer Partei an de Lancement vu senger neier Beweegung "Liberté chérie". De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/19/2023 • 14 minutes, 54 seconds
Corinne Cahen
Vun der Familljeministesch zur Stater Sozialschäffen: d'Funktiounen änneren, d'Zoustännegkeete bleiwen. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/18/2023 • 14 minutes, 32 seconds
Christophe Schiltz
De President vum Staatsrot reagéiert op ënnerschwelleg an oppe Kriticken un der Aart a Weis, wéi (séier) seng Institutioun schafft. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/17/2023 • 13 minutes, 38 seconds
Jean-Luc de Matteis
Wéinst den héijen Zënse gëtt am Moment manner gebaut. Riskéieren doduerch vill Aarbechter hir Plaz ze verléieren? De Rick Mertens freet den zoustännege Zentralsekretär vum OGBL.
7/14/2023 • 14 minutes, 58 seconds
Charel Weiler
De Rick Mertens freet deen neie Buergermeeschter vun Dikrech, ob seng Majoritéit weiderhin hanner der Nordstad-Fusioun steet.
7/13/2023 • 13 minutes, 22 seconds
Gérard Zens
An der internationaler Schoul zu Déifferdeng an Esch hu méi Primaner hiert Joer gepackt, wéi an anere Lëtzebuerger Lycéeën. De Rick Mertens freet den Direkter vun der EIDE, firwat dat esou ass.
7/12/2023 • 16 minutes, 53 seconds
Paulette Lenert
De Rick Mertens freet d'LSAP-Spëtzekandidatin, firwat si bis elo net méi inhaltlech Schwéierpunkte gesat huet, an op si dat virun de Walen nach wëllt maachen.
7/11/2023 • 22 minutes, 58 seconds
Carole Hartmann
Mat der DP-Generalsekretärin schwätzt de Rick Mertens iwwer de Liberalen hir Walkampf-Fuederungen a firwat si déi als Regierungspartei nach net ëmgesat hunn.
7/10/2023 • 19 minutes, 57 seconds
Sam Tanson
Chamberwalen 2023: Froe vum Maurice Molitor un déi gréng Spëtzekandidatin
7/7/2023 • 17 minutes, 48 seconds
David Lentz
De Procureur d'État adjoint erkläert d'Hannergrënn vun der Sensibiliséierungscampagne "Not sharing is caring", déi Jonker dovun ofhale soll, Gewaltvideoen online ze deelen. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/6/2023 • 14 minutes, 25 seconds
Toto Da Costa Araujo
Portugisesch Wuerzelen, Lëtzebuerger Pass: de Maurice Molitor am Gespréich mam neie Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Bous-Waldbriedemes
7/5/2023 • 13 minutes, 41 seconds
Julie-Suzanne Bausch
Déi aktuell Presidentin vum Collège des directeurs vun de Lëtzebuerger Lycéeën iwwer de Phenomeen vu Mobbing-Attacken, déi gefilmt an duerno online gestallt ginn. Moderatioun: Maurice Molitor
7/4/2023 • 14 minutes, 17 seconds
Carole Thoma
No der Enttäuschung bei de Gemengewalen: wéi ginn déi Lénk an Campagne fir d'Chamberwalen? Froe vum Maurice Molitor un d'Co-Spriecherin vun der Partei
7/3/2023 • 15 minutes, 22 seconds
Philippe Poirier
De Politolog vun der Uni Lëtzebuerg presentéiert éischt Resultater vun der Etude POLINDEX, déi ënnersicht, wat an de Käpp vum Lëtzebuerger Elektorat vir sech geet. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
6/30/2023 • 14 minutes, 33 seconds
Jean-Marie Halsdorf
Den CSV-Politiker gëtt no 2000-2004 eng zweete Kéier Buergermeeschter zu Péiteng. Seng nationalpolitesch Karriär geet dogéint am Hierscht op en Enn. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
6/29/2023 • 14 minutes, 32 seconds
Meris Sehovic
De schwaarz-blo-grénge Koalitiounsaccord zu Esch ass ënnerschriwwen. Froe vum Maurice Molitor un den zukünftege Schäffen an nationale Co-President vun der grénger Partei
6/28/2023 • 14 minutes, 37 seconds
Jean Ehret
Firwat verléieren déi traditionell Reliounen hei am Land ëmmer méi u Bedeitung? Dat freet de Rick Mertens haut op Karfreideg den Direkter vun der Luxembourg School of Religion and Society.
