Winamp Logo
RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur! Cover
RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur! Profile

RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur!

Luxembourgish, Social, 1 season, 114 episodes, 1 hour, 23 minutes
About
Konscht, Theater, Bicher, Musek, Liesungen, Filmer - mir schwätze Kultur a ginn eisen Invité vun der Woch duer besichen, wou en eis ëmfänke wëlt.
Episode Artwork

Podpurri Episod 122: De Moler Roland Schauls, 27/11/2023

"Ach Schissimatucki" oder "Wozu noch arbeiten?" datt sinn nëmmen e puer Titele vu Biller déi de Moment an der Galerie Reuter Bausch gesi kann. Wierker vum Kënschtler Roland Schauls, deen no Joren emol rëm zu Lëtzebuerg ausstellt. D'Claudia Kollwelter huet an der Ënneschtgaass mam Moler ënnert anerem iwwert säi Schaffprozess geschwat, iwwert Ironie, Stuttgart a Spontanitéit.
11/27/202325 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

Podpurri Episod 121: D'Rapperin Nicool, 12/10/2023

"N vun der Welt" heescht déi zweet EP vun der Lëtzebuerger Rapperin Nicool. D'Release dovunner ass an e puer Deeg an d'Musekerin huet bei enger Taass Kaffi mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert d'Welt vum Hip-Hop geschwat, iwwert Sujeten déi se impaktéieren an influenzéieren an awer och iwwert hir sozial Oder an d'Parallellen tëscht Musek a Psychotherapie.
10/12/202326 minutes, 53 seconds
Episode Artwork

Podpurri Episod 120: De Moler Arny Schmit, 27/09/2023

Beyond Nature heescht seng aktuell Expo an der Galerie "Reuter Bausch". Den Arny Schmit stellt net just Tableaue, mee och Installatiounen aus. A sengem Studio huet deMoler dem Claudia Kollwelter erkläert wou seng Leidenschaft fir Landschaften hir kënnt, wéi hie vum zeechnen op d'mole koum an haut och méi dräidimensional schafft. Donieft huet de Kënschtler iwwert seng eegen Entwécklung geschwat, iwwert d'Technik déi hie fir seng Biller benotzt an d'Loscht mat der Konscht ze experimentéieren.
9/27/202330 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

Podpurri Episod 119 De Museker John Rech, 11/07/2023 10:00

Sport, Musek, BD - de John Rech lieft vill Passiounen. Seng Léift fir d'Musek koum an der Schoul mat der Band T42 an dono Dream Catcher. A sengem Büro zu Diddeleng huet den John Rech méi erzielt iwwer säin Job als Direkter vum Kulturzenter Op der Schmelz, iwwer seng Begeeschterung, fir BDe mam Andy Genen ze maachen an iwwer den Dream-Catcher-Album, dee se viru fënnef Joer am Musée des Mines opgeholl hunn an elo op de Live-Concerten derbäi hunn.
7/11/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 118: D'Dänzerin a Choreogrpahin Sylvia Camarda, 04/07/2023 10:00

Als Dänzerin, Choreographin a Politikerin huet d'Sylvia Camarda e gutt gefëllten Agenda. D'Passioun fir den Danz huet si schonn als Kand entdeckt an du stoung och séier fest datt dat net just en Hobby sollt bleiwen. Ma och hiert d'politescht Engagement ass hir extrem wichteg, an dofir ass et och net Zoufall datt d'Claudia Kollwelter d'Sylvia Camarda an der Stater Gemeng begéint huet fir ënnert anerem iwwert Projeten ze schwätzen déi an Zukunft ustinn:
7/4/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 117: Alain Atten, Claude Schmit, Sara Martin, Nathalie Entringer, 27/06/2023 10:00

Dës Woch geet et ëm de "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900". Wéi verschiddenaarteg kléngt d'Lëtzebuerger Sprooch uechtert d'Land? Den Alain Atten huet et dokumentéiert. De Geografieprofesser Claude Schmit huet Sproochkaarten entworf an digitaliséiert. Mat geschafft hunn och d'Linguistinne vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), Sara Martin an Nathalie Entringer.
6/27/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 116: The X, 20/06/2023 10:00

"The x" heescht e neien Electro-Pop Duo dee rezent seng éischt EP eraus bruecht huet. D'Sarah Kertz an de Yannick Stein sinn d'Gesiichter a Stëmmen derhannert. Op der Terrass vun engem Café huet d'Claudia Kollwelter d'Museker getraff a mat hinnen ënnert anerem iwwert d'Musekszeen zu Lëtzebuerg, Concerten an zukünfteg Projete geschwat.
6/20/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 115 D'Filmrealisatrice Laura Schroeder, 06/06/2023 10:00

No "Schatzritter" a "Barrage" huet d'Laura Schroeder mat "Maret" hiren drëtte Long-Métrage am Kino.. "Maret" erzielt déi ongewéinlech Geschicht vun enger Fra, déi vun engem Moment op deen aneren d'Erënnerung un déi lescht Joren aus hirem Liewe verléiert. Eng revolutionär Operatioun op Lanzarote kéint hir hëllefen, mee d'Maret ass sech net méi sécher, ob si nach wëllt déi Persoun sinn, déi se lo lues a lues entdeckt.
6/6/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 114 Reinhard Kaiser-Mühlecker, 23/05/2023 09:35

Den éisterräicheschen Auteur war am Abrëll op Liesrees zu Lëtzebuerg. Hien ass Auteur a Bauer a fir de Reinhard Kaiser-Mühlecker si béid Beruffer Passiounen a béid Passioune vermësche sech och a senge Bicher. Dobäi sinn et keng Sachbicher, mee Romaner an deenen d'Geschichten am ländleche Raum spillen mat allen Erausfuerderungen, Krisen an Engagementer, déi haut d'Landwirtschaft kennt. Aus sengem rezente Roman "Wilderer", fir deen en de bayresche Buchpräis krut, huet en zu Lëtzebuerg gelies.
5/23/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 113: D'Organisateure vum "Augenschmaus", 16/05/2023 10:00

Schonn zanter 7 Joer gëtt et den "Augenschmaus". "Beim Nëssert" zu Biergem war déi 1. Editioun vum Creators Market. Dono koum eng Chrëscht-Editioun an de Rotonden dobäi an elo de 4. Juni ass de Rendezvous zu Hollerech am Schluechthaus. Dat am Kader vum "European Design Festival". Iwwer 150 Kënschtler haten sech gemellt fir mat dobäi ze sinn - wéi mécht een do d'Selektioun, wat erwaart de Public bei dëser Editioun an wéi gesäit d'Zukunft vum "Augenschmaus" aus? Doriwwer huet d'Claudia Kollwelter mat den Organisateure geschwat:
5/16/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 112: D'Actrice Magaly Teixeira, 09/05/2023 10:00

Theater, Film oder Serien - d'Lëtzebuerger Schauspillerin mat portugiseschen Originnen huet sech an de leschte Joren e Numm hei am Land gemaach. "The Censor" heescht d'Theaterstéck an deem d'Magaly Teixeira Enn Mee am Kinneksbond matspillt. Wéie Rôle de Publikum dobäi spillt, ënnert anerem dat huet d'Actrice dem Claudia Kollwelter tëscht de Prouwe verroden, mee och iwwert weider Projete geschwat.
5/9/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 111: D'Elvira Mittheis, 02/05/2023 17:44

De Festival vu Wooltz an d'Nuit des Lampions si wuel déi gréissten Evenementer vun der ASBL Cooperations. D'Direktesch huet an engem Café um Lampertsbierg mam Claudia Kollwelter awer net just iwwert de Programm vun dësen zwee Events geschwat. D'Elvira Mittheis verréit wat alles hannert der ASBL stécht a wat de Public och soss nach déi nächst Wochen a Méint zu Wooltz erwaart.
5/2/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 110 De Stéphane Halleux an de Maurice Schortgen, 25/04/2023 09:50

