Winamp Logo
RTL - Lecture vun heiheem Cover
RTL - Lecture vun heiheem Profile

RTL - Lecture vun heiheem

Luxemburgisch, Arts, 1 Staffel, 69 Episoden, 2 Std., 25 Protokoll
Über
Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.
Episode Artwork

"J'ai arrêté Otto Abetz" vum Didier Eisack, 31/01/2024

«Histoire de mon grand-père, réfugié allemand…Juif…et résistant français » oder wéi en Nazi-Krichsverbriecher duerch en Zoufall konnt verhaft ginn A sengem Buch « J’ai arrêté Otto Abetz»erzielt den Didier Eisack d’Geschicht vu sengem Grousspapp Joachim. Den Ënnertitel «Histoire de mon grand-père, réfugié allemand…Juif…et résistant français » resuméiert net nëmmen dat ganz mouvementéiert Liewen vum Joachim Eisack selwer. Seng ganz Famill gëtt zum Spillball vun deenen däischtere Kräften déi Europa an der éischter Halschent vum 20ste Jorhonnert dominéieren. D’Famill gëtt auserneegerappt, vill vun hinnen deportéiert an de Ghettoen oder an de Lageren ëmbruecht. Den Enkel Didier Eisack, Joergang 1954, huet jorelaang recherchéiert fir dat ze rekonstruéieren wat säi Grousspapp him net selwer erziele konnt. Eng Familjegeschicht déi duerch ganz Europa féiert an och Verbindungen zu Lëtzebuerg huet. Mä zeréck bei den Titel: wie war deen Otto Abetz vun dem hei rieds geet? Den Otto Abetz war an de Joren 1940 bis 1944 den Ambassadeur vun Nazi-Däitschland a Frankräich a war responsabel fir d’Deportatioun vun Zéngdausende vu franséische Judden op Auschwitz. Dernieft war hien um Déifstall vu jiddeschem Besëtz a Konschtwierker aus dem besatenen Deel vu Frankräich bedeelegt. Nom Krich ass den Abetz ënnergetaucht. An hei kënnt de Joachim Eisack (deen och als Richard Eisack bekannt war) an d’Spill. Duerch e pueren Zoufall, méi genee eng Etikett an engem Kleedungsstéck, kënnt hien dem Krichsverbriecher op d’Spur a kann den Otto Abetz am Oktober 1945 verhaften. Endlech Gerechtegkeet, kéint ee mengen. An tatsächlech gëtt den Abetz 1949 zu 20 Joer Zwangsaarbecht verurdeelt. Mä hie gëtt begnoodegt a kënnt schon 1954 nees op fräie Fouss. De Joachim Eisack dogéint kritt ni eng Unerkennung fir säin Exploit. Hie stierft de 24sten Oktober 1954 un engem Häerzinfarkt. Eréischt elo, bal 80 Joer méi spéit, ass seng Geschicht erzielt ginn, vu sengem Enkel Dider Eisack, mat deem ech mech op de Walfer Bicherdeeg 2023 ënnerhale konnt. "J'ai arrêté Otto Abetz" vum Didier Eisack ass bei den éditons Amalthée erauskomm.
31.1.202415 Protokoll, 21 Sekunden
Episode Artwork

"Gut verräumte Sternschnuppen" vun der Chris Lauer, 15/01/2024

Den éischte Gedichtband vun der jonker Lëtzebuergerin krut vill Luef vun engem prominenten däitsche Literaturkritiker. "Ein Glücksfall der deutschsprachigen Lyrik" mat deene Wierder huet de Björn Hayer der Chris Lauer hiert Wierk op Deutschlandfunk Kultur rezenséiert. Sécher keng alldeeglech Erfahrung fir eng Autorin aus Lëtzebuerg, an dofir ëmsou méi remarkabel. Hiren éischte Gedichtband mam Titel "Gut verräumte Sternschnuppen" ass sécher kee liichte Kascht. Der Chris Lauer hir Sproochwelt ass komplex a vielschichteg, a kann an hirer Offenheet och emol schockéieren. Ob et ëm perséinlech Relatiounen oder ëm déi grouss gesellschaftlech Theme geet, d'Chris Lauer, Joergang 1995, hëllt kee Blat virun de Mond. Am Gedicht "zu spät" schreift si: "Wie Brandopfer aus Wolkenkratzern, wie der Falling Man (ich war damals sechs und verstand das Bild nicht, ich drehte und drehte es, Ich verstand nicht was das sollte , Die Menschennaht auf einem übergrossen Streifenanzug)" Eng ganz perséinlech Erfarung, déi awer universell nozevollzéien ass. Dass dat Gedicht aus dem dës Zeile staamen sech eigentlech guer net ëm 9/11 dréint, mä villméi ëm de Klimawandel, mécht nach eng Kéier méi däitlech dass mir an enger Zäit liewen déi vu ganz ënnerschiddlechen Traumaen geprägt ass, Traumaen déi alleguer an der Chris Lauer hierer Lyrik erëmzefanne sinn. Ech sinn der jonker Dichterin begéint an hu mech mat hir iwwer hir "Gut verräumte Sternschnuppen" ënnerhalen. "Gut verräumte Sternschnuppen" vun der Chris Lauer ass bei Limbus Lyrik erauskomm.
15.1.202410 Protokoll, 21 Sekunden
Episode Artwork

"Honorable Brasius" vum Florent Toniello, 13/01/2024

E Band mat Kuerzgeschichten ronderëm en aussergewéinleche Personnage Journalist, Poet, Iwwersetzer, Auteur vun engem Roman an elo engem Buch mat Kuerzgeschichten: de Florent Toniello, 1972 zu Lyon gebuer, huet d'Schreiwen an all senge Formen zum Beruff gemaach. Zënter 10 Joer lieft a schafft hien zu Lëtzebuerg. 2015 krut hie fir säi Gedichtband Flot(s) den éischte Präis am Nationale Literaturconcours an ass zënter 2018 directeur artistique vum Festival Printemps des Poètes Luxembourg. Nieft senger Léift fir d'Poesie huet hien awer och e Faible fir Science Fiction a Fantasy den hien a sengem Roman Ganaha (2020 erauskomm) an elo a senger Kuerzgeschichtesammlung mam Titel Honorable Brasius auslieft. Am Interview erzielt hien wien den aussergewéinleche Personnage ass, deen dem Buch säin Titel gëtt an deen an 3 vun deene 5 Kuerzgeschichte virkënnt. "Honorable Brasius" vum Florent Toniello ass bei Hydre éditions erauskomm N.B.: D'Autoreresidenz am Literaresche Colloquium Berlin (LCB) gëtt am Kader vun enger Ausschreiwung vu Kultur | lx – Arts Council Luxembourg zesumme mat de Lëtzebuerger Bicherfrënn – Les Amis du Livre a.s.b.l. souwéi dem Centre national de littérature verginn.
13.1.20249 Protokoll, 8 Sekunden
Episode Artwork

"La coupe est pleine" vum Guy Rewenig, 30/12/2023

Eng bësseg Sylvester-Satir Dass Feierdeeg net onbedéngt ëmmer déi reng Harmonie mat sech bréngen, ass gewosst. Dem Guy Rewenig seng nei Erzielung «la coupe est pleine» spillt op Sylvester, ze feieren gëtt awer näischt! Ganz am Géigendeel, et ass eng bësseg Satir op eng verlugge Gesellschaft, déi sech esou gären d’Philanthropie op de Fändel schreift an a Wierklechkeet ganz aner Ziler virun Aen huet. "La coupe est pleine" vum Guy Rewenig ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.
30.12.20233 Protokoll, 58 Sekunden
Episode Artwork

Vu Mona Lisa bis Xavier Kieffer: Den Tom Hillenbrand am Interview, 18/12/2023

Den Tom Hillenbrand war zu Lëtzebuerg fir aus sengem aktuelle Roman "Die Erfindung des Lächelns" ze liesen Am Roman geet et ëm den Déifstahl vun der Mona Lisa aus dem Louvre am Joer 1911. Zwee Joer laang blouf dem Leonardo Da Vinci säi Meeschterwierk vermësst. Eng Blamage fir d'Direktioun vum Louvre déi weltwäit an der Press kommentéiert gouf. Karikaturen, sarkastesch Iwwerschrëften an den Zeitungen a souguer e Film deen sech mam Thema beschäftegt huet, alles dat huet net nëmmen deen deemools marode Paräisser Konschtmusée bloussgestallt, mä och dofir gesuergt, dass de Porträt vun der Mona Lisa zu engem vun deene berümtesten Tableauen iwwerhaapt ginn ass. Den Tom Hillenbrand huet dëse reale Kriminalfall a sengem Roman opgegraff an huet domat och e Porträt vu Paräis an der Belle Epoque gezeechent. Eng Zäit an der d'Konscht nei Wéeër beschratt huet, zum Beispill mat enger Isadora Duncan am Danz oder engem Pablo Picasso an der Molerei. Personnagen déi och an "Die Erfindung des Lächelns" optauchen. Iwwerdeems war d'Liewen fir déi meeschte Leit awer alles anescht wéi lëschteg: als Reaktioun op déi batter Aarmut hu sech anarchistesch Gruppe forméiert, wéi zum Beispill d'Band ronderëm dee charismatesche Jules Bonnot. Am Interview erzielt den Tom Hillenbrand vu sengen intensive Recherchen fir dëse Roman, et geet awer natierlech och ëm seng Krimi-Serie ronderëm de Lëtzebuerger Kach Xavier Kieffer. An e léisst sech souguer e bëssen an d'Kachdëppe kucken.
18.12.202311 Protokoll, 55 Sekunden
Episode Artwork

"Parfois la nuit se tait" vum Antoine Pohu, 13/11/2023

Den zweete Roman vum Antoine Pohu steet op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis. Mam Antoine Pohu ass haut nees e ganz jonken Auteur op Besuch am Podcast "Lecture vun heiheem". Scho mat sengem éischte Roman "La Quête" stoung hien 2020 op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis, an elo nach eng Kéier, mat "Parfois la nuit se tait". Am Interview schwätzt hien iwwer dëse Roman, awer och iwwer seng neitste Publikatioun, e Monolog mam Titel "Nous sommes celleux qui marchent dans la ville". Ausserdeem geet et ëm seng Aarbecht fir den Theater an ëm en inklusive Sproochgebrauch an der Literatur. "Parfois la nuit se tait" an "Nous sommes celleux qui marchent dans la ville" (Publikatiounsdatum: 17.11.2023) sinn allebéid bei capybarabooks erauskomm.
13.11.202326 Protokoll, 26 Sekunden
Episode Artwork

