Winamp Logo
Ceci, Do You Love Me? Cover
Ceci, Do You Love Me? Profile

Ceci, Do You Love Me?

Luxembourgish, Social, 4 seasons, 71 episodes, 2 days, 1 hour, 51 minutes
About
Lëtzebuerg ass eng Bubble, oder? A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi out of the Box denken an net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren. Dobausse gëtt et vill méi wéi dir denkt!
Episode Artwork

#47 CHAiLD - Wéi geet et dir WIERKLECH?

Eurovision hin, oder hier: Wéi geet et dem Museker a Performer CHAiLD wierklech? De Chaild ass ee vun den 8 Finalisten, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéinte representéieren. An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de Wettbewerb mat sech bréngt, an iwwer de Drock, deen e verspiert.  Lauschtert eran and stay tuned for more!   --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
1/11/202434 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

#46 DJ DEE - Maach deng Schoul färdeg!

An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass 👀  Beisdes that, soll natierlech jiddereen eralauschteren, well mir schwätzen iwwert vill verschidden Themen, ënner anerem doriwwer, wéi et fréier (1999!) war als DJ unzefänken par Rapport zu Hautdesdaags. Wéi wichteg et him gewiescht wier seng Schoul fäerdeg gemaach ze hunn, wéi en als DJ iwwert Ronne kënnt a natierlech och wat sou d'Highlighte a senger Carrière waren. Mir schwätzen och driwwer, wat et bedeit ze diskutéieren an Akzeptanz ze weisen. Vill Spaass beim Lauschteren a mir gesinn eis nächst Joer!  --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
12/10/202335 minutes, 49 seconds
Episode Artwork

#45 Nuit des Musées ft. Mudam - Coup de Coeur

De Samschden ass Nuit des Musées! Don’t miss out on this. Eng Saach déi d’Muséeë wärend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet “Coup de Coeur”. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit d’Geleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen.Dëst Joer sinn d’Podcaster drun! Passend dozou hunn ech och eng Episode opgeholl fir méi iwwert de Background vun der Nuit des Musées ze wëssen. Out now! Grousse Merci un de Germain & d'Ioana :)🎟️WIN WIN WIN🎟️ Dir hutt och’Geleijenheet zwee Tickets fir d’Nuit des Musées ze gewannen! Méi Infoe fannt dir op Instagram @cecidoyoulove.me
10/10/202323 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

#44 Wizard - Cannabis: Alles wat's du wësse muss!

- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. - An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z! 🌿 Schwaarzmaart - Wéi geféierlech ass dat? 🌿 Wéi gesäit d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg aus? Wéi legal ass de Cannabis elo? 🌿 Vu wou kënnt de Verbuet? Wat sinn d'Konsequenzen dovunner? 🌿 Wisou ass et bei den eelere Generatiounen sou verpöhnt? 🌿 Wat sinn d'Vir an Nodeeler vun der Consommatioun? 🌿 Wéi planzt ee säi Cannabis am beschten Doheem un? 🌿 Wat brauch een alles, wat sinn déi perfekt Konditiounen asw.?  Dat an nach vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!  
9/17/202348 minutes, 42 seconds
Episode Artwork

#43 IREM - Female Support an der Musekszeen

Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Musekerin & Astrophysikstudentin Irem Sosay. Dëst Kéier aus menger gemittlecher Stuff! Wouriwwer schwätze mir? ➡️ De Schrëtt an de Studio: Wéi entsteet dem Irem seng Musek? ➡️ Tëscht ville Männer: Wéi setzt een sech am Astrophysikstudium duerch? ➡️ Et feele u weibleche* Rolemodels an der lëtzebuergescher Musekszeen. Wourunner kéint dat leien? ➡️ Manner Confidence duerch Akne. Irem: "I feel you! Looss dech net vun Akne Doheem asperren." ... a villes méi. Vill Spaass beim Lauschteren! *jiddereen den sech als Fra identifizéiert
8/20/202330 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