4/7/2023 • 13 minutes, 28 seconds
Paul Peckels
D'Wort feiert 175 Joer. Mee wéi wëllt déi eelste Lëtzebuerger Zeitung am digitalen Zäitalter bestoen? Dat freet de Rick Mertens den Direkter vum Editiounshaus, dat d'Wort erausgëtt.
4/6/2023 • 11 minutes, 40 seconds
Carole Thoma
Mat wéi engen Ziler ginn déi Lénk an d'Gemengewalen? Dat freet de Rick Mertens d'Spriecherin vun der Partei.
4/5/2023 • 14 minutes, 3 seconds
Marc Wengler
Iwwer siwe Milliarden Euro investéiert de Staat bis 2039 an déi national Eisebunn. Wéi wäerten d'Passagéier dat mierken? Ë. a. dat freet de Rick Mertens den Direkter vun den CFL.
4/4/2023 • 14 minutes, 38 seconds
Isabelle Schmoetten
Solle Mamme bezuelt ginn, wa si hir Kanner doheem versuergen? Déi Fro wäert virun de Chamberwalen nach méi dacks diskutéiert ginn. De Rick Mertens stellt se haut der Direktesch vum CID Fraen an Gender.
4/3/2023 • 14 minutes, 8 seconds
Henri Trauffler
De laangjäregen Direkter vum Iechternacher Kolléisch (LCE) geet a Pensioun: Wéi huet d'Schoul sech an de leschte 40 Joer verännert? De Maurice Molitor huet nogefrot.
3/31/2023 • 16 minutes, 26 seconds
Kristin Schmit
20 Joer Gesetz géint haislech Gewalt: Froe vum Maurice Molitor un d'Vertriederin vun der Police am Comité de coopération entre les professionnels dans le domaine de la lutte contre la violence.
3/30/2023 • 14 minutes, 48 seconds
Josiane Di Bartolomeo-Ries
Wéi kommentéiert d'SIGI-Vizepresidentin déi intern Dysfonctionnementer beim Syndikat, deen d'Informatik vun de Gemenge geréiert?
3/29/2023 • 15 minutes, 18 seconds
Luc Caregari
D'Associatioun vun de Beruffsjournalisten ALJP setzt sech dofir an, datt Journalisten hei am Land ënnert de bescht méigleche Konditioune kënne schaffe fir hirer Missioun, ze informéieren, gerecht ze ginn. Dowéinst setzt si sech ënnert anerem och dofir an, datt Journalisten ouni Aschränkungen op d'Informatiounen aus dem "Registre des Bénéficiaires Effectifs" kann zougräifen. Dat wier wichteg fir d'Transparenz a fir de Kampf géint d'Geldwäscher, op deenen hire Spuere Journalisten ënnerwee sinn. Mee, kann Transparenz iwwer Dateschutz stoen? Doriwwer schwätzt d'Christiane Kleer mam neie President vun der Associatioun vun de Beruffsjournalisten.
3/28/2023 • 15 minutes, 14 seconds
Serge Wilmes an Tom Krieps
De Stater CSV-Schäffen an den LSAP-Gemengeconseiller diskutéieren iwwer de geplangte Verbuet vum Heeschen an der Stad Lëtzebuerg.
3/27/2023 • 0
Corinna Niemeyer
Am Kader vum Themendag "klassesch Musek": en Interview mat der Chefdirigentin (zënter September 2020) vum Orchestre de Chambre du Luxemborug (OCL).
3/24/2023 • 14 minutes, 24 seconds
Laurence Bernard
Vum Hierscht u kënnen Infirmièren an Infirmiere sech op der uni.lu a 4 Beräicher spezialiséieren. Froe vum Maurice Molitor un eng vun den zwou Studiendirectricë vun deene Bachelor-Formatiounen.
