Winamp Logo
RTL - 5vir12 Cover
RTL - 5vir12 Profile

RTL - 5vir12

Luxembourgish, Comedy, 1 season, 117 episodes, 6 hours, 42 minutes
About
Eng Table-Ronde mat Prominenz a Perséinlechkeeten déi mat vill Witz a bëssegem Humor d'Aktualitéit kommentéieren
Episode Artwork

5 vir 12: mam Camper op den Overshoot-Day, 25/02/2024

Si halen näischt vu Rumeuren a Couloires- oder Béierdeckelsgespréicher. Si hunn hir Informatiounen aus éischter Hand oder bal. Soss gouf ëmmer gesot 'béis Zong behaapten', an elo hunn se e Numm. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
2/25/202436 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

5 vir 12: Fuesent, 11/02/2024

Wou dréckt de Schong dann am Moment? Wéi ass et mam Stëmmungsbarometer, wou gëtt et e neie Skandal a wou just e Stuerm am Waasserglas? Si analyséieren a kommentéieren déi lescht 14 Deeg a sinn normalerweis gutt informéiert. Si hunn Aen an an Oueren nees opgespaant fir och nëmmen alles matzekréien. Beim Marie Gales sinn et haut den Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker an de Gérard Valerius.
2/11/202435 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

5 vir 12 LSC, 28/01/2024

Op verschidde Saachen do freet ee sech laang, an da sinn se séier eriwwer, an dann gëtt et aner Geschichten, déi een emol net erwaart hat an dann gëtt ee se net méi lass. Vu béidem gouf et och déi lescht 2 Wochen, déi elo nees op eng ganz speziell Fassong resuméiert a kritiséiert ginn. Beim Christiane Kremer, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker a Gérard Valerius weess een ganz séier wat hinnen géint de Stréch gaangen ass, wou hinnen den Hutt héich goung oder wou si sech driwwer gefreet hunn, och ouni eng Zeechnung ze maachen.
1/28/202436 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

5 vir 12: Frites à 100 mètres, 14/01/2024

Dat neit Joer ass knapps 14 Deeg al, awer déi al Problemer hunn eis schonn nees. Wéi eng Themen hunn déi éischt 2 Wochen schonn fir Opreegung gesuergt, wouriwwer gëtt gesouert, gemeckert a wou ass d'Gejäiz grouss? Eis Experten op dësem Gebitt maachen elo nees eng Stonn en Austausch un Emotiounen an setzen sech mat den opreegenden Sujeten ausenaner. Beim Christiane Kremer sinn et haut de Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker an de Gérard Valerius.
1/14/202437 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

5 vir 12: Last Silvester, 31/12/2023

Wat bleift hänken vun 2023? Ëm Hallefnuecht sprange vun engem Joer an dat anert, sou änlech wéi vun engem Boot op en anert. Vill Saachen ginn engem duerch de Kapp, déi eng déi laang gedauert hunn a vläicht net sou agreabel waren, an anerer déi just kuerz awer dofir immens schéin waren. Vill Impressiounen hu mer och gedeelt mat Famill, Bekannten, Noperen, dem Land oder der ganzer Welt, an dorobber kënnt d'Marie Gales elo zréck. Bei him sinn den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp, Pascal Becker an de Gérard Valerius.
12/31/202337 minutes, 6 seconds
Episode Artwork

5 vir 12 - Plazverweis, 17/12/2023

Hinnen entgeet näischt, an all Geleeënheet ass gutt fir d'Feeler vun deenen Aneren breet ze trëppelen. Wien huet wat gesot oder gemaach? Wéi eng Decisiounen goufen geholl wou ee just de Kapp rësele kann a wou sténken d'Lompen zerguttst? 1 Stonn laang huet d'Christiane Kremer elo nees Zäit fir den Tour vun de leschte 14 Deeg ze maachen, a Gesellschaft vum Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker a Lucien Czuga.
12/17/202336 minutes, 2 seconds
Episode Artwork

5 vir 12: déi éischt Käerz, 03/12/2023

Lo gëtt nees d'Aktualitéit vun de leschten 2 Wochen Revue passéiere gelooss. Si sinn gewinnt géint de Stroum ze schwammen, a filteren a siften op wat se stoussen. Déi hei 5 loossen net einfach Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafen, a maachen hirem Ierger Loft. Beim Christiane Kremer sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker an de Gérard Valerius.
12/3/202336 minutes, 50 seconds
Episode Artwork

5 vir 12 KI, 19/11/2023

Si sinn net onbedéngt bekannt als déi grouss Diplomaten. Se maachen keng déck Baken mee falen iwwer all déi hier, déi déi lescht Wochen opgefall sinn, oder aus der Roll gefall sinn. Se rieden sech séier an den Äifer, a no hirer leschter Sendung, viru 4 Wochen, ass jo och genuch geschitt an dat muss elo opgeschafft ginn. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
11/19/202336 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

5 vir 12 ''De Walen no'', 22/10/2023

Eng Woch virun de Walen souzen déi heiten 5 eng leschte Kéier zesummen an hunn Walprogrammer studéiert an analyséiert. 3 Wochen duerno geet mat Sécherheet vun de Walresultater rieds. Awer alles wat et soss nach un Aktualitéit gouf, fënnt eng Plaz an hirer Mëtt. Hier Stonn ass e Mix aus Staminee a Kaffiskränzchen wou carrement iwwer jiddereen hiergefall gëtt, a se strecken hier Nues an alles wat si näischt ugeet. Beim Marie Gales sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
10/22/202337 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

5 vir 12 'Walverspriechen', 01/10/2023

An enger Woch gëtt gewielt, an da ginn d'Faarwen eventuell nei gemëscht. Dann falen d'Wierfel wien déi nächst 5 Joren d'Geschécker vum Land leet. 60 Plazen gëtt et an der Chamber déi nei ze besetzen sinn, an aus de Muechtverhältnisser schielt sech och eraus wien d'Land regéiert an zum Regierungsconseil zielt, wann de Wielerwëllen respektéiert gëtt. Nach eng Woch dauert also déi spannend Zäit wou all Walverspriechen op den Dësch kommen an an d'Land erausposaunt ginn. Déi neutral Walobservateuren déi dat op hier Manéier analyséieren a kommentéieren sinn haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius an d'Christiane Kremer.
10/1/202336 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

5 vir 12 ''Pippifax'', 17/09/2023

Si observéieren a kommentéieren, reegelméisseg d'Aktualitéit op hier Manéier bei eis, awer 10 Wochen huet een keen Piipcheswiertchen vun hinne gehéiert. Elo, 3 Wochen ier mir stëmmen ginn, kënnt der hier Stëmmen och elo nees all 14 Deeg hei um Radio héieren fir mat der Lupp op all dat zréck ze kommen wat soss vläicht ënnert den Teppech gekiert gi wier. Beim Christiane Kremer sinn haut de Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
9/17/202336 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

