Winamp Logo
RTL - Carte Blanche Cover
RTL - Carte Blanche Profile

RTL - Carte Blanche

Luxembourgish, Talk, 1 season, 151 episodes, 1 hour, 24 minutes
About
Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit
Episode Artwork

Claire Schadeck: Strukturelle Sexismus? Dach net an eiser Kulturzeen!, 31/03/2024 17:50

D’Claire Schadeck schwätzt an dëser Carte Blanche iwwer d’Benodeelegung an den Ausschloss vu Fraen a queere Mënschen an der Kultur, iwwer déi feelend Zuelen zu Lëtzebuerg an iwwer den éiwege Virworf, dach endlech keng méi opzeféieren.
3/31/20240
Episode Artwork

Magali Paulus: Humanitär Situatioun an der Gazasträif, 26/02/2024

Haut beschäftegt sech d’Magali Paulus mat der humanitärer Situatioun an der Gazasträif
2/26/20242 minutes, 49 seconds
Episode Artwork

Robert Goebbels: Offene Bréif un d’Madamm Minister Yuriko Backes, 23/02/2024

Haut hu mer e bessen eng aner Form vun Carte Blanche - nämlech en oppene Bréif un d’Bauten- an Transport Ministesch Yuriko Backes. Auteur vum Bréif ass de fréieren LSAP-Minister Robert Goebbels
2/23/20242 minutes, 30 seconds
Episode Artwork

Carlo Thelen, Directeur général Chambre de Commerce: En attraktiivt Ëmfeld fir d'Betriber fir e staarkt Europa, 19/02/2024

Säit den leschten Europaparlamentswalen si mir eis der ursprünglecher Visioun fir Europa vu Fridden, Sécherheet a Fräiheet rëm méi bewosst ginn.
2/19/20242 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

Carole Reckinger: En Allheelmëttel?, 16/02/2024

Housing First ass an aller Mond, wann et ëm d’Bekämpfung vun der Obdachlosegkeet geet. Wat genau ass dat? Wou sinn d’Limitten? Eng Carte Blanche vum Carole Reckinger, Caritas Lëtzebuerg.
2/16/20242 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

Marc Hostert: Da musse mir eis villäicht méi "Europa" trauen, 09/02/2024

Enn d'lescht Joer hunn zwee grouss Europäer den Wolfgang Schäuble an de Jacques Delors eis verlooss an Europa steet virun de Walen a ronn dréi Méint mat villen oppene Froen.
2/9/20242 minutes, 5 seconds
Episode Artwork

Anne Goeres: Eis Gesondheet an de Kannerkriibsdag, 06/02/2024

E puer Deeg no der Publikatioun vum 1. Rapport iwwer d’Gesondheet vun de Kanner zu Lëtzebuerg an e puer Deeg virum internationale Kannerkriibsdag, deelen ech meng Gedanken zu dësen Themen.
2/6/20241 minute, 59 seconds
Episode Artwork

Richard Graf: De Mobilitéitsplang dierf net bréckelen, 02/02/2024

Eng Carte Blanche vum Richard Graf iwwert d'Verwässerung vum Debat an der Transportpolitik.
2/2/20242 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert: Keng Reklamme méi an der Boîte, 29/01/2024

Zanter ugangs dës Joers sinn d’Reklammsbliedercher a Folderen, déi an eise Bréifkëschte verdeelt goufen, Vergaangenheet. Natierlech war dësen Trend virauszegesinn.
1/29/20242 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

Michèle Schilt: Sozialwalen, 15/01/2024

Och 2024 ass e Superwaljoer. No de Gemengen- a Chamberwalen d’lescht Joer, sti lo d’Sozialwalen am Mäerz an d’EU-Walen am Juni un. Woubäi d’Sozialwalen éischter manner Opmierksamkeet kréien an der Ëffentlechkeet. Zu Onrecht, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB).
1/15/20242 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

Serge Tonnar: Fräiwëld, 12/01/2024

D'Museker zu Lëtzebuerg sinn dacks an enger Zwéckmillchen tëscht Hobby a Beruff. Dat soll awer keng Rechtfäerdegung si fir onbezuelten Optrëtter, mengt den Ex-Fräizäitmuseker Serge Tonnar.
1/12/20242 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

Laura Zuccoli: Wiem nëtzt de Protektionismus am Gesondheetsberäich?, 08/01/2024

Et feelt vir an hannen u Personal am Gesondheetsberäich. An trotzdeem ginn Diplomer vu Gesondheetsberuffer aus Drëttlänner bei eis net unerkannt. Wéi ass dat ze verstoen?
1/8/20242 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

Georges Hellinghausen: D’Krëppchen, 22/12/2023

Hutt dir är Krëppche schonn opgeriicht? – Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.
12/22/20232 minutes, 20 seconds
Episode Artwork

Sylvain Hoffmann: Lëtzebuerger Rentesystem, 18/12/2023

An deenen nächste Méint a Joren wäert vill iwwert de Lëtzebuerger Rentesystem diskutéiert ginn. Dobäi ass et wichteg net de Fokus aus den Aen ze verléieren, dee muss dorobber leien e staarken ëffentleche System ze erhalen an auszebauen, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
12/18/20232 minutes, 27 seconds
Episode Artwork

Fernand Fehlen: Recensement, 15/12/2023

De STATEC liwwert ons reegelméisseg Zuelen iwwer de Wuesstem vun der Bevëlkerung, mee elo mat de Resultater vun der neier Vollekszielung kréie mer Detailer, déi ons erlaben dëse besser ze verstoen. De Fernand Fehlen huet sech dës méi genau ugekuckt.
12/15/20232 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

Anne-Marie Hanff: Eng Fro, déi sech keen ze stellen traut, 11/12/2023

D'Leit liewen ëmmer méi laang a gläichzäiteg gi chronesch Erkrankungen a Fleegebedierftegkeet ëmmer méi heefeg. Eng Aart a Weis fir déi limitéiert Ressourcen am Gesondheetssystem besser ze notze kéint sinn, dofir ze Suergen, dass d’Bevëlkerung net nëmme méi laang lieft, mä och gesond bleift.
12/11/20232 minutes, 32 seconds
Episode Artwork

René Winkin: Vu Gewunnechten an Anachronisme bei der Wunnengsbaupolitik, 04/12/2023

Vu Gewunnechten an Anachronisme bei der Wunnengsbaupolitik ass d’Carte Blanche vun haut iwwerschriwwen. Si kënnt vum René Winkin.
12/4/20232 minutes, 31 seconds
Episode Artwork

Anne Goerens: Frëndlechkeet ass eng Superkraaft, 01/12/2023

D'Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner deelt hir Gedanken iwwert d’Superkraaft vun der Frëndlechkeet.
12/1/20231 minute, 59 seconds
Episode Artwork

Anne Brasseur: Verstoppt Iech net hannert der Anonymitéit, 27/11/2023

Vill vun ons liesen hei an do d’Commentairen ënnert den Artikelen op rtl.lu an op soss Meenungsforen. Bei enger ganzer Rei vun deene Reaktiounen kann ech just de Kapp rëselen, besonnesch wat de Stil an d’Form betrëfft.
11/27/20232 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

Richard Graf: Eng Invitatioun an d'Senningerschlass ass net alles, 24/11/2023

Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf iwwert een dach bedenklechen Ufank vun enger neier Koalitioun.
11/24/20230
Episode Artwork