"Home Sweet home" heescht déi nei Expo, déi de belsche Kënschtler Stéphane Halleux an der Galerie Schortgen weist. Laang virum Oscar fir de Kuerzfilm "Mr. Hublot" huet de Sculpteur Stéphane Halleux säin eenzegaartegen Univers opgebaut. Wëll d'Zeechnen him ze laangweileg ginn ass, ass hien op Skulpturen ëmgeklommen mat enger besonnescher Technik a senger grousser Begeeschterung fir all méiglech Piècen aus Metal, Lieder, Stoff, déi en op Brocanten a Floumäert gesicht huet. Seng éischt Ausstellung war 2003 an der Galerie Schortgen an der Stad an den Intérêt war direkt grouss. An dat ass huat och nach esou, weess de Maurice Schortgen.
4/25/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 108: D'Kënschtlerin Lisa Kohl, 18/04/2023 10:00

"In Absence" heescht hir aktuell Ausstellung an der Galerie Reuter Bausch. D'Kënschtlerin schafft haaptsächlech an der Fotografie, mee och mat Video, Toun an Installatiounen. An dat kombinéiert d'Lisa Kohl och dacks an hiren Expoen. D'Claudia Kollwelter huet si an der Galerie an der Ënneschtgas begéint.
4/18/20230
Episode Artwork

11/04/2023 Best of Podpurri Josiane Kartheiser Cut 1, 04/04/2023 22:49

4/4/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 108 Samuel Hamen, 28/03/2023 12:12

D'Pendelen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg, geograpesch a sproochlech, ass fir de Samuel Hamen Alldag. "Wie die Fliegen" heescht de Roman vum Samuel Hamen, deen am däitsche Verlag "Diaphanes" erauskënnt. Am Théâtre National gëtt dës Woch "False Sun/Falsche Sonne" gewisen, eng Produktioun, bei där hie sech mat Texter vun der britescher Schrëftstellerin Anna Kavan befaasst.
3/28/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 107: De Rapper Dany Le Loup, 21/03/2023 10:00

"La Tête Qui Explose" esou heescht de neien Album vum Dany Le Loup. De Rapper huet awer eigentlech seng Musekscarrière an der Punkzeen ugefaangen. Wéi en op den Hip Hop gewiesselt ass, wat et mat sengem Kënschtlernumm op sech huet a wat en fir d'Zukunft geplangt huet, datt huet den Dany Coimbra dem Claudia Kollwelter am 1535 zu Déifferdeng erzielt:
3/21/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 106 Jan Josef Liefers, 14/03/2023 14:31

Den 10. Februar war den däitsche Schauspiller a Museker Jan Josef Liefers fir eng Liesung am Cube 521 zu Maarnech. Virun ausverkaaftem Haus huet hien aus dem Roman "Über Menschen" vum Juli Zeh gelies. De Jan Josef Liefers ass vrun allem ganz populär ass duerch seng Roll vum exzentresche Professer Börne an der Tatort-Serie, déi zu Münster spillt. Säin éischte grousse Succès hat en am Film "Knockin on heaven's door" nieft dem Til Schweiger an dem Thierry Van Wervecke.
3/14/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 105 mam TNL-Direkter Frank Hoffmann, 07/03/2023 10:00

1996 war hien den Initiator vum Théâtre National a bis haut säin Direkter. Fir d'Produktioun "Café Terminus", déi eng dystopesch Vue op Lëtzebuerg 2039 soll sinn a sech um Stéck "Der Eismann kommt" vum Eugene O'Neil inspriréiert, huet de Frank Hoffmann net nëmmen als Regisseur, mee och als Auteur geschafft. Gewise gëtt eng Gesellschaft an der Kris, mat Personnagen, déi sech an engem Café zesummeverschanzen.
3/7/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 104 mam Alexis Juncosa, 28/02/2023 10:00

Zënter der éischter Editioun 2011 ass hien den artisteschen Direkter vum Luxfilmfest. Ënner iwwer 900 Filmer huet hie mat sengen Ekippen a Comité de sélection decidéiert, wéi eng Filmer gewise gi bei der 13. Editioun vum LuxFilmFest: Competitiounen - Fiktioun, Dokumentär, Kannerfilmer - eng Rei grouss Nimm Hors-Concours, awer vrun allem och eng ëmmer méi wichteg Plaz fir d'Lëtzebuerger Filmproduktioun.
2/28/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 103: D'Kënschtlerin Chiara Dahlem, 21/02/2023 10:00

Molerei, Graffiti, Installatiounen a grouss a faarweg Wierker, dofir ass d'Multimedia-Kënschtlerin bekannt. D'Chiara Dahlem huet dëst Joer direkt zwou Solo-Ausstellungen. S(P)LASH-NO MATTER WHAT ass déi éischt Ausstellung, déi vun dëser Woch un an der Galerie vun der BIL ze gesinn ass. D'Kënschtlerin huet d'Claudia Kollwelter an hiren Atelier op der Schläifmillen invitéiert.
2/21/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 102 D'Directrice vum Cube Christine Keipes, 14/02/2023 10:00

Zënter Juni 2022 ass d'Christine Keipes d'Directrice vum Cube 521 zu Maarnech Ganz nei ass d'Haus dem Christine Keipes, déi en Éislecker Meedchen ass, net. Ëmmerhi war si vun Ufank un derbäi an huet an der Communicatioun an an der Administratioun hir éischt Schrëtt am Aarbechtsliewe gemaach.
2/14/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 101: D'Kënschtlerin Chantal Maquet, 07/02/2023 12:06

Zejoert gouf d'Kënschtlerin mam Prix Pierre Werner ausgezeechent, an och wann hire Schwéierpunkt op der Molerei läit, schafft si ganz multidisziplinär. Esou och an hirer aktueller Expo an der Galerie Reuter Bausch. D'Chantal Maquet huet mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert hir Portraite vu Planze geschwat, iwwert hiert Liewen zu Hamburg an hiren treie Begleeder op véier Patten.
2/7/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 100: D'Schrëftstellerin Josiane Kartheiser, 31/01/2023 10:00

Am Optrag vum Planning familial huet si e Buch erausbruecht iwwer déi fréier Presidentin Dr. Marie-Paule Molitor-Peffer. Ënner dem Titel "Ärztin ohne Furcht und Tabus" (Editions Phi) zeechent d'Josiane Kartheiser de Portrait vun enger engagéierter Fraendoktesch, déi iwwer Joerzéngte sech agesat huet fir d'sexuell Selbstbestëmmung an d'Berodung vun de Fraen a jonke Meedercher an dobäi ni e Blat vrun de Mond geholl huet, ënner anerem och an enger RTL-Radiosemissioun.
1/31/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 99: De Museker Georges Goerens, 24/01/2023 14:46

Ob mat der Band Seed to Tree oder als Bartleby Delicate, de Georges Goerens huet sech an de leschte Joren als singer-songwriter e Numm gemaach. Elo bréngt hien e ganz spezielle Vinyl eraus, deen den 28. Januar seng Release an de Rotonden feiert. Ma och soss ass säi Kalenner fir 2023 scho gutt gefëllt, an dat net just mat Musek mee zum Beispill och mat Theater. De Museker huet d'Claudia Kollwelter an d'Kulturfabrik op Esch invitéiert:
1/24/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 98: D'Musekmanagerin Stephanie Baustert, 17/01/2023 10:00

Si ass d'Laureatin vum Musekspräis "Hannert der Bün". Den 21. Dezember 2022 si fir d'éischte Kéier d'Lëtzebuerger Musekspräisser iwwerreecht ginn. An der Kategorie "Hannert der Bün" gouf Stéphanie Baustert ausgezeechent, déi an de leschte fënnef Joer vrun allem am Beräich Jazz-Musek geschafft huet.E Gepréich iwwer hire Wee an de selbstännegen Job, iwwer de Stellewäert vum Jazz, iwwer d'Bourse vu kulturlx an iwwer den "Emile".
1/17/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 97: D'Musekerin Priscila Da Costa, 10/01/2023 10:00

Sängerin, songwriter a vocal coach - d'Musek ass beim Priscila Da Costa omnipresent. Mat hirer Formatioun "Ptolema" feiert si den 21. Januar d'Release vun hirem neien Album "Balanced darkness". D'Claudia Kollwelter huet mat der Musekerin an der Escher Kulturfabrik ënnert anerem iwwert hir nei Lidder, d'Wichtegkeet vu Videoclippen an Spiritualitéit geschwat.
1/10/20230
Episode Artwork

