Winamp Logo
RTL - Rebound Cover
RTL - Rebound Profile

RTL - Rebound

Luxembourgish, Basketball, 1 season, 52 episodes, 42 minutes
About
De Basket Magazin, all Freideg, mat Virschau op de Weekend, Commentairen a flotten Analysen
Episode Artwork

Rebound, 23/02/2024

Gëschter war fir d'Hären Nationalekipp den Optakt vun der Pre WM-Qualifikatioun. An do gouf et zu Cluj a Rumänien och den éischte Succès. Am Rebound vun haut, kuckt de Rich Simon op dee Match zeréck an och no vir op dee vun e Sonndeg géint Norwegen...
2/23/20242 minutes, 15 seconds
Episode Artwork

Rebound, 02/02/2024

Wolz ass bei den Dammen ouni Zweiwel, d'Ekipp vun der Saison. D'Ekipp aus dem Éislek, steet nämlech sécher am Titel Play-Off. Dat hate wuel déi allermannst, deene Wëlzer virun der Saison zougetraut. Am Rebound vun haut steet Dammenekipp vu Wolz am Fokus. De Rich Simon kuckt awer och kuerz op d'Häre Championnat vum leschte Weekend zeréck...
2/2/20242 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

Rebound, 19/01/2024

Zu Bartreng huet sech an den zwou leschte Woche vill gedoen. Engersäits gouf et een Trainerwiessel an een neien/alen Amerikaner ass zeréck komm, anersäits war et, no den Ëmbauaarbechten, de Retour an de Centre Attert. An an der Fiels ass no 6 Spilldeeg eng positiv Serie op en Enn gaangen.
1/19/20242 minutes, 32 seconds
Episode Artwork

Rebound, 12/01/2024

Am Basket war d'Wanterpaus eng relativ kuerz. De leschte Weekend ass nämlech schonns nees gespillt ginn. An do gouf et bei den Hären direkt de Spëtzematch tëscht Ettelbréck a Steesel. An där Partie wollt d'Amicale Revanche huelen fir d'Néierlag an de Véierelsfinalle vun der Coupe géint d'Etzella. Dat ass ënnert anerem Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
1/12/20242 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

Rebound, 22/12/2023

Am Basket goufen e Mëttwoch déi leschte Matcher virun der Wanterpaus gespillt. D'Sparta ass an eegener Hal nawell zerguttst géint Ettelbréck ënnert d'Reider komm. Déi zwou Ekippen stinn haut am Mëttelpunkt vum Rebound.
12/22/20233 minutes
Episode Artwork

Rebound, 15/12/2023

Am Rebound vun haut, kucke mir zeréck op de leschte Weekend. Am méi speziell op déi zwou Ekippe bei den Dammen a bei den Hären, déi bis elo eng ganz schwéier Saison hunn. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert....
12/15/20232 minutes, 49 seconds
Episode Artwork

Rebound, 01/12/2023

Déi leschte Méint waren Damme vum Gréngewald a vun Diddeleng am EuroCup engagéiert. Deen ass fir béid Ekippe gëschter op een Enn gaangen. Fir den T71 mat engem positive Resultat a Polen géint Gorzow a fir Damme vun Hueschtert, mat enger héijer Néierlag géint Bourges aus Frankräich. Den EuroCup ass Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
12/1/20232 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

Rebound, 24/11/2023

Bei den Dammen waren Diddeleng an de Gréngewald dës Woch nees am EuroCup am Asaz. De Gréngewald huet an eegener Hal a leschter Sekonn mat 91 op 90 géint Antalya aus der Tierkei gewonnen. Den T71 hat an der Slowakei ee ganz schwéier Stand géint Pietanske. Dat sinn ënnert anerem Themen am Rebound vun dëser Woch, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
11/24/20232 minutes, 49 seconds
Episode Artwork

Rebound, 17/11/2023

Déi leschte Woch war fir Dammennationalekipp den Optakt vun der Europameeschterschaftsqualifikatioun. Auswäerts huet d'FLBB Selektioun géint d'Schwäiz gespillt an heiheem géint Bosnien-Herzgowina. An no deenen zwee Matcher stinn zwou Victoiren zu Buch. Dat ass Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt
11/17/20232 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

Rebound, 10/11/2023

2025 ass d´Europameeschterschaft am Damme Basket. Fir déi Lëtzebuerger Selektioun huet d´Qualifikatioun awer schonns gëschter ugefaangen. An der Schwäiz gouf et ee Succès géint "d´Eidgenossinnen". Dat ass Thema am Rebound vun haut, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt....
11/10/20233 minutes
Episode Artwork