"Wasserstand" vum Luc François, 09/11/2023

Mat sengem Roman "Wasserstand" dee fir de Lëtzebuerger Buchpräis nominéiert ass, geet de Luc François op nei literaresch Weeër. De Luc François, Joergang 1993, ass vu Beruff Informatiker. Besser bekannt ass en awer als Auteur vu Science-Fiction-Romaner wéi "Vulture City" oder "Ikaria" an als Sänger vun der Metal-Band Mind Patrol. A séngem neie Roman "Wasserstand" geet et awer weder ëm onbekannte Welten nach ëm Extreme Progressive Metal, mä ëm e Schrëftsteller dee probéiert dee ganz grousse literaresche Coup ze landen. Méi doriwwer am Interview mam Luc François. "Wasserstand" vum Luc François ass bei Kremart Edition erauskomm
9.11.202314 Protokoll, 55 Sekunden
Episode Artwork

"Les promenades d'1 zèbre" vum Noël Barkley, 06/11/2023

Vum Futtball bei d'Poesie: e Gespréich mam Noël Barkley "Mélange subtil de poésies atypiques", sou den Ënnertitel vun engem Gedichtband dee genee dat ass: Ontypesch, iwwerraschend, sproocheverléift, gären och verspillt a mat engem Sënn fir Humor, deen eng gewësse Liichtegkeet mat an d'Spill bréngt. Dobäi huet dem Noël Barkley seng Carrière mat engem ganz anere Spill ugefaangen, nämlech dem Futtball. Als Goalkeeper war hie fir d'éischt a senger Heemechtsstad Marseille aktiv an duerno bei der Ettelbrécker Etzella. Am Interview geet et awer natierlech net ëm Futtball, mä ëm dem Noël Barkley säin éischte Gedichtband, mam Titel: "Les promenades d'1 zèbre".
6.11.202320 Protokoll, 33 Sekunden
Episode Artwork

"Béischten" den neie Roman vum Jemp Schuster, 30/10/2023

Wat hanner zouenen Diere geschitt, dat geet keen eppes un...dat ass an dem klengen Dierfche Kromber net anescht wéi soss enzwousch... Mat senger Familjechronik an zwee Deeler, "Bluttsëffer" an "Ouereschlëffer" huet de Jemp Schuster seng Lieser begeeschtert. Säin neie Roman "Béischten" ass grad esou spannend erzielt a sproochlech ausgeräift. E Buch dat een sech op kee Fall sollt laanscht d'Nues goe loossen!
30.10.20237 Protokoll, 23 Sekunden
Episode Artwork

"Wie die Fliegen" en dystopesche Roman vum Samuel Hamen, 20/09/2023

E vermëssten Teenager an eng Welt an der näischt esou ass wéi et schéngt. En Teenager ass verschwonnen, eng Detektivfigur reest a seng Heemechtstad fir nom Saul ze sichen. Dem Samuel Hamen säin neie Roman «Wie die Fliegen» ass eng Dystopie déi an enger noer Zukunft spillt. Dës Welt dréit d’Spuren vu katastrofale Virfäll déi awer net weider erkläert ginn. Grad esou misteriéis ass och déi Stad an der d’Handlung ofleeft. "Die Stadt selbst kannte jeder, sie war gleichbedeutend mit dem I.L.E. Hier wurde die Energie produziert, die einen Großteil der Distrikte mit Strom und Wärme speiste; hier hatte die Forschung einen Triumph wider alle Pessimisten errungen, die der Menschheit keine Zukunft mehr zubilligen wollten. Bei solchen Hymnen wurde der Name der Stadt mit einer Selbstverständlichkeit ausgesprochen, die sich nach Sekunden erschöpfte, um einem Schweigen zu weichen, mit dem ein tiefergehendes Wissen vorgetäuscht wurde , das niemand tatsächlich besaß." Kann de Saul fonnt ginn, a wat stécht hanner sengem Verschwannen? Ass hien an den Ënnergrond gaangen fir géint d’Akademie ze rebelléieren, ass en entfouert ginn, oder war et en Accident? Kann hien erëmfonnt ginn? An: gëtt et Hoffnung fir dem Saul seng Welt? Doriwwer ënnerhält sech d'Bea Kneip mam Auteur Samuel Hamen. Dem Samuel Hamen säi Roman baséiert op d'Manuskript "I.L.E" dat 2019 mam éischte Präis am nationale Literaturconcours ausgezeechent gouf. "Wie die Fliegen" ass beim Schwäizer Diaphanes Verlag erauskomm.
20.9.202325 Protokoll, 3 Sekunden
Episode Artwork

"Verdruddelt" an "Zerknujelt" Geschichten: De Marc Weydert am Interview, 04/08/2023 17:34

De Marc Weydert erzielt Mäerercher a Seechen op seng Manéier: verdruddelt an zerknujelt! Fir hir "Verdruddelt Geschichten" goufen den Auteur Marc Weydert an d'Illustratrice Marie-Isabelle Callier 2021 mam éischte Präis am nationale Literaturconcours ausgezeechent. Nodeems si mat hire verdréinte Mäerercher Grouss a Kleng zum Laache bruecht hunn, ass elo mat den "Zerknujelte Geschichten" en zweete Band erauskomm. De Marc Weydert ass haut den Invité an der Lecture vun heiheem. Am Interview erzielt de Marc Weydert ausserdem och vu sengem Cabaretsprogramm "Lëtz druddel" , vu senger Zesummenaarbecht mat der Zeechnerin Marie-Isabelle Callier, an hie sicht schonn no Iddien fir en eventuellen drëtte Band vu senge "verkéierte" Mäerercher. Déi verdruddelt an zerknujelt Geschichten si vum Marc Weydert geschriwwen, a vun der Marie-Isabelle Callier illustréiert ginn. Béid Bicher si bei Perspektiv éditions erauskomm.
4.8.20230
Episode Artwork

Crime.lu: En neie Verlag just fir Krimien!, 23/07/2023 08:53

Véier Auteuren hu sech zu enger "krimineller" Band zesumme geschloss. Dat ass zum engen de Gaston Zangerlé, deen eng laang Carrière als Auteur an Editeur hannert sech huet. Krimi-Erfahrung huet hien och, seng Kriminalromaner "Karukera Gang" an "Le dernier tour de piste" spillen awer net zu Lëtzebuerg, mä op der Guadeloupe. De Pierre Decock an de Gaston Zangerlé kenne sech scho ganz laang a si hunn och scho matenee geschafft, zum Beispill un der Kannerzeitung Zack oder un der BD Den Tun an de Frunnes. Och de Pierre Decock huet scho Krimien geschriwwen an deenen den Inspekter Joao Da Costa ermëttelt. Ausserdeem e Krimi fir Jugendlecher: Les Corbeaux de Greenwood. Den Didier Debord ass haaptsächlech fir seng Aarbecht als Iwwersetzer bekannt, hien huet awer och eege Wierker verëffentlecht, dat fir Jonker an Erwuessener. "Il vous faudra vivre avec" ass säin éischte Krimi. D'Monique Feltgen dogéint ass eng routinéiert Krimi-Autorin. "Tatort Rollengergronn", "Todesfalle Knuedler" oder "Im Labyrinth der Gefahr" fir der nëmmen e puer ze nennen.En neie Krimi ass och schon an der Maach, mä hire Bäitrag fir de Startschoss vum neie Verlag crime.lu ass eng Neioplag vu hirem éischte Succès. "Das Rousegäertchen-Komplott" Bei der offizieller Presentatioun vum neie Verlag an natierlech deene véier éischte Krimien hat ech d'Geléeënheet fir mech mat de Grënnungsmemberen vu crime.lu ze ënnerhalen. D'Titelen vun deene véier Bicher: "La pègre et la boxeuse" vum Gaston Zangerlé "Lea m'attendra" vum Pierre Decock "Il vous faudra vivre avec" vum Didier Debord an "Das Rousegäertchen-Komplott" vum Monique Feltgen
23.7.20230
Episode Artwork

De jonke Schrëftsteller Tom Weber, 28/06/2023 14:24

Fir säin däitsche Gedichtband "fluides herz" huet hie schon e Präis gewonnen, elo gëtt et och eng Novelle op Englesch. "gondolas float on purple roses" sou den Titel vun der Erzielung déi zu Venedeg spillt.Am Interview schwätzt dee 26 Joer jonke Schrëftsteller a professionellen Iwwersetzer ënner anerem iwwer seng Faszinatioun mat der Stad Venedeg, seng Erfahrungen um Jakobswee an de Géigesaz tëscht Schéinheet an Zerbriechlechkeet. Ausserdeem erzielt hien, wéi hien seng Léift zur Poesie entdeckt huet, a firwat hien decidéiert huet, säi Buch "Charons Barke" aus dem Joer 2016 nach eng Kéier op de Leescht ze huelen an op Englesch nei ze erzielen. An hie verréit, firwat hien am am léifste kleng Buschstawe benotzt.
28.6.20230
Episode Artwork

Young Voices 2023: 4 jonk Auteur(innen) ausgezeechent, 17/06/2023 22:46

Scho fir d'drëtt huet den engleschproochege Verlag Black Fountain Press zesumme mat der Uni Lëtzebuerg de Schreifconcours "Young Voices" organiséiert Jonker vu 15 bis 19 Joer, respektiv vun 20 bis 25 Joer konnten an hiere respektiven Alterskategorien Poesie oder Prosatexter areechen. 16 Nimm goufe fir d'Shortlëscht zeréckbehalen, an Ugangs Juni goufen déi 4 Gewënner bekanntginn, woubäi Poesie a Prosa also getrennt bewäert goufen. Charlotte Benck, Tobias Rault, Jessica Lentz a Catherine Entringer, sou heeschen déi 4 Laureaten déi mat hieren Texter d'Jury iwwerzeege konnten. Fir eise literaresche Podcast "Lecture vun heiheem" huet d'Bea Kneip sech mat hinnen alleguer ënnerhalen. Ausserdeem gitt dir gewuer wéi aus banalen Alldagssituatiounen e spannende literareschen Text entstoe kann, wéi sech Jonker och haut nach vu legendäre Auteuren wéi dem T.S.Eliot oder dem Lewis Carroll inspiréiere loossen, an, (dat däerf scho verroode ginn) et geet ëm e Buch dat aus den Texter vun der Shortlëscht entstoe soll.
17.6.20230
Episode Artwork

De BookAthon: 10 Kannerbicher a 24 Stonnen!, 05/06/2023 06:34

Du bass tëscht 14 an 20 Joer al an du wëlls un engem Kannerbuch matschaffen? Dann ass de BookAthon genee dat Richtegt fir dech! Wat e Marathon ass, dat weess jiddereen, awer e BookAthon? Am Interview erkläeren d'Simone Mortini an d'Claudia Catini vum Service National de la Jeunesse (SNJ) wat et domat op sech huet. 30 Jugendlecher gi gesicht fir an Equipen vun all Kéiers 3 Leit en eegent Kannerbuch ze schreiwen an ze illustréieren. De Projet u sech leeft vum 2ten bis de 4ten November am Makerspace am Forum Geesseknäppchen. Do geet et drëm fir an Zäit vu 24 Stonnen, dat natierlech verdeelt op déi 3 Deeg, e Kannerbuch ze schreiwen an ze illustréieren. Dobäi ginn déi Jugendlech awer net alleng gelooss, si kréie schon am Virfeld e Coaching vun erfuerene Kannerbuchauteuren, Illustrateuren a Grafiker(innen). Vill Erfahrung muss een do net matbréngen, just Begeeschterung fir d'Saach an de Wonsch sengen zukünftege klenge Lieser tëscht 0 a 4 Joer eng Freed ze maachen!
5.6.20230
Episode Artwork