#42 Talk mat enger Sexologin: Laura Hendriks - D'Hannergrënn vum sexual Abuse

An dëser Episode schwätze mir iwwert een Thema den an der läscht vill an de Schlagzeilen war: Sexuellen Abus an Muechtausnotzung vu Kënschtler:innen a Leit an enger Muechtpositioun. Mi wäerten eis mat der Sexologin Laura Hendriks 3 Usoen ulauschteren, déi een Abléck an d’Realitéit vum Abus ginn. D’Laura analyséiert a diskutéiert déi: Wat sinn déi déifgrënneg Ursaache vum Abus?  Wat geschitt am Kapp vum Täter an Affer? Wéi erkennt een potentiell Täteren? Ech krut vill Aussoen era geschéckt, mee et géing de Kader sprengen wann ech alles géing an eng Episode dramaachen. Ech hu mech also fir 3 spezifescher entscheet. Villmools Merci fir déi Leit déi oppe waren fir hier Geschichten ze deelen. Dir sidd staark! De Bewosstsinn vu Muechtmëssbrauch muss gestäerkt ginn, dofir ass mäin Zil mat dëser Episode d'Präventioun ze fërderen an net "victim blaming" ze bedreiwen. Sou Themen musse méi vun de Medien ugeschwat ginn a sollen op kee Fall rofgeschwat ginn.  Du bass Affer vu Gewalt ginn? Hei fënns du all d’Organisatiounen déi dir hëllefen kënnen: https://violence.lu/liste-des-contacts/ ________________ Prod. & Edit: Cecilia Said Vieira Camera & Sound: Yann Gengler & Shade Cumini @twostepstwicetwo Lights: Tierry Cumini Location: CID Fraen & Gender  Support: Ministère de la culture
7/23/202359 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

#41 Jeremy Palluce - New Projects, Nonna & Léift

An hei? Eng ganz spontan Episode! An zwar mam Kënschtler Jeremy Palluce. D'OG's vun dësem Podcast kennen hien schonn! De Jeremy huet den 6. Juli eng Vernissage fir seng nei Ausstellung zu Esch an der Galerie Schlossgoart. An dem Kader hu mir eng Episode opgeholl an dat dëst Kéier net an engem Studio, oder Café, mee beim spadséiere am Gronn. D'Ambience ass also aanechters wéi soss :) Mir schwätzen ënner aanerem iwwert folgend Themen: - Wat ass alles geschitt seitdem mir eis eicht Episode opgeholl hunn? - Dem Jeremy seng Nonna erklärt him wat Léift ass - Fontana Di Lussemburgo - kënne mir eis iwwerhaapt eppes leechten? - Wisou ass dem Jeremy d'ARBED sou wichteg? - Generationsdiskussioun: Mir si méi fräi wéi eis Elteren - Wisou feiert de Jeremy keng Molerei? - LOVE: Wat ass the Key to the perfect Relationship? Mir verrooden ich et! Vill Spaass beim Lauschteren a gitt op seng Ausstellung.
7/4/202345 minutes, 49 seconds
Episode Artwork

Ceci, Do You VOTE Me? #6 Loris Meyer

Last but not least: An der leschter Episode vu 'Ceci, Do You Vote Me?' hu mir de Loris Meyer aus der Stad zu Gaascht. Hien erzielt eis wat en an der Stad ännere géing, wisou mir d'EU méi schätze sollen a wisou et sou wichteg ass sech z'engagéieren. Vill Spaass beim Lauschteren a vergiesst net Sonnden, den 11. Mee wielen ze goen. Kuckt iech d'Walprogrammer vun de Lëschten aus ärer Gemeng un, informéiert iech a wielt dat wat dir fir richteg haalt. __________________ Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=PKXvnV8hZ6k
5/28/202311 minutes, 20 seconds
Episode Artwork

Ceci, Do You VOTE Me? #5 Yannick Iannelli

'Ceci, do you VOTE me?' - Fir Episode 5 vum Podcast fir d'#Gemengewalen ass de bekannte Content Creator Yannick Iannelli zu Gaascht - deen och zu Déifferdeng Kandidat fir d'Walen ass. Out now! __________________ Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=PKXvnV8hZ6k
5/21/202311 minutes, 1 second
Episode Artwork