Rebound, 03/11/2023

Aus der héchster Basket-Divisioun falen um Enn ëmmer 2 Ekippen eraus. Dat waren déi lescht Saison Zolwer an Hiefenech. Gewéinlech brécht dann d’Ekipp auserneen, well déi bescht Spiller de Schratt an d’Nationale 2 net mat ginn a léiwer bei en anere Club wiesselen.  Et ass duerfir erstaunlech, datt bei Hiefenech – bis op eng Ausnam – de ganze Stack dem Veräin trei bliwwen ass. Am Rebound vun haut huet de Guy Seyler sech mat deem Thema befaasst.
11/3/20232 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

Rebound, 27/10/2023

An der Woch waren d´Aachtelsfinallen vun der Coupe. An dat souwuel bei den Dammen, wéi och bei den Hären. Déi grouss Iwwerraschungen sinn ausbliwwen. Dat ass een Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
10/27/20232 minutes, 16 seconds
Episode Artwork

Rebound, 20/10/2023

All Woch ee Match am Eurocup, praktesch all Woch Championnat an deemnächst och nach d' Aachtelsfinallen an der Coupe. Dat ass de Menü fir Dammen aus dem Gréngewald an Diddeleng. Am Rebound vun haut, geet de Rich Simon ënnert anerem der Fro no, wéi dat un d'Substanz vun de Concernéierte geet a wat eng europäesch Participatioun fir ee Veräin bedeit....
10/20/20232 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

Rebound, 06/10/2023

Et ass eng chargéiert Woch am Lëtzebuerger Basket: De leschte Weekend gouf Championnat gespillt, an der Woch Coupe an elo nees Championnat. A bei den Damme steet elo och nach Euroleague um Programm. Dat sinn Themen dës Woch am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt.
10/6/20232 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

Rebound, 29/09/2023

De leschte Weekend ass de Basket aus der Summervakanz zeréck komm. An dat esouwuel um sportlechen-, wéi och um administrative Plang. Et war den Optakt vum Championnat an d´Generalversammlung vun der FLBB. Dat sinn déi zwee Themen am Rebound vun haut, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt.
9/29/20232 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

Rebound, 22/09/2023

Et war eng laang Summerpaus. Elo fänkt d'Saison am Basket awer nees un. Am Rebound vun haut, kuckt de Rich Simon, zesummen mam Nationaltrainer Ken Diederich op den Hären- a mam Cathy Schmidt op den  Dammenchampionnat no vir.
9/22/20232 minutes, 13 seconds
Episode Artwork

Rebound, 26/05/2023 18:20

Déi nächste Woch, ass ee wichtegen Rendezvous fir d'Basket Nationalekipp. Op Malta sinn nämlech déi 19. Spiller vun de klenge Länner. Bis elo hunn d'Hären nach ni d'Goldmedail gewonnen. Dat soll dëst Joer awer elo endlech de Fall sinn. Am Rebound vun haut analyséiert de Rich Simon, zesumme mam Nationaltrainer Ken Diederich, wéi d'Chance vun de Lëtzebuerger op Malta sinn...
5/26/20230
Episode Artwork

Rebound, 19/05/2023 18:20

D´Basketsaison ass eriwwer. Et war eng, wou vill a laang iwwer ee Match diskutéiert gouf. Nämlech d´Halleffinall an der Coupe bei den Dammen tëscht Diddeleng an dem Gréngewald. Am Rebound kuckt de Rich Simon zesumme mam President vun der FLBB zeréck an awer och wat an Zukunft soll besser ginn....
5/19/20230
Episode Artwork

Rebound, 12/05/2023 18:50

Decisiounen am Basket sinn alleguerte gefall. Ënnert anerem och déi, wien déi nächste Saison bei den Hären nach an der Nationale 1 spillt. Dat ass ee Sujet am Rebound vun haut, een aneren ass deen, wéi d'Lisy Hetting déi leschte Saison erlieft huet.
5/12/20230
Episode Artwork

Rebound, 28/04/2023 18:50

Souwuel Dammen aus dem Gréngewald, wéi och d´Häre vun Esch hunn dëse Weekend Matchball. Béid Ekippe sinn nämlech am "Best of Five" Modus 2-1 vir: Hueschtert géint Diddeleng an Esch géint Steesel. Déi véiert Matcher vun de Finalle vum Championnat, sinn haut Thema am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt.
4/28/20230
Episode Artwork