Podpurri Episod 96: Valérie Quilez an Diane Tobes kulturlx, 20/12/2022 10:00

Zënter Februar 2021 gëtt et kulturlx, zënter Juni 2021 ass d'Struktur offiziell aktiv mat un der Spëtzt zwou Fraen: An dem Kulturentwécklungsplang steet als eng vun de Fuerderungen d'Creatioun vun engem Arts Council: kulturlx. Wéi sinn d'Erfarungen no anerhallwem Joer a wat d'Erwaardungen an Erausfuerderungen als Binôme un der Spëtzt? A wat sinn d'Funktiounen vu kulturlx, nodeems d'Chamber unanime de Gesetzesprojet vun engem Etablissement public gestëmmt huet.
12/20/20220
Episode Artwork

D'Dänzerin a Choreographin Elisabeth Schilling, 13/12/2022 10:00

Zejoert ass Si mam Lëtzebuerger Danzpräis ausgezeechent ginn. Als professionell Dänzerin a Choreographin ass hiren Agenda ëmmer gutt gefëllt. Tëscht de Prouwe vun enger Reprise am groussen Theater huet d'Elisabeth Schilling mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert aktuell Projete geschwat, d'Studienzäit zu London, de Choix vum zäitgenësseschen Danz a wéi een am beschten op säi Kierper oppasst.
12/13/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 94: De Museker Jérôme Reuter, 06/12/2022 10:03

De Jérôme Reuter ass de Kapp a Sänger vun der Band Rome, déi 2005 gegrënnt ginn ass an a 17 Joer 17 Alben erausbruecht huet. Hire Stil am Neo-Folk lieft vun de ganz recherchéierten Texter, der akkustescher Gitarr an der däischterer Stëmm vum Frontman. Rome ass awer och eng Live-Band, déi vill uechter Europa tourt, ganz vill Ost-Europa an do huet de Jérôme Reuter och eng besonnesch Relatioun zu der Ukraine. Musek vu Rome: "No second Troy" - "Going back to Kyiv".
12/6/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 93: Yanis Grisó an Emma Santini, 29/11/2022 10:00

De Prix Mameranus war dëst Joer fir jonk Museker. Vu 14 Kandidaten huet de Jury sech fir d'Emma Santini a Yanis Grisó entscheed. Béid si Joergank 2003, béid spillen e Sträichinstrument, de Yanis Gei an d'Emma Braatsch (Alto) a béid studéiere Musek, de Yanis um Conservatoire zu Mastricht an d'Emma op der Julliard School zu New York.
11/29/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 92: D'Schauspillerin Jil Devresse, 22/11/2022 10:00

Aktuell ass d’Actrice am Stéck "Blackbird" am Theatre du centaure ze gesinn. Déi meescht wäerten d’Schauspillerin awer duerch hir Roll an der Serie "Capitani" kënnen. D’Jil Devresse huet hir Schauspillausbildung zu Berlin gemaach, wunnt zanterhier och do a pendelt tëscht Däitschland a Lëtzebuerg. D’Claudia Kollwelter huet ënnert anerem mat hir iwwert déi aktuell Theaterproduktioun, d'Ënnerscheeder tëscht Film an Theater an d'Zoufäll an hirem Liewe geschwat.
11/22/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 91 Germaine Goetzinger, 15/11/2022 11:32

D'Germaine Goetzinger huet e Buch iwwer d'Aline Mayrisch-de Saint Hubert geschriwwen. Literatur a Geschicht waren ëmmer hir Passioun an d'Germaine Goetzinger huet sech dann och am Studium fir Geschicht a Germanistik decidéiert an béides dono enseignéiert. 1995 gouf se déi éischt Direktesch vum nei gegrënnten Literaturarchiv an der Maison Servais zu Miersch. Scho ganz jonk hat déi gebierteg Diddelengerin sech mat der Famill Mayrisch beschäftegt a besonnech d'Perséinlechkeet vun der engagéierter Aline Mayrisch-de Saint Hubert huet se ëmmer méi intresséiert. "Aline Mayrisch-de Saint Hubert - Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur" heescht d'Buch bei Editions Binsfeld.
11/15/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 90: De Museker Serge Tonnar, 08/11/2022 10:00

"Jo an Amen" heescht säi neien Album, dee Mëtt Oktober eng éischte Kéier an der Escher Kulturfabrik dem Public virgestallt gouf. De Serge Tonnar beschäftegt sech a senge neie Lidder ënnert anerem mat de Konsequenze vun der Pandemie. Wisou et wichteg ass sech z'engagéieren, wat seng politesch Ambitioune sinn an natierlech och de neien Album ware Sujeten iwwert déi d'Claudia Kollwelter mam Museker geschwat huet:
11/8/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 89 D'Bettina Steinbrügge, 01/11/2022 10:00

Zënter dem 1. Abrëll ass d'Bettina Steinbrügge d'Directrice vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean. No Statiounen zu Wien, Berlin, Chicago, Paräis, Mulhouse an Hamburg huet se sech ganz bewosst fir de MUDAM intresséiert an hir Kandidatur gestallt. An der Tëschenzäit huet d'Bettina Steinbrügge sech scho gutt agelieft am Land an am Muséee selwer, deen se als grouss Erausfuergerung gesäit, als Plaz, déi keng Konschtfestung soll sinn, mee oppen an ouni Barrière fir jiddereen.
11/1/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 88: Jérôme Konen, 25/10/2022 10:00

7 Joer ass et an tëscht hir datt hien d'Leedung vum Kulturzenter zu Mamer iwwerholl huet. De Kinneksbond ass an tëscht praktesch zu sengem zweeten Doheem ginn. An genee do huet den Direkter Jérôme Konen mam Claudia Kollwelter iwwert säi Parcours geschwat, iwwert d'Vir- an Nodeeler als Jonken d'Leedung vun engem Haus ze iwwerhuelen an natierlech och iwwert déi nei Saison.
10/25/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 87: De Kënschtler Pit Molling, 18/10/2022 10:00

De Prix de la sculpture 2022 geet u säi Wierk "An elephant in the room" Eng Skulptur, déi digital an iwwer de Wee vun engem 3 D-Printer entstanen ass. De Pit Molling erzielt iwwer de Präiss, de Wee bei d'Konscht, de Reiz vum Digitalen, d'Material Plastik, NFTen an den Elefant am Raum. D'Wierker vum Pit Molling sinn nach bis de 5. November an der Galerie Schlassgoart ausgestallt.
10/18/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 86: Tuys, 11/10/2022 10:00

An der Primärschoul hunn se fir d'éischt zesumme Musek gemaach an eng Band gegrënnt. Aktuell schafft Tuys un engem neien Album deen d'nächst Joer soll eraus kommen - gekoppelt mat engem Kuerzfilm. D'Wichtegkeet vum Visuellen, d'Liewen an d'Schaffen zu Berlin an déi geplangten Tour - ënnert anerem dat ware Sujeten iwwert déi 3 vun de 4 Bandmembere mam Claudia Kollwelter geschwat hunn.
10/11/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 85: Eric Mangen, 04/10/2022 10:00

"Millefeuilles" heescht d'Expo un där de Kënschtler aktuell schafft, an déi den 20. Oktober an der Valerius Gallery gewise gëtt. Den Eric Mangen schafft net wéi gewinnt op Toillen, mee mat Affichen a Pousteren. Wat et domat op sech huet a wéi e genee virgeet huet hien dem Claudia Kollwelter a sengem Atelier erkläert. Donieft huet den Eric Mangen och iwwert Kënschtleresidenzen geschwat, seng Evolutioun als Kënschtler, seng Passioun fir d'Kachen an d'asiatesch Kichen:
10/4/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 84: Claude Weber, 27/09/2022 10:00

De Pianist Claude Weber Hiren Numm war bis virun en etlech Joer als Komponistin kengem e Begrëff, bis eng Walliss mat Manuskripter vun der Helen Buchholtz opgetaucht ass. Zënterhier gëtt hiert Wierk, dat se no hirem Doud 1953 hannerlooss huet, ëmmer nees opgeschafft. De Pianist Claude Weber ass vun Ufank u mat derbäi an huet an de leschten 20 Joer ëmmer nees Projeten mat op de Wee bruecht. Am Bridderhaus zu Esch gëtt et bis Enn des Jores de "Salon de Helen Buchholtz", an deem ee Musek, Konscht a Liewen aus der Zäit vu virun 100 Joer entdecke kann.
9/27/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 83: Irina Moons, 20/09/2022 10:00