5 vir 12 ''Summergefiller'', 09/07/2023 11:10

De Franzous schwätzt vun 'bouche-à-oreille' an déi Däitsch vu 'Mund-zu-Mund-Propaganda'. Elo geet et nees eng Stonn ëm Couloirsgespréicher wou awer meeschtens e Fonken Wourecht drun ass. Déi heiten 5 héieren d'Fléi néitschen an d'Gras wuessen, a wat si déi lescht 2 Wochen opgeschnaapt hunn zerwéieren se Iech bis Mëtteg. Mat um Dësch den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an d'Christiane Kremer.
7/9/20230
Episode Artwork

5vir12 - Vum Béier bis bei den Eed, 25/06/2023 11:10

T'Zopp gëtt ni sou waarm giess, wéi se gekacht gëtt. A wien sech wat agebrockt huet, an wien wat ausläffele muss héiere mer dës Stonn. 2 Wochen no de Gemengewalen an 3 Wochen virun der grousser Vakanz gëtt elo Rapport gemaach, awer och no vir gekuckt. An der Ronn sëtzen haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an d'Marie Gales.
6/25/20230
Episode Artwork

5vir12 ''De wëlle Wieler'', 11/06/2023 11:05

Bis op e puer Gemengen sinn se haut am ganze Land opgeruff fir bei d'Urn ze goen. Nom grousse Casting déi lescht Wochen, ginn elo vum Wieler Neel mat Käpp gemaach, an op Mammendag ginn nei Gemengemammen a -pappen gesicht. Déi heiten 5 wëlle sech d'Fanger net verbrennen an hale sech kleng, wann et ëm de Walzirkus geet. Et gëtt nach genuch ze beschwätzen, wat déi lescht 3 Wochen net ronn gelaf ass. D'Käpp beieneen strecken haut den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp, Gérard Valerius an d'Marie Gales.
6/11/20230
Episode Artwork

5vir12 ''déi offiziell Walcampagne ass un'', 21/05/2023 11:05

An dräi Wochen kréien d'Politiker Zensuren vun de Bierger. Hei bei hinnen an der Ronn gëtt et all zwou Wochen Notten. Mol méi, mol manner gutt, gëtt dann hei iwwer déi Dichteg a Wichteg geschwat, a sech d'Fro gestallt wéi et souwäit komme konnt.  Ronderëm den Dësch, fir iwwer d'Leit hier ze falen, sëtzen beim Christiane Kremer de Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an den Tony Tintinger.
5/21/20230
Episode Artwork

5 vir 12 ''God Save The King'', 07/05/2023 11:05

Elo ass et nees Zäit fir tëschent den Zeilen ze liesen. A 14 Deeg huet sech genuch ugesammelt, an dat gëllt et opzeschaffen, ze diskutéieren an ad acta ze leeën. Vill knaschteg Wäsch gëtt nees gewäsch vum Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius a Marie Gales.
5/7/20230
Episode Artwork

5vir12 ''Mat der Sonndesfro'', 23/04/2023 11:05

5 Temperamenter stoussen elo nees openeen fir d'Aktualitéit vun de leschten 3 Wochen ze diskutéieren an ze kommentéieren. Si iwwerfléien awer net just d'Haaptiwwerschrëften vun deem wat national an international geschitt ass, si huelen d'Lupp eraus an halen de Fanger drop, wou eppes net ganz sou gelaf ass wéi et hätt sollten. Beim Christiane Kremer sinn haut den Al Ginter, David Winter, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
4/23/20230
Episode Artwork

5vir12 De Sigi vu Lëtzebuerg, 02/04/2023 11:05

Si halen d'Aen op, a maachen de Mond net zou wann hinnen eppes net passt. Si richen op honnert Meter wann d'Lompen sténken, a sinn och net frou wann eng Geschicht en ellene Bäigeschmaach huet. Si paken all Dossier un, wann och net ëmmer mat vill Fangerspëtzegefill. Beim Christiane Kremer geet et elo nees vun der Long op d'Zong mam Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius. 
4/2/20230
Episode Artwork

5vir12 ''Bretzelsonnden'', 19/03/2023 11:05

D'Ekipp vum 5 vir 12 huet net just déi ganz Bretzel eragefeiert, ma sech och d'Aktualitéit vun de leschten 2 Woche gepléckt. Ausgelooss hu sech beim Christiane Kremer de Gérard Valerius, Lucien Czuga, Pascal Becker an Al Ginter.
3/19/20230
Episode Artwork

5 vir 12 - Scampien op dem Schnittchen, 05/03/2023 11:05

D'Wochen 7, 8 an 9 ginn elo wärend enger Stonn genee analyséiert a kommentéiert. Mat Kapp, Häerz a Bauch ginn elo déi verschiddenst Highlighte vun deenen 21 Deeg erausgepickt an t'gëtt mam Fanger drop gewisen. Wat ass hinnen an d'A gesprongen oder wat huet sech wéi en Ouerewuerm an hirem Ouer festgebass, dat verroden eis elo den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp an Gérard Valerius beim Christiane Kremer.
3/5/20230
Episode Artwork

5 vir 12 - Ech crushen op dech, 12/02/2023 11:05

Meeschtens geet et héich hier wann 5 komplett ënnerschiddlech Temperamenter wéi si openeen stoussen fir d'Wochenaktualitéit vun de leschten 14 Deeg ze zerplécken. D'Politiker, d'Wirtschaft an de Showbiz hunn si net am Stach gelooss a vill Fudder geliwwert, sou dass se bis Mëtteg genuch ze beschwätzen hunn. A wat se alles an de Medien opgeschnaapt hunn dat diskutéieren beim Christiane Kremer den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker an de Lucien Czuga.
2/12/20230
Episode Artwork

5 vir 12 - À côté de la plaque, 29/01/2023 11:05

Et gëtt Leit déi aus enger Méck en Elefant maachen oder d'Fléi néitschen héieren. Si hei hale sech penibel genee un d'Fakten. Mat Iwwerdreiwungen a béiswëllege Remarken wëlle si net a Verbindung bruecht ginn, awer si hale sech och net bedeckt wann d'Lompen sténken an eppes aus dem Gläichgewiicht geroden ass. Beim Christiane Kremer sinn haut den Al Ginter, Pascal Becker, Jacques Kapp an de Gérard Valerius.
1/29/20230
Episode Artwork

5 vir 12 - Trampolin an Hängematt, 15/01/2023 11:05

D'Joer ass knapps un a schonn hänkt den Seegen bei de Parteien schif. Am Superwaljoer wäerten wuer nach vill spatz Remarken wéi Feiler hin an hier geschoss ginn. Ma net just d'Tribün wou Politik gemaach gëtt, ma och all déi aner Bünen hunn schonn e puer schéin a manner schéin Momenter erlieft. Beim Christiane Kremer, Al Ginter, David Winter, Lucien Czuga a Gérard Valerius kënnt elo nees alles op d'Tapéit, aus den éischten 2 Wochen vum neie Joer, a gëtt analyséiert, kommentéiert an dramatiséiert.
1/15/20230
Episode Artwork