Rebound, 21/04/2023 18:50

Bei den Dammen kéint dëse Weekend schonns Decisioun fale wie Champion gëtt. De Gréngewald brauch nämlech just nach ee Match ze gewannen. Bei den Hären ginn et awer nom Succès vu Steesel zu Esch, sécher emol 4 Matcher. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon op déi leschte Matcher zeréck an awer och no vir.
4/21/20230
Episode Artwork

Rebound, 14/04/2023 18:50

D´Finallen vum Championnat si bekannt. Am Rebound vun haut ass dat een Thema. Do dernieft, kuckt de Rich Simon awer och op ee Stage fir d´U 16 an U18 Ekippen zeréck, deen elo an der Ouschtervakanz war...
4/14/20230
Episode Artwork

Rebound: 2. Halleffinallen, 07/04/2023 18:50

An der LBBL waren e Mëttwoch déi éischt Halleffinallen vum Championnat. Bei den Hären ginn Diddeleng an Steesel mat engem Avantage an déi zweet Partie eran, bei den Dammen konnten sech den T71 an Hueschtert am éischte Match behaapten. Muer stinn déi zweet Halleffinallen um Programm. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:
4/7/20230
Episode Artwork

Rebound, 31/03/2023 18:50

Dës Woch stinn esouwuel bei den Damme wéi och bei den Hären d'Véierelsfinallen vum Play-Off um Programm. Bei den Damen ass d´Situatioun kloer, bei den Hären ginn et awer an 3 Partien nach 3 decisiv Matcher. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert....
3/31/20230
Episode Artwork

Rebound, 24/03/2023 18:50

Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon zeréck op d´Coupe Finallen, déi de leschte Weekend gespillt goufen. Do dernieft gouf et awer och eng Première. D´FLBB huet nämlech d´Awards Night organiséiert, wou déi Leit ausgezeechent goufen, déi d´Saison markéiert hunn...
3/24/20230
Episode Artwork

Rebound, 10/03/2023 18:20

3 Woche war Paus am Häre Basket Championnat, de leschte Weekend gouf awer nees gespillt. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon ënnert anerem op de Spëtzematch vun deem Spilldag zeréck. Do dernieft stellt hien eis een Traditiounsveräin vir, deen an Zukunft nees wëll uewe matspillen...
3/10/20230
Episode Artwork

Rebound, 03/03/2023 18:50

Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon zeréck op den Testmatch vun de Lëtzebuerger Hären géint Nanzeg deen de leschte Samschdeg an der Coque war. Do dernieft seet hien eis wéi et mat der Blessure, respektiv der Reeducatioun vum Magali Meynadier ausgesäit.
3/3/20230
Episode Artwork

Rebound, 24/02/2023 18:50

Am Basket Championnat bei den Hären ass nach ëmmer Paus. Dovunner profitéiert d'Nationalekipp, déi bis gëschter an engem Stage a Portugal war. A muer steet ee Gala-Match géint Nanzeg um Programm. Apropos Nationalekipp: bei den Dammen zitt sech d'Nadia Mossong aus der FLBB-Selektioun zréck. Dat sinn Themen haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt.
2/24/20230
Episode Artwork

Rebound: Nadia Mossong mat leschtem Heemmatch an der Nationalequipe, 10/02/2023 18:50

An der LBBL, der Luxembourg Basketball League ass bei den Hären haut schonn den Optakt vum 20. Spilldag mat der Partie Sparta géint den T71. Bei den Dammen ass kee Championnat well Nadia Mossong a Co. hir lescht Matcher an der Europameeschterschaftsqualifikatioun hunn. A propos Nadia Mossong, fir déi fréier Profi war et gëscht an der Partie géint Italien, no iwwer 19 Joer an der Nationalequipe, dee leschten Heemmatch am Dress vun der FLBB-Formatioun. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:
2/10/20230
Episode Artwork

Rebound, 03/02/2023 18:50

Wärend zwee Deeg goufen de leschte Weekend d´Halleffinallen an der Coupe gespillt. Ee Match ass awer nach ëmmer an der Verlängerung. An dat ass den Dammen-Duell tëscht Diddeleng an dem Gréngewald. Deen an och déi aner Partie sinn haut Thema beim Rich Simon am Rebound.
2/3/20230
Episode Artwork

Rebound, 20/01/2023 18:50

Am Rebound vun haut sinn déi sougenannten Jugend Jugend Camps vun der FLBB een Thema, déi fir d´Kanner tëscht 11 an 12 Joer sinn. Do dernierft kuckt de Rich Simon awer och nach kuerz op de leschte Spilldag zeréck.
1/20/20230
Episode Artwork