D'Illustratrice a Grafikdesignerin Irina Moons Faarweg a verspillt - esou kann een d'Aarbecht vun der Illustratrice a Grafik Designerin Irina Moons ëmschreiwe, mat där si eegenen Aussoen no d'Leit frou wëll maachen. An hirem neien Atelier zu Esch bitt si am Kader vun der Asbl "Raclette" Workshoppen an der Sérigraphie un. An genee do huet d'Claudia Kollwelter d'Kënschtlerin besicht.
9/20/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 82: Vicky Krieps, 10/09/2022 19:30

D'Schauspillerin Vicky Krieps Zweemol scho krut d’Vicky Krieps e Präiss fir hir schauspilleresch Leeschtung am Film «Corsage»: um Festival vu Cannes «Un certain regard» an zu Sarajewo. Am Film vun der Realisatrice Marie Kreutzer spillt si déi éisterräichesch Keeserin Elisabeth, bekannt als Sisi, déi grad hire 40te Gebuertsdag feiert. Si weist eng Fra, déi mat hirer Roll an hirem Bild nobaussen ze kämpfen huet. Si huet sech et net huele gelooss fir de Lancement vum Film an hir Heemecht Lëtzebuerg ze kommen an erzielt, wéi vill hir dës Produktioun bedeit.
9/10/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 81: De Guy Helminger, 12/07/2022 10:40

De Schrëftsteller a Servais-Präis Laureat Guy Helminger Iwwer e Mann, dee kee Kaméidi verdréit a verschwonnen ass, geet et am Guy Helminger sengem Roman "Lärm", ee politesche Roman aus verschiddene Perspektive geschriwwen, bei deem sech d'Fro no Wourecht, Fakt a Fiktioun stellt. Et ass net déi eenzeg Auszeechnung, déi de Schrëftsteller dëst Joer kritt huet. Zu Esch, do wou de Guy Helminger opgewuess ass, huet en méi erzielt iwwer säi Wee bei d'Schreiwen, säi Brudder Nico, säin Doheem zu Köln a seng Fussball-Begeeschterung.
7/12/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 80: Frédérique Colling a Claire Wagener, 05/07/2022 13:27

"Doheem" heescht den aktuelle Projet vun der Biergerbühn vum Theaterkollektiv Independent Little Lies am Kader vun Esch2022. Am FerroForum triede fir dëst Stéck souwuel professionell Acteure wéi och engagéiert Amateuren op. Wat et genee domat op sech huet, wourëm et am Stéck geet a wéi d'Zesummenaarbecht verlaf ass, dat huet eng vun de Regisseurinnen, d'Claire Wagener, an eng vun de Schauspillerinnen, d'Frédérique Colling dem Claudia Kollwelter erzielt.
7/5/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 79: Steph Meyers, 28/06/2022 10:00

Zanter dem Kulturjoer 2007 schafft hien an de Rotonden an ass zanter 2016 Direkter vum Kulturzenter. De Steph Meyers a seng Ekipp hu rezent hir nei Saison virgestallt, ma do virdrun ass awer och nach den traditionelle Congés annulés Festival, deen och wärend der Pandemie keng Paus gemaach hat. Op wéi eng Concerte freet de Steph Meyers sech haaptsächlech, wat erwaart de Public déi nächst Méint a wéi gesäit et mam Chantier vun der Rotondes 2 aus? Déi Froen huet hien dem Claudia Kollwelter op der Terrass vun der Kulturinstitutioun beäntwert:
6/28/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 78, 22/06/2022 09:39

De Schauspiller a Museker Max Thommes Mat 4 Joer stoung e fir d'éischte Kéier op der Bün, a wousst du schonn direkt, datt dat eemol säi Beruff géif ginn. Haut pendelt hien tëscht Schauspill a Musek, tëscht Theater a Film, tëscht Lëtzebuerg a Berlin, tëscht Max an "Das Radial". Den Ament ass de Max Thommes mat zwou Produktiounen zu Lëtzebuerg: als Museker bei "Die Maschine steht still" zu Schëffleng op der Industriefriche an als Regisseur vun "Im Schatten" bei der Nuit des Légendes zu Esch-Sauer.
6/22/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 77: De Gollo Steffen, 14/06/2022 14:10

De Museker Robert Gollo Steffen 1982 koum en Album eraus mat Rockmusek an Texter op Lëtzebuergesch, dat war deemools ongewinnt. D'Robert Stephen Band hat bis dato och éischter englesch gesongen. Mee de Robert - genannt Gollo- Steffen hat ugefaangen d'Lëtzebuergescht och als "Song-Sprooch" z'entdecken. 40 Joer dono spillt d'Original-Band vun deemools nach emol nom Motto "Ka komme wat wëllt" zu Miersch am Kulturhaus.
6/14/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 76: De Filmdréi "Läif a Séil", 07/06/2022 10:00

"Läif a Séil" heescht e Lëtzebuerger Western-Film, deen aktuell an der Belsch gedréint gëtt. D’Claudia Kollwelter hat d’läscht d’Woch d’Méiglechkeet hannert d’Kulisse vum Tournage vum éischte Long-Métrage vum Loïc Tanson ze geheien an huet natierlech mam Realisateur geschwat, mee ënnert anerem och mam Produzent, Kameramann, Regieassistent a mat de Schauspiller Luc Schiltz, Philippe Thelen an Tommy Schlesser:
6/7/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 75: De Museker Corbi, 31/05/2022 10:00

7 Joer ass et hir datt en säin éischte Soloalbum eraus bruecht huet. "Kuebemania" heescht den zweeten, dee viru bësse méi wéi enger Woch Release an de Rotonden gefeiert huet. De Corbi a.k.a. ​„de Kueb“ huet mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert seng nei Musek geschwat, iwwert d'Aarbecht mat "De Läb", d'Léift fir den Hip-Hop an d'Zweedeitegkeet vu sengen Texter.
5/31/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 74: Odile Simon, 24/05/2022 09:28

Nach bis den 1. Juni ass d'Odile Simon Direktesch vum Cube 521 2007 ass de Kulturzenter zu Maarnech Cube 521, wat d'Héicht bedeit op där e leit, opgaangen. A 15 Joer huet déi geléiert Schauspillerin, déi an der Schwäiz an an Däitschland ënnert anerem als Dramaturgin a Regisseurin geschafft huet, e kulturelle Programm opgebaut, deen an d'Regioun gepasst huet an och seng Nisch fonnt huet.
5/24/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 73: De Schrëftsteller Jeff Schinker, 17/05/2022 10:00

Schrëftsteller by night, Kulturjournalist by day - esou kann een de Jeff Schinker beschreiwen. Säi rezent Buch "Ma vie sous les tentes" kombinéiert Literatur, Musek a Konscht. An genee doriwwer huet d'Claudia Kollwelter mam Auteur geschwat. Mee hien huet och schonn eppes iwwert dat nächst Buch verroden...
5/17/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 72: De Gast Mannes, 10/05/2022 10:00

Dës Woch mam Literatur-Historiker Gast Mannes iwwer d'Expo "James Joyce zu Lëtzbuerg" an der BNL. Bis ewell war awer nach quasi näischt bekannt driwwer, datt de wuel gréissten ireschen Auteur James Joyce 1934 eng Woch an der Stad verbruecht huet. Dovunner ginn et och Dokumenter. Déi huet de Gast Mannes an enger richteger Detektiv-Aarbecht iwwer déi lescht Joren zesummegesicht: firwat den Joyce hei war, wat e warscheinlech hei erlieft huet am "lovely quiet rose-growing part of dirty old Europe".
5/10/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 71: D'Kënschtlerin Catherine Elsen, 03/05/2022 10:00

Theater, Danz a Musek si fir d'Performance Kënschtlerin net vuneneen ze trennen "The Assembly" heescht hiren aktuelle Projet, deen no Diddeleng elo op Tournée geet. Iwwert deen, ma och iwwert d'Biergerbühn vun Independent Little Lies, iwwer Technomusek a villes méi huet d'Claudia Kollwelter mam Catherine Elsen, bei der Kënschterlin doheem, geschwat.
5/3/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 70: D'Fotografin Véronique Kolber, 26/04/2022 10:00