"Monster Malya" vum Roland Meyer, 31/05/2023 08:18

« Kannerbicher fir erwuesse Leit » sinn eng Spezialitéit vum Schrëftsteller, Museker a Kabarettist Roland Meyer Et brauch ee just un «Telmo», «Mango Panda » oder «Den décken dommen Dudu » ze denken. Mat sengem neiste Roman « Monster Malya » schléisst hien dorun un, a schwätzt e Problem un deen an eiser Gesellschaft net méi ze iwwersinn ass, dee vun der Gewalt. Gewalt déi dat 12 Joer aalt Malya erlieft, awer och selwer ausübt. No enger duebeler Katastrof a sengem Liewen verschwënnt hat vun der Bildfläch, a begéint beim Ale Buer dem Goldie, sengem Goldfësch deen hat zwee Joer virdrun do ausgesat hat. Iwwerdeems verzweiwelt nom Malya gesicht gëtt, erzielt hat dem Goldie an dem Elf Mo wéi et dozou komme konnt. Am Interview erkläert de Roland Meyer wat et mam Konzept vum "Kannerbuch fir erwuesse Leit" op sech huet a wéi schwiereg et ass fir am Schoulalldag Kanner wéi dem Malya ze hëllefen.
31.5.20230
Episode Artwork

"High Talk" vum James Leader, e Gedichtband op Englesch, 23/04/2023 09:37

Mat sengem Gedichtband steet de gebiertegen Englänner op der Shortlëscht vum Prix Servais 2023 Den James Leader lieft zënter 23 Joer zu Lëtzebuerg an ass och a literaresche Kreeser keen Onbekannten. Mat sengem Jugendroman "The Venus Zone" huet hien 2016 de Concours Littéraire National gewonnen an och fir seng Gedichter gouf hien ausgezeechent, ënner anerem mam Ballymaloe Poetry Award, engem renomméierte Poesiepräis an Irland. Den James Leader ass de Papp vun der Schrëftstellerin Anna Leader. Am Interview verréit hie firwat hien eréischt elo mat "High Talk" säin éischte Gedichtband erausbruecht huet, firwat et him wichteg ass, dass seng Gedichter fir all Lieser accessibel sinn, a wéi et dozou komm ass, dass et hien op der Sich no engem sonnegen a waarme Klima ausgerechent op Lëtzebuerg verschloen huet.
23.4.20230
Episode Artwork

"Schnatt", deen neie Roman vum Guy Rewenig, 11/03/2023 12:46

"De Sheriff" dat ass de Spëtznumm vum Bréifdréier Leo Schummer. A säi Jong, den Nikla, geet op de Kannerfuesbal als...Sheriff Dass de Guy Rewenig e Meeschter am Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch ass, brauch ee kengem méi z’erzielen. Fir dëse Roman, wéi och schon a senge leschte Bicher, benotzt hien d’Erzieltechnik vum Stream of Consciousness. De Leo an den Nikla Schummer kommen ofwiesselend zu Wuert a schwätzen sech, wéi een op Däitsch géif soen «um Kopf und Kragen».
11.3.20230
Episode Artwork

"Au-delà des racines" vun der Nelly Lecomte, 11/03/2023 06:37

Et erfuerdert Courage fir de virgezeechente Wee ze verloossen. "Nous venons tous de l'agriculture; l'homme est enfant de la terre. La terre est la patrie de l'humanité." An eiser Lecture vun heiheem geet et haut ëm de Roman "Au-delà des racines" vun der Nelly Lecomte, erauskomm am Verlag "Le Lys Bleu". Dat jonkt Amélie wiisst op engem Bauerenhaff an den Ardennen op. Dass mir et an dësem Roman awer net mat enger idealiséierter Versioun vum Landliewen ze di kréien, gëtt direkt op der éischter Säit däitlech, wéi d'Amélie erausfënnt, dass seng Bomi d'Kaz doutgemaach huet, wuel well de Puss zevill Appetitt op d'Hénger hat. Dem Amélie säi Lieweswee schéngt virgezeechent ze sinn: e Bauerejong aus dem selwechten Duerf bestueden fir dass d'Lännereie kënnen zesummegeluecht ginn, a sech fir de Rescht vu séngem Liewen ëm d'Famill an ëm den Haff bekëmmeren. Mä déi jonk Fra huet aner Iddien, plënnert an d'Groussstad a verbréngt och e puer Joer an Afrika. D'Nelly Lecomte beliicht an dësem Entwécklungsroman déi sëllechen Erausfuerderungen déi op hir Protagonistin waarden.
11.3.20230
Episode Artwork

"Rêves d'un mangeur de kakis" e Gedichtband vum Robert Weis, 20/02/2023 20:36

Am neitsten Episod vun eisem literaresche Podcast "Lecture vun heiheem" si mir dës Kéier ganz "Zen". "Rêves d'un mangeur de kakis", den éischte Gedichtband vum Robert Weis ass nämlech vun der japanescher Philosophie inspiréiert. Och wann dem Robert Weis deng Gedichter streng gehol, keng Haikue sinn, ass hien awer faszinéiert vun dëser Gedichtform, a vu Japan, an e war och schonn e puer mol do. An Interview erzielt hien wéi hie seng Léift fir d'Natur an d'Freed um Schreiwen mateneen kombinéiert. An hie verrréit wou hien seng Inspiratioun fënnt - sief et a japanesche Gäert, op enger Wanderung an den Alpen oder op engem Trëppeltour duerch de Minett. "Rêves d'un mangeur de kakis" vum Robert Weis ass bei Michikusa Publishing erauskomm
20.2.20230
Episode Artwork

Timba a Bucktugou: Eemol Kaffi an zweemol waarme Schocki, wgl!, 15/02/2023 12:02

Déi neitste Publikatiounen aus de Serien "Timba" a "Bucktugou" vu Kremart kritt ee séier duerchgelies, mä si hunn et a sech! A "Pappendag" léisst d'Autorin Jackie Messerich Fraen zu Wuert kommen déi sech un hir verstuerwe Pappen erënneren. "Valley Girl" vun der Katharina Bintz gräift dogéint e ganz schwieregt Thema op, hei geet et ëm sexuell Iwwergrëff. En historesche Krimi deen een an nëmme 6 Minutten bei enger Tas Kaffi liese kann, dat ass "Do uewe läit eent" vum Alain Atten, erauskomm an der Serie Bucktugou, Hot Coffee. Fir e jonke Public, dee villäicht léiwer e waarme Schocki huet, ginn et dann och nach zwee Titelen vum Tullio Forgiarini: "Phantasialand" an "Un den Dag wou ech Auslänner gi sinn"
15.2.20230
Episode Artwork

"Bug" vun der Claire Schmartz, 21/01/2023 14:12

Am Débutroman vun der jonker Schrëftstellerin Claire Schmartz geet et ëm kënschtlech Intelligenz E Bug am System, dat kënnt jo leider heiansdo emol vir. An dorëms geet et och am Débutroman “Bug” vun der jonker Lëtzebuerger Schrëftstellerin Claire Schmartz. De Roboter Bud ass de Prototyp vun engem Haushaltsroboter a seng Konstrukteurin, déi mir just als “Die Professore” kenneléieren hëlt e mat heem fir en do ze testen. Mä scho ganz séier weist sech dass sech beim Bud e Bug ageschlach huet.. Wou läit de Feeler a wéi kann een dat nees riichtbéien? D’Äntwert op dës Fro ass guer net esou evident, a villäicht enquêtéiert d’Professore jo an déi falsch Richtung... “Bug” vun der Claire Schmartz ass en intelligente Roman iwwer en Thema dat an eiser Zäit ëmmer méi wichteg gëtt. D’Buch ass bei Hydre éditions erauskomm.
21.1.20230
Episode Artwork

Réckbléck op d'Joer 2022 an der Literatur zu Lëtzebuerg, 30/12/2022 10:51

Literaturpräisser, schéi Momenter a ganz vill Bicher! Wéi resuméiert een e ganzt Joer? Sécher ass dëse Réckbléck op d’Joer an der Lëtzebuerger Literatur net komplett, et si just e puer Andréck aus dësem nawell mouvementéierte Joer 2022. Literaturpräisser si just een Deel vun der Aktualitéit, am Laf vum Joer goufen et och eng ganz Rëtsch flott a spannend Momenter. De Beetebuerger LiteraTour (deen sech dëst Joer an de méi grousse Kader vun Esch 2022 ageschriwwen huet) an d'Frankfurter Buchmesse si fix Rendezvousen am Literaturkalenner. Virun allem sinn et awer déi sëlleche Bicher déi am Laf vun engem Joer zu Lëtzebuerg publizéiert ginn, sief et an de verschiddenen Editiounshaiser, vun Associatiounen oder vun den Auteuren am Selbstverlag. Fir dëse Réckbléck sinn der just e puer erausgepickt ginn, vill weider Liestipps fannt Dir an der Rubrik "Bicher" a "Buch vun der Woch" op RTL.lu, oder an der literaresche Podcasten "Lecture vun heiheem" an "RTL BicherLies". Iech alleguer elo schonn e gudde Rutsch an dat neit Joer a vill flott an interessant Lecturen fir 2023!
30.12.20220
Episode Artwork

Vun dëser an anere Welten, 08/12/2022 17:01

3 Begéignungen op de Walfer Bicherdeeg De Weekend vun de Walfer Bicherdeeg ass deen idealen Zäitpunkt fir nei Publikatiounen z'entdecken an Auteuren ze begéinen. Dëst Joer war eent vun den Themen den 150ste Gebuertsdag vum Reenert. Fir de ronne Gebuertsdag ass de Reenert nei editéiert ginn, an Zesummenaarbecht tëscht dem SCRIPT an dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dem ZLS. An...dee schlaue Fuuss huet och nach Englesch geléiert! De Jeff Thill, vu Formatioun Engleschprof huet 2 Joer laang un der Iwwersetzung vun eisem Nationalepos geschafft. Déi englesch Versioun vum Reenert mam Ënnertitel: "The Fox in a Sunday Suit and in Human Shape" ass online ze fannen op www.lux.lu Speculative Fiction ass en Iwwerbegrëff ënnert dem vill verschidde Genren regroupéiert ginn, vu Science-fiction, Fantasy bis bei Mäerercher. Wat a Saache speculative Fiction hei zu Lëtzebuerg esou geschriwwe gëtt, dat hu mir de Cosimo Suglia an d'Sandy Heep um Stand vun hierer online-Plattform www.anerwelten.lu verrooden. "Curieuse Ballade" dat ass den Titel vun engem ganz dënne Bichelchen, an dem Prosa a Poesie sech op all Säit géintiwwer stinn. Deem klenge Format vum Buch steet d'Talent vum Auteur Christopher Lumu géintiwwer, deen direkt mat senger éischter Publikatioun op sech opmierksam gemaach huet. Op de Walfer Bicherdeeg konnt ech mech mat him ënnerhalen. D'Curieuse Ballade vum Chris L. fënnt een an de Bicherbutteker, fir méi Informatiounen kann een och op säi Site www.poesie-bolingo.com kucke goen.
8.12.20220
Episode Artwork