Robert Weber: De populistesche Wuesstem, 20/11/2023

Séit enger Zéit gëtt hei zu Lëtzebuerg virun allem a politesche Kreeser an domat och am Vollek iwwert d’Wuesstem vun eiser Gesellschaft diskutéiert. Hei erfannen allerhand sog. Spezialisten Ideen mat deenen sech gutt Stëmmung beim Bierger maache léist. Awer, wéi een déi Ideen ëmsetze kann , dat seet keen. Eng Carte Blanche vum Robert Weber, fréieren Nationalpresident vum LCGB a fréieren Deputéierten.
11/20/20232 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

Jean Huss: Problematesch Defien am Joer 2024, 17/11/2023

A senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, Ex-Deputéiert, iwwert déi aktuell international Krisen an iwwert d’Defien, déi 2024 op eis zoukommen.
11/17/20232 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

Pascale Engel: Iwwert Epigeneetik a Kannerentwécklung: Wéi Erfarungen ënnert d'Haut ginn, 14/11/2023

Déi al “Nature – Nurture” Debat ass iwwerlieft: D’ Wëssenschaft ass sech eens, datt engem Kand seng Entwécklung souwuel duerch geneetesch Facteure wéi duerch Erfarunge beaflosst ginn. Eng Carte Blanche iwwert d'Interaktioun tëscht dem Ëmfeld an de Geenen, déi d'Entwécklung steieren, a wat d´ Politik doraus schléisse kann, vun der Entwécklungspsychologin a Wëssenschaftlerin Pascale Engel de Abreu.
11/14/20232 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

Michel Maquil: Inklusiv Finanz fir eng méi inklusiv Gesellschaft, 10/11/2023

Am Laf vun de leschte Joer ass Lëtzebuerg eng Héichbuerg vun der inklusiver Finanz ginn. Do hunn eng Rei Lëtzebuerger Organisatioune villes geleescht.
11/10/20232 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

Robert Goebbels: Fir eng realistesch Ëmweltpolitik, 06/11/2023

De fréiere Minister Robert Goebbels plädéiert fir eng realistesch Ëmweltpolitik.
11/6/20232 minutes, 31 seconds
Episode Artwork

Claire Schadeck: Wéi schwätze mir mateneen?, 03/11/2023

"Hu mir soss keng Problemer?" An dëser Carte Blanche riicht d’Claire Schadeck vum CID | Fraen an Gender sech un all déi Leit, deene beim Thema Gläichberechtegung a Feminismus de Bols an d’Luucht schéisst.
11/3/20232 minutes, 4 seconds
Episode Artwork

Georges Hellinghausen: Happy Birthday in Heaven!, 30/10/2023

Halloween, awer och Allerhellegen an Allerséile sti virun der Dier, mat nodenkleche Momenter, déi äis an dësen Deege beweegen. Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.
10/30/20232 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

Jean-Luc Thill: Vun der bronger Gefor - dobaussen an heiheem, 13/10/2023

Wei fragil eis Demokratien sinn, gëtt eis zënter iwwert engem Joer sou kloer gemaach wéi schonn laang net méi - sief dat an der Ukrain, Israel oder wou soll et deemnächst brennen? Heiheem wären Chamberswalen evident - de Souverän konnt schonns den Dag no de Walen e Formateur fir d'Regierung nennen - d'Welt schéngt also an de Rei och wann net nach e weideren Gewënner gëtt - déi mënschlech Dommheet. Doriwwer ass et besser ze schwätzen, iert et ze spéit ass: Kuerz déi brong Gefor. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
10/13/20232 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

RTL: Fir méi Chancëgerechtegkeet an der Schoul, d’Promotioun iwwerschaffen!, 06/10/2023

International Studie weisen drop hin, wéi grouss den Impakt vum sozioprofessionellen Hannergrond vum Jonken op seng Reussite an der Schoul ass. A wann ee vu Reussite schwätzt, kommen automatesch d’Promotiounskrittären an d’Spill. Deem Thema geet de Gaston Ternes, fréiere Schouldirekter an aktuellen Expert fir de Reseau vun den Europaschoulen a senger Carte blanche no.
10/6/20232 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

Gilles Hempel: De Non-Profit-Secteur stäerken, 02/10/2023

De Logementsproblem ass net mat steierlechen Avantagen fir Investisseuren ze léisen. Dat huet an der Vergaangenheet näischt bruecht an ass och kee Modell fir d’Zukunft. A senger Carte blanche proposéiert de Gilles Hempel eng aner Approche, fir där Saach endlech Meeschter ze ginn.
10/2/20232 minutes, 16 seconds
Episode Artwork

Marc Glesener: Alles ze gewannen, vill ze verléieren, 29/09/2023

A senger "Carte blanche" kuckt de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist, op d’Walcampagne vu bis elo zréck. Do geet et och ëm eng Soirée, déi Froen opwerft.
9/29/20232 minutes, 12 seconds
Episode Artwork

Carlo Thelen, Directeur général Chambre de Commerce: Léif Parteien, denkt och un d’Entreprisen!, 22/09/2023

Wann et Lëtzebuerg och an Zukunft gutt goe soll, muss d’Politik bei den ustoende Parlamentswalen hire Fokus net nëmmen op de Bierger riichten, mee och op de Betriber hier Interessen agoen. Eng Carte Blanche vum Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, Carlo Thelen.
9/22/20232 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

Carole Reckinger: D’Elefanten am Raum, 18/09/2023

D‘Aarmut an déi sozial Ongläichheete wuessen zu Lëtzebuerg, obwuel déi finanziell Hëllefen an d’Luucht gesat an ausgebaut ginn. U wat läit dat?
9/18/20232 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

Serge Tonnar: Eurovision Song Contest: Keng Politik, seet d'Politik, 15/09/2023

Et war eng politesch Entscheedung, dass Lëtzebuerg no 30 Joer nees um Eurovision Song Contest matmécht. An dëser Carte Blanche freet de Serge Tonnar sech, firwat da grad politesch Inhalter an de Lidder verbuede sinn.
9/15/20232 minutes, 55 seconds
Episode Artwork

Pierre Hurt: Wie gëtt den nächste Bauteminister.in mat Lizenz fir e "Baurecht" zu Lëtzebuerg ze schafen?, 11/09/2023 17:50

Et geet drëm e richtege Baucode opzestellen, dee strukturéiert, hierarchiséiert, a fir d’Koherenz suergt vun allen Texte an där Matière. Vum Pierre Hurt, directeur de l’Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils. (oai.lu)
9/11/20231 minute, 52 seconds
Episode Artwork

Robert Weber: Haaptsaach, mir sinn zefridden?, 08/09/2023 17:50

Mir sti kuerz virun engem Waltermin. Wee soll ech wielen? Et gëtt esou vill Kandidaten, Kandidatelëschten a "Parteien" wéi nach ni. Dat ass den Ausdrock vun Demokratie! Awer, wat soll dat alles? Jiddereen wëllt et besser maachen. Dat heescht jo dann, dass déi, déi et bis elo gemaach hunn, et net gutt gemaach hunn? Esou ass d'ëmfannen vun alle Kandidaten. Nujee, esou schlecht hunn se et awer och net gemaach. Et geet dem Wieler jo gutt, mir sinn zefridden. Awer wat kennt op eis duer, wéi gesäit eis Zukunft aus? Eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten.
9/8/20232 minutes, 29 seconds
Episode Artwork

Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert: Lëtzebuerger Traditioun, 04/09/2023 17:50

Zanter dem Mëttelalter huet d’Schueberfouer zu Lëtzebuerg eng fest Plaz an ass eng flott Traditioun. Och wa se sech am Laf vun de Joerhonnerte verännert huet, souwuel wat d’Form an d’Dauer, an och d’Plaz an d’Konzept ugeet, ass se déif an eiser Lëtzebuerger Geschicht verankert. Dozou Gedanke vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.
9/4/20230
Episode Artwork