Mat hiren Fotoen wëll Si Geschichten erzielen - op ënnert hirem richtegen Numm oder als "Arthur & Mary". Aktuell stëllt d'Véronique Kolber am CNL aus, am Kader vun der Expo "Imaginer Servais". An genee do huet d'Claudia Kollwelter mat der Fotografin iwwert d'Ausstellung geschwat, iwwer Literatur, Musek, Film a villes méi...
4/26/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 69: De Carlo Vogele, 19/04/2022 10:00

Säin Animatiounsfilm "Ikarus" leeft den Ament am Kino. De Lëtzebuerger Realisateur Carlo Vogele huet sech fir säin éischten Animatiouns-Long-Métrage eng vun de bekannteste Figuren aus der griichescher Mythologie erausgesicht a sech ausgeduecht, wéi de klengen Ikarus opgewuess ass a wéi e säin Ëmfeld gesäit. Seng Erfarungen am Naimatiounsgenre huet e bei Pixar an den USA gemaach.
4/19/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 68 Désirée Nosbusch, 29/03/2022 14:49

E Liewen tëscht Moderatioun a Schauspillerei, tëscht Europa an USA - an ëmmer erëm Lëtzebuerg. "Endlich noch nicht angekommen" ass den Titel vum Buch, dat d'Désirée Nosbusch an Zusammenaarbecht mam Journalist Jochen Siemens beim Ullstein-Verlag erausbruecht huet: E Buch iwwert hiert Liewen, eng Biographie, wann och- mat 56 Joer kee Wonner - nach keng komplett, wéi den Titel scho verréit.
3/29/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 67: D'Schauspillerin Rosalie Maes, 22/03/2022 10:00

Mam Theater ass si grouss ginn, a vun Ufank un war och gewosst, datt si an där Welt schaffe wéilt. Mat 14 Joer hat se hir éischt Theaterroll an ass nom Lycée dunn och op Mainz Schauspill studéiere gaangen. D'Rosalie Maes schafft als Actrice, gëtt awer och ënnert anerem am Escher Conservatoire Coursen. D'Schauspillerin schwätzt iwwert d'Theaterwelt, Projeten déi ustinn, d'Faszinatioun um Mënsch an Horoskoper:
3/22/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 66: De Museker Gast Waltzing, 15/03/2022 10:00

No der laanger Pandemie-Zäit ass et elo esou wäit: am Musikverein zu Wien dirigéiert de Gast Waltzing e Concert mam Angélique Kidjo. Nieft der Freed iwwer den Optrëtt am renomméierte Sall, schwätztde Gast Waltzing awer och iwwer seng nei Projeten erzielt, iwwer déi schwéier Corona-Zäit fir Museker oder och seng Produktiounsfirma Waltzig/Parke, iwwer déi nei Erfarung mat der Pensioun an d'Suergen, déi e sech mécht ëm ukrainesch Museker mat deenen hien, ënner anerem 2018 bei engem Concert zu Kiev, geschafft huet.
3/15/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 65: De Filmkënschtler Émile V. Schlesser, 08/03/2022 10:00

D'Passioun fir de Film hat hie scho vu klengem un, mee och Konscht a Molerei spillen eng wichteg Roll a sengem Liewen.  "Kowalsky" heescht de neie Kuerzfilm vum Émile Schlesser, deen aktuell awer och un long métrage schafft. Donieft huet de Filmkënschtler mam Claudia Kollwelter iwwert säin Nomadeliewen tëscht Düsseldorf a Lëtzebuerg geschwat, e grousse Projet am Kader vun Esch2022 an erkläert wat et bedeit Synästhetiker ze sinn.
3/8/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 64: D'Makadammen, 01/03/2022 11:19

No 20 Joer ass Schluss! Den 3. Abrëll trieden d'Makadammen (Maggy Molitor, Monique Mille, Susy Lentz, Théa Engel an d'Musekerin Netty Glesener) eng leschte Kéier mat hirem Best-Of Programm "20" op an da war et dat mam Frae-Cabarets-Grupp.
3/1/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 63: Françoise Poos, 22/02/2022 10:00

De Countdown leeft fir d'grouss Ouverture vun Esch2022 de Samschdeg 26. Februar. Ma wat ass iwwerhaapt geplangt fir de Lancement vum Kulturjoer an och soss dat ganzt Joer iwwer? D'artistesch Direktesch vun Esch2022 huet mam Claudia Kollwelter iwwert hir Aarbecht geschwat, d'Erausfuederungen vun de läschte Joren an den Impakt vun der Pandemie. D'Françoise Poos huet donieft awer och eng Partie perséinlech Highlights eraus gepickt.
2/22/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 62: Claude Waringo, 15/02/2022 10:00

Ee vun den dräi Käpp hannert SAMSA-Film ass de Claude Waringo. Zënter 1986 gëtt et SAMSA, déi wuel gréisste Filmproduktiounsfirma zu Lëtzebuerg. Iwwer 100 Spillfilmer an eng grouss Zuel un Dokumentären a Kuerzfilmer goufen hei produzéiert, awer och Serien, deels fir de Lëtzebuerger Marché, deels fir international Co-Produktiounen, mat deene se schonn zu Cannes, Venedeg, Berlin, bei den Oscaren a mat der Serie "Capitani" op Netflix waren. Lo kënnt déi zweet Staffel, e spannende Moment fir de Produzent Claude Waringo.
2/15/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 61: Tun Tonnar, 08/02/2022 10:00

Zanter engem Joer schafft en elo als Independant, produzéiert an mécht awer schonn zanter Joren Musek. Den Tun Tonnar aka "Turnup-Tun" well Musek kreéieren déi en Impakt huet. Doheem a senger Stuff huet de Museker a Produzent ënnert anerem iwwert d'Geriichtsaffär wéinst engem vu senge Lidder geschwat, d'Decisioun eng Paus vun de soziale Medien ze maachen, a wéi wäit Musek fir hien eng Zort vun Therapie ass, an seng Begeeschterung fir russesche Rap.
2/8/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 60, 01/02/2022 10:00

D'Schauspillerin Sarah Grunert huet en Hörspiel fir Kanner geschriwwen "Bea Beutelratte will sich fledermausen". Béid Elteren - d'Mamm Lëtzebuergerin an de Papp Däitschen - hu beim Theater geschafft. Do war et scho bal normal, datt d'Sarah Grunert och de Goût fir d'Bün kéint kréien a sech fir d'Schauspillerei géif decidéieren. Si ass beim Schauspiel Frankfurt, pendelt awer och nach tëscht Berlin a Lëtzebuerg.
2/1/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 59: Al Ginter, 25/01/2022 10:00

De geléierte Percussionist ass als Museker an Acteur aktiv Seng éischt Léift war d'Musek, mä zënter enger Rei Joren huet den Al Ginter och d'Schauspillerei entdeckt. Fir d'éischt op den Theater- a Cabaretsbünen an dunn och virun der Kamera. Haut kënnt et dem geléierte Percussionist och vir, datt e béides verbanne kann, wéi am aktuellen Theaterprojet "Woyzeck". Dohinner hat den Al Ginter och d'Christiane Kremer fir de Podcast-Interview invitéiert, net an eng Loge oder hannert d'Bün, mä an de Camper um Parking vrun der Dier.
1/25/20220
Episode Artwork

D'Schauspillerin Brigitte Urhausen, 18/01/2022 10:00

Madame Köpenick, Medea, Capitani oder Tatort D'Lëtzebuerger Schauspillerin déi an Däitschland lieft ass an de nächste Wochen a Méint op der Bün an um Ecran ze gesinn an dat an den ënnerschiddlechste Rollen. An d'Ofwiesslung ass och eppes wat der Actrice wichteg ass. D'Brigitte Urhausen schwätzt natierlech iwwert déi verschidde Projeten, mee och iwwert d'Ënnerscheeder tëscht Film an Theater, d'Challengë vum Fräiberuffler an Theatersproochen.
1/18/20220
Episode Artwork

De Concert-Booker Michel Welter, 11/01/2022 10:00

Musek huet schonn ëmmer eng Roll a sengem Liewe gespillt. Aus enger Passioun huet hie säi Beruff gemaach. An och wann d'Organisatioun vu Concerten a Pandemieszäiten alles anescht wéi evident ass, kann sech de Michel Welter vum Atelier kee bessere Job virstellen. Mam Claudia Kollwelter huet hien ënnert anerem driwwer geschwat wéi de Secteur vun der Live Musek nach ëmmer ënnert Corona leit, wéi den Atelier awer och scho ganz fréi no Alternative gesicht huet fir weider kënnen ze schaffen a wat dëst Joer alles geplangt ass vu Concerten a Festivallen.
1/11/20220
Episode Artwork