3/23/2023 • 12 minutes, 50 seconds
Georges Clees
D'Dokteschassociatioun an d'Spideeler si sech net eens, wéi eng Reegele fir ambulant Strukture solle gëllen. Wat seet d'Patientevertriedung dozou? Mir froen hire Spriecher. Moderatioun: Rick Mertens.
3/22/2023 • 16 minutes, 3 seconds
Andrew Ferrone
Wat muss geschéie wa mer déi global Äerderwiermung nach op 1,5 Grad wëlle limitéiert kréien? Mir froen de Lëtzebuerger Vertrieder am internationale Panel vun de Klimafuerscher. Moderatioun: Rick Mertens.
3/21/2023 • 12 minutes, 54 seconds
Blanche Weber
De Mouvement Ecologique rifft déi nächst Regierung dozou op eise Wirtschaftssystem komplett ze iwwerdenken. Wéi stellt d'Ëmwelt-ONG sech dat fir? Mir froen d'Presidentin. Moderatioun: Rick Mertens.
3/20/2023 • 15 minutes, 5 seconds
Jerry Grbic
De CEO vun der ABBL iwwer Banken a Faillite (SVB) oder a Schwiergekeeten (Crédit Suisse), iwwer d'Zënsentwécklung an d'(On)Zefriddenheet vum Personal am Finanzsecteur.
3/17/2023 • 14 minutes, 40 seconds
Charel Schmit
Vill Luef a (punktuell) schaarf Kritik: den Avis vum Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher iwwer d'Reform vu Jugendschutz a Jugendstrofrecht ass do.
3/16/2023 • 15 minutes, 38 seconds
Thomas Galli
"Wie sinnvoll sind Gefängnisse?", ëm dës Fro geet et den Owend op enger Konferenz vun der Associatioun "eran, eraus ... an elo?" zu Dummeldeng. De Riedner ass den däitschen Affekot, Buchauteur a fréiere Prisongsdirekter Thomas Galli.
Mir schwätzen de Moie mam Expert iwwer seng Vue op de Strofvollzuch a seng Fuerderung Prisongen ofzeschafen.
3/15/2023 • 11 minutes, 34 seconds
Tommy Klein
De jonke Soziolog huet viru Kuerzem d'Säite gewiesselt: hien ass elo net méi Direkter Meenungsfuerschungsinstitut Ilres mee politesche Beroder a Kandidat vun der Piratepartei. Wat si seng Pläng a wat fir eng Roll spillt säi beruffleche Parcours dobäi? Ënner anerem dat freet d'Christiane Kleer den Tommy Klein haut.
3/14/2023 • 13 minutes, 54 seconds
Martine Hansen
D'Co-Fraktiounscheffin vun der CSV kritiséiert d'Familljepolitik vun der blo-rout-grénger Regierung. D'Martine Hansen fuerdert, datt Eltere vum Staat méi ënnerstëtzt solle gi fir doheem bei hire Kanner ze bleiwen. Wéi begrënnt si dës Fuerderung a wéi stellt d'CSV sech alternativ Modeller vir? Déi Froe stellt d'Pia Oppel de Moien eiser Invitée vum Dag.
3/13/2023 • 13 minutes, 55 seconds
Paul Hammelmann
Wéi kënnen eis Stroosse méi sécher gemaach ginn? Doriwwer gëtt zanter engem déidlechen Accident am Neiduerf nees vill diskutéiert. Mir froen de President vun der Sécurité Routière. Moderatioun: Rick Mertens
3/10/2023 • 13 minutes, 39 seconds
Philippe Turk
D'Corona-Pandemie ass esou wäit iwwerstanen. Mee sinn d'Spideeler prett an den nächste Joren eng Populatioun ze versuergen, déi ëmmer weider wiisst? Dat freet de Rick Mertens de President vun der Spidolsfederatioun.
3/9/2023 • 14 minutes, 27 seconds
Marion Zovilé-Braquet
Firwat engagéieren net méi Fraen sech an der Politik? Dat freet de Rick Mertens haut um Weltfraendag d'CSV-Buergermeeschtesch vu Conter, déi zanter bal 20 Joer politesch aktiv ass.