Marc Hostert: Verfassungsrecht "Liberté d’association", 14/07/2023 17:50

Den 28. Juni ass an der Chamber dat neit Gesetz fir ASBLe fir Klipp a Fondatioune gestëmmt ginn.
7/14/20230
Episode Artwork

Richard Graf: Alles op de Vëlo … oder och net, 10/07/2023 17:50

Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf iwwert Ideologen, déi eis den Auto als déi grouss Fräiheet verkafe wëllen.
7/10/20230
Episode Artwork

Anne-Marie Hanff: Schwëster war gëschter!, 30/06/2023 17:50

D’Infirmière ass net dem Medezinner säin Assistent. Mee firwat muss een dat nach ëmmer widderhuelen? Eng méiglech Erklärung ass déi, dass d’Infirmière als Fraeberuff entstanen an och haut 80% vun den Infirmièren weiblech sinn. Mee d’Schwëster war gëschter! Eng Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff.
6/30/20230
Episode Artwork

Anne Brasseur: Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit och am Sport, 26/06/2023 17:50

An der lescht gëtt vill iwwer d’Aarbechtszäiten diskutéiert. Mir brauche méi flexibel Aarbechtszäiten an net méi kuerz Aarbechtszäiten. Wéi déi Organisatioun soll ausgesinn, datt gëtt am beschten an engem Accord tëscht de Salariéen an de Patrone selwer decidéiert. D’Politik soll sech do eraushalen an dat am Interêt vun all eenzelen, vun de Betriber an domadder vun onser Ekonomie. Also vun ons alleguerten. Dat gëllt och fir de Sport. Eng Carte Blanche vun der Anne Brasseur.
6/26/20230
Episode Artwork

Ian de Toffoli: Alldaagssolidaritéit, 19/06/2023 17:50

De Ian De Toffoli erzielt eis, wéi hien enges Daags am Metro op den Jim Jarmusch getraff ass, an et net fäerdegbruecht huet deem ze soen, wéi vill seng Filmer him bedeiten, och a senger artistescher Carrière.
6/19/20230
Episode Artwork

Michèle Schilt: Politescht Engagement, 16/06/2023 17:50

Déi 1. Walen vun de Super-Wal-Jore si gepackt. Déi nächst si schonn en vue. Fir datt Wale kënne stattfanne, brauch ee Kandidatinnen a Kandidaten. Déi schéngen awer net sou einfach ze fannen ze sinn, mengt d’Michèle Schilt vum ZpB.
6/16/20230
Episode Artwork

Fernand Fehlen: Verfassung 1848 -2023, 12/06/2023 17:50

Den 1. Juli gëtt déi nei Verfassung feierlech a Kraaft gesat, kaum zwee Méint nodeems déi éischt Verfassung vun 1848 mat groussem Pomp gefeiert ginn ass.
6/12/20230
Episode Artwork

Marc Limpach: Demokratie brauch Demokraten… a Kandidaten!, 09/06/2023 17:50

De Marc Limpach mat enger Carte Blanche iwwer politeschen Engagement.
6/9/20230
Episode Artwork

Anne Goeres: Sech fräiwëlleg engagéieren, 05/06/2023 17:50

D'Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner deelt hir Gedanken iwwert fräiwëllegt Engagement.
6/5/20230
Episode Artwork

Robert Goebbels: Géint d’Verdäiwele vum Auto, 02/06/2023 17:50

Automobilisten opgepasst. Et gëtt ëmmer méi Politiker, déi vun enger Welt ouni Autoen dreemen.
6/2/20230
Episode Artwork

Georges Hellinghausen: Anwaltschaft vun der Kierch, 26/05/2023 17:50

Gläich zweemol gi mer an nächster Zäit wielen, lokal an national. Der Rei no mellen Acteuren aus der Gesellschaft sech zu Wuert mat hire Fuerderungen un d’Adress vu Kandidaten a Parteien. A wéi ass et mat der Kierch? Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.
5/26/20230
Episode Artwork

Michel Maquil: Fir Migranten ass et deier fir Geld heem ze schécken, 22/05/2023 17:50

Déi meeschte Migranten, déi an eise Länner eng Aarbecht fonnt hunn, schécken da reegelméisseg Geld un hir Familljen.
5/22/20230
Episode Artwork

René Winkin: PIB = C + I + G + (X-M), 19/05/2023 17:50

Am ëffentlechen Debat ronderëm d‘Klimapolitik héiert een desöfteren, dass ee Réckgang vum PIB et méi einfach géif maachen, fir ons Zieler z’erreechen.
5/19/20230
Episode Artwork

Robert Weber: Reformstau, oder keng Iddien, 15/05/2023 17:50

Mir liewen an enger Zéit, wou versicht gëtt de Sozialdialog prioritär ze féieren. Den Hannergrond ass kloer! De russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain, de Klimawandel a seng Erausfuerderungen, Flüchtlingskris, ëmmer méi Onsécherheet op der ganzer Welt. D’Inflatioun an dat deiert Liewen. Awer och onzählech Streikbeweegungen an eisen Nopeschlänner fir dem Bierger an dem Aarbechter seng Rechter duerchzesetzen. A mir heiheem? Mir schwätzen iwwert Aarbechtszäitverkierzung! Eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten.
5/15/20230
Episode Artwork

Jean-Luc Thill: Vun der Mëttelméissegkeet, 12/05/2023 17:50

Mëttelméissegkeet - eng Lëtzebuerger Kultur mat Traditioun – oder wéi de Versuch eis Jugend perfekt auszebilden oft nëmme Mediokritéit ervirbréngt. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
5/12/20230
Episode Artwork

Gilles Hempel: Amortissement accéléré & TVA, 08/05/2023 17:50

Wéinst den héijen Zënsen gëtt um Immobiliemarché manner verkaaft. D’Promoteure bleiwen op hiren deiere Projete sëtzen. Fir dat ze änneren, fuerdere verschidden Acteuren, dass d’TVA rëm op 3% erofgesat gëtt an den Amortissement accéléré rëm eropgesat gëtt. De Gilles Hempel gesäit dat méi kritesch. Dozou eng Carte blanche.
5/8/20230
Episode Artwork

Gaston Ternes: Nohaltegt Léieren!, 05/05/2023 17:50

Et gëtt vill iwwert d’Qualitéit an der Bildung geschwat. Mee wat fir eng Inhalter soll d’Schoul haut nach vermëttelen? Missten d’Léierpläng net vill méi an de Vierdergrond vun den Iwwerleeungen trieden? Där Fro geet de Gaston Ternes a senger Carte blanche no.
5/5/20230
Episode Artwork

Laura Zuccoli: Mir brauchen eng vereinfacht Immigratiounspolitik, 28/04/2023 17:50

Lëtzebuerg ass en Immigratiounsland an eist Immigratiounsgesetz reegelt d'Immigratioun. Allerdéngs méi schlecht, ewéi recht...
4/28/20230
Episode Artwork

Marc Schiltz: Hausaufgaben, Examen an ChatGPT, 24/04/2023 17:50

Sief et an der Schoul oder op der Uni: d’KI ChatGPT stellt Schoulen an Universitéiten virun d'Fro, wat an Zukunft nach relevant Kompetenze sinn a wéi eng net, seet de Marc Schiltz, Chef vum Fonds National de la Recherche a senger Carte Blanche.
4/24/20230
Episode Artwork