5 vir 12 - Happy new year 2023, 01/01/2023 11:05

Um éischten Dag vum neie Joer kann een zréckkucken op all dat Schéint, dat Lëschtegt, dat Emouvant awer och dat Trauregt dat 2022 bruecht huet. Wat war top a wat éischter flopp. 365 Deeg resuméiert an enger Stonn. 12 Méint mat haut 6 Leit am Studio. Beim Christiane Kremer erënnere sech den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker a Gérard Valerius a kucken awer och schonn no vir op dat, wat 2023 bereet hält.
1/1/20230
Episode Artwork

5 vir 12 - Rapp a Klapp, 18/12/2022 11:05

Wa se an der Chamber och schonn mat sou Ausdréck wéi "ënnert aller Sau" oder "Topert" ronderëm sech geheien, dann geet et bei hinnen 5 méi gedam zou. Sie fannen meeschtens déi richteg Wieder, hunn dat néidegt Fangerspëtzegefill, an hir Analysen bréngen d'Saach op de Punkt. Beim Christiane Kremer sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
12/18/20220
Episode Artwork

5 vir 12 - Geld regéiert d'Welt, 04/12/2022 11:05

Si sinn zanter ville Joren fir hiert Fangerspëtzegefill bekannt. Si bauschen näischt grouss op mä entschäerfen éischter all Situatioun. Heiansdo sinn se hirer Zäit viraus, awer meeschtens hippen se de Saachen hannendrun, well hier Aarbecht ass et, d'Weltpolitik, awer och déi vill lokal Geschichten z'analyséieren an z'interpretéieren, fir dass een all dat, wat spéider an de Geschichtsbicher steet, besser versteet. Ronderëm den Dësch beim Christiane Kremer sëtzen den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
12/4/20220
Episode Artwork

5 vir 12 - WM a Winterlights, 20/11/2022 11:05

Zu hirer 5 paken se elo nees de Réckspigel an d'Spektiv aus, well bis Mëtteg kucke se an déi jéngst Vergaangenheet, awer och d'Zukunft interesséiert si ferm. Wien ass hinnen - wann ee sou wëll - an de Frack getrëppelt, a wiem trëppele si op d'Féiss, well en sech net ganz no de Reegelen vun der Konscht beholl huet? Oder aneschter gesot, wien gëtt geliked a wou weist den Daum no ënnen? Bis Mëtteg wäerte mer et wëssen. Beim Christiane Kremer sinn et den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
11/20/20220
Episode Artwork

5 vir 12 - t'gëtt vill gedoktert, 06/11/2022 11:05

Beim Jules Verne goung et nach an 80 Deeg ronderëm d'Welt, si hei sinn zu hirer 5 an packen den Tour an ronn enger Stonn ze maachen. Bekannten Nimm déi sech dernieft beholl hunn, an Leit déi duerch ee Moment bekannt ginn sinn. Hei kënnt alles nach emol op d'Tapéit an gëtt frësch opgekacht fir sech all Moment nach emol genësserlech op der Zong zergoen ze loossen. Déi mat de spatzen Zongen sinn haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker an d'Christiane Kremer.
11/6/20220
Episode Artwork

5 vir 12 - Mantelsonndeg, 23/10/2022 11:05

An de Krisen gëtt sech op déi mat de breede Schëlleren verlooss. Hei kommen elo déi mam grousse Mondwierk. Si kennen eng Léisung fir all Problem, kommen ouni Ëmweeër op de Punkt an och am déckste Niwwel fanne si en Auswee. Dovunner kënnt der Iech elo eng Stonn iwwerzeegen mam Marie Gales, Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
10/23/20220
Episode Artwork

5 vir 12 - Comeback, 09/10/2022 11:05

Vun Hippches op Hapches, vum Honnertstel an d'Dausendstel an ëm Gott an d'Welt geet et elo nees. Hei gëtt et lokal, regional, national an international Aktualitéit, alles frësch zerwéiert an opgeschafft ouni Netz an duebele Buedem. Duercherneen geréiert an opgedëscht vum Marie Gales, Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
10/9/20220
Episode Artwork

5 vir 12 "Tripartite", 25/09/2022 11:05

Gutt ausgerout kënne se elo nees duerfueren. D'Aktualitéit huet net geschlof a vill Geschichten vun Heiheem an Dobaussen waarden drop am Detail analyséiert an kommentéiert ze ginn. Déi 9 Wochen sinn hinnen bestëmmt laang virkomm, wou se sech hu missten zréckhalen fir hiert Gëft ze versprëtzen, an dofir mussen sech der elo vill drop gefaasst halen fir nodréiglech an der Loft zerrappt ze ginn. Mat um Dill beim Marie Gales den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
9/25/20220
Episode Artwork

5 vir 12 "Äddi Boris", 10/07/2022 11:15

Sie verdeelen all 14 Deeg Zensuren, an soen wien Top a wien Flopp ass. Wien huet sech net un Spillreegelen gehalen, wien ass negativ opgefall a wien ass iwwer d'Ziel erausgeschoss. E klengen Austausch un Informatiounen mat enger Messerspëtzt Sarkasmus a bëssegen Remarquen liwwere sech den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker an David Winter beim Christiane Kremer.
7/10/20220
Episode Artwork

5 vir 12 - Stau um Stau, 26/06/2022 11:15

Zu hirer 5 sinn se elo nees déck do. An och wann se sech net ëmmer eens sinn, zéie se un engem Strang. Hier Missioun ass et d'Aktualitéit vun de leschten 2 Wochen ze beliichten an an dat richteg Liicht ze stellen. Wou louch d'Kromm an der Heck, wou ass eppes net ronn gelaf a wou konnt een einfach nach just de Kapp rëselen. Dat diskutéieren d'Christiane Kremer, den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker an de Gérard Valerius.
6/26/20220
Episode Artwork

5 vir 12 - Mammendag, 12/06/2022 11:15

Si hu keng gutt an der Kopp, a wou eppes ze mellen ass do hale si de Fanger drop. Wien déi lescht 14 Deeg desagreabel opgefall ass, do wou eppes net normal gelaf ass, wou eng Decisioun geholl gouf déi et net bréngt ass Fudder fir déi heiten 5. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp a Gérard Valerius.
6/12/20220
Episode Artwork

5 vir 12 - GNTM, 29/05/2022 11:15

Déi hei 5 loossen sech keen "i" fir en "u" virmaachen. Zu hirer 5 schloen si Alarm wann eppes net richteg leeft, an och déi lescht 2 Wochen hu si nees méi wéi eng negativ Feststellung gemaach. Op hei am Land oder iwwer d'Grenzen eraus ass nees net alles wéi op Rouletten gelaf. 1 Stonn laang kommentéieren se elo nees op hir Manéier d'Aktualitéit vun 14 Deeg a beweisen hiert Wëssen an alle Beräicher. Beim Marie Gales sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp,  Pascal Becker a Lucien Czuga.
5/29/20220
Episode Artwork