3/8/2023 • 15 minutes, 45 seconds
Sven Clement
Als Oppositiounspartei souzen d'Pirate bei der Tripartite net mat um Dësch. Hätte si eppes anescht gemaach wéi d'Regierung? Ë. a. dat Rick Mertens ee vun den zwee Piraten-Deputéierten.
3/7/2023 • 13 minutes, 29 seconds
Yuriko Backes
D'Stéiermesuren, déi Tripartite e Freideg decidéiert huet, solle ronn 500 Milliounen d'Joer kaschten. Kann de Staat sech dat a onsécheren Zäite wierklech leeschten? Mir froen d'Finanzministesch. Moderatioun: Rick Mertens.
3/6/2023 • 18 minutes, 44 seconds
Claude Wiseler
E Gespréich vum Maurice Molitor mam Co-President vun der CSV iwwer d'Enjeue vun der Tripartite a seng Decisioun, net mat an d'Gemengewalen ze goen.
3/3/2023 • 13 minutes, 45 seconds
Roland Bastian
De Generaldirekter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg iwwer den Impakt vun den héijen Energiekäschten op d'Stolproduktioun an iwwer d'Erausfuerderung Klimaneutralitéit. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
3/2/2023 • 15 minutes, 1 second
Josiane Weber
Et si Bréiwer vun der Groussherzogin Marie-Adelheid opgetaucht, déi d'Bild vun der politescher Monarchin confirméieren. Hir Biographin huet se ausgewäert. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
3/1/2023 • 16 minutes, 2 seconds
Romain Schmit
Virun der Bipartite vun haut an der Tripartite vun e Freideg: Froe vum Maurice Molitor un de Generalsekretär vun der Handwierker-Federatioun
2/28/2023 • 15 minutes, 33 seconds
Semiray Ahmedova
Retour op d'Logements-Assisen an déi nei Virschléi, déi de Wunnengsbauminister do virgestallt huet. Mat der grénger Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich
2/27/2023 • 14 minutes, 23 seconds
Daniel Porcedda
De Lëtzebuerger huet mat senger Famill zu Kiew gelieft, wéi de Krich virun engem Joer ugefaangen huet. Wat hu si zanterhier erlieft? Moderatioun: Rick Mertens
2/24/2023 • 13 minutes, 45 seconds
Francine Closener
Jiddweree schwätzt vun de Walen, mee wéi eng Steiermesurë wëllt d'LSAP nach do virdrun duerchsetzen? Ë. a. dat freet de Rick Mertens d'Parteipresidentin.
2/23/2023 • 13 minutes, 57 seconds
Gilles Hempel
All d'Acteure vum Logementsmarché kommen haut zesumme fir mam Minister no neie Léisungen ze sichen. Wat ass sech siwe Méint virun de Walen dovun ze erwaarden? De Rick Mertens freet den Direkter vun der Agence Immobilière Sociale.
2/22/2023 • 14 minutes, 1 second
Michael Feit
De Chef vun der internationaler Kooperatioun bei der Caritas ass eis vu Kiew zougeschalt: Wéi kann een den Ukrainer ee Joer nom Ufank vum Krich am Beschten hëllefen? Ë. a. dat freet de Rick Mertens.
2/21/2023 • 14 minutes, 38 seconds
Ulf Nehrbass
Eng nei Etüd weist: Lëtzebuerg hat 2020-21 déi niddregst Iwwerstierflechkeet an der EU. Gouf an der Corona-Kris also alles richteg gemaach? De Rick Mertens freet den Direkter vum Luxembourg Institute of Health.