Sylvain Hoffmann: Keep up with the Joneses !, 21/04/2023 17:50

D’Inegalitéiten zu Lëtzebuerg sinn an deene leschte Joren an Joerzéngte staark geklommen. Dat muss net an dat dierf och net sou weidergoen. Mee et brauch een de politesche Wëllen, fir dogéint virzegoen. Méiglech Moossname ginn et genuch, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
4/21/20230
Episode Artwork

Carole Reckinger: Trotz Aarbecht op der Strooss, 17/04/2023 17:50

Mënschen déi trotz Aarbecht op der Strooss liewen. Eng verstoppten Realitéit och hei zu Lëtzebuerg. Eng Carte Blanche vum Carole Reckinger, Caritas Letzebuerg.
4/17/20230
Episode Artwork

Marc Glesener: Frou, en - nach jonken - ale wäisse Mann ze sinn..., 14/04/2023 17:50

A senger "Carte Blanche" mécht sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist, Gedanken iwwer d'Aart a Weis, wéi an der ëffentlecher Debatt mat wichtege Sujeten ëmgaange gëtt. An hien ass frou, en - nach jonken - ale wäisse Mann ze sinn.
4/14/20230
Episode Artwork

Georges Hellinghausen: Ouschterklacken, 07/04/2023 17:50

D’Kiercheklacke sinn haut op Karfreideg, bis muer Karsamschdeg verstommt a lauden net. Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.
4/7/20230
Episode Artwork

Tom Wirion: Onse Wuelstand ass keng Selbstverständlechkeet, 27/03/2023 17:50

Dofir ass et héich Zäit, de Standuert Lëtzebuerg fit ze maachen fir d'Zukunft, eng grouss Erausfuerderung fir d'Politik an d'Betriber.
3/27/20230
Episode Artwork

Paul Hammelmann: 30 km/h an den Uertschaften, 24/03/2023 17:50

An de Lëtzebuerger Gemenge ginn ëmmer méi Zonen agefouert, wou maximal Vitess bei 30 km/h leit an net méi bei 50. Dat ass richteg, mee et kéint een et besser a méi einfach maachen, mengt de Paul Hammelmann an senger Carte blanche.
3/24/20230
Episode Artwork

Paul Estgen: De Gemengerot a seng Sproochen, 20/03/2023 17:50

An de leschte Joren huet ons Bevëlkerung sech staark diversifiéiert. Dat wäert sech dann och an nächste Gemengeréit erëm spigelen. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Cefis.
3/20/20230
Episode Artwork

Serge Tonnar: Léiwe Publikum, géi déi lokal a regional Produktioune kucken, 13/03/2023 18:35

An dëser Carte Blanche encouragéiert de Serge Tonnar de Publikum, fir och déi kulturell Produktioune kucken ze goen, déi e souwisou mat bezilt...
3/13/20230
Episode Artwork

Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert: Selwer responsabel?, 10/03/2023 17:50

Viru genee 3 Joer huet e bis dato onbekannte Virus, eis Liewensgewunnechten uerdentlech duercherneegerëselt. Villes, wat bis dohin normal war, ass vun haut op muer iwwer de Koup gehäit ginn. Dat huet dach sou munch Iwwerleeunge matsechbruecht, mä huet eis Liewensastellung sech säithier wierklech geännert?
3/10/20230
Episode Artwork

Carlo Thelen, Directeur général Chambre de Commerce: Akute Personalmanktem besuergt d’Betriber, 06/03/2023 17:50

Dat seet de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce. Hei ass d'Carte Blanche vum Carlo Thelen.
3/6/20230
Episode Artwork

Pascale Engel de Abreu: Eis Schoul am 21. Joerhonnert, 03/03/2023 17:50

D’Pascale Engel de Abreu, Entwécklungspsychologin a Fuerscherin op der Universitéit Lëtzebuerg, hannerfreet d’Roll vun der Schoul am 21ten Joerhonnert.
3/3/20230
Episode Artwork

RTL: Democracy Overshoot Day, 27/02/2023 17:50

Demokratie oder wat eigentlech? D'Schrëftstellerin Elise Schmit mécht sech Gedanken iwwert d’Konsequenze vum demografesche Wandel.
2/27/20230
Episode Artwork

Marc Hostert: Wéi gesinn déi auslännesch Studente Lëtzebuerg?, 24/02/2023 17:50

Dëst Joer huet och dat akademescht Liewen säin normale Wee nees fonnt, nom Covid, a vill Studenten hunn hiert Studium nees op der Uni opgeholl fir duerchzestarten. Eng gutt Geleeënheet, fir mat e puer vun hinne sech auszetauschen, wéi si Lëtzebuerg gesinn.
2/24/20230
Episode Artwork

Gast Gibéryen: D’Wuesstemsfal, 20/02/2023 17:50

De Gast Gibéryen befaasst sech a senger Carte Blanche mat der Wuesstumsfal an hiren negative Konsequenze fir eist Land an déi kommend Generatiounen.
2/20/20230
Episode Artwork

Fernand Fehlen: Sproochepolitik a Bildungspolitik, 17/02/2023 17:50

De Bildungsminister an d’Schoul-Schäffin vun der Stad diskutéieren nächsten Dënschdeg op enger Table ronde iwwer d’Erausfuerderunge vun onsem Sproocheregimm fir onse Schoulsystem
2/17/20230
Episode Artwork

Bob Reuter: Ideologievirwërf hunn näischt an der demokratescher Debatt verluer, 14/02/2023 17:54

De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, fënnt, dass wann ee sengem Géigeniwwer pauschal virwerft, hien oder hatt wär vun enger Ideologie gestéiert, da verbaut een ...
2/14/20230
Episode Artwork

Anne Brasseur: Anstand an Integritéit, 10/02/2023 17:50

De rezente Korruptiounsskandal am Europaparlament schléit héich Wellen an dat ëmsou méi, well eng deemoleg Vizepresidentin vum Parlament doranner verwéckelt ass, déi jo misst eng Virbildfonctioun hunn.
2/10/20230
Episode Artwork

Michel Maquil: Sklaverei am 21. Joerhonnert, 06/02/2023 17:50

Aus engem Rapport vun der "Organisation International du Travail" geet ervir, datt ablécklech eng 50 Millioune Mënsche weltwäit ënnert Sklaverei leiden. Do däerfe mir net ewechkucken a mir mussen alles drusetzen, fir datt d'Sklaverei ee vir allemol verschwënnt. Besonnesch d'Lëtzebuerger Finanzplaz, déi sech zu Recht als Finanzplaz vun der nohalteger Finanz duerstellt, kann hei ee grousse Beitrag leeschten.
2/6/20230
Episode Artwork

Anne-Marie Hanff: E weidere Bléck hannert d’Kulisse vun der Fleeg, 03/02/2023 17:50

D’Fro "Wat kann d’Infirmière iwwerhaapt selwer decidéieren? Well sou wéi ech et verstanen hunn, decidéiert den Dokter an d’Infirmière féiert aus, oder?" traut ee sech bal net haart auszeschwätzen, mä déi stelle sech vläicht méi Leit ewéi ee mengt. An hirer Carte Blanche geet d'Infirmière an Fleegewëssenschaftlerin Anne-Marie Hanff op déi ënnerschiddlech Grënn an, firwat d'Infirmière leider oft nach als Assistent vum Dokter gesi gëtt.
2/3/20230
Episode Artwork