Ceci, Do You VOTE Me? #4 Katrin Kohl

An dëser Episode vu Ceci, Do You Vote Me ass d'Katrin Kohl vun der Gemeng Dikrech zu Gaascht. Themen déi him wichteg sinn, sinn Inclusioun a Gerechtegkeet tëscht: Mann a Fra - Persoun ouni Behënnerung a mat - Auslänner a Lëtzebuerger. Lauschtert erann! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://youtu.be/-UjLVikBVz4
5/14/20238 minutes, 29 seconds
Episode Artwork

#40 Cloe von Van - Gamergirl vs Sexismus

An dëser Episode schwätzen ech mat der Gamerin, Tiktokerin an Influencerin Claire aka Cloe Von Van iwwert seng Erfarung op Social Media an an der ganzer Gamingwelt. Mir diskutéieren och iwwert E-sports zu Lëtzebuerg, iwwert d'Ugesinn als Fra an der Welt an och iwwert schwiereg Zäiten déi hat an deene leschte Méint misst duerch maachen. E bedeitende Punkt schwätzt d'Claire och un: d'Wichtegkeet vu Selbstliebe. Iwwerzeegt iech selwer! Vill Spaass beim Lauschteren :) Villmools Merci un de Sponsor vun dëser Episode: CULTURE FOREST FESTIVALMAY 13, 2023 — PARK CLAIR-CHÊNE - ESCH-SUR-ALZETTE Tickets fannt der ënnert: https://www.culture-forest.com
5/6/202333 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

Ceci, Do You VOTE Me? #3 Hugo Da Costa

'Ceci, do you VOTE me?' - Episode 3 mam jonken an engagéierten Hugo Da Costa aus der Gemeng Betzder, ass out now! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=ERMZcP43lLA    
4/30/202310 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

Ceci Do You VOTE Me? #2 Jeffrey Drui

'Ceci, do you VOTE me?' - déi zweet Episode ass do! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Fir Episode 2 ass de Finanzberoder a Gemengekandidat Jeffrey Drui zu Gaascht. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/@demokrateschpartei    
4/23/20238 minutes
Episode Artwork

Ceci, do you VOTE me? #1 Jana Degrott

Ceci, do you VOTE me? It's Collab time! Dëst Kéier gëtt et politesch. Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Fir Episode 1 ass d'Aktivistin a Steeseler Gemengeconseillère Jana Degrott zu Gaascht.   Vill Spaass beim Lauschteren!   Video Versioun: https://www.youtube.com/@demokrateschpartei    
4/16/202310 minutes, 44 seconds
Episode Artwork

CECI PRESENTS: Sarah Bergdoll - Der Gesellschaft eppes zréckginn

D’Sarah Bergdoll schafft als General Director bei der Fondation EME. Hat erkläert eis an dëser Episode déi wichteg Aarbecht déi d’Fondatioun leescht an wéi d’Projete bei hinnen ausgesinn. Zum Beispill erzielt hat eis iwwert Museksprojete mat Flüchtlingen, Projeten a Psychiatrien an a Prisongen. Eng Initiativ déi zemools elo an der Chrëschtzäit erausstiecht, ass de “Musek Schenken” Projet, wou d’EME Privatconcerte fir defavoriséiert Leit organiséiert. Een Thema wouriwwer mir och schwätzen ass de Fait, fir eng Fondatioun ze schaffen een ganz vill Satisfactioun am Liewe gëtt. Méi dozou gitt der an dëser Episode gewuer. Ech wënschen iech all vill Spaass beim Lauschteren a schéi Feierdeeg! Mir héieren eis am Januar!
12/22/202236 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

Ceci - Wen?

Dat heiten ass meng Intro, déi an all Folg gespillt gett. Credits ginn raus un den Tun Tonnar, den dat ganzt agesongen an gemixt huet. Merci! 
1/8/202145 seconds