D'Elsa Rauchs an de Jérôme Michez, 04/01/2022 10:00

D'Bün ass hiert doheem, ob als Schauspillerin oder Metteuse en scène. Mee och virun der Kamera steet d'Actrice vun Zäit zu Zäit. D'Erfarung déi d'Elsa Rauchs an ënnerschiddleche Schauspillschoule mat ënnerschiddlechen -Philosophië gesammelt huet, sëtzt si an diverse Projeten ëm. Aktuell mat der Performance "Amer Amer" fir déi si zesumme mam Jérôme Michez schafft, awer och mat engem Projet mam Kollektiv Independent Little Lies am Kader vun Esch2022. D'Claudia Kollwelter huet sech am Escher Theater mam Elsa Rauchs e Bléck zréck an no vir geheit:
1/4/20220
Episode Artwork

Podpurri Episod 55: Elise Schmit, 13/12/2021 16:03

D'Schrëftstellerin Elise Schmit Virun zwee Joer krut d'Elise Schmit de Servais-Präis fir hiert éischt Buch "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" mat Kuerzgeschichten. Och wa se scho laang schreift, war et hir éischt Publikatioun, iwwer déi se sech och vill Gedanke gemaach hat. Dëst Joer goufen et gläich dräi Premièrë vun Theaterstécker aus hirer Fieder. No "So dunkel hier" an hirer Residence am TNL, ass et elo d'Mäerchen "All d'Déieren aus dem Bësch", dat am Groussen Theater gespillt a vum Anne Simon inszenéiert gëtt
12/13/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 54: De Julien Hübsch an d'Julie Reuter, 07/12/2021 10:00

Reuter-Bausch heescht eng fonkelnei Konschtgalerie an der Ënneschtgaass, déi zanter enger knapper Woch hir Dieren ophuet. Eng nei Aventure fir d'Julie Reuter, déi haaptsächlech jonke Kënschtler méi Visibilitéit wëll ginn. Een dovunner ass de Julien Hübsch, ee vu véier Artisten déi an der éischter Expo an der Galerie ze gesi sinn. Mat der Galeristin am Kënschtler huet d'Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwer Konscht, Musek an Zukunftsprojete geschwat.
12/7/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 53: Geneviève Mersch, 30/11/2021 14:48

D'Cineastin Geneviève Mersch "Komm, ech filmen dech!" ass den Numm vun enger Serie vu ganz kuerze Filmer, déi een den Ament am Ufank vu Seancen a verschiddene Kinoe ka gesinn. Et sinn dat schwaarz-wäiss Biller, déi viru gutt 100 Joer hei am Land gemaach goufen. Mat dësen Amateur-Opnamen aus dem CNA erzielt d'Realisatrice Geneviève Mersch kleng Geschichten iwwer d'Liewe vun deemools.
11/30/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 52: Ian Di Toffoli, 21/11/2021 12:52

Auteur, Editeur, President vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren a Proff op der Uni Lëtzebuerg. De Ian Di Toffoli huet méi wéi eng literaresch Kap un a gesäit d'Literatur och net réng als e Beruff. Op de Walfer Bicherdeeg huet hie mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert déi gläich 10 Joer vu sengem Verlag Hydre Editions erzielt, iwwert Heavy Metal Musek, laang Hoer an nächst Projeten.
11/21/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 51: Gerard Valerius, 16/11/2021 10:32

De Galerist Gérard Valerius Wéi de Gerard Valerius virun e puer Joer eng Galerie opgemaach huet, huet e sech selwer en Dram erfëllt. Vrun allem huet en awer domadder och vill Leit iwwerrascht. Bis dohinner war hie vrun allem bekannt als Gastronom mat Restaurant a Bistrot a laang Joren och am Disko-Nuetsliewen. An natierlech als RTL-Mataarbechter, deen ni ëm eng Äntwert verleeën ass oder souguer als Member vun der Band Djuju.
11/16/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 50: Julie Wagener a Marc Hostert, 09/11/2021 10:10

D'Laureatin "Prix Révélation" Salon an de President vum CAL Zënter 125 Joer organiséiert de CAL all Joer säi Salon, bei deem een e Bléck op déi zäitgenëssesch Konscht ka kréien. All zwee Joer gëtt et och e Präiss fir déi Jonk Artisten ënner 35 Joer. Dëst Joer ass dee fir d'Illustratorin a Molerin Julie Wagener fir hiert Wierk "It hurts until it doesn't".
11/9/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 49: The Disliked, 02/11/2021 10:00

Zanter bal 20 Joer maachen se schonn zesumme Musek. Ugefaangen als Schülerband mat Punk a Ska, sinn "The Disliked" haut fir hire Reggae an hir Live-Shows, déi ee matrappen, bekannt. De 5. November ass d'Release vun hirer neier EP "Underwater Rescue" an der Kulturfabrik zu Esch. Wat et mat där Ënnerwaasser-Welt op sech huet, wat alles fir de Concert a wat och fir d'Zukunft vun der Band geplangt ass, dat hunn de Cédric Metz an de Ben Nilles dem Claudia Kollwelter am Gudde Wëllen verroden.
11/2/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 48: Sandra Lieners, 26/10/2021 10:00

An der Molerei ass si doheem, méi genee an der Ueleg-Molerei. No hire Studien zu Florenz a Wien huet Si sech zu Lëtzebuerg nidder gelooss an schafft hei als fräischaffend Kënschtlerin. D'Sandra Lieners huet e gutt gefëllten Agenda an eng ganz Partie interessant Projeten an den nächste Méint. Ënnert aneren iwwert déi huet d'Artistin mam Clauida Kollwelter an hirem Atelier geschwat. Ma och iwwert Reesen, Musek, an a wéi wäit Sport hir an hirem Beruff hëlleft.
10/26/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 47: Den Donato Rotunno, 19/10/2021 10:10

De Film-Realisateur Donato Rotunno Zënter iwwer 25 Joer ass den Donato Rotunno an der Lëtzebuerger Filmwelt mat senger Produktiounsfirma Tarantula present. Nieft der Funktioun vum (Co-)Produzent ass hien awer och als Realisateur an Zeenarist aktiv souwuel fir Dokumentären, wéi och fir Fiktiounsfilmer. säin aktuelle Film "Io Sto bene" erzielt déi fiktiv Geschicht vun zwee Mënschen, déi a verschiddenen Zäiten aus hirer Heemecht Italien op Lëtzebuerg kommen.
10/19/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 46: Patricia Lippert, 12/10/2021 10:00

An der Molerei, Skulptur a Performance ass Si doheem an aus der Lëtzebuerger Konschtwelt net ewech ze denken. Liewen a schaffen mécht Si zu Eppelduerf an zu Berlin. Aktuell stellt d'Kënschtlerin an enger kollektiver Expo vum Hariko zu Buerglënster aus. D'Patricia Lippert huet d'Claudia Kollwelter bei sech heem invitéiert an ënnert anerem iwwert Spätien zu Berlin geschwat, d'Zesummenaarbescht mam Passcale Behrens an e neie Projet vum Kënschtlerkollektiv CUEVA.
10/12/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 45: Herbert Knaup, 05/10/2021 10:30

Den däitschen Acteur Herbert Knaup Fir eng Liesung am Kasemattentheater war den däitschen Acteur Herbert Knaup vrun zwou Wochen zu Lëtzebuerg. Bekannt ass hien engem gréissere Publikum duerch seng Rollen a verschiddene Filmer, awer och Serien op der däitscher Tëlee.
10/5/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 44: Claire Parsons, 28/09/2021 10:00

Zanter klengem un ass d'Musek omnipresent an hirem Liewen. Als klengt Kand huet Si d'CD'en vun den Eltere verschlongen, awer och scho ganz fréi mam Piano ugefaangen. Haut séngt, spillt, komponéiert an ënnerriicht Si Musek. D'Claire Parsons zielt iwwert hiren 2. Album deen an der Maach ass, e neie Kontrakt an d'Freed erëm op der Bün ze stoen.
9/28/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 43: Christoph Sietzen, 21/09/2021 11:22