De Guy Helminger iwwer säi Buch "Die schwere Naht der Flüsse, 30/11/2022 16:36

Am Interview schwätzt den Auteur iwwer seng Rees a Brasilien, awer och iwwer seng aktuell Autoreresidenz zu Istanbul De Servaispräiss fir säi Roman "Lärm", eng zweet Plaz beim Literaturconcours, de Gustav-Regler Präis vun der Stad Mertzig, oder Lyrikpreis Meran, fir de Guy Helminger goufen et an der Lescht vill Auszeechnungen. A sengem neie Buch "Die schwere Naht der Flüsse" léisst hien seng Lieser un enger Rees duerch Brasilien deelhuelen. 2019 war hien an dem südamerikanesche Land ënnerwee an huet dobäi déi Plaze besicht déi a kengem Reesguide ze fanne sinn. Dat riisegt Land huet nieft Futtball a Copacabana nach vill aner Facetten. Déi Mënschen deenen de Schrëftsteller op senger Rees begéint ass, repräsentéieren déi enorm Diversitéit an déi krass Géigesätz déi Brasilien ausmaachen. Momentan ass de Guy Helminger an enger Autoreresidenz an der Tierkei, a war just kuerz fir d'Walfer Bicherdeeg zeréck op Lëtzebuerg komm. Bei dem schroen Attentat zu Istanbul den 13ten November war hien net wäit ewech, just duerch en Zoufall blouf hie verschount. Am Interview erzielt hien wéi e Punkconcert him villäicht d'Liewe gerett huet, an hien deelt seng Andréck aus der Tierkei an aus Brasilien. "Die schwere Naht der Flüsse" vum Guy Helminger ass bei capybarabooks erauskomm
30.11.20220
Episode Artwork

"Chantiers du désir" vun der Carla Lucarelli, 13/11/2022 18:36

Mat hierem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir" steet d'Carla Lucarelli op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis. D'Carla Lucarelli kennt een als Actrice, Theaterregisseurin, Dichterin a Romanschrëftstellerin. Mat hierem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir" steet si op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis. A 15 Kuerzgeschichten déi als Titel all Kéiers de Virnumm vum jeeweilegen Haaptpersonnage droen, rëselt si d'Welt vun hire Protagonisten zolitt duercherneen. Eng Employée déi mat iwwer 50 hir Aarbecht verléiert, e jonkt Meedchen dat déi schéin a manner schéin Säite vun der Léift entdeckt, eng Koppel déi sech agestoe muss, dass eng Relatioun och ze vill perfekt ka sinn, oder eng Journalistin déi ganz onverhofft engem Panther géintiwwersteet. Geschichten déi den Alldag schreift, an anerer déi hannert engem dënne Voile vun Normalitéit eng aner Welt verstoppen oder déi carrément iwwernatierlech Elementer an d'Spill bréngen. Wat se verbënnt ass de Wonsch - an d'Noutwendegkeet - hiert Liewen ëmzebauen, nei ze starten, oder op d'mannst gutt ofzeschléissen. Sou verschidden der Carla Lucarelli hir Personnagen och sinn, all eenzelnen kann iwwerzeegen. De Lieser féiwert mat mam Pit, mam Gisèle, mam Marie oder mam Sandrine, däerf si e kuerzt Stéck op hirem Wee begleeden, ier si wéi spektral Apparitiounen nees an der Däischtert verschwannen. "Chantiers du désir" vun der Carla Lucarelli ass bei den éditions Phi erauskomm.
13.11.20220
Episode Artwork

Interview mam russeschen Auteur Dmitry Glukhovsky, 01/11/2022 17:30

De regimekritesche russesche Schrëftsteller a Journalist hëlt an "Geschichten aus der Heimat" déi russesch Gesellschaft ënner d'Lupp. Mat senger Metro-Trilogie ass den Dmitry Glukhovsky an den 2000er Joren weltwäit bekannt ginn. Seng Romaner, déi an dem onheemlechen Univers vun der Moskauer Metro spillen an deen déi Iwwerliewend sech no enger Katastrof hu missten zeréckzéien fir z’iwwerliewen, hu mat de Rakéiten-Attacken op déi ukrainesch Stied eng ganz nei Bedeitung kritt. Awer och fir de Journalist a Schrëftsteller dee mat senger Kritik um Putin-Regime nach ni hannert dem Bierg gehalen huet, hunn déi lescht Méint villes verännert. A senger russescher Heemecht riskéiert hien wéinst senge kloren Aussoen eng Prisonsstrof a kann deemno net méi zeréck a Russland. A sengem neien Erzielband «Geschichten aus der Heimat» , op Däitsch am Heyne Verlag erauskomm, léisst hie kee brenzelegt Thema aus: vun der Pressefräiheet an dem Ëmgang mat de Medien, iwwert d’Muecht an déi di se ze spiere kréien bis bei déi ominpräsent Korruptioun. «Wat ass mat Russland geschitt?» déi Fro probéiert den Dmitry Glukhovsky ze beäntweren. Ob hie säin Heemechtsland nach eng Kéier als fräit Land erliewe wäert an ob hien et iwwerhaapt jeemools nees ze gesi kritt, dorop weess hien awer keng Äntwert. Dësen Interview gouf op der Frankfurter Buchmesse 2022 opgeholl
1.11.20220
Episode Artwork

Interview mam Journalist Jo Angerer, 24/10/2022 23:02

"Wenn Widerstand weiblich ist - Die Revolution der Frauen in den postsowjetischen Staaten" sou heescht en neit Buch vum Jo Angerer An dëser an der nächster Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ausnamsweis net ëm Lëtzebuerger Bicher. Och op der Frankfurter Buchmesse koum een dëst Joer net laanscht de Krich an der Ukraine. Vill ukrainesch Schrëftsteller waren op der Plaz, awer och Auteuren a Journalisten déi sech mat der aktueller Situatioun beschäftegen. Een dovunner war den däitsche Journalist Jo Angerer. De Jo Angerer, Joergang 1956, huet laang Jore fir d’ARD geschafft, an sech do haaptsächlech fir Friddens a Sécherheetspolitik interesséiert. Zënter 2019 lieft a schafft hien als Korrespondent zu Moskau, fir d’éischt fir d’ARD an haut fir d’Zeitung Der Standard. A sengem neie Buch «Wenn Widerstand weiblich ist – Die Revolution der Frauen in den postsowjetischen Staaten» interesséiert hien sech besonnesch fir d’Situatioun vun de Fraen an deene 15 Länner déi nom Zerfall vun der Sowjetunioun entstaane sinn. Am Interview setzt hien d’Gemeinsamkeeten awer och d’Ënnerscheeder tëscht deenen eenzelne Länner an de Kontext, hien erzielt vun enger rezenter Rees an d’Ukraine déi hien déif beréiert huet an hien analyséiert den Impakt deen déi westlech Sanktiounen op dat riisegt Russland hunn.
24.10.20220
Episode Artwork

"De Fléiepëlz - E Lëtzebuerger Orbis Pictus", 15/10/2022 14:48

Vum Pit Schlechter (Text) a Pit Weyer (Illustratiounen) En ass a Knouterer, de Pit Schlechter, an a séngem neie Buch kritt méi wéi een säi Fett ewech! An... hien huet e Kompliz! De Grafiker Pit Weyer huet "De Fléiepëlz" illustréiert. E Lëtzebuerger Orbis Pictus, deen als - heiansdo e bësse méi graff - Satir ze verstoen ass. An eiser Lecture vun heiheem geet et ëm e Buch dat wéinst sengem faarwege Cover kéint mat engem Kannerbuch verwiesselt ginn. Mä opgepasst, de Fléiepëlz huet Zänn, an den Auteur Pit Schlechter bäisst sech gären emol fest! Zum Beipill un der Lëtzebuerger Sprooch, an un deene sëlleche Germanismen déi do heiansdo emol erarutsche kënnen, net nëmmen am Titel vum Buch, mä och an engen Kapitel mat der Iwwerschrëft "Neihéichlëtzeburgesch" Esou ganz eescht ass dat natierlech net ze huelen...De Pit Schlechter beschäftegt sech vill mat der Lëtzebuerger Sprooch, ënner anerem als fräie Mataarbechter beim LOD, dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire. E konnt mir zum Beispill erklären firwat Dat wat mir gemengerhand als eng Schneck kennen, a senger Kandheet "Méckekichelche" genannt gouf... Vum Méckekichelchen bis Pontius a Pilatus , de Pit Schlechter hëllt kee Blat virun de Mond, an ass och net ëmmer politesch korrekt...dofir awer éierlech! "De Fléiepëlz - e Lëtzebuerger Orbis Pictus" vum Pit Schlechter mat Illustratiounen vum Pit Weyer ass bei Kremart Edition erauskomm.
15.10.20220
Episode Artwork

De Litty 8: Lëtzebuerger Fräiheetslidder 1945-2022, 13/09/2022 15:51

An eiser Lecture vun heiheem geet et haut emol ëm Musek! Déi neitsten Ausgab vum Litty, de carnets didactiques vum CEDOM, dréit den Ënnertitel : "Lëtzebuerger Fräiheetslidder 2 -Geschicht a Politik am Lidd". A 17 Lidder gëtt souzesoen d’Lëtzebuerger Geschicht nogezeechent vun 1945 bis haut. Beim Buch ass och eng CD dobäi an et lount sech fir ganz genee op d’Lidd-Texter ze lauschteren déi alleguer vu bekannte Lëtzebuerger Museker, Schrëftsteller a Kabarettiste geschriwwe goufen, zum Beispill vum Guy Rewenig, der Josiane Kartheiser, dem Pir Kremer oder dem Josy Braun. Verschidde Melodien kommen engem bekannt vir, a souguer de Feierwon krut en neien Text verpasst, wéi mir duerno nach héiere wäerten. Verschidden Themen awer och, deen een oder anere Refrain aus de 70er Joren ass haut nach grad esou aktuell wéi deemols! Och eng elle Wouerecht kënnt besser eriwwer mat enger schéiner Melodie an nieft den Texter ass natierlech och d’Musek selwer e wichtege Kritère. Wéi eng Recherchen néideg waren, net nëmmen fir d’Lidder erauszesichen, mä och fir se an hieren historeschen a soziale Kontext ze setzen, dat erzielt de Museker a Muskespädagog Georges Urwald am Interview. ausserdeem verréit hien wéi eng aner Projeten an der Maach sinn, a wéi eng Erausfuerderungen entstoe kënnen wann ee Liddtexter aus aneren Epochen méi genee ënnert d’Lupp hëlt.
13.9.20220
Episode Artwork