Richard Graf: Eng zweet Chance fir den Denkmalschutz, 30/01/2023 17:50

Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf iwwert dat neit Denkmalschutzgesetz, dat nach eng Kéier op e Leescht muss geholl ginn.
1/30/20230
Episode Artwork

Pierre Hurt: Brauche mir eng kulturell Revolutioun?, 30/01/2023 17:40

Vum Pierre Hurt, directeur de l’Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils. (oai.lu)
1/30/20230
Episode Artwork

Marc Limpach: Zauberberg, 27/01/2023 17:50

De Marc Limpach mat enger Carte blanche iwwert de Weltwirtschaftsforum zu Davos.
1/27/20230
Episode Artwork

Robert Goebbels: Politik mam Bierger?, 20/01/2023 17:50

De Robert Goebbels gesäit nëmmen e moderat Interessi vun de Bierger un der Politik.
1/20/20230
Episode Artwork

Michèle Schilt: Super-Wal-Joren, 16/01/2023 17:50

2023 an 2024 sti véier Walen zu Lëtzebuerg un. Dat ass e ganzt Stéck Aarbecht fir déi, déi sech opsetzen, mee och fir déi, déi wiele ginn, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.
1/16/20230
Episode Artwork

Anne Goeres: E Super-Waljoer a Super-Attenten , 13/01/2023 17:50

Dëst Joer ass e sougenanntent Super-Waljoer a jiddereen hofft, nach séier seng wichtegst Saachen duerchzekréien.
1/13/20230
Episode Artwork

Jean Huss: 2023: Fir eng besser Zukunft?, 09/01/2023 17:50

D'Joer 2023 ass nach jonk. De fréieren Deputéierte Jean Huss profitéiert, fir d'Leit derzou opzefuerderen net alles ze gleewen, mee esou munches a Fro ze stellen a selwer nozedenken.
1/9/20230
Episode Artwork

Georges Hellinghausen: "Fêtes de fin d’année", 23/12/2022 17:50

E Sonndeg ass Chrëschtdag, duerno an enger Woch Neijoerschdag. Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.
12/23/20220
Episode Artwork

Marc Glesener: Manner Hypokrisie wannechgelift!, 19/12/2022 17:50

A senger "Carte blanche" kuckt de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist, op d’Futtballweltmeeschterschaft zréck. Hien zitt politesch en éischter duerchwuessene Bilan. Sportlech war et fir hien eng gutt WM.
12/19/20220
Episode Artwork

Paul Estgen: Gemengen a Gemengewalen, 16/12/2022 17:50

D'nächst Joer sinn am Juni Gemengewalen. Bei liicht méi wéi honnert Gemengen e ganz wichtege Moment, wou decidéiert gëtt, wien d'Verantwortung an der Zukunft soll iwwerhuelen a wéi eng Politik an den nächste Joren um lokale Plang gemaach gëtt. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Cefis.
12/16/20220
Episode Artwork

Sylvain Hoffmann: Vu Steiererhéijungen an -ongerechtegkeeten, 12/12/2022 17:50

De Staatsbudget ass deposéiert. Vill steierlech Mesurë sinn net virgesinn a scho guer keng Steierreform. Dat Net-Handele vun der Regierung bréngt eng ëmmer méi grouss Belaaschtung fir d'Menagë mat sech, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
12/12/20220
Episode Artwork

Gilles Hempel: Bail à loyer, 09/12/2022 17:50

De Projet de loi vum neie Mietgesetz suergt nawell fir vill Opreegung. Mee fir wien ass dat Gesetz iwwerhaapt geschriwwe ginn?
12/9/20220
Episode Artwork

Ian de Toffoli: E Ministère fir d'Zukunft, 05/12/2022 17:50

Dem Ian de Toffoli no kéinte vill Jonker sech keng Zukunft méi virstellen. En neie Ministère soll hëllefen, dëse Probleem ze léisen.
12/5/20220
Episode Artwork

Marc Schiltz: Iwwert den ëffentlechen Ëmgang mat Fuerscher bei kontroversen Themen, 02/12/2022 17:50

An der Covid-Kris huet sech gewisen, dass vill Fuerscher, déi an der Ëffentlechkeet stoungen, harceléiert goufen. Wa mer wëllen, dass Fuerscher hiren Knowhow mat der Gesellschaft deelen, musse mer e Wee fannen, se ze schützen, sou de Chef vum FNR, de Marc Schiltz.
12/2/20220
Episode Artwork

Jean-Luc Thill: Vu Moral a Futtball, 28/11/2022 17:50

Momentan kréien déi eng net Futtball genuch an déi aner wiere frou, wann de leschte Match wéi gewinnt schonn am Juli gespillt gi wier. Do dertëscht en Minnefeld vu kulturellen an ethëschen Faux-pasen. Zu dësem Spannungsverhältnis - eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
11/28/20220
Episode Artwork

Gaston Ternes: Qualifizéiert Handwierker brauch eist Land!, 25/11/2022 17:50

Dat ass ee Constat deen haut jidderee mat béiden Hänn ënnerschreift, bei eis heiheem an och am Ausland. Mä iwwert dee Constat geet et kaum eraus. Wéi kéint déi praktesch Ausbildung da revaloriséiert ginn? Op wat misst de Fokus bei de Schoulreforme leien? Dorobber geet de Gaston Ternes a senger Carte blanche vun e Freideg an.
11/25/20220
Episode Artwork

Robert Weber: Wie sech getraff fillt, dee soll elo jäizen, 21/11/2022 17:50

Dir héiert elo eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten.
11/21/20220
Episode Artwork

Carole Reckinger: Aarm trotz Aarbecht, 16/11/2022 17:50

D'Aarbechtsaarmut hei zu Lëtzebuerg klemmt säit Joren. Op EU-Niveau si mir Spëtzereider an trotzdeem gëtt et vun der Politik nach ëmmer net als eng wichteg Erausfuerderung ugesinn. Eng Carte Blanche vum Carole Reckinger vu Caritas Lëtzebuerg.
11/16/20220
Episode Artwork

Bob Reuter: Den Doud mécht eist Liewe wäertvoll, 14/11/2022 17:50

De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, fënnt, dass wann een net un ee Liewen nom Doud gleeft, da mierkt een, dass eis Liewenszäit dat wäertvollst ass wat mer hunn.
11/14/20220
Episode Artwork

Tom Wirion: Wat kann d'COP27 bewierken?, 11/11/2022 17:50

Dat ass eng Fro, déi sech vill Leit am Virfeld vun der 27. UN-Klimakonferenz, déi zu Sharm el-Sheikh an Ägypte vum 6. bis den 18. November organiséiert gëtt, stellen. Et geet drëms, endlech Neel mat Käpp ze maachen, seet déi ägyptesch Presidence. Mä wéi realistesch ass dat?
11/11/20220
Episode Artwork

Claire Schadeck: Wiem seng Strooss ass et?, 07/11/2022 17:50

Wien däerf sech fräi am ëffentleche Raum zu Lëtzebuerg beweegen? Firwat kréie Fraen dacks gesot, si sollen owes net eleng virun d'Dier goen? An dëser Carte Blanche schwätzt d'Claire Schadeck vum "CID Fraen an Gender" iwwer sexualiséiert a geschlechtsbedéngt Belästegung an der Ëffentlechkeet a wéi mir an engem demokratesche Land dogéint virgoe kënnen.
11/7/20220
Episode Artwork

Guy Majerus: Fräibéier fir jiddereen, 04/11/2022 17:50

De Guy Majerus fënnt, datt et eis zu Lëtzebuerg richteg gutt geet. Mir erlaben eis ee weltwäit eenzegaartege Gratissystem vun diverse Leeschtungen. Hie fänkt seng Carte Blanche u mat e puer Beispiller. Gëtt et Parallellen zu Fräibéier fir jiddereen?
11/4/20220
Episode Artwork