De Percussionist Christoph Sietzen Gebuer an opgewuess ass en zu Salzburg, vun Nationalitéit ass de Christoph Sietzen Lëtzebuerger. De Percussionist, dee sech vrun allem um Marimba wuel fillt, gehéiert international zu de beschte Kënschtler a sengem Fach. Musek: Emmanuel Séjourné: Attraction - Maki Ishii: Thirteen Drums
9/21/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 42: Alain Welter, 14/09/2021 10:00

Seng Graffitien, Illustratiounen a Molereien sinn an tëscht uechtert d'ganz Land ze gesinn an och iwwert d'Grenzen eraus. Ugefaangen huet alles am klengen Duerf am Süd-Weste vum Land zu Koler. "De Moler vu Koler", esou heescht och d'Buch vum Alain Welter, dat de Street-Art-Kënschtler dëst Joer eraus bruecht huet an an deem hien e Bléck zréck wërft wéi alles ugefaangen huet a wat en an de leschten 10 Joer gemaach huet. Mam Claudia Kollwelter huet hien donieft iwwer Inspiratiounen, d'Kombinatioun vu reesen a sprayen an zukünfteg Projete geschwat.
9/14/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 41: De Bernard Baumgarten, 06/09/2021 19:49

De Choreograph an Direkter vum 3CL Bernard Baumgarten Den Danz huet sech an de leschte Jore ganz besonnesch zu Lëtzebuerg entwéckelt, ëmmer méi Jonker probéieren hire Wee an d'Professionalitéit. En éischte wichtege Kontakt ass do de Centre de Création Choréographique - kuerz 3CL - an der Banannefabrik zu Bouneweg. Geleet gëtt dee vum Bernard Baumgarten, selwer e passionéierten Dänzer a Choreograph, deen no enger internationaler Karriär 2007 zeréck op Lëtzebuerg komm.
9/6/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 40: De Maxime Bender, 06/07/2021 10:00

De Museker an Direkter vum Trifilion Maxime Bender Knapps hat de Maxime Bender op sengem neie Posten als Direkter vum Trifolion zu Iechternach ugefaangen, do ass alles zougaangen. Sou war seng éischt Aufgab e Kulturhaus a Pandemie-Zäiten ze geréieren. Dat huet wuel Zäit bruecht fir sech anzeschaffen, awer och Drock fir sech Iddien ze maachen, wéi een de Betrib um Lafen hält. Musek "Fairy Tales" Herr Bender featuring Edsun
7/6/20210
Episode Artwork

Podpurri Epsiod 39: Sam Tanson, 29/06/2021 10:00

Podpurri Epsiod 39: D'Kulturministesch Sam Tanson Zënter bal 3 Joer ass d'Sam Tanson Kulturministesch. Dee Ressort hat d'Politikerin vun Déi Gréng sech vun Ufank u gewënscht. Ee vun de wichtegsten Argumenter war et de Kulturentwécklungsplang, dee virdrun opgestallt gouf, ëmzesetzen. Eng Erausfuerderung, souwisou schonn, Mä dunn huet d'Pandemie och d'Kultur op d'Kopp gedréint. Datt d'Kulturhaiser wuel mat Restriktiounen zënter Januar schonn nees op hunn, ass eenzegaarteg an Europa. D'Christiane Kremer huet d'Sam Tanson an hirem Büro am Justizministère, hirem anere Ressort, begéint, a mat hir geschwat iwwer de Wee aus der Corona-Kris, iwwer den Neistart Kultur, kultur lx, Esch 2022, hir Tableauen am Büro an iwwer eng Hüttewanderung an de Bierger.
6/29/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 38: 1 Joer "Kuk", 22/06/2021 10:00

Mam Serge Tonnar, Milla Trausch an Damiani Picci Den 23. Juni 2020, op Nationalfeierdag matten dran an der Pandemie, gouf en neie Projet lancéiert, deen de Kënschtler sollt eng Plattform an eng Méiglechkeet ginn, dach nach produzéieren ze kënnen an digital visibel ze bleiwen. Den Numm vum Projet: Kulturkanal fir Lëtzebuerg - kuerz "kuk.lu"
6/22/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 37: De Marc Scheer, 15/06/2021 10:00

De Musek-Booker Marc Scheer Zënter knapp zwee Joer ass de Marc Scheer an der Kulturfabrik zu Esch zoustänneg fir de Beräich Concerten a Musek. Ausserdeem ass hien de President vun der asbl "Fête de la musique", déi elo tëscht dem 11. an dem 21. Juni eng Rei u Concerten uechtert d'Land coordinéiert. Doriwwer ass de Marc Scheer natierlech frou, well lescht Joer war dëst Fest vun der Musek dobausse mat Publikum aus de bekannte Grënn näischt ginn. Dëst Joer ka lues a lues nees geplangt a gefeiert ginn. Och an der KUFA gëtt nees organiséiert. Wéi et engem Organisateur vu Concerten an esou enger Pandemie-Zäit geet an op wat hie sech am meeschte freet, huet de Marc Scheer dem Christiane Kremer backstage an der KUFA erzielt.
6/15/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 36: De Lucien Kayser, 08/06/2021 10:00

President vun der Sektioun Arts et Lettres vum Institut Grand-Ducal Als Konschtkritiker ass de Lucien Kayser nach ëmmer gär aktiv. Zënter e puer Joer ass de pensionnéierte Franséisch- a Philosproff a fréiere Fussball-Arbitter awer och President vun der Section Arts et Lettres vum Institut Grand-Ducal. Doriwwer geet rieds, awer och iwwer déi franséisch Sprooch an hir Grammaire, iwwer Konschtkritik zu Lëtzebuerg an iwwer d'Esthetik an onlogesch Reegelen am Futtball.
6/8/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 35: Wladimir Kaminer, 01/06/2021 10:00

Podpurri Episod 35: den däitsch-russeschen Auteur an DJ Wladimir Kaminer Den 7. Mee war den däitsch-russeschen Auteur an DJ Wladimir Kaminer am Kader vum 100te Gebuertsdag vun der Bibliothéik fir eng Liesung zu Diddeleng. International bekannt ginn ass hien 2000, wéi säi Buch "Russendisko" erauskomm ass. Doran huet hie seng Erfarungen erzielt, déi en zu Berlin gemaach huet, wou en zënter 1990 lieft. An der Tëschenzäit huet de Wladimir Kaminer 30 Bicher publizéiert an eng Onmass Kolumne geschriwwen oder Emssioune moderéiert. Säin Humor an ironesche Stil a säi russeschen Akzent hunn him eng grouss Popularitéit abruecht.
6/1/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 34 Françoise Tonteling, 25/05/2021 10:00

De Piano huet si schonn als kléngt Kand begeeschtert an dofir huet se d'Fanger och net méi dovu gelooss. Ob eleng oder mat anere Museker, eng sëllege verschidde Projete stoungen an de leschte Joren op der Pianistin hirem Agenda. Deen war zejoert awer manner gefëllt, net just wéinst Corona! D'Françoise Tonteling huet mam Claudia Kollwelter iwwert hir Karriär geschwat, awer och wat et fir d'Musekerin bedeit ze ënnerriichten, wéie Rôle Konscht schonn an hirer Kandheet gespillt huet, wat d'Vir-an Nodeeler sinn mat aanere Leit zesummen ze musizéieren a wéi vill se hiert Familljeliewe genéisst. Dat ganzt net wéi geplangt am Gaart, dofir awer mam Stater Traffic am Hannergrond.
5/25/20210
Episode Artwork

Podpurri Epis. 33 Pit David, Nico Langehegermann, Tom Flick, 18/05/2021 10:00

"#200" heescht eng Ausstellung am H2O zu Uewerkuer, bei där dräi Kënschtler hir ganz ënnerschiddlech Wierker ausstellen. De Moler Pit David beschäftegt sech zënter 25 Joer mat dem Vollek vun den Hopi an hire Katchinaen. Den Nico Langehegermann schafft mat Lackfaarf an illustréiert knalleg abstrakt Biller awer och Portraite vun eise bekanntesten Cyclisten. Den Tom Flick gebraucht fir seng markant an elegant Skulpturen d'Matière Alabaster. Am Interview schwätze se iwwer hir Konscht a wéi des Ausstellung zustane koum.
5/18/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 32: D'Direktesch vum CNL Nathalie Jacoby, 11/05/2021 10:00