2/20/2023 • 13 minutes, 48 seconds
Stefan Braum
De Professer fir Droit vun der Uni Lëtzebuerg mat Conclusioune vun engem Fuerschungsprojet iwwer den Ëmgang mat rechtsstaatleche Prinzippie wärend der Pandemie. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
2/17/2023 • 14 minutes, 13 seconds
Carole Reckinger
Déi politesch Spriecherin vun der Caritas iwwer d'Revendicatiounen, mat deenen d'ONG déi politesch Parteien am Virfeld vun de Gemengewalen konfrontéiert. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
2/16/2023 • 14 minutes, 5 seconds
Fernand Ernster
Wéinst dem Luc Frieden sengem politesche Comeback ass de Geschäftsmann plëtzlech an onerwaart un d'Spëtzt vun der Chambre de Commerce katapultéiert ginn. Wat si seng Pläng? freet de Maurice Molitor.
2/15/2023 • 14 minutes, 39 seconds
Pierre Reding
Deen neie Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch schwätzt iwwer d'Ëmsetzung vum Aktiounsplang, dee säi Virgänger him hannerlooss huet. De Maurcie Molitor féiert duerch d'Gespréich.
2/14/2023 • 16 minutes, 44 seconds
Aline Rosenbaum
Froe vum Maurice Molitor un déi nei Directrice vun der ULC, dem Lëtzebuerger Konsumenteschutz.
2/13/2023 • 13 minutes, 3 seconds
Claudia Major
Den ukrainesche President gëtt sech net mat Panzerliwwerungen zefridden: Hie fuerdert, datt de Westen och Kampffligeren zur Verfügung stellt. Geet dat net ze wäit? De Rick Mertens freet eng däitsch Sécherheetsexpertin.
2/10/2023 • 18 minutes, 17 seconds
Myriam Cecchetti
déi Lénk fuederen, datt de Pensiounsfong net méi a fossil an nuklear Energie investéiert. Ass dat wierklech sënnvoll, a wéi kéint een et maachen? De Rick Mertens freet déi zoustänneg Deputéiert.
2/9/2023 • 12 minutes, 8 seconds
Sergio Ferreira
Et hu nach net vill Auslänner sech ugemellt fir bei de Gemengewalen matzemaachen - obwuel dës Kéier jiddwereen, dat ka maachen, egal wéi laang ee schonn am Land ass. Wat leeft do schif? De Rick Mertens freet de politeschen Direkter vun der ASTI.
2/8/2023 • 15 minutes, 22 seconds
Charles Muller
De Wirtschaftsberoder war laang bei der DP engagéiert - elo geet hien awer fir déi gréng an d'Gemengewalen. Wouhier kënnt dee Sënneswandel? Moderatioun: Rick Mertens
2/7/2023 • 11 minutes, 35 seconds
Michèle Detaille
E Gespréich iwwer Wuesstem, Energiekäschten, Inflatioun an Aarbechtszäitverkierzung mat der Presidentin vum Industrielle-Verband FEDIL. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
2/6/2023 • 14 minutes, 47 seconds
Armand Wildanger
Deen neie President vum NGL-SNEP iwwer d'Schwieregkeete vun enger klenger Gewerkschaft, hir Plaz am Schiet vun OGBL an LCGB ze behaapten. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
2/3/2023 • 14 minutes, 13 seconds
Luc Frieden
Froe vum Maurice Molitor un den designéierte Spëtzekandidat vun der CSV fir d'Chamberwalen 2023
2/2/2023 • 16 minutes, 41 seconds
Dr. Paul Wirtgen
De Generaldirekter vum Centre Hospitalier du Nord (CHdN) iwwer d'Schlasskéier, de Projet vun enger neier Klinik (mat Centre médical niewendrun) zu Wolz. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
2/1/2023 • 13 minutes, 43 seconds
Jean-Claude Hollerich
De Lëtzebuerger Kardinol iwwer seng Roll am weltwäite Synodale Prozess an iwwer den aktuellen Zoustand vun der Kathoulescher Kierch. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
1/31/2023 • 16 minutes, 51 seconds
Alex Donnersbach
De fréiere Minister Luc Frieden soll bei de Chamberwalen am Oktober nationale Spëtzekandidat vun der CSV ginn. Wat hält den CSJ-President dovunner? D'Pia Oppel schwätzt mam Alex Donnersbach doriwwer, wat dëse Personalchoix iwwer déi gréissten Oppositiounspartei ausseet.