Den Nico Helminger ass den Tomas Bjørnstad! (2 nei Bicher), 18/08/2022 08:42

Wéi mir zënter e puer Woche wëssen, verstoppt sech hannert dem Pseudonym Tomas Bjørnstad keen aneren wéi den Nico Helminger Ënnert béiden Nimm huet den zweefache Servais-Laureat elo all Kéiers en neit Buch erausbruecht: "Von der schönen Erde" ass eng Sammlung vu Skizzen a Fragmenter aus der Fieder vum Tomas Bjørnstad an de Gedichtband "Saumes Kinoplakat" ass vum Nico Helminger. Allebéid sinn se bei den Editions Guy Binsfeld erauskomm. Am Interview erzielt den Nico Helminger vu skurrilen Erliefnisser an erstaunlechen Zoufäll, ausserdeem geet et, ënner anerem, ëm Walrecht fir Minibaren, iessbar Puzzlestécker an... en aussergewéinlecht Schachspill.
18.8.20220
Episode Artwork

"Tout devait disparaître" vum Jérôme Quiqueret, 09/08/2022 05:26

D'Geschicht vun engem duebele Mord zu Esch,viru méi wéi 100 Joer. De Jérôme Quiqueret, Historiker a Journalist, huet dëse Kriminalfall a sengem Buch "Tout devait disparaître" nees opgerullt, an dem Bea Kneip seng Conclusioune verrooden. De Summer ass bal eriwwer, mir schreiwen de 14te September 1910. Eng Koppel, den Henri an d'Françoise Kayser-Paulus, allebéid iwwer 50, maache sech prett fir schlofen ze goen. Well d'Kaz nach net doheem ass, lossen si d'hënnescht Dir opstoen. Den nächste Moie gi si doud opfonnt, brutal ëmbruecht an hirem Haus an der rue d'Audun zu Esch. Bei Recherche fir e ganz anert Thema ass de Jérôme Quiqueret op dëse Fall gestouss, an et huet dee gebiertegen Nanzeger net méi lassgelooss: Et geet net nëmmen ëm de Mord u sech, mä och ëm dee sozialen an historesche Kontext, an deem d'Enquête ofleeft. Et sollt Joren daueren bis de Mäerder endlech konnt gepëtzt ginn, ëmmer nees goufen et falsch Pisten op déi de Jérôme Quiqueret och seng Lieser mathëllt. Et ass kee Roman, och wann d'Geschicht sech mat Momenter esou liest, mä villméi d'Resultat vu jorelaange Recherchen, déi net nëmmen eng historesch Epoque (Esch an der Zäit virum éischte Weltkrich) nees operstoe loossen, mä déi dacks iwwerraschend Paralellen mat der Aktualitéit vun 2022 opweisen. "Tout devait disparaître - Histoire véridique d'un double meurtre commis à Esch-sur-Alzette à la fin de l'été 1910" vum Jérôme Quiqueret ass bei Capybarabooks erauskomm.
9.8.20220
Episode Artwork

"Irresistible Blending" vun der Mary Carey, 14/06/2022 22:17

Den éischte Roman vun der Mary Carey ass eng Mëschung tëscht Science Fiction a Psycho-Thriller D'Eleonor Adams, e Meedchen aus räichem Haus, ass Molerin a lieft mat hierem Jong Bradley am ländleche Vermont. Déi zwee gehéieren zu enger Sekt, déi vun dem charismateschen Samuel Summer gefouert gëtt. Mä esou richteg engagéiert ass d'Eleonor net, hat ass am léifste fir sech alleng. Besonnesch e puer vun deenen neie Memberen sinn him zerguttst onsympatesch. Iwwerdeems d'Kanner un engem Theaterstéck prouwen, gëtt dat rouegt Liewe vun der isoléierter Communautéit Celestania zolitt duerchgerëselt. Fräsche mat fënnef Been an zwee Käpp si just den Ufank, däischter Wolleken zéien sech iwwer Celestania zesummen. D'Mary Carey gouf zu Toronto gebuer a lieft zënter méi wéi 30 Joer zu Lëtzebuerg. Am Interview verréit d'Mamm vu véier Kanner, wéi si d'Molerei fir sech entdeckt huet, firwat si trotzdem léiwer mat Wierder molt a wéi en Dram d'Inspiratioun fir hiere Roman war. "Irresistible Blending" ass bei Blackfountain Press erauskomm, et ass deen éischte Roman vun der Mary Carey. En Donneschdeg 16te Juni 2022 ass si iwwregens bei der CNL Liesrees mat dobäi. Ënnert dem Titel "Those Worlds that Haunt us" liesen d'Mary Carey, de Percy Lallemang an d'Florence Sunnen am Mierscher Kulturhaus. Ufank ass um 19h30. Weider Detailer ginn et op der Säit vum Mierscher Literaturarchiv oder op der Säit vum Mierscher Kulturhaus
14.6.20220
Episode Artwork

"Les fleurs du mâle" vum Claude Schmit, 04/06/2022 10:00

"Quand est-ce qu'un homme est un homme?" Gender an Identitéit sinn déi zentral Themen am Claude Schmit sengem Krimi. De Juan Santillana, Polizist am éischter problemateschen Département Seine Saint Denis am Norde vu Paräis, versteet d'Welt net méi. Säi Jong René fillt sech an der männlecher Roll net wuel an huet decidéiert eng Fra ze ginn. Fir de Papp, dee seng eegen Opfaassung vu Männlechkeet huet, ass dat eng puer Provokatioun. Iwwerdeems geschitt e Mord un engem Opernsänger. D'Affer war e Konter-Tenor, eng aussergewéinlech héich Stëmmlag fir e männleche Sänger. Am Verlaf vun der Enquête léiert den Aldo Mazzola, Aarbechtskolleg a Frënd vum Juan Santillana, ëmmer méi d'Schéinheet vum Gesang z'appreciéieren an entwéckelt sech zu engem regelrechte Musek-Fanatiker. Ganz verschidden Approchen a ganz verschidden Opfaassunge vu Männlechkeet, déi den Auteur Claude Schmit hei beschreift. De Schrëftsteller, pensionéierte Philosphiesprof a fréieren Theatermënsch Claude Schmit beschäftegt sech a senge Romaner dacks mat gesellschaftlechen Themen déi e probéiert aus verschiddene Perspektiven ze beliichten. Dobäi ginn et Ënnerscheeder awer och Paralellen tëscht dem Schreiwen an dem Theater. Am Interview verréit de Claude Schmit wéi seng Theateraarbecht säi Schreiwe beaflosst huet, et geet awer och ëm Männlechkeet an Identitéit an d'Faszinatioun vun der mënschlecher Stëmm. "Les fleurs du mâle" vum Claude Schmit ass bei den éditions Phi erauskomm "Les fleurs du mâle" vum Claude Schmit ass bei den éditions Phi erauskomm Am Kader vun der CNL Liesrees ass hien en Dënschdeg 7te Juni um 19h00 am Kulturhaus zu Nidderaanwen op Besuch. Ënnert dem Titel "Wéi am Theater?" liesen de Jean-Paul Maes, de Claude Schmit an de Jemp Schuster aus hiere Wierker. Den Entrée as fräi, et soll een sech awer umellen per Mail op info@khn.lu
4.6.20220
Episode Artwork

"Verdruddelt Geschichten" Märercher eemol anescht erzielt!, 25/05/2022 06:12

De Prënz kritt d'Prinzessin, de Wollef muss an d'Gras bäissen an der Hex soll et net besser ergoen! Mä Moment emol, mussen d'Märercher ëmmer esou ophalen? De Marc Weydert fënnt dat net, an dowéinst huet hien seng verdruddelt Geschichte geschriwwen, an deenen dat alles op d'Kopp gehäit gëtt. Et wor eemol...sou fänke Mäerercher jo meeschtens un, An da weess ee normalerweis schon ongeféier wéi et weidergeet, oder op d'mannst wéi et ausgeet. E bëssen onfair ass dat schonn, well et sinn ëmmer déiselwecht déi glécklech weiderliewen, an och ëmmer déiselwecht déi der op den Deckel kréien. De Wollef ass do e gutt Beispill. An dëse verdruddelte Geschichten déi mat ganz vill Léift an Talent vun der Marie-Isabelle Callier illustréiert goufen, leeft näischt wéi gewinnt! Hei ass de Wollef net dee Béisen, an d'Prinzessin sëtzt net just do brav op säi Prënz ze waarden. A spéitstens wann de Siggy säi Melusina an der Buedbidden iwwert d'Plëss féiert, da weess een, dass een sech op näischt méi verloosse kann! Net just fir déi Kleng, mä och fir déi Grouss gëtt et eppes ze laachen, well et sinn och méi subtil Pointen tëscht den Zeilen erauszeliesen. D'Texter sinn a Versform geschriwwen a musikalesch ënnermolt, verschiddener kann een sech mëttels QR Code, och virliese loossen. Da ka jo nëmme gutt ausgoen! A wa se net gestuerwe sinn.. nujee Dir wësst schon! D'Verdruddelt Geschichten mat Texter a Musek vum Marc Weydert an Illustratiounen vun der Marie-Isabelle Callier si bei PersPektiv éditions erauskomm a goufen iwwregens mam éischte Präis beim Nationale Literaturconcours ausgezeechent.
25.5.20220
Episode Artwork

D'Shortlëscht vum Servais Präis 2022, 23/04/2022 08:37

Ugangs Mee wäerte mer gewuer ginn, wien dëst Joer de Servais Präis gewënnt. Do virdrun wëlle mer awer nach e klenge Bléck op d’Shortlëscht geheien. Se kéinten net méi verschidde sinn, déi 5 Bicher déi et dëst Joer op d’Shortlëscht vum Servais Präis gepackt hunn. 4 Schrëftsteller an eng Schrëftstellerin, 3 Wierker op Franséisch an 2 op Däitsch, kräiz a quier duerch all Genren. Dem Guy Helminger säi villstëmmege Roman «Lärm», der Nora Wagener hier Kuerzgeschichtesammlung «Was habe ich verpasst», dem Jean Portante säin Theatermonolog «Frontalier», dem Jeff Schinker säin autofiktionale Roman «Ma vie sous les tentes» an «à bord» Poesie aus der Fieder vum Paul Mathieu, fir all dës Wierker an en direkte Verglach mateneen ze stellen, ass schwéier, wann net onméiglech. Trotzdem ass et derwäert fir déi 5 Bicher hei kuerz Revue passéieren ze loossen an se sech, zesumme mat den Auteuren, méi genee unzekucken. Déi grouss Iwwerraschung vun der Shortlëscht ass wahrscheinlech de Paul Mathieu, dem säi Poesieband "à bord" wuel keen esou richteg um Radar hat, dat obwuel hei scho laang schrëftstelleresch aktiv ass. Mam Paul Mathieu reese mir an de Kongo, ausserdeem riichte mir mam Jeff Schinker eis Zelter op, ginn iwwert d'Grenz mam Jean Portante, maache Kaméidi mam Guy Helminger a mir verpassen näischt mat der Nora Wagener hiere Kuerzgeschichten. Net verpasse sollt een och déi nei Ausstellung am CNL, déi ënnert dem Titel "Imaginer Servais" 30 aussergewéinlech Bicher a Bild an Toun präsentéiert.
23.4.20220
Episode Artwork