Georges Hellinghausen: Allerhellegen - Allerséilen, 31/10/2022 17:50

En Dënschdeg ass Allerhellegen, e Mëttwoch Allerséilen – déi Deeg, wou et vill Leit op de Kierfecht zitt, bei déi Verstuerwe vun hirer Famill. Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.
10/31/20220
Episode Artwork

Paul Hammelmann: "Systematesch Strofe si méi effikass wéi méi héich Amenden", 27/10/2022 17:50

Virun 3 Wochen huet de François Aulner en – wéi hien et selwer genannt huet – masoschisteschen Commentaire gemaach a gefrot, wéini d’Amenden nees an d’Luucht gesat ginn. De Paul Hammelmann gräift dëse Sujet haut nach emol op a senger Carte blanche, awer net onbedéngt, fir dem Fränz Aulner e Gefalen ze maachen.
10/27/20220
Episode Artwork

Serge Tonnar: Elo schwätzen ech!, 24/10/2022 17:50

An dëser Carte Blanche freet de Serge Tonnar Iech, him Är Opmierksamkeet ze schenken. Well Opmierksamkeet ass eppes Wäertvolles ginn, bal wéi Gas a Pëtrol an all aner Ressourcen, déi sech méi rar maachen.
10/24/20220
Episode Artwork

Fernand Fehlen: Deemnächst Däitsch an der Spillschoul?, 21/10/2022 17:50

Den Observatoire national de la qualité scolaire huet dëser Deeg en neie Rapport* erausginn, an deem et ëm d'Aschoulung vun de Kanner an ëm d'Viraussetzunge fir e gudde Schoulstart geet. De Fernand Fehlen huet e gelies a sech e puer Gedanken dozou gemaach.
10/21/20220
Episode Artwork

Laura Zuccoli: En Immigratiounsgesetz am Déngscht vu Mënsch an Ekonomie, 17/10/2022 17:50

Millioune Mënsche si weltwäit op der Flucht viru Verfolgung, Krich oder dramatesche Klimaverännerungen. Eis Entreprisë beschwéiere sech, datt si vill Schwieregkeeten hunn, Personal ze fannen. Deenen zwee kéint mat enger Vereinfachung vun eisem Immigratiounsgesetz gehollef ginn.
10/17/20220
Episode Artwork

Michel Maquil: Nohalteg investéieren, 14/10/2022 17:50

Wann ee säi Geld uleet, erwaart ee sech sécher ee räsonabele Rendement, awer et stellt ee sech och vläicht d'Fro, ob dat och nohalteg investéiert gëtt. An dëser Carte Blanche vum Michel Maquil gëtt dorop higewisen, datt do scho ganz performant Norme bestinn, wéi een eng optimal Nohaltegkeet kann erreechen, déi ee positiven Impakt huet op de Client, de Mataarbechter, dat soziaalt Ëmfeld an d'Ëmwelt.
10/14/20220
Episode Artwork

Magali Paulus: Fir d’Diana, d’Mahsa, d’Nika, d’Sarina an all déi aner, 10/10/2022 17:50

Haut schwätzt d'Magali Paulus eis vu Fraen: Fraen déi zu Lëtzebuerg ëmbruecht ginn, Fraen déi am Iran an d’Strooss gi fir géint en oppressive Regime ze manifestéieren, Fraen déi sech fir d’Fräiheet an d’Liewen asetzen. Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.
10/10/20220
Episode Artwork

Carlo Thelen, Directeur général Chambre de Commerce: No der Tripartite ass d'Kompetitivitéit vun eise Betriber de grousse Verléierer!, 07/10/2022 17:50

Dat seet de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce. Hei ass d'Carte Blanche vum Carlo Thelen.
10/7/20220
Episode Artwork

Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert: Richteg oder falsch, 03/10/2022 17:50

News oder Fake news? E Begrëff, deen iwwer déi lescht Joren an eisen normale Sproochgebrauch iwwergaangen ass an eng Rei Iwwerleeunge mat sech bréngt. Eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.
10/3/20220
Episode Artwork

Marc Hostert: Kënnt et zu engem méiglech ëmgedréite Wärungskrich tëscht FED an EZB?, 30/09/2022 17:50

Déi amerikanesch Zentralbank FED an d'EZB hunn hir Tauxe massiivst an d'Luucht gesat an de leschte Méint. Dëst Joer ass deemno d'Enn vun der Nullzënspolitik oder der negativer Zënspolitik agelaut ginn, well Zentralbanke vun deenen zwee gréisste Bannemäert vun der Welt an d'Inflationsbekämpfung erageklomme sinn.
9/30/20220
Episode Artwork

Anne Brasseur: Solidaritéit a Responsabilitéit, 26/09/2022 17:50

An de leschte Joren a Méint hu sech d'Krisen iwwerschloen: D'Klima-Kris, d'Corona-Kris, de Krich an der Ukrain, d'Energie-Kris, d'Wirtschaftskris an d'Präisdeierecht. Alles Krisen, déi nach laang wäerten undaueren. Grad elo heescht et dofir Responsabilitéit z'iwwerhuelen a solidaresch ze sinn, seet d'Anne Brasseur, fréier DP-Vizepresidentin.
9/26/20220
Episode Artwork

Richard Graf: Ee Moratoire fir d’Ofrappen, 23/09/2022 17:50

Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf iwwer eng Initiative an Däitschland, déi Lëtzebuerg och gutt zu Gesiicht stéing.
9/23/20220
Episode Artwork

RTL: Nëmme Männer, 19/09/2022 17:50

D'Schrëftstellerin Elise Schmit huet d'Kulturprogrammer vum 1. Trimester gelies an iwwert Hondsmaske gelaacht.
9/19/20220
Episode Artwork

Tom Wirion: Eng politesch Rentrée am Krisemodus, 16/09/2022 17:50

D'politesch Rentrée 2022 wäert no 2 Joer Kris, bedéngt duerch de Covid, markéiert sinn duerch déi wirtschaftlech, finanziell a sozial Nieweneffekter vum Krich an der Ukrain. Keng einfach Situatioun fir d'Bierger, d'Betriber an d'Politik.
9/16/20220
Episode Artwork

Anne-Marie Hanff: D'Kompetenz ze wëssen, wat mir net wëssen, 12/09/2022 17:50

Am Buch vum Organisatiounspsycholgue Adam Grant mam Titel „Think again. The power of knowing what you don't know" betount hien d'Wichtegkeet dovun, eis Meenungen och mol z'iwwerdenken. Esou en „wëssenschaftlecht Denken", sou schreift hien, kann eis hëllefen, nei Léisunge fir al Problemer ze fannen. Wat dëst mam Infirmiersberuff ze dinn huet, weist d'Anne-Marie Hanff, Infirmière an Doktorantin an der Fleegewëssenschaft.
9/12/20220
Episode Artwork

Bob Reuter: Firwat trieden d'Leit aus der Kierch aus?, 15/07/2022 12:50

De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, stellt sech d’Fro, wat d’Grënn sinn, firwat d'Leit aus der Kierch austrieden oder och net.
7/15/20220
Episode Artwork

Guy Majerus: Rëndfleeschproduktioun zu Lëtzebuerg: Vill besser wéi säi Ruff, 13/07/2022 12:50