5 vir 12 - "Net ze gleewen", 15/05/2022 11:15

Sou laang d'Welt sech dréit, sou laang kommen och ëmmer nees konterbosseg Geschichten vir. Mir brauchen dofir heiansdo net weit ze kucken, mä kënnen virun eiser eegener Hausdier kieren. A wéi Trüffelschwäin hunn si nees déi lescht 2 Wochen e puer Storyen opgeschnaapt déi et derwäert sinn. Fir de Kapp ze rëselen, sinn beim Christiane Kremer den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp a Gérard Valerius.
5/15/20220
Episode Artwork

5 vir 12 - "1. Mee", 01/05/2022 11:15

Si maachen zwar gären déck Baken, awer et kënnt meeschtens just waarm Loft. Si halen den Fanger awer an d'Wonn an hier Gedanken kann een héieren. 3 Wochen hu se, bedéngt duerch d'Vakanz, opzeschaffen an och haut scheien se de Feierdag net fir drënner ze fueren an drop ze fachen. Beim Christiane Kremer den Al Ginter, Lucien Czuga, David Winter an Jacques Kapp.
5/1/20220
Episode Artwork

5 vir 12 "Pällemsonndeg", 10/04/2022 11:15

Wat am Hyde Park zu London de "Speakers Corner" wou jiddereen dee well, senge Matmënschen ziele kann wat hien op der Séil huet, ass de "5 vir 12" fir déi heiten 5. Och si verroden elo nees eng Stonn wéi eng Laus hinnen iwwer d'Liewer gelaf ass, wat si nervt, hinnen op d'Schlappen geet a wat si net roueg schlofe léisst. Beim Christiane Kremer den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
4/10/20220
Episode Artwork

"5 vir 12" Summerzäit, 27/03/2022 11:15

Dag an Nuecht, Summer wéi Wanter sinn si um Dill an halen Aen an Oueren op fir nëmmen näischt ze verpassen. Déi lescht 14 Deeg hu se nees genuch Themen gesammelt déi si opgereegt oder ameséiert hunn an elo weisen se eng Stonn laang dass si kal a waarm gewinnt sinn. Beim Christiane Kremer den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker a Gérard Valerius.
3/27/20220
Episode Artwork

"5 vir 12" Tanktourismus, 13/03/2022 11:15

Si rullen duerch déi lescht 14 Deeg a kucken net ëm, wéi wichteg oder dichteg déi Persoun ass déi aus der Rei gedanzt ass. Fir deen, op deen si et ofgesinn hunn, gëtt et keen Pardon a keng bëlleg Excuse. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Lucien Czuga, Pascal Becker a Gérard Valerius, an och haut gëtt net duerch d'Fangeren gekuckt.
3/13/20220
Episode Artwork

"5 vir 12" - d'Welt ass op der Kopp, 27/02/2022 11:15

D'Stëmmung op Fuessonndeg war och schonn emol besser. Eng Kris jot déi aner. No der Pandemie de Stuerm, an elo och nach Krich an Europa. D'Equipe vum "5 vir 12" ass nawell op der Sich no gudde Nouvellen, an där wou ee sech richteg driwwer opreegen kann, ouni dass dat direkt zréckschléit. Och déi lescht 14 Deeg waren wéi eng Achterbunn, an d'Gefillswelt hat alles ze bidden. Beim Christiane Kremer sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
2/27/20220
Episode Artwork

"5 vir 12" Vältesdag, 13/02/2022 11:15

Et gëtt jo Leit déi Geheimnisser gutt fir sech behale kënnen, an dann gëtt et der genee sou vill, wann net méi, déi dat guer net fäerdeg bréngen an all Informatiounen déi se opgeschnaapt hunn mat aneren deelen mussen, also matdeelen mussen. Dat geet besonnesch gutt um Comptoire oder an de soziale Medien. Déi heiten 5 hunn net drop gewaart dass Facebook erfonnt gouf, mä ginn sech all zwou Wochen Rendez-vous fir en Austausch un Informatiounen an aller Ëffentlechkeet ze maachen. Beim Christiane Kremer den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
2/13/20220
Episode Artwork

"5 vir 12" Autofestival, 30/01/2022 11:15

Den Omikron suergt derfir dass ganz Büroen eidel bleiwen, Buslinnen ausfalen, Schoulgebaier no Ersatzproffen sichen, an och d'Personal am Gesondheetssecteur an a Crèchen bleift net verschount. D'Equipe vum "5 vir 12" ass komplett an voll motivéiert fir iwwer déi lescht 14 Deeg hierzefalen. Egal op Buergermeeschteren, Ministeren oder Presidenten. Keen ass virun hirer spatzer Zong sécher. 1 Stonn laang këddelt d'Marie Gales elo nees d'Wourecht eraus mam Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
1/30/20220
Episode Artwork

"5 vir 12" Petitiounen, 16/01/2022 11:15

Et ass Zäit fir mouvementéiert Diskussiounen um Sonndeg. Hei gëtt och Kloertext geschwat, genee wéi um Krautmaart, just si sinn net zu 60 mä nëmmen zu hirer 5. Eng Aktualitéitsdebatt wou souguer nach knaschteg Wäsch aus dem leschte Joer gewäsch gëtt, awer och d'Zukunft net aus den Aen verluer gëtt. Am Studio 11 hu sech de Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga, de Gérard Valerius an d'Marie Gales Rendez-vous ginn.
1/16/20220
Episode Artwork

5 vir 12 - Äddi 2021, Moien 2022, 01/01/2022 11:15

Si verpassen et net bal fir hire Pefferkär bäizesteieren zu deem wat leeft. All 2 Wochen huele si sech eng Stonn fir den Punkt op den I ze setzen, an d'Wochenaktualitéit ze kommentéieren. Um Enn vum Joer kucken si ëmmer op déi vergaangen 12 Méint zréck a suergen derfir dass näischt an de Vergiess geréit. Virun enger gudder Woch gouf d'Sendung opgeholl an hei d'Resultat mam Al Ginter, Jacques Kapp, Gérard Valerius a Christiane Kremer.
1/1/20220
Episode Artwork

"5 vir 12" Quarantän, 12/12/2021 11:15

Si hu keng gutt an der Kopp an falen iwwer alles a jiddereen hier, deen net bei dräi aus der Féiss ass. Och déi lescht 14 Deeg kruten si bestëmmt nees vill Waasser op hir Millen an hunn genuch Aktualitéit gesammelt fir se elo mat Genoss duerchzehuelen. Alles wat sech heiheem an am Ausland ofgespillt huet gëtt elo nach emol duerchliicht vum Christiane Kremer, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Al Ginter a Gérard Valerius
12/12/20210
Episode Artwork

5 vir 12 "Advent", 28/11/2021 11:05

Déi hei 5 hu keng gutt an der Kopp. Si wëssen ëmmer wien sech nees de Batti gestallt huet an héieren d'Fléi néitschen. People, Sport an Politik awer och Wirtschaft an Literatur. Näischt ass hinne friem a mat allem kënnen si eppes ufänken. Hiere Feedback op déi lescht 14 Deeg liwweren den Lucien Czuga, Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker an d'Christiane Kremer.
11/28/20210
Episode Artwork