Podpurri Episod 32: D'Direktesch vum CNL Nathalie Jacoby Zënter dem 1. Oktober ass d'Nathalie Jacoby d'Direktesch vum Literaturzenter zu Miersch, eng Funktioun iwwer déi se virun engem Joer nach net nogeduecht huet. Zënter 2015 war déi geléiert Literaturwëssenschaftlerin schonn Deel vun der Ekipp, elo zitt se selwer d'Fiedem vun de verschiddenen Aufgabe vun engem Literaturarchiv: conservéieren, dokumentéieren, publizéieren a presentéieren.
5/11/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 31: Benoît Martiny, 04/05/2021 10:00

Jazz, Rock oder Hip-Hop...Am Quintett, Quartett oder och mol mat 10 anere Museker op der Bün...De Batteur a Komponist Benoît Martiny ass bekannt fir seng sëllege musikalesche Projeten an divers Stiler. Mee amfong hunn déi vill méi gemeinsam wéi ee mengt seet de Museker. Mam Claudia Kollwelter huet hien donieft iwwert de rezenten Album vun der Benoît Martiny Band "Moons of Uranus" geschwat, iwwert d'Natur an d'Schof am Gaart déi hien inspiréieren an iwwer bëlleg Pop-Musek.
5/4/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 30: Corinna Niemeyer, 27/04/2021 12:10

De leschte Sonndeg war den éischte Concert vum OCL, dem Orchestre de Chambre du Luxembourg, ënnert der Direktioun vu senger neier Chefdirigentin Corinna Niemeyer. Déi 35 Joer jonk däitsch Musekerin huet dëse Posten zënter dem September. Virum Concert an no enger Prouf huet d'Corinna Niemeyer dem Christiane Kremer vun der grousser Faszinatioun geschwat, déi en Orchester op se huet, firwat se sech esou wuel viru Publikum fillt, wat e Concert mat Kachen ze dinn huet, wéisou se süchteg no Wikipedia ass a firwat se hir Musekkarriär enger Spann verdankt. Musek: Igor Stravinsky : Danses concertantes
4/27/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 29: Claire Thill, 20/04/2021 10:00

Schauspillerin, Dramaturgin, Regisseurin an Theaterschrëftstellerin. Ob am Kollektiv oder eleng interesséiert d'Claire Thill sech fir d'pluridisziplinär Konscht, ob a Form vu Performance oder dem Geschichten-Erzielen. DKënschtlerin schwätzt ënnert anerem iwwert d'Kollektiv Independent Little Lies, iwwert Esch2022 an d'perséinlech Projeten un deenen d'Kënschtlerin fir d'Kulturjoer schafft, iwwert den David Lynch an eng Iwwerdosis un Netflix.
4/20/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 28 Bernard Michaux, 30/03/2021 10:00

De Filmproduzent Bernard Michaux
3/30/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 27: The Tame and the Wild, 23/03/2021 10:00

Si hunn alle béid schonn a sëllege Formatioune Musek gemaach a sinn zanter enger Partie Joren d'Kärstéck vun der Band "The Tame and the Wild". D'Seja an de Flëpp sinn awer net just e musikalescht Duo mee och eng Koppel.
3/23/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 26: De Christian Berkel, 16/03/2021 10:08

Den däitsche Schauspiller a Schrëftsteller Christian Berkel war fir Liesungen aus senge Romaner "Der Apfelbaum" an "Ada" zu Lëtzebuerg.
3/16/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 25: Séverine Peiffer, 09/03/2021 10:00

D'Fotografin Séverine Peiffer erzielt ënnert anerem iwwert eng Technik aus dem 19. Jhd., hir aktuell Expo an dem Faibel fir Portraiten.
3/9/20210
Episode Artwork

Podpurri - Episod 24 Reinhold Beckmann, 02/03/2021 10:00

Hien ass bekannt als däitschen Talkmaster a Sportreporter. Zënter e puer Joren ass hie mat grousser Passioun als Museker aktiv. Musek am Interview: "Bremen" Beckmann/Dopp/Ramond "Charlotte" Beckmann/Dopp/Weismantel "Die Zeiten sind obskur" Dylan/Beckmann "Der fünfte Beatle" Beckmann/Dopp/Weismantel "Alles schon probiert" Beckmann&Band
3/2/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 23: Pit Wagner, 23/02/2021 10:00

Dem Pit Wagner seng Konscht ass ganz divers. A sengem Atelier huet hien iwwert d'Expo am MNHA geschwat, iwwert d'asiatesch Kultur an säi gréngen Daum.
2/23/20210
Episode Artwork

Episod 22 - "Reis - Demuth - Wiltgen", 16/02/2021 10:00

Den Jazz-Trio Michel Reis (Piano), Marc Demuth (Kontrabass) a Paul Wiltgen (Perkussioun)
2/16/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 21: Lynn Cosyn, 10/02/2021 18:42

D'Illustratrice erzielt vun hirer verdreemter Welt, Pastellfaarwen, Figuren déi een zum schmunzele bréngen, Tokyo, grouss Wandmolereien an Zukunftsprojeten
2/10/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 20 Daliah Kentges a Sarah Rock, 01/02/2021 16:36

D'Regisseurin Daliah Kentges an d'Dramaturgin Sarah Rock schaffe regelméisseg am Theater zesummen.
2/1/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 19: Hannah Ida, 26/01/2021 10:00

D'Sing- a Songwriterin huet iwwert hir nei Single "East of Eden" geschwat, d'Passioun fir d'Natur a Landwirtschaft an iwwert de Michel aus Lönneberga.
1/26/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 18: Petz Bartz, 19/01/2021 11:00

De Petz Bartz schwätzt iwwer de Beruff vum Journalist, den Amnesty Medien-Präis, d'Theaterstéck "Terres Arides", den "Atelier" a Studente-Radio zu Bréissel
1/19/20210
Episode Artwork

Podpurri Episod 17: Hana Sofia Lopes, 12/01/2021 09:00

D'Schauspillerin Hana Sofia Lopes huet iwwert aktuell Projeten, Yoga, Meditatioun, hire Faibel fir d'70er Jore an de Forrest Gump geschwat.
1/12/20210
Episode Artwork

Podpurri - Episod 16: Steve Karier, 05/01/2021 10:27

Den Acteur Steve Karier huet iwwer 2-Meter-Distanz op der Bün geschwat, iwwer Berufspendler, Lauschterbicher an dat ominöst Wuert "Systemrelevant".
1/5/20210
Episode Artwork

Episod 15 - Claude D. Conter, 15/12/2020 09:24

Zënter gutt sechs Méint ass de Claude D. Conter den neien Direkter vun der Nationalbibliothéik.
12/15/20200
Episode Artwork

Episod 14 - Konstantin Rommelfangen, 08/12/2020 10:00

De Schauspiller schwätzt ënnert anerem iwwert Film- an Theater a Corona-Zäiten, Punk-Musek an de Problem vun de Gagen zu Lëtzebuerg.
12/8/20200
Episode Artwork

Episod 13 - Betsy Dentzer, 01/12/2020 09:00

D'Erzielerin Betsy Dentzer begeeschtert mat hire Geschichte Kleng a Grouss. Well et den Ament méi schwéier op der Bün ass, gëtt et den CD "Ënnerwee".
12/1/20200
Episode Artwork

Episod 12 - Julie Conrad, 24/11/2020 09:00

D'Produktdesignerin schwätzt iwwert Materialien an Nohaltegkeet, iwwer Ängschten am Bezuch zur Pandemie an awer och iwwert den Dram am Ausland ze schaffen.
11/24/20200
Episode Artwork

Episod 11 - Théid Johanns, 15/11/2020 12:27

Escher a Kënschtler duerch an duerch: mam Théid Johanns geet rieds iwwer Konscht, seng Heemechtsstad an d'Kollektiv-Expo Bâtiment IV.
11/15/20200
Episode Artwork

Episod 10 - Marly Marques, 10/11/2020 10:00

D'Sängerin huet iwwert hire neie Projet geschwat, d'Roll déi Sproochen an hirem Liewen hunn an d'onkontrolléiert Opreegung viru Concerten.
11/10/20200