Kënnt dir iech nach erënneren, wéi virun 20 Joer de BSE-Skandal d’Leit verréckt gemaach huet? Et gëtt haut nees Tendenzen, fir d'Randfleesch a seng Produktioun ze diskreditéieren. Dëst ass dem Guy Majerus, pensionéierten Ingenieur agronome a Bauer, säin Thema vun der Carte blanche vun e Mëttwoch.
7/13/20220
Episode Artwork

Robert Weber: "Was lacostet die Welt, spielt keine Rolex und die Letzten beissen die Hunde", 11/07/2022 12:50

Mir liewen aktuell an schwieregen Zäiten: Krich an Europa, Covid-Kris, Ofhängegkeet vu Pëtrol a Gas, Transitioun zu aneren Zorten vun Energie.
7/11/20220
Episode Artwork

Gaston Ternes: Wéi vill Geld brauch e jonke Mënsch zu Lëtzebuerg fir selbststänneg ze liewen? Bréif un e jonken Independant, 08/07/2022 12:50

Iwwert de "Mëttelstand Bockel" gëtt schonn zanter 30 Joer geschriwwen a geschwat. Geschitt ass awer näischt, ausser vläicht an déi falsch Richtung, de Cotisatiounstaux fir d'Krankekeess ass an d'Luucht gaangen an d'Steiertabell ass net méi un d'Inflatioun ugepasst ginn. Betraff si grad déi Jonk, mam Statut "Independant," An dëser Carte blanche mécht de Gaston Ternes eng Rechnung, déi eigentlech all Politiker zum Handele motivéiere misst.
7/8/20220
Episode Artwork

Fernand Fehlen: Geet Lëtzebuerg a seng Sprooch deemnächst ënner?, 06/07/2022 12:50

Ganz vir op der Bestsellerlëscht steet am Ablack d'Buch vum Fred Keup an Tom Weidig mam Titel "Mir gi Lëtzebuerg net op". Déi zwee ADR-Politiker molen do e ganz däischtert a pessimistesch Bild vu Lëtzebuerg an der Lëtzebuergescher Sprooch. Dozou haut de Soziolog Fernand Fehlen.
7/6/20220
Episode Artwork

Robert Goebbels: D’Enn vum Verbrennungsmotor?, 01/07/2022 12:50

De fréiere Wirtschaft- an Transportminister Robert Goebbels gleeft net un de Verbuet vum Verbrennungsmotor bis 2035. Hei seng Carte Blanche...
7/1/20220
Episode Artwork

RTL: Politik an Zivilgesellschaft - Partner fir eng nohalteg Welt, 29/06/2022 12:50

Widderspréch an Ongerechtegkeeten an eiser Gesellschaft mussen opgedeckt an ëffentlech diskutéiert ginn. Do sti mir all an der Responsabilitéit, mee d'Politik muss dës Biergerflicht promouvéieren an ënnerstëtzen - och wann et heiansdo wéi deet.
6/29/20220
Episode Artwork

Jean Huss: Retarden a konzeptionell Feeler bei der Realiséierung vun Ëmweltklinik an Ëmweltmedezin, 27/06/2022 12:50

A senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, President vun Akut an Exdeputéierten iwwer Retarden a konzeptionell Feeler bei der Realiséierung vun Ëmweltklinik an Ëmweltmedezin.
6/27/20220
Episode Artwork

Michèle Schilt: Gedanke ronderëm Nationalfeierdag, 24/06/2022 12:50

Haut, wou déi schlëmmsten Nowéie vun de Festivitéite misste verdaut sinn, d’Béierbänken an d’Iwwerreschter vun de Knupperte geraumt, lount et sech retrospektiv nach e puer Gedanke ronderëm den Nationalfeierdag ze maachen, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.
6/24/20220
Episode Artwork

Jean-Luc Thill: "Vum Hunn a vum Ee - oder wat feiere mer da muer?", 22/06/2022 12:50

De Problem vum Hunn a vum Ee– oder e philosopheschen Denkustouss zur Politik an dem gesellschaftleche Liewen um Virowend vun Nationalfeierdag. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
6/22/20220
Episode Artwork

René Winkin: Duebelmoral a Kuerzsiichtegkeet a Punkto Klimapolitik, 20/06/2022 12:50

D'viirlescht Woch gouf et am EU-Parlament zu Stroossbuerg puer wichteg Entscheedungen awer och grouss Onstëmmegkeet iwwer den neien EU-Klimapak “Fit for 55”. A sengem Kommentar vun haut schwätzt de René Winkin vun Duebelmoral a Kuerzsiichtegkeet.
6/20/20220
Episode Artwork

Gast Gibéryen: Brauche mir nach eng Regierung?, 17/06/2022 12:50

A senger Carte Blanche freet de Gast Gibéryen sech, ob mer nach eng Regierung brauchen, well d’Parteien d’Ministerposte jo souwisou nëmmen nach mat net-gewielte Fonctionnairë besetze géifen.
6/17/20220
Episode Artwork

Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert: Demokratie zu Lëtzebuerg, 15/06/2022 12:50

An engem Joer ass et nees sou wäit. All 5, respektiv 6 Joer geet de Lëtzebuerger Bierger, deen op de Wielerlëschten agedroen ass, bei d’Urnen. Ënnert dem politesche Regimm vun enger representativer Demokratie, a Form vun enger konstitutioneller Monarchie, bleift Lëtzebuerg den eenzege Grand-Duché op der Welt. Eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.
6/15/20220
Episode Artwork

Anne Goeres: Congé pour raisons familiales, 13/06/2022 12:50

Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner schwätzt iwwert den aktuelle Gesetzesprojet fir de Congé pour raisons familiales.
6/13/20220
Episode Artwork

Marc Hostert: Lëtzebuerg nei denken ..., 10/06/2022 12:50

Mir sti kuerz virun engem Walmarathon an engem Kontext vu globale méi och nationale groussen Erausfuerderungen. Den aktuellen ekonomesche Kontext verlaangt, dass mer Lëtzebuerg fir Zukunft robust opstellen an deelweis mat neien Strategien a Konzepter.
6/10/20220
Episode Artwork

Paul Hammelmann: Digitalen Herpes, 08/06/2022 12:50

Spéitstens zanter dem Coronavirus oder méi rezent den nei entdeckten Afepouken, gehéiere Viren zum allgemenge Sproochgebrauch, obwuel se scho méi laang bekannt sinn, wéi zum Beispill den Herpesvirus. Ganz besonnesch ustiechend ass an dëser Kategorie de genitalen Herpes an den – wéi den Paul Hammelmann a senger Carte blanche mengt - digitalen Herpes. Algorithme kënne vill hëllefen, maachen awer net onbedéngt méi gescheit.
6/8/20220
Episode Artwork

Georges Hellinghausen: Volleksfrëmmegkeet a Kultur, 03/06/2022 12:50

D’Oktav ass eriwwer, d’Sprangprëssessioun steet virun der Dier. Zu dëse Forme vu Volleksfrëmmegkeet no Corona, eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.
6/3/20220
Episode Artwork

Serge Tonnar: Vu Kanner, Klima, Krich, Krisen a Katastrophen, 01/06/2022 12:50

An enger Welt, déi vum Mënsch zerstéiert gëtt, maache mer eis Suergen a sichen no Schëllegen tëscht de Generatiounen. Dobäi bréichte mer e Bewosstsinn, dass mir all eng eenzeg Generatioun sinn, déi gemeinsam Verantwortungen huet, denkt de Serge Tonnar a senger Carte Blanche.
6/1/20220
Episode Artwork