5 vir 12 "Kultur", 14/11/2021 11:05

Si zielen keng Geschichten, mä alles ass richteg geschitt. Si maachen an 60 Minutten den Tour vun all deem wat a 14 Deeg hei zu Lëtzebuerg a soss op der Welt geschitt ass. D'Ronn vun de Pensionnairen iwwerhëlt mat hirer Interpretatioun vun der Aktualitéit. Si wëssen ëmmer wou engem eng Laus iwwer d'Liewer gelaf ass, a wou d'Lompen sténken. Déi hei 5 kruten mat wien gefeiert huet a wien ausgepaff gouf. Beim Christiane Kremer sinn haut de Gast Waltzing, Lucien Czuga, Jacques Kapp a Gérard Valerius.
11/14/20210
Episode Artwork

5 vir 12 "Halloween", 31/10/2021 11:05

D'Amerikaner hunn eis Halloween bruecht an de Moien kucke mir ob a wéi vill dat op d'Equipe vum Christiane Kremer ofgefierft huet. Gelungen Gestalten si si allemol.Si hunn awer bestëmmt nach genuch aner Sujeten op der Lee, déi se sech op d'Long zéien, well déi politesch Aktualitéit war heiheem jo scho gutt gefëllt, an och um internationalen Terrain huet sech déi lescht Wochen zimmlech vill ofgespillt wat een nach eemol Revue passéiere loosse kéint. Beim Christiane Kremer sinn haut déi üblech Verdächteg mam Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
10/31/20210
Episode Artwork

5 vir 12 "Hierscht", 17/10/2021 11:05

2 Wochen Aktualitéit ginn elo nees a Musek ëmgesat. D'Rollen sinn kloer verdeelt. De Lucien Czuga spillt déi éischt Gei, den Al Ginter bléist Trompett, den Gérard Valerius schléit op déck Tromm an de Jacques Kapp suergt fir déi kleng Tëschentéin. An d'Dirigentin vun deem Oldiesorchester ass d'Christiane Kremer.
10/17/20210
Episode Artwork

5 vir 12 "Pappendag", 03/10/2021 11:05

Mat 4 Männer hëlt d'Christiane Kremer et haut nees op. Op et vill ze feieren gëtt sief dohinner gestallt. Ausgedeelt gëtt op alle Fall a gelaacht mat Sécherheet och. An dat och wann d'Themen vun de leschten 14 Deeg alles aneschter wéi witzeg waren. d'Aktualitéit vun Heiheem an aus der grousser wäiter Welt op eng Stonn reduzéiert dat ass hier Aufgab. Am Studio déi Kéier den Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
10/3/20210
Episode Artwork

5 vir 12 "Rentrée", 19/09/2021 11:05

No der Schoul, ass haut och Rentrée fir d'Equipe vum "5 vir 12". Si hu sech länger net gehéiert a virun allem gesinn an d'Christiane Kremer huet 1 Stonn Zäit vir d'Aktualitéit aus de leschten 8 Wochen mat hinnen opzeschaffen. Wat ass hänke bliwwen a wat ass schonn nees vergiess? Wat ass wichteg a wat net, wat begleet eis nach méi laang a wat ass schonn nees iwwerlieft. Am Studio 11 an der RTL City um Kierchbierg hu mer Rendez-vous mam Lucien Czuga, Al Ginter, Jacques Kapp a Gérard Valerius.
9/19/20210
Episode Artwork

"5 vir 12" virun der EM Finall, 11/07/2021 11:15

Si kënne sech net richen, awer dofir héieren a gesinn. Dem Christiane Kremer seng 4 Gesellen hu sech vun doheem bäigeschalt fir déi lescht Woch Juni an déi éischt Woch Juli am groussen a ganzen z'analyséieren. Aus der Kichen, der Stuff, der Schlofkummer respektiv dem Aarbechtszëmmer melle sech den Al Ginter, Lucien Czuga, Gast Waltzing an de Gérard Valerius.
7/11/20210
Episode Artwork

"5 vir 12" no Nationalfeierdag, 27/06/2021 11:15

14 Deeg hunn si gerascht fir elo nees de béise Fanger ze maachen. Daum erop op erof, Top oder Flop, ça passe ou ça casse. Dat ass och haut hire "modus vivendi". Nieft den al agesiessen Hären huet d'Christiane Kremer och jonkt Blutt an der Ronn, déi sech weider op Distanz aus dem Home-Studio begéint. Gi se sech eens oder trenne se Welten, dat fanne mer bis Mëtteg eraus mam Jacques Kapp, Al Ginter, Gérard Valerius an David Winter.
6/27/20210
Episode Artwork

5 vir 12 "Mammendag", 13/06/2021 11:15

Queesch duerch de Bësch geet et haut nees mam Christiane Kremer a senge 4 Männer. An och wann mam Al Ginter a Gast Waltzing direkt zwee Museker aus hirem Homestudio bäigeschalt sinn, mussen net onbedéngt harmonesch Kläng a positiv Téin ze héieren sinn. Mat vun der Partie fir dem Land an der Welt et lafen ze loossen an den Dicks ze riichten, de Jacques Kapp an de Gérard Valerius. A wéi bei engem Orchester sinn se am gaangen sech openeen anzestëmmen.
6/13/20210
Episode Artwork

5 vir 12 "Schnelltester", 30/05/2021 11:15

De Mount geet sou lues op en Enn, d'Problemer bleiwen. Awer net iwwerall. Den Impfturbo gräift sou lues, an d'Schnelltester verroden engem och zimmlech séier op oder op net. D'Themen leien op der Hand, mä sinn all déi aner Problemer hausgemaach, oder sinn et vläicht och just Luxusproblemer?Doriwwer diskutéiert d'Christiane Kremer op Distanz, quasi an engem Webinar, mat 4 ausgewisenen Experten an alle Liewenslagen. Dem Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
5/30/20210
Episode Artwork

"5 vir 12" virum Meereenchen, 02/05/2021 11:15

Hei sinn d'Meeschter am Kapprësselen. Lokal, regional, national an international kenne si sech aus, a wëssen, wat déi lescht 14 Deeg gelaf oder net gelaf ass. Besonnesch déi Saachen déi net ronn gedréit hunn interesséieren de Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga, Gérard Valerius a Christiane Kremer bis Mëtteg. Si weisen nees mam Fanger op all dat, wat carrement aus dem Rudder gelaf ass, an dat maache si aus allméiglechen Himmelsrichtungen, well jiddereen sëtzt nees fir sech ganz eleng a sengem Motzeck.
5/2/20210
Episode Artwork

5 vir 12 nom "Sofagate", 18/04/2021 11:15

D'Zopp gëtt net sou waarm giess wéi se gekacht gëtt, dat weess net just all Kach. Zu hirer 5 gëtt elo nees gekuckt op keen Hoer an der Zopp war an de leschten 3 Wochen. A mir hunn d'Crème de la Crème fir op déi 21 Deeg zréck ze kucken. Se klengen zwar heiansdo wéi aus dem Eemer, an dobäi sëtze si just jiddereen fir sech an sengem Hobbykeller, a verbesseren d'Welt mat hiren Iddien a Remarken. Beim Christiane Kremer bäigeschalt sinn déi Kéier den Al Ginter, Jacques Kapp, Gérard Valerius an de Gast Waltzing.
4/18/20210
Episode Artwork