"Ma vie sous les tentes" vum Jeff Schinker, 14/04/2022 17:32

Mat sengem neie Roman « Ma vie sous les tentes » steet de Jeff Schinker op der Shortlëscht vum Servais Präis. Zelter opriichten, dat wëll geléiert sinn ! An haaptsächlech geübt. A sengem Roman «Ma vie sous les tentes» mécht de Jeff Schinker den Tour vu verschiddene Musekfestivalen, bei deenen dann all Kéiers en Zelt muss opgeriicht ginn, heiansdo am Däischteren, am Schloreen oder am Bulli.Keng ganz einfach Saach! Am Interview geet et awer natierlech net nëmmen ëm Zelter. "Ma vie sous les tentes" ass eng Autofiktioun, mat villen autobiographeschen Elementer. De Jeff Schinker erzielt vu Léift a Frëndschaften, awer och vun der Musek déi an engems eng Zort Soundtrack vun dësem Buch duerstellt. An natierlech vun engem legendäre Musekfestival an England. Wéi een dat ass, dat verréit hien zwar net am Buch, dofir awer an dësem Podcast...
14.4.20220
Episode Artwork

Les Moments littéraires: Diaristes du Luxembourg, 12/03/2022 18:36

An eiser Lecture vun heiheem maache mir haut eppes wat een eigentlech guer net däerf! Mir kucken nämlech an d’Tagebicher vun anere Leit. Mä keng Angscht, déi 14 Lëtzebuerger Auteuren ëm déi et hei geet, sinn domat averstaanen. «Les Diaristes du Luxembourg» sou heescht eng Spezialausgab vun der franséischer Revue «Les Moments Littéraires». Pierre Joris, Carla Lucarelli, Lambert Schlechter, Hélène Tyrtoff, Jean Sorrente, Tullio Forgiarini, Ian de Toffoli, si an nach vill anerer deelen hir Opzeechnungen a Gedanke mat de Lieser vun dëser 47ster Ausgab vun de "Moments Littéraires" Nodeems dës Revue scho frankophone Auteuren aus der Schwäiz an aus der Belsch all Kéiers an enger Spezialausgab gewierdegt huet, ass dës Kéier Lëtzebuerg um Tour. Dass d'Literatur vun heiheem am Ausland net ëmmer déi Visibilitéit huet déi se verdéngt, ass en oppent Geheimnis. Dat läit awer net dorun, dass keen sech géif dofir interesséieren, wéi de Gilbert Moreau, Directeur de publication vun de Moments Littéraires, am Interview verréit. Dast literarescht Format ëm dat et hei geet, ass e ganz speziellt. En Tagebuch, dat kann alles sinn: en Dokument an dem ee seng Gedanken a Gefiller festhält, dee ganz normalen Alldag, awer och Krichstagebicher oder Opzeechnunge vun enger Rees gehéieren dozou. An dësem Recueil ass vun allem dobäi, mir kréien Abléck a ganz privat Amenter, oder gi matgeholl an Italien, a Mexico, op Paräis a bis op Tokyo. Sou verschidden wéi d'Auteuren, sou verschidde sinn och hir Virstellungen vun engem Tagebuch! Méi Detailer am Podcast "Lecture vun heiheem".
12.3.20220
Episode Artwork

"Königskinder" vun der Maryse Krier, 18/02/2022 11:14

An dëser Novelle geet et ëm e quokelegt Thema Eigentlech waren déi zwee immens anenee verléift. Dowéinst versteet keen esou richteg firwat d'Nora sech vum Jonas getrennt huet. Zimlech séier gëtt kloer, dass et hei ëm méi geet wéi just ëm Flemm mat der Bezéiung. A "Königskinder" beschäftegt d'Autorin Maryse Krier sech mat engem Tabuthema, dat an der Literatur allerdengs scho méi dacks behandelt ginn ass: Inzest. E quokelegt Thema, dat net einfach unzepaken ass. D'Maryse Krier geet ganz bewosst op eng sachlech Manéier dorun erun. Am Interview erzielt d'Maryse Krier wéi si d'Themen fir hir Bicher eraussicht, wéi si sech beim Schreiwen uleet, wien hir Liiblings Schrëftsteller a Schrëftstellerinne sinn a wéi eng Vakanzendestinatioun si ëmmer nees op en neits inspiréiert.
18.2.20220
Episode Artwork

Lecture (ausnamsweis) eemol auswäerts, 03/02/2022 08:47

De russesche Schrëftsteller Dmitry Glukhovsky Outpost – Der Posten, den neie Roman vum russeschen Auteur Dmitry Glukhovsky, ass eng post-apokalyptesch Visioun déi an der noer Zukunft a Russland spillt. No engem brutale Krich ass dee russesche Staat esou gutt ewéi zesummegebrach an eng Ëmweltkatastrof huet aus der Volga en toxesche Floss gemaach, déi kee Liewe méi zouléisst. Am Mëttelpunkt vun der Erzielung steet en Ausseposten an der Stad Jaroslawl an déi Bréck déi dës Stad fréier mat der anerer Säit vum Floss verbonnen huet. Duerch dee gëftegen Niwwel deen iwwert der Wolga hänkt, ass déi awer net méi ze benotzen. Bis enges Dages awer ee Mann et op Jaroslawl pakt an domat d’Evenementer an d’Rulle bréngt. Wat huet de Pater Daniil z’erzielen, a wat verheemlecht hien? Wéi gesäit et wierklech op der anerer Säit vum Floss aus? A wat kënnt op d’Awunner vu Jaroslawl duer? Den Dmitry Glukhovsky huet sech mat senger Metro-Trilogie, déi och d’Inspiratioun fir Videosspiller war, weltwäit en Numm gemaach. Dës Romaner spillen an dem beängschtegenden Univers vun der Moskauer Metro an der d’Mënschen sech no enger nuklearer Katastrof hu missten zeréckzéien. Den Auteur a Journalist schreift awer net nëmmen Dystopien, am Interview schwätzt hien ënner anerem iwwer säi Roman «Texto» deen och verfilmt gouf. Dobäi hällt hie mat senger Kritik un der aktueller politescher Situatioun a sengem Heemechtsland net hannert dem Bierg. Den Dmitry Glukhovsky gouf 1979 gebuer, huet an Israel international Bezéiunge studéiert, hie schwätzt 6 Sproochen a lieft momentan zu Moskau an zu Barcelona. Op der Frankfurter Buchmesse hat hien un engem Experiment am Kader vun enger Emissioun vun Arte deelgeholl, bei dem 8 ganz ënnerschiddlech Persounen während 8 Stonnen op engem Schëff um Main souzesoen agespaart goufen fir iwwert d’Fro «Wie wollen wir leben» ze diskutéieren. Ech sinn dem Dmitry Glukhovsky begéint an hu mech mat him iwwer seng Conclusiounen aus dem Experiment, awer och iwwer seng Bicher an d’Liewen am moderne Russland ënnerhalen.
3.2.20220
Episode Artwork

Last Minute! 12 Buchtipps fir ënnert de Chrëschtbeemchen, 21/12/2021 21:49

Sachbicher, Kannerbicher, Romaner, fir jiddereen ass eppes dobäi! D'Stroosse vu Lëtzebuerg, den Himmel iwwer Afrika an en Interview mam Tom Hillenbrand iwwer den neie Xavier Kieffer Krimi "Goldenes Gift". Em dës Themen geet et ënner aneren an dëser Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem". Iwwer dës Bicher gëtt (an dëser Reiefolleg) geschwat: "Route(s)" vum Ed.Goedert (Maison Moderne) "Au dessus des déserts – oser l’aventure" vun der Roxane Dupuy (éditions de l'Officine) "Karikatour 2021-d'Joer an der Pressezeechnung" vum Carlo Schneider (Revue éditions) "Merci-d’Geschicht vun enger Noperschaft" vun der Rocio Bonilla (Perspektiv éditions) "Irgendwo ist immer Süden" vun der Marianne Kaurin (Atrium Verlag) "Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk" vum Guy Rewenig (éditions Guy Binsfeld) "Lärm" vum Guy Helminger (capybarabooks) "Nuetsfuerer" vum Gast Groeber (Op der Lay) "Iwwerliewen" vum Georges Kieffer (Op der Lay) "Nos cahiers" (Print Solutions. Dës Ausgab vun "Nos cahiers" ka momentan just bei Print Solutions bestallt ginn) "Hier kommst du nie mehr raus – Luxemburger Frauen im zweiten Weltkrieg zwischen Widerstand, Verfolgung und Inhaftierung" vun der Kathrin Mess (Institut für Geschichte und Soziales Luxemburg asbl) "Goldenes Gift" vum Tom Hillenbrand (Kiepenheuer und Witsch)
21.12.20210
Episode Artwork

"Das Gangrän" vum Maxime Weber, 18/12/2021 14:37

Am Maxime Weber sengem Débutroman geet et ëm en onerkläerlecht Naturphänomen dat riskéiert all Liewen op der Äerd auszeläschen 4 Kilometer sinn et vum nächste Busarrêt bis an dat klengt Dierfche Pardeng. Wäit vum Schoss, kéint ee mengen, eng ländlech Géigend am Norde vu Lëtzebuerg, an der d’Welt, sou de gängege Cliché, nach an der Rei ass. Dat denkt sech och d’Jeanne, wéi et, frësch vun der Uni, nees zeréck a säin Heemechtsduerf kënnt. Dass an Indien en onerkläerlecht Naturphänomen eng Rei Mënscheliewe gefuerdert huet, ass fir hat eng Newsstory déi awer keen Afloss op säin eegent Liewen huet. Ongeféier esou wéi mir 2019 d’Nouvellë vu Wuhan héieren hunn… Wéi dann d’Gangrän sech awer ëmmer méi séier iwwer de Globus ausbreet, ginn och déi Pardenger mat de Konsequenze vun enger globaler Katastroph konfrontéiert. Zesumme mat senge Frënn Caroline a Jean-Paul muss och d’Jeanne decidéieren wéi hat an der Situatioun reagéiere wëll. Solle si einfach nokucken, wéi d’Welt ronderëm si ëmmer méi am Chaos ënnergeet, an hu si iwwerhaapt nach esou eppes wéi en Handlungsspillraum? Am Interview erzielt de Maxime Weber wéi hien d’Welt ronderëm déi fiktiv Uertschaft Pardeng konstruéiert huet a wéi eng Roll Theme wéi Muecht a Muechtmëssbrauch, awer och Hoffnung an Engagement a sengem Roman spillen. De Roman "Das Gangrän" vum Maxime Weber ass bei Kremart Edition erauskomm. An: Dir kënnt den Auteur deen iwwregens och Museker ass, live erliewen. E Mëttwoch 22sten Dezember ass hien Owes um 8 Auer am Kader vu "Musik und Literatur" am "Gudde Wëllen" an der Stad, mat sengem Buch "Das Gangrän" a sengem Musek-Projet "Death was a Mistake" .
18.12.20210
Episode Artwork