Rebound, 13/01/2023 18:50

D'Chrëschtvakanz war am Basket eng relativ kuerz. de leschte Weekend gouf nämlech schonns nees gespillt. Bei den Hären huet sech Ettelbréck an eegener Hal vun der Fiels iwwerrasche gelooss an de Champion Steesel huet Esch mat enger relativ klorer Néierlag nees Heem geschéckt. Apropos Steesel. D'Amicale steet haut am Mëttelpunkt vum Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt.
1/13/20230
Episode Artwork

Rebound, 16/12/2022 18:50

D´Aventure EuroCup fir Dammen aus dem Gréngewald a vun Diddeleng ass eriwwer. An den zwee leschte Matcher, déi dës Woch gespillt goufen, goufen et nach emol zwou Néierlagen, fir déi Lëtzebuerger Veräiner. Dat ass Thema am Rebound, deen iech haut vum Rich Simon presentéiert gëtt....
12/16/20220
Episode Artwork

Rebound, 09/12/2022 18:50

Et war eng ganz chargéiert Woch am nationale Basket.  Et gouf nees een Trainerwiessel zu Hiefenech. Walfer krut vum Conseil d´Appel net Recht an Damme vun Diddeleng, hate praktesch nees fir eng Iwwerraschung am EuroCup gesuergt. Dat sinn ënnert anerem Themen am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt....
12/9/20220
Episode Artwork

Rebound, 02/12/2022 18:50

An der Europameeschterschaftsqualifikatioun hunn d'Lëtzebuerger Dammen déi leschte Woch zwee Matcher gespillt. An der Coque gouf et eng Néierlag géint d'Slowakei an zu Fribourg ee klore Succès géint d'Schwäiz. Am Rebound, deen iech haut vum Franky Hippert presentéiert gëtt, ginn déi zwee Matcher nach eng Kier ënnert d'Lupp geholl...
12/2/20220
Episode Artwork

Rebound, 25/11/2022 18:50

D'Damme Basketnationalekipp spillt den Ament an der Europameeschterschaftsqualifikatioun. Gëschter gouf et am drëtte Match eng Néierlag an der Coque géint d'Slowakei. E Sonndeg spillt d'Ekipp géint d'Schwäiz. Dat ass Thema am Rebound, deen Iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
11/25/20220
Episode Artwork

Rebound, 18/11/2022 18:50

Dës Woch waren Dammen vun Diddeleng an déi vum Gréngewald nees am EuroCup am Asaz. Fir béid Ekippen goufen et kloer Néierlagen. Woubäi virun alem déi vum T71 an d'A stécht. Dat ass ënnert anerem een Thema am Rebound vun haut, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt....
11/18/20220
Episode Artwork

Rebound, 11/11/2022 18:50

An der Qualifikatiounsronn ass mëttlerweil een Drëttel am Häre Championnat gespillt an déi Diddelenger stinn un der Tabellespëtzt. Dat ass een Thema am Rebound, deen iech haut vum Rich Simon presentéiert gëtt. Een anert sinn d'Matcher vum EuroCup vun den Dammen aus dem Gréngewald a vun Diddeleng.
11/11/20220
Episode Artwork

Rebound - Basketmagazin, 04/11/2022 18:50

Am Basket leeft et dës Saison fir d’Damme vum AB Konter richteg gutt. E groussen Undeel dorun huet eng Spillerin vu 40 Joer. D’Ani Petrova. De Guy Seyler mat engem Portrait vun dëser Ausnameathletin.
11/4/20220
Episode Artwork

Rebound, 28/10/2022 18:50

Dammen aus dem Gréngewald a vun Diddeleng, waren dës Woch fir déi éischte Kéier an der Gruppephase vum EuroCup am Asaz. Déi vun Hueschtert hu verluer an den T71 huet säi Match gewonnen. Dat ass Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt....
10/28/20220
Episode Artwork

Rebound, 21/10/2022 18:50

An der Woch war am nationale Basket de Spëtzematch bei den Dammen. Diddeleng huet sech relativ kloer géint de Gréngewald behaapt. D´Hären fir hiren Deel, hunn een duebele Spilldag hannert sech. An do goufen et ee grousse Gewënner an ee grousse Verléierer. Dat ass ënnert anerem Thema am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt....
10/21/20220
Episode Artwork