"5 vir 12" - Summerzäit, 28/03/2021 11:15

d'Christiane Kremer an déi ganz Corona hunn haut nees de Choix, well d'Aktualitéit huet déi lescht 2 Wochen méi hir ginn, wéi soss alt emol net an engem ganzen Joer. Wien mat wiem, a wien géint wien, gouf do diskutéiert. Et gouf vill lamentéiert, protestéiert a reagéiert, a wat et bruecht huet kritt der elo zerwéiert. An zwar mondgerecht ouni sech d'Zong ze verbrennen. An enger knapper Stonn maache si den Tour an zortéieren déi wichteg vun deenen onwichtegen Saachen. Bäigeschalt sinn den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
3/28/20210
Episode Artwork

5 vir 12 op Bretzelssonndeg, 14/03/2021 11:15

Vill Opreegung gouf et nees déi leschten 2 Wochen hei am Land awer och bei eisen Noperen ronderëm, an elo ass et un hinnen fir alles z'analyséieren a sech selwer opzereegen. Jiddereen bei sech Doheem, schéin op Distanz hu se hire Antennen nees ausgestreckt fir näischt ze verpassen. D'Christiane Kremer ass net ze beneiden mat deene 4 gestanene Maanskärelen. Bäigeschalt sinn och haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
3/14/20210
Episode Artwork

5 vir 12, 28/02/2021 11:15

2 Wochen hu se gerascht an hunn sech zréck gehale. Se hunn léiwer déi aner am A behal déi op deene grousse Bünen ronderëmturnen. An elo kënnt hir Analyse. Ouni Filter an duebele Buedem. Se schwätzen muncher engem aus dem Häerz a soen dat haart wat anerer denken. Genuch gouf et déi lescht 14 Deeg wou een just de Kapp rësele konnt. Ouni Blat virum Mond, mä mam Mond beim Mikro, jiddereen bei sech doheem sinn et de Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga a Gérard Valerius. A ganz eleng am Studio 11 an der RTL City, d'Christiane Kremer.
2/28/20210
Episode Artwork

"5 vir 12" op Fuessonndeg, 14/02/2021 11:15

Si hunn et fauschtdéck hanner den Oueren, an dat weisen si net just op Fuessonndeg. Hei hält net een nom aneren eng Bütteried, mä all zesummen schaffen se déi wichtegst Themen vun de leschte 14 Deeg op. Schnësskichelcher oder vill méi Fueskichelcher aus dem Homeoffice gëtt et bis 12 vum Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius. D'Stellung am Studio hält d'Christiane Kremer.
2/14/20210
Episode Artwork

"5 vir 12", 31/01/2021 11:15

Se sinn eppes wéi Muppen. Meeschtens verspillt. Se verdroen net dass een aneren hinnen d'Schank ofhëlt, a mat Momenter hondsen se och richteg drop lass. Ma wéi jiddereen weess "Honn déi billen, bäissen net", se wëllen just spillen a sech an Iech ameséieren. Déi 4 Honn sinn haut den Lucien Czuga, Al Ginter, Jacques Kapp a Gérard Valerius. An déi Dame déi se wéinst Corona un der laanger Léngt huet ass d'Christiane Kremer.
1/31/20210
Episode Artwork

5 vir 12 "am Schnéi", 17/01/2021 11:15

Summer wéi Wanter, mat Lockdown oder ouni, an ganz egal wéi en amerikanesche President um Rudder ass, bréngen si eis op de leschte Stand. Si kucken net nëmmen zréck, mä hunn och den Duerchbléck a kennen d'Zukunft, dat behaapten si selwer. Lëschteg gëtt et allemol all zwou Wochen mam Lucien Czuga, Al Ginter, Jacques Kapp a Gérard Valerius déi op Distanz mam Christiane Kremer debattéieren an de Spunnes maachen.
1/17/20210
Episode Artwork

5 vir 12 "2020 - Et war net ALLES schlecht", 01/01/2021 11:05

Déi Kéier wier et besonnesch einfach gewiescht dat vergaangent Joer auseneen ze huelen, an a vill kleng eenzel negativ Puzzelstécker ze zerleeë. A wat maachen si? Se huelen den décken Hummer fir eemol net eraus, mä sichen no deene positiven Elementer aus dem Joer 2020. Och déi gouf et. Beim Christiane Kremer gëtt Bilan gezunn, zesummen mam Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius. Awer net wéi soss an der grousser Ronn, mä jiddereen eleng vu sech Doheem.
1/1/20210
Episode Artwork

"5 vir 12" viru Chrëschtdag, 20/12/2020 11:15

Well ee sech de Moment net sou dacks gesäit, huet ee sech noutgedrongen och méi ze verzielen. An dat wäert bei deenen heiten 5 net aneschter sinn, déi sech elo no 2 Wochen Radiosabstinenz nees erëmhéieren fir iwwer Gott an d'Welt awer och Corona a Brexit ze schwätzen. d'Christiane Kremer huet geruff an bäigeschalt vun doheem sinn den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
12/20/20200
Episode Artwork

5 vir 12 op Kleeserchersdag, 06/12/2020 11:15

Haut op Kleeserchersdag gëtt et och bei där heiten Band allméiglech Iwwerraschungen. Si deelen am Groussen aus. Fir déi eng gëtt et eppes Séisses an déi aner dierfe sech op eng Rutt gefaasst halen. Wéi déi lescht Wochen och sëtze se nees am Pyjama oder Jogging doheem an réckelen hiert Weltbild nees richteg wéi et hinne gefält. Vun Trump bis Corona, vun Wantersport bis bei de lëtzebuerger Haff misst et bis 12 Auer nees queesch derduerch goen mam Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp a Gérard Valerius.
12/6/20200
Episode Artwork

5 vir 12, 22/11/2020 11:15

Keng Zopp ass hinnen ze waarm, kee Wee ze weit a kee Präis ze héich fir sech iwwer d'Aktualitéit lëschteg ze maachen. Si kucken zréck op déi lescht 14 Deeg a kieren och ënner den Teppech wann et muss sinn. De Biesemsstill am Grapp hunn bei sech doheem den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp a Gérard Valerius.
11/22/20200
Episode Artwork

"5 vir 12" no Halloween, 08/11/2020 11:15

Si huelen kee Blat vrun de Mond a Mask brauche se och keng well si sëtzen op Kilometeren auseneen am Home-Studio fir op déi déck Tromm ze fachen. Un alles sinn se interesséiert op Heiheem vun der Dier oder iwwer dem grousse Pull an ëmmer nees kënne se sech an den Äifer rieden. Beim Christiane Kremer bäigeschalt sinn den Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
11/8/20200
Episode Artwork

"5 vir 12", 18/10/2020 11:15

2x am Mount kucken Si no hannen op d'Aktualitéit vun 14 Deeg. Wéi déi 5 Fangeren un enger Hand huet jiddereen och seng eegen Funktioun, a leet de Fanger an d'Wonn. Freet Iech op d'Zesummespill vun Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius a Gibbes Bertolo.
10/18/20200
Episode Artwork