En Tour iwwer d'Walfer Bicherdeeg 2021, 26/11/2021 08:03

20 Stonne fir d'Buch iwwer 2 Deeg verdeelt, dat waren d'Walfer Bicherdeeg 2021. D'Bea Kneip huet sech op de Walfer Bicherdeeg net nëmmen mat e sëllechen Auteuren ënnerhalen, mä hat huet och d'Frettchen Frieda kennegeléiert, war bei engem Ausfluch op d'île Maurice dobäi an hat huet souguer e gudden Tipp kritt, wéi een aus senger Léift zu Bicher e Beruff maachen kann. Dat alles an nach vill weider Interviewen an Andréck fannt Dir am Podcast "Lecture vun heiheem"
26.11.20210
Episode Artwork

Kannerbicher op de Walfer Bicherdeeg 2021, 24/11/2021 14:53

Von Zauberworten und Zukunftsmut, dat war d’Motto vun de Walfer Bicherdeeg 2021. Dës 26ste Editioun stoung ganz besonnesch am Zeeche vun der Kannerliteratur. Am Centre Prince Henri, dee ganz fir d’»Books for Kids” reservéiert war, gouf et villes z’entdecken. E puer Beispiller hunn ech fir Iech erausgepickt. Vun dëse Bicher geet (ënner aneren) am Podcast rieds: "Taz den Draach an de Mr Smiff/Taz the Dragon and Mr Smiff" vum Jeremy Pendle (Op der Lay) "Man d'Frënn der Mutt, gëtt alles gutt" E Projet vun der Walfer Schoul "De Muxfux huet Gebuertsdag" Sally Weiland a Corinne Wirion, mat der Musek vum Kathrin Trierweiler (FGIL) "Dem Stinki seng Oueren" vun der Lydie Develter (Ernster éditions)
24.11.20210
Episode Artwork

"Lapsuus" vum Joseph Kayser, 15/11/2021 09:09

"Erënneren" a "Vergiessen", tëscht deenen zwee Poler bewegt sech den neie Roman vum Joseph Kayser. Nodeems e sech mat Romaner an Novellen op Lëtzebuergesch en Numm gemaach hat, ass elo dem Joseph Kayser säin éischte Roman op Däitsch erauskomm "Erënneren" a "Vergiessen", tëscht deenen zwee Poler bewegt sech den neie Roman vum Joseph Kayser. "Lapsuus", sou den Titel, ass dat finnescht Wuert fir "Kandheet" an de Pit, en éischter mëttelméissege Journalist, dem säi Liewen ëmmer méi ausser Kontroll geréit, gëtt bei de Recherchen fir e Reportage mat sengen eegene Kandheetserënnerunge konfrontéiert. Dëse Reportage féiert en nämlech ausgerechent a säin Heemechtsduerf, en isoléiert Nascht an dat just eng Strooss eraféiert, awer keng méi eraus, well et, ganz einfach op der anerer Säit näischt méi gëtt. Déi Erënnerungen déi dobäi héichkommen, kann de Protagonist net méi steieren, Dobäi ass Erënneren a Vergiessen fir jiddereen eppes aneschtes. Fir den André zum Beispill, e fréiere Schoulkomerod vum Pit, deen näischt vergiesse kann. A fir de Pit selwer, deen sech ëmmer manner op seng Erënnerung verloosse kann. Gëtt et en Auswee? Kann een einfach esou fortlafen, an alles hannert sech loossen, d'Erënneren grad esou gutt wéi d'Vergiessen? Am Interview erzielt de Joseph Kayser wat een a sengem villäicht bis elo beschte Roman, esou alles tëscht den Zeile liese kann.
15.11.20210
Episode Artwork

Kannerbicher héich 4, 18/10/2021 20:13

Sandmeedchen, Rabbelkapp, Bellibimbam a Waking the Mountain Kannerbicher kënnen alles sinn: si hëllefen deene Jéngsten d’Welt ronderëm si ze verstoen, si sensibiliséieren op Alles dat wat an eiser Gesellschaft schiifleeft, si sinn awer och an haaptsächlech eng Spillwiss fir d’Fantasie. Am beschte Fall begeeschteren si nët nëmmen déi kleng, mä och erwuesse Kanner. 4 ganz ënnerschiddlech Beispiller hu mir fir Iech erausgepickt: "Waking the Mountain" (Text: Marina Fonseca Biller: Lisa Junius Verlag: Zoom éditions ) "D'Sandmeedchen - Eng Posch voller Dreem" (Text: Yorick Schmit Biller: Dirk Kesseler Verlag: Kremart Edition an Zesummenaarbecht mat de Rotonden ) "De klengen Här Bellibimbam an de Monsieur Lugaru" (Text: Roland Meyer Biller: Thimoty Jenon Verlag: Op der Lay) "De Rabbelkapp" (Text a Lidder: Romy Grandgenet Biller: Annick Sinner Verlag: SNE)
18.10.20210
Episode Artwork

"Daisy Fiedler" vun der Margret Steckel, 09/10/2021 17:48

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt D’Margret Steckel, Joergang 1934, ass an der Géigend vu Rostock am heidege Bundesland Mecklenburg-Vorpommern opgewuess. 1955 huet si déi deemoleg DDR verlooss, an huet als Dolmetscherin an Iwwersetzerin ënner anerem an der Filmindustrie geschafft. Iwwer Irland an England huet hire Wee si schlussendlech op Lëtzebuergesch gefouert, wou si zënter 1983 lieft a schreift. 1997 gouf si fir hir Erzielung «Der Letzte vom Bayrischen Platz» mam Servaispräis ausgezeechent, an ass zënterhir aus der Lëtzebuerger Literatur net méi ewechzedenken. No hirer Novell «Jette, Jakob und die anderen» déi 2017 erauskoum, verschafft si och an hirer neister Erzielung mam Titel «Daisy Fiedler» hir eege Kandheet a Jugend. Am Interview erzielt si wéi si dat echt Daisy Fiedler kennegeléiert huet, vun hirer Jugend an der DDR a wéi di jonk Frau, déi eigentlech eng talentéiert Sportlerin war, progressiv vun enger misteriéiser Lähmung befall gouf. Trotz allem huet d’Daisy ëmmer dat Bescht aus hirem Liewe gemaach. Bis enges Dages e Pak den un d’Daisy addresséiert war, zeréckkënnt, mam Vermierk «verstuerwen» . Dat trauregt Enn vun hirer Frëndschaft, mat dem d’Erzielung ufänkt…
9.10.20210
Episode Artwork

"De Leo an den Oktopus" vun der Isabelle Marinov, 21/08/2021 21:09

Dee klenge Leo frënnt sech mat engem aussergewéinlechen Déier un. Mä de Leo ass och en aussergewéinleche Jong. "Leo and the Octopus" dat ass den Originaltitel vun engem englesche Kannerbuch dat elo an der lëtzebuergescher Iwwersetzung (iwwersat vun der Isabelle Marinov an der Martine Schoellen) bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm ass. Dat Besonnescht dodrun? D'Autorin Isabelle Marinov ass eng Lëtzebuergerin. D’Welt war ze grell fir de Leo. An ze haart. „Villäicht liewen ech jo um falsche Planéit?“ huet hien sech gefrot. D’Kanner wollten net mat him spillen. Si hunn hien net verstanen. An hien huet si net verstanen. D’Liewen um falsche Planéit war ustrengend. Et huet hie midd gemaach. An hien huet sech dacks eleng gefillt. Bis en d’Maya kenne geléiert huet. D'Maya ass en Déier. Allerdéngs keng Kaz a keen Hond. Och keen Hamster a kee Mierschwéngchen. An och kee Papagei. D'Maya ass en...Oktopus. Dass de Leo sech ausgerechent mat him ufrënnt, huet e Grond. De Leo ass Asperger-Autist an huet Schwieregkeeten d'Stëmmung vu Mënschen aus hirem Gesiichtsausdrock erauszeliesen. Beim Maya ass dat kee Problem. Hat wiesselt seng Faarf je nodeems wéi hat gelaunt ass. A wann hat de Leo gesäit, ass hat ëmmer gutt gelaunt!
21.8.20210
Episode Artwork

2 Kannerbicher: "An du koumen d'Capybaraen" a "Pantastesch", 27/07/2021 19:46

De Panda Teo ass den Held an dem faarwege Kannerbuch "Pantastesch". "An du koumen d'Capybaraen" vum Alfredo Soderguit gëtt et elo och op Lëtzebuergesch An eiser Lecture vun heiheem geet et haut ëm 2 Kannerbicher. „Pantastesch“ vum Gilles Kolbet mat Illustratiounen vum Marcel Morbé, an: „An du koumen d’Capybaraen“ vum Alfredo Soderguit "Si waren zu vill. Si ware buuschteg. Si waren naass. Si ware vill ze grouss." Wéi d’Capybaraen um Hingerhaff ukommen, si se alles mä net wëllkomm. Eréischt wéi e klenge capybara an jippelchen Frënschaft schléissen, léieren d’Hénger an d’Capybaraen sech besser kennen. "Los carpinchos" ass en erfollechräicht Kannerbuch vum uruguayeschen Auteur an Illustrateur Alfredo Soderguit. Ënnert dem Titel "An du koumen d'Capybaraen" ass et elo an enger lëtzebuergescher Iwwersetzung vum Sébastian Thiltges erauskomm. Am Verlag...capybarabooks. Wéi de Verlag u säin Numm komm ass, a firwat déi südamerikanesch Waasserschwäin esou sympatesch sinn, dat a villes méi verréit d'Editrice Susanne Jaspers am Interview "Wat hunn ech d'Flemm! Fir déi aner Déieren sinn ech ëmmer nëmmen dee léiwe Panda. Deen dee kenger Méck eppes zuleeds deet. Een deen déi ganzen Zàit näischt aneres mécht, wéi iessen a schlofen...Mee ech kann och anescht!" reegt de Panda Teo sech op" De Panda Teo huet vill Frënn, an awer ass en net zefridden! E fillt sech net esou richteg eescht geholl, ganz anescht wéi säi grousst Virbild de Léiw...Firwat en sech fir säin éischt Kannerbuch mam Titel "Pantastesch" grad esou en häerzegt Déierchen erausgesicht huet, dat erzielt den Auteur Gilles Kolbet am Interview
27.7.20210
Episode Artwork