Rebound, 14/10/2022 18:50

D'Saison a Basket huet knapps ugefaangen an awer ass ewell  1/4 vun der Qualifikatiounsronn gespillt. An e puer Veräiner si schonn am Gaange mat struewelen. Gutt gesäit et dogéint fir d'Dammen aus dem Gréngewald aus, déi an der Gruppephase vum  EuroCup stinn. Dat sinn Themen haut am Rebound deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt.
10/14/20220
Episode Artwork

Rebound, 07/10/2022 18:50

Dës Woch ass eng chargéiert am Lëtzebuerger Basket. Nieft dem Championnat gouf nämlech elo an der Woch och nach den éischten Tour an der Coupe gespillt. Déi interessantste Partie war déi tëscht den zwee Finalkiste vum Championnat vun der leschter Saison. De Rebound gëtt iech presentéiert vum Rich Simon....
10/7/20220
Episode Artwork

Rebound, 30/09/2022 18:50

De leschte Weekend war den Optakt vum Basket Championnat. Mat engem optimalen Start an déi nei Saison vun der Fiels. Den Ben Kovac spillt elo an der Slowakei an da war och nach den FLBB Kongress. Dat alles sinn Themen haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt....
9/30/20220
Episode Artwork

Rebound - Optakt vum Basket Championnat, 23/09/2022 18:50

Dëse Weekend fänkt d'Basket Championnat bei eis am Land un. Am Rebound vun haut ass dat natierlech Thema. De Rich Simon kuckt mam Nationaltrainer Ken Diederich op déi nächste Saison no vir. Fir déi nei Saison, hunn zwee Veräiner zwee gutt Transferten gemaach....
9/23/20220
Episode Artwork

Rebound, 16/09/2022 18:50

Am nationale Basket Championnat geet an enger Woch de Championnat bei den Dammen an Hären un.Éier mir d'nächst Woch also op béid Championnater no vir kucken, geet et haut am éischte Rebound vun der neier Saison ëm ee Mann dee wuel dee gréissten Transfert dëst d'Joer ass.De Jeff Kettenmeyer schwätzt mam Thomas Grün iwwert säi Wiessel op Esch.
9/16/20220
Episode Artwork

Rebound, 27/05/2022 17:50

Am nationalen Häre Basket konnt sech d'Amicale Steesel am 5. an decisiven Match de Championstitel sécheren.Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer nach emol op des spannend Finale tëscht Steesel an Diddeleng zeréck.
5/27/20220
Episode Artwork

Rebound, 13/05/2022 17:50

Basket Championnat ass bei den Dammen eriwwer. Diddeleng huet sech nees den Titel geséchert. Bei den Häre gëtt awer nach gespillt. Muer ass de 4. Match vum Modus "Best of 5". Dat sinn Themen haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt.
5/13/20220
Episode Artwork

Rebound, 06/05/2022 17:50

Am Basket Championnat, kéint e Sonndeg bei den Dammen Decisioun falen wien dëst Joer Champion gëtt. Déi Diddelenger Damme sinn nämlech am "Best of 3" Modus 1-0 géint Walfer vir. Bei den Häre fält awer nach keng Decisioun. Hei gëtt nämlech am Modus "Best of 5" gespillt. De Rebound gëtt iech haut vum Rich Simon presentéiert....
5/6/20220
Episode Artwork

Rebound, 29/04/2022 17:50

Muer ginn déi éischt Finalle vum Championnat gespillt. Bei den Damme kritt Diddeleng et mat Walfer ze dinn a bei den Häre spillt Steesel géint Diddeleng. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon fir d´éischt awer op déi immens Halleffinall tëscht Esch an Diddeleng zeréck.....
4/29/20220
Episode Artwork

Rebound, 22/04/2022 17:50

Steesel steet an der Final vum Basket Championnat bei den Hären. Wien de Géigner ass dat decidéiert sech e Sonndeg tëscht Esch an Diddeleng. Bei den Dammen hu Walfer an Diddeleng en Optioun op d´Final geholl. Dat sinn Themen haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt....
4/22/20220
Episode Artwork

Rebound:, 15/04/2022 17:50

Esou lues awer sécher geet d'Championnat am Basket an d'Schlussphase. Bei den Hären hunn d'Halleffinallen ugefaangen a bei den Dammen sinn d' Véierelsfinalle gespillt. An domadder ass fir eng Partie Ekippen d'Championnat eriwwer. De Rebound dee gëtt iech haut vum Rich Simon presentéiert.
4/15/20220