"5 vir 12" - Hierscht, 04/10/2020 11:15

d'Nouvelle vun de leschte 14 Deeg ginn elo nach emol eng no där anerer duerchgeholl an analyséiert. 1 Stonn laang kommentéieren Lucien Czuga, Al Ginter, Jacques Kapp a Gérard Valerius zesummen mam Gibbes Bertolo all wichteg Iwwerschrëften aus der nationaler an internationaler Aktualitéit. An och Sport a Kultur, People a Lifestyle kommen net ze kuerz.
10/4/20200
Episode Artwork

5vir 12 "Rentrée", 20/09/2020 11:15

Lo wou d'Vakanz iwwerall op en Enn geet, an de néidege Serieux nees zréck kënnt, hunn si och nees genuch Fudder. Déi lescht 9 Wochen ass awer och genuch passéiert an dat versiche se bis Mëtteg opzeschaffen, ouni dass een hinnen an d'Wuert fält. Am perséinlechen Home-Studio de Lucien Czuga an de Jacques Kapp an hei am Studio den Al Ginter an de Gérard Valerius. Wéi war déi lang Vakanz mat Corona?
9/20/20200
Episode Artwork

5vir12 "t'ass Vakanz", 12/07/2020 11:15

Zu hirer 4 wëlle se der Aktualitéit haut nees hire Stempel opdrécken, ier déi eenzel Dossieren dann ad acta geluecht ginn. Mam Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga a Gérard Valerius analyséiere mer déi lescht 2 Wochen a suergen derfir dass näischt ënner den Dësch gekiert gëtt. Se sinn alleguerten vun Doheem bäigeschalt.
7/12/20200
Episode Artwork

5vir12 "mat 4 Féiss an der Vakanz", 28/06/2020 11:15

Viru geet et mam Al Ginter, Gerard Valerius, Jacques Kapp a Lucien Czuga.2 hei am Studio um Kierchbierg an 2 am Homeoffice, sou war et nach virun 2 Wochen. Haut sinn et déi zwee selwecht déi hir Féiss ënner de Studiosdësch strecken, an déi aner sinn ausgeflunn fir d'Wochenaktualitéit ze kommentéieren.
6/28/20200
Episode Artwork

5vir12 nächst Phase, 14/06/2020 11:15

Och beim 5 vir 12 si mer an der nächster Phase vum Déconfinement ukomm, an dofir dierfe mer schonn nees 2 vun hinnen an de Studio ruffen fir d'Aktualitéit vun de leschten Wochen ze kommentéieren an déi aner 2 hu mer am Teletravail gelooss. d'Wierfel sinn gefall wien wouhinner kennt. Déi Vulnerabelst hu mer bäigeschalt also de Lucien Czuga an de Jacques Kapp. An am Studio den Al Ginter an den Gérard Valerius.
6/14/20200
Episode Artwork

"5vir12" Corona-Editioun, 24/05/2020 11:15

All 14 Deeg huele si den décken Hummer eraus. Et waren dëst de Lucien Czuga, Jacques Kapp, Al Ginter a Gérard Valerius a leider feelt do de Numm vum Jay Schiltz deen dës Woch mat nëmmen 62 Joer gestuerwen ass. Zanter dem 13. Oktober 2019 huet hien d'Equipe verstäerkt, an huet ganz gutt eragepasst, an dat vun Ufank un.
5/24/20200
Episode Artwork

5 vir 12 "Bleift doheem 2", 10/05/2020 11:15

T'ass méi wéi engem, wou de Plaffong momentan op de Kapp fält, well t'ass awer schonn laang zanter dem 16. Mäerz doheem ze setzen. Dofir gëtt et nees Zäit sech e puer Gedanken ze maachen wat déi lescht 2 Wochen komesch gelaf ass an do gëtt et genuch. Iwwer Videokonferenz si mer verbonnen mam Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
5/10/20200
Episode Artwork

5 vir 12 "Bleift doheem", 26/04/2020 11:15

Normalerweis sëtzen déi 5 zesummen am Studio fir d'Welt auserneen ze huelen a wéi e Puzzle nees zesummen ze setzen. Zanter enger gudder Zäitchen geet dat awer net méi aus de bekannte Grënn. Mëttlerweil huet jidderee geléiert mat deene neien Medien ëmzegoen a mir huelen no laanger laanger Zäit nees Kontakt op, fir ze kucke wéi et hinnen geet. Am Homeoffice de Lucien Czuga, Al Ginter, Jacques Kapp an de Gérard Valerius.
4/26/20200
Episode Artwork

5 vir 12 (Rétro vu virun 10 Joer), 05/04/2020 11:10

Sozial Distanz gëllt och fir d'Equipe vum "5 vir 12" an dofir loosse mir si schéin doheem raschten, bis dass nees alles an der Rei ass, a mir si nees an de Studio ruffe kënnen fir dass se hiert Polver verschéissen an d'Aktualitéit mat Peffer a Salz wierzen. Sou laang liewe mer aus de Béchsen, mat Sendungen vu virun 10 Joer. Beim Fernand Mathes waren de 6/06/2010 d'Leit vun der Stammequipe. De Jemp Schuster, Lucien Czuga, Gérard Valerius an de leider vill ze fréi verstuerwenen Roger Leiner.
4/5/20200
Episode Artwork

5 vir 12 - Rétro (06/06/2010), 22/03/2020 11:10

Well mer haut aus bekannte Grënn déi ganz Equipe net wéi gewinnt an de Studio trommele konnten, a mir awer och net ganz op hir Gesellschaft verzichte wëllen, si mer an d'Archiv wulle gaangen. De Moien gi mer mat der Ur-Equipe vum "5 vir 12" 10 Joer an der Zäit zréck an héieren iwwer wat sech do Gedanke gemaach gouf, oder wou hir Opreegung Welle geschloen huet. Dat hei war de 6/06 2010. Mat derbäi de Jemp Schuster, Gérard Valerius, Lucien Czuga, de verstuerwenen Roger Leiner an de Fernand Mathes
3/22/20200
Episode Artwork

5 vir 12, 08/03/2020 11:10

Si hei hunn näischt ze verstoppen. Am Géigendeel. Si kucken all 14 Deeg, wat nees ënner wéi en Teppech gekiert ginn ass. Se maachen Fréijoersbotz och soss am Joer. Beim Christiane Kremer sinn haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius
3/8/20200
Episode Artwork

5 vir 12, 23/02/2020 11:10

Wann d'Christiane Kremer Sonndes moies mat 4 Perséinlechkeeten zesummesetzt, dann ass et sécherlech kee Kaffiskränzchen. Ganz am Géigendeel. Beim Gast Waltzing, Lucien Czuga, Hubert Meunier a Jemp Schuster geet et net ëm den einfachen Beschass. Op Fuessonndeg gëtt schaarf geschoss, wann och nëmmen aus Konfettiskanounen.
2/23/20200
Episode Artwork