Ian de Toffoli: Wou ass de Public?, 30/05/2022 12:50

De Ian De Toffoli wonnert sech, firwat op de kulturellen Eventer keng Leit méi sinn.
5/30/20220
Episode Artwork

Michel Maquil: Déi finanziell Inclusioun am Déngscht vun der Fra, 27/05/2022 12:50

Beim European Microfinance Award, e Präis, deen d'Lëtzebuerger Regierung all Joer vergëtt, geet et dëst Joer ëm d'finanziell Inclusioun am Déngscht vun der Fra.
5/27/20220
Episode Artwork

Carlo Thelen, Directeur général Chambre de Commerce: Ee Plädoyer fir den Aussenhandel, 25/05/2022 12:50

Spéitstens zanter dem russeschen Ugrëffskrich op d’Ukrain hunn d’Betriber d’Hoffnung op eng méi normal Wirtschaftsaktivitéit missen iwwer Bord geheien.
5/25/20220
Episode Artwork

Paul Estgen: Wat soll d'Energie kaschten?, 23/05/2022 12:50

D'Fro, wéi mer mat den Energiepräisser ëmginn an eiser Gesellschaft, ass eng komplex Fro, wou et net nëmmen iwwert Inflatioun geet, mee och ëm sozial Gerechtegkeet a Klimaschutz. Dozou en Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Cefis.
5/23/20220
Episode Artwork

Patrick Michaely: E Vive op den Ierbessenzieler, 20/05/2022 12:50

Sidd Dier schonns eng Kéier als Ierbessenzieler vernannt ginn? Maacht Iech näischt draus! Et ass e Kompliment. De Patrick Michaely seet Iech a senger Carte Blanche firwat.
5/20/20220
Episode Artwork

Marc Limpach: Orwell 2022, 18/05/2022 12:50

De Marc Limpach mat enger Carte Blanche iwwert d’Aktualitéit vum Auteur George Orwell.
5/18/20220
Episode Artwork

Richard Graf: Eng Lanz fir Bouneweg, 16/05/2022 12:50

Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf iwwer Verkéiersberouegung um Beispill vum gréisste Quartier aus der Stad.
5/16/20220
Episode Artwork

Anne Brasseur: Aarbechtszäitverkierzung neen, Flexibiliséierung jo, 13/05/2022 12:50

Vill vun ons erënnere sech, dass d'Aarbechtszäit fir déi, déi net op Schichte geschafft hunn, am Takt gereegelt war. Vun 8 bis 12 Auer moies a vu 14 bis 18 Auer nomëttes. An der Mëttesstonn waren d'Geschäfter, d'Schoulen an d'Büroen zou. Lues a lues awer huet sech dat mam Wandel vun onser Gesellschaft geännert.
5/13/20220
Episode Artwork

Nora Back: D'Gewerkschaft ass näischt Abstraktes, 11/05/2022 12:50

Fir all déi, déi sech haut eng Carte blanche erwaarden iwwert den Index, ech muss iech enttäuschen. Mä et geet ëm en anert vill diskutéiert Thema. Eent, wat mir ganz vill um Häerz läit. D'Gewerkschaft.
5/11/20220
Episode Artwork

Marc Glesener: Europadag am Krich, 09/05/2022 12:50

A senger «Carte blanche» mécht sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist Gedanken iwwer den Europadag am Krich. D’EU bräicht en neien Narrativ, fir ze iwwerzeegen, esou de Marc Glesener.
5/9/20220
Episode Artwork

Gilles Hempel: "Leerstand" muss bestrooft ginn, 06/05/2022 12:50

Fir de Leerstand ze bekämpfen soll elo iergendwann eng Spekulatiounssteier agefouert ginn. Wäert dat duergoe fir dem Problem bäizekommen? Do huet de Gilles Hempel seng Zweiwel. A senger Carte blanche proposéiert hien eng Mesure aus dem Ausland, déi nach e bësse méi wäit geet.
5/6/20220
Episode Artwork

Elise Schmit: Lëtzebuerg gëtt blatzeg, 04/05/2022 12:50

Symbolpolitik huet keng direkt Auswierkungen an ass awer net egal, fënnt d'Elise Schmit. D'Schrëftstellerin mécht sech Gedanken iwwert d’Duerstellung vun der Lëtzebuerger Gesellschaft am ëffentleche Raum.
5/4/20220
Episode Artwork

Bob Reuter: Mëssbrauchsskandal an der kathoulescher Kierch: Ee Skandal op e puer Niveauen, 02/05/2022 12:50

De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, fënnt, dass déi rezent Berichter aus diverse Länner, iwwer d‘Mëssbräich an der kathoulescher Kierch, ee Skandal op e puer Niveauen offe leeën.
5/2/20220
Episode Artwork

Magali Paulus: Stopp Vergewaltegung als Krichswaff!, 29/04/2022 12:50

3 Joer no « Stand Speak Rise Up » schwätzt d'Magali Paulus eis haut vun der Vergewaltegung als Krichswaff. Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.
4/29/20220
Episode Artwork

Robert Goebbels: Wéi gerecht ass den Index ?, 27/04/2022 12:50

De fréiere Wirtschaftsminister Robert Goebbels plädéiert fir e méi gerechte System vun Index-Upassungen. Hei seng Carte Blanche...
4/27/20220
Episode Artwork

Anne-Marie Hanff: Emanzipatioun vun den “Meedercher”, 25/04/2022 12:50

Den 12ten Mee ass den Gebuertsdag vum Florence Nightingale an internationalen Dag vun der Infirmière, engem Beruff deen ausgerechent am Krimkrich entstanen ass.
4/25/20220
Episode Artwork

Pierre Hurt: Wat ass lass? Villes!, 22/04/2022 12:50

Wat si mir bereet, fir déi wierklech wichteg Ressourcen auszeginn, déi ons erlabe friddlech a gutt zesummenzeliewen? Vum Pierre HURT, directeur de l’Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils. (oai.lu)
4/22/20220
Episode Artwork

Guy Majerus: All Medail huet zwou Säiten, och déi gréng, 20/04/2022 12:50

Am Liewen ass villes vun zwou Säiten ze gesinn. De Guy Majerus probéiert, unhand vun e puer Beispiller ze weisen, datt grad och an der Landwirtschaft vill Decisioune Konsequenzen hunn, déi sou net viraus ze gesi waren. Eng Carte Blanche, déi beweise soll, datt net alles wäiss oder schwaarz ass.
4/20/20220
Episode Artwork

Georges Hellinghausen: Ouschterhues an Ouschtereeër, 15/04/2022 12:50

Iwwermuer ass Ouschteren. Wat bedeit dat Fest? A wat si seng Bräich? Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.
4/15/20220
Episode Artwork

Fernand Fehlen: Wéi eng Alphabetiséierungssprooch fir ons Schoul?, 13/04/2022 12:50

An der Woch virun der Vakanz hat d'Chamber eng Orientéierungsdebatt iwwer déi nei ëffentlech international Schoulen an hir alternativ Sproochcurriculaen. Dobäi ass vergiess ginn, datt Bildungspolitik och Sproochepolitik ass, mengt de Soziolog Fernand Fehlen.
4/13/20220
Episode Artwork

Tom Wirion: Wéi eng Lektiounen zéie mir no zwee Joer Pandemie?, 11/04/2022 12:50

Virun eppes méi wéi zwee Joer koum de Coronavirus zu Lëtzebuerg hunn. Et war den Ufank vun enger Kris, déi kee gesinn huet kommen. E Stresstest fir d’Gesellschaft, d’Politik, d’Wirtschaft an natierlech fir d’Wëssenschaft.
4/11/20220