"Miroir ambulant" vum Tom Reisen, 16/07/2021 10:52

2019 krut den Tom Reisen de Lëtzebuerger Buchpräis fir seng Kuerzgeschichtesammlung „Les bulles“. „Miroir ambulant“ ass säin éischte Roman Eng Summernuecht zu Paräis, d’Läich vun engem Mann gëtt an der Seine fonnt. Kuerz drop schellt bei engem Mataarbechter vun der Lëtzebuerger Ambassade, dem Maurice Vankoff ,den Telefon. Et huet sech nämlech erausgestallt, dass den Doudegen e Lëtzebuerger war. Net nëmmen dat, mä den Numm vum Verstuerwenen ass: Maurice Vankoff! Kee Wonner, dass dee liewegen Maurice Vankoff méi iwwer säin Homonym wëll erausfannen…Et ass den Ufank vun engem Parcours bei dem hien souzesoen de Spigel virgehale kritt…Eng Reflexioun am duebele Sënn… De Roman spillt zu Paräis, verschidde Flashbacke féieren de Lieser an d’Vergaangenheet déi sech zu Lëtzebuerg, awer och an den USA ofspillt. Dobäi hunn déi verschidde Plaze ganz ënnerschiddlech Bedeitungen. Am Interview erzielt den Tom Reisen ausserdeem wéi ee Kinosfilm am Roman eng grouss Roll spillt an e geheit e klenge Clin d’oeil op déi lëtzebuerger Medien a Literaturzeen.
16.7.20210
Episode Artwork

"Bluttsëffer" an "Ouereschlëffer", 13/06/2021 17:58

D'Bea Kneip huet sech mam Jemp Schuster iwwer seng Familljechronik ënnerhalen. Mat « Bluttsëffer, deem éischten Deel vu senger Familljechronik, hat de Jemp Schuster direkt e Rise-Succès. Wien et gelies huet, huet wuel och schon ongedëlleg op den zweeten Deel gewaart! Et si 5 Generatioune vun enger Famill déi de Jemp Schuster iwwert ee Jorhonnert begleet, vun 1905 bis 2005. Direkt op den éischte Säite begéine mir hinne bei enger Gebuertsdagsfeier, an do gëtt ee schonn esou munches iwwer déi Familljegeschicht gewuer déi op den nächsten dausend Säiten am Detail verzielt gëtt. Eng, natierlech, erfonnte Familljegeschicht, déi awer esou, oder esou ähnlech, hätt kéinten oflafen, an der ee villes erëmerkennt, wat ee séngerzäit vu Bomi a Bopa erzielt krut, oder wat ee selwer erlieft huet. Den zweeten Deel, Ouereschlëffer, fänkt do un wou den éischten Deel opgehalen huet. Mir sinn ugangs der 50er Joren, de Krich ass eriwwer, an awer ännert d’Welt sech villäicht nach méi séier a méi radikal wéi an dem hallwe Jorhonnert virdrun. Wat hien dozou bewegt huet, säin éischte Roman ze schreiwen, a wat déi ongewéinlech Titelen ze bedeiten hunn, op dës an aner Froen äntwert de Jemp Schuster am Interview.
13.6.20210
Episode Artwork

Literaturpräisser fir de Guy Helminger an de Raoul Biltgen, 17/05/2021 17:33

Déi zwee Lëtzebuerger Schrëftsteller goufen an de leschte Wochen mat Literaturpräisser am Ausland ausgezeechent. Fir de Guy Helminger war et den Hans-Bernhard-Schiff-Präis vun der Stad Saarbrécken, an de Raoul Biltgen, deen zu Wien lieft a schafft krut dee renomméierte Friedrich Glauser Krimi-Präis. De Guy Helminger kann op eng ganz Rëtsch Literaturpräisser zeréckkucken, ënner anerem de Servais-Präis, den Dresdner Lyrik-Präis oder, ganz rezent, de Gustav Regler-Präis. Elo also och den Hans Bernhard Schiff Präis, deen e fir seng Kuerzgeschicht "Seit wir Besuch hatten, tropft der Hahn" zougesprach krut. Sou ongewéinlech wéi den Titel ass d'Geschicht selwer, an der de Guy Helminger mat den Erwaardunge vun de Lieser spillt. D'Geschicht kann een sech iwwregens am Video vun der Präisiwwerreechung ukucken a ulauschteren. "Der ruhende Pol", dat ass den Titel vum Raoul Biltgen sengem Kuerzkrimi, mat der en am fënneften Ulaf elo endlech dee ganz prestigiéise Friedrich Glauser Präis gewanne konnt. Sou ähnlech wéi bei den Oscaren, wou et mat der gëllener Statuette jo och dacks eréischt no e puer Nominéierunge klappt. An dee Verglach ass net vun ongeféier, well de Friedrich Glauser Präis gëtt dacks als den Oscar vum däitschsproochege Krimi-Genre bezeechent. Et kann een also felicitéieren, dem Raoul Biltgen an natierlech och dem Guy Helminger!
17.5.20210
Episode Artwork

Vu Pescht a Pouken, 01/05/2021 17:35

De Lex Roth huet dem Camus säi Klassiker op Lëtzebuergesch iwwersat an de Steffen Kopetzky huet e Roman iwwert d'Pouken-Epidemie vun 1962 geschriwwen. Kaum ee Literatur-Klassiker ass an der Lescht esou dacks gelies ginn wéi "La peste" vum Albert Camus. An elo geet dat och op Lëtzebuergesch. De Lex Roth erzielt am Interview mat wéi engen Erausfuerderungen hien als Iwwersetzer konfrontéiert war, awer och wéi eng Spuren de Camus zu Lëtzebuerg hannerlooss huet. Fuschnei ass dergéint de Roman "Monschau" vum Steffen Kopetzky. No sengem Roman "Propaganda" dee vun der Hürtgenwald-Schluecht an der Äifel erzielt, bleift de gebiertege Bayer och mat sengem neitste Wierk an dëser Géigend, a mécht dobäi suguer en Ausfluch op Lëtzebuerg. "Monschau", déi kleng Stiedchen an der Nordäifel ass 1962 an d'Schlagzeile geroden, nodeems do d'Pouken ausgebrach waren, eng Krankheet mat der deemools an Europa scho bal kee méi gerechent hat. 10 Woche laang war d'Géigend am Ausnamezoustand bis d'Epidemie endlech ënner Kontroll war. Op dësen historeschen Tatsaachen baséiert dem Steffen Kopetzky säi Roman, dee mëttlerweil schonn op Plaz 5 vun der Spiegel Bestsellerliste ze fannen ass. Am Interview erzielt den Auteur wéi en d'Thema "Pouken" recherchéiert huet, a firwat e fir säin nächste Roman och Lëtzebuerg am Bléckwénkel huet.
1.5.20210
Episode Artwork

Servais-Präis 2021: D'Bicher vun der Shortlëscht, 22/04/2021 18:13

5 Bicher stinn op der Shortlëscht. D'Bea Kneip huet sech mat den Auteuren ënnerhalen "Die Lombardi-Affäre" vum Guy Helminger (Capybarabooks) "Wie viele Faden tief?" vun der Ulrike Bail (Conte Verlag) "La guerre du temps" vum Jean Sorrente (Hydre éditions) "A Treasury of Tales" vum Robert Schofield (Black Fountain Press) "Bluttsëffer" vum Jemp Schuster (Imprimerie Centrale)
22.4.20210
Episode Artwork

Frontalier.ières, 20/03/2021 15:29

E Stéck vum Jean Portante an eng Konferenz an der Rotonde D'Frontalieren: Si sinn eng 200000 déi all Dag iwwert d'Grenz op Lëtzebuerg schaffe kommen. Mat der Pandemie huet sech och fir si villes verännert, mä d'Konzept vun der Grenz gouf et ëmmer nach. De 25ste Mäerz ass eng Konferenz an der Rotonde zu Bouneweg wou de Jean Portante an d'Sophie Langevin iwwer hir Theaterstécker zu dem Thema schwätze wäerten. D'Bea Kneip erzielt Iech méi doriwwer a stellt Iech d'Stéck vum Jean Portante vir.
20.3.20210
Episode Artwork

"Wie viele Faden tief?" vun der Ulrike Bail, 07/03/2021 07:27

D'Thema "Bitzen" steet am Mëttelpunkt vun dësem Gedichtband Wousst Dir zum Beispill, dass ee mat Bitzmaschinnen och Musek maache kann? Oder, dass Kleeder „kräische“kënnen? Dat, a villes méi, huet d'Ulrike Bail am Interview verrooden.
7.3.20210
Episode Artwork

"Die Lombardi-Affäre" vum Guy Helminger, 14/02/2021 07:03

De Guy Helminger am Gespréich iwwer säin neie Roman
14.2.20210
Episode Artwork

"Léopold Hoffmann (1915-2008) ausgewählte Werke" CNL, 28/01/2021 01:00

28.1.20210
Episode Artwork

"D'Hobitz" vum Alain Atten, 16/01/2021 18:14

"D'Hobitz", Déi nei Novell vum Alain Atten, spillt am Joer 1593. D'Bea Kneip huet sech mat him ënnerhalen.
16.1.20210
Episode Artwork

De literaresche Réckbléck op 2020, 27/12/2020 15:22

8 Perséinlechkeeten aus der Lëtzebuerger Literaturzeen erzielen vun hiren Erliefnisser 2020 an hire Wënsch fir 2021
27.12.20200
Episode Artwork

D'Kënschtlerin Marie-Isabelle Callier, 19/12/2020 19:41

. .
19.12.20200
Episode Artwork

"Namen" vum Nico Helminger a Robert Brandy, 01/12/2020 19:53

. .
1.12.20200
Episode Artwork

E virtuellen Tour iwwert d'Walfer Bicherdeeg, 21/11/2020 23:52

..
21.11.20200
Episode Artwork

"Wundholz" vun der Anja Di Bartolomeo, 12/11/2020 18:28

. .
12.11.20200
Episode Artwork

"Er nannte mich Mile" vun der Renée Stoll, 16/10/2020 18:08

Eent vu villen däischtere Kapitelen vum 2te Weltkrich war dat vun den Deportatiounen. Dëst Buch erzielt d'Geschicht vun dem 17 Joer jonken Emilia.
16.10.20200
Episode Artwork

"Alle meine Freunde" Nora Wagener, 09/10/2020 17:11

9.10.20200
Episode Artwork

"De Schapp beim Wal" vum Jean Back, 26/09/2020 18:36

26.9.20200
Episode Artwork

Vrais masques et fausses façades, 17/09/2020 17:56

E "Roman noir sans fil rouge" vum Autoren-Duo Basso-Lunghi
17.9.20200
Episode Artwork

"Déif gekillt" vum Joseph Kayser, 11/09/2020 16:45

4 louche Personnagen an e Kaartespill ëm eng Läich: "Déif gekillt", sou heescht déi nei Kuerzgeschicht vum Joseph Kayser.
11.9.20200