5 vir 12, 09/02/2020 11:10

Et gëtt Zäiten, do geschitt näischt weltbewegendes an der Aktualitéit, an da gëtt et Wochen, do spruddelt et nëmmen esou. Dës Kéier huet de Gilbert Bertolo genuch Choix fir mat deenen anere 4 ze beschwätzen. Beim Mikro de Lucien Czuga, Al Ginter, Jacques Kapp a Gérard Valerius.
2/9/20200
Episode Artwork

5 vir 12, 26/01/2020 11:10

All 2 Wochen zéie si hire ganz perséinleche Bilan vun deem wat se wärend 14 Deeg verlauschtert, gelies oder gesinn hunn an da gëtt d'Analyse gemaach. 5 vir 12, dat heescht et treffen elo nees 5 Meenungen openeen an dat sinn haut déi vum Christiane Kremer, Jay Schiltz, Lucien Czuga, Al Ginter a Gérard Valerius.
1/26/20200
Episode Artwork

5 vir 12, 12/01/2020 11:10

D'Joer ass nach jonk, an déi meescht waren e puer Deeg am Congé. Ausgerout si se, awer huet 2020 och schonn genuch Fudder hir ginn fir sech kontrovers driwwer z'ënnerhalen? Dat fanne mer bis Mëtteg eraus. Beim Christiane Kremer sinn haut de Jay Schiltz, Al Ginter, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
1/12/20200
Episode Artwork

5 vir 12 Spezial, 01/01/2020 11:05

Wa se soss ëmmer op déi lëscht 2 Wochen zeréckkucken, dann huet d'Equipe vum "5 vir 12" sech gëscht d'ganzt Joer vir geknäppt. Wat louch hinnen uewen, wat ass hinnen eropgestouss, wat huet hinnen déck gedinn a wat ass iwwerhaapt hänke bliwwen?  Beim Christiane Kremer feiere mat: de Jay Schiltz, Lucien Czuga, Jacques Kapp an de Gérard Valerius.
1/1/20200
Episode Artwork

"5 vir 12" de Wocheréckbléck, 08/12/2019 11:10

Si kënnen iwwerall mat braddelen. Vum Sport iwwer d'Kultur bis bei déi komplizéierst politesch Zesummenhäng sëtzen d'Experten elo eng Stonn rondrëm den Desch fir d'Aktualitéit vun de leschten 2 Wochen z'analyséieren. Beim Christiane Kremer sinn haut de Jay Schiltz, Al Ginter, Lucien Czuga a Gérard Valerius
12/8/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 24/11/2019 11:10

Ier et Mëtteg ass, wësst der alles wat déi lescht 14 Deeg op der Welt passéiert ass, a souguer mat Commentaire. D'Christiane Kremer huet sech der 4 invitéiert, déi näischt laang fir sech hale kënnen. Mat derbäi de Jay Schiltz, Lucien Czuga, Al Ginter an de Gérard Valerius.
11/24/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 10/11/2019 11:10

Si kréien alles mat, op Heiheem oder iwwer d'Grenzen vum Grand-Duché eraus. Vun Problemer am Trafic iwwer Problemer mat Emailen bis Trainer déi ouni Veräin do stinn. Beim Gilbert Bertolo deedegen elo nees 4 Hären déi hien eis am Beschten selwer virstellt.
11/10/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 27/10/2019 11:10

Bei hinnen 5 verstoppt keen sech hannert deem Aneren. Jiddereen steet säin Mann wann et drëms geet d'Saachen ze hannerfroen an d'Wourecht erauszefannen. Beim Gibbes Bertolo am Studio diskutéieren den Al Ginter, Lucien Czuga, Jay Schiltz a Gérard Valerius
10/27/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 13/10/2019 11:10

Si huele sech kee speziell op d'Long awer deelen am allgemengen aus, do wou et ubruecht ass. Wat huet d'Land déi leschten 14 Deeg am meeschten interesséiert, a wou war d'Gedäisch am Gréissten? Mir huelen de Bols bei eisem Quintett. Am Studio beim Dan Spogen haut de Lucien Czuga, Al Ginter, Gérard Valerius an de Jay Schiltz.
10/13/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 29/09/2019 11:10

D'Christiane Kremer huet sech vir dese Sonndeg den Al Ginter, Lucien Czuga, Gérard Valerius an den Hubert Meunier invitéiert, fir iwwer all dat ze schwätzen wat hinnen uewen läit. Am Prinzip kucke se do op déi lescht 14 Deeg zréck, awer bei deene 5 weess ee jo ni wat um Enn erauskënnt ...
9/29/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 15/09/2019 11:10

Wéi passen 9 Wochen Summerpaus an 60 Minutten Sendung. Awer dat wärt der elo gläich héieren. Vu Gaardenhaischen am Stadion iwwer Tornado, Greta an Hochzäit Kaulitz/Klum. Et ass genuch geschitt, a beim Christiane Kremer diedegen haut déi Hären Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp a Gérard Valerius.
9/15/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 07/07/2019 11:10

Bedengt duerch Nationalfeierdag hu se elo 1 Stonn Zäit fir 3 Wochen opzeschaffen an duerchzekucken wat richteg a falsch hei an soss an der Welt geschitt ass.Beim Christiane Kremer sinn et haut den Al Ginter, Jemp Schuster, Gérard Valerius an de Gast Waltzing.
7/7/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 16/06/2019 11:10

Boxmoulen brauche si keng fir sech matenaner ze duelléieren. Si maachen dat mat Wierder a virun allem mat Argumenter. De Moien beim Dan Spogen mat am Ring, de Lucien Czuga, Al Ginter, Jemp Schuster an de Gérard Valerius.
6/16/20190
Episode Artwork

5+1 vir 12, 12/05/2019 11:10

Dir hutt Iech net verhéiert, a mir hunn eis och net verzielt. Haut sinn net 5 mee 6 Mikroen besat. Zu der Männerronn um Sonndeg wou iwwer dëst an dat geschwat gëtt, gehéieren haut den Guy Seyler, Al Ginter, Lucien Czuga, Jemp Schuster, Gérard Valerius an de Gibbes Bertolo.
5/12/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 14/04/2019 11:10

Se sinn och haut nees zu hirer 5 Männer, awer et sinn net déi üblech Verdächteg. Beim Gibbes Bertolo haut: de Guy Seyler, Lucien Czuga, Jemp Schuster an de Gast Waltzing.
4/14/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 31/03/2019 11:10

Wat ass hinnen déi lescht Wochen géint de Stréch gelaf? Wouriwwer hu se sech opgereegt, a wou hätt kéinte méi Damp an der Kichen sinn? Ganz politesch korrekt, nuancéiert an ouni Prejugéen drécken déi heiten 5 sech aus. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Guy Seyler, Jemp Schuster a Gérard Valerius
3/31/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 17/03/2019 11:10

Si loossen sech de Botter net vun der Schmier huelen. Si wullen och do wou et sténkt, an ënner dem Teppech leit keen eenzegen Steppskaer. Hei sinn déi 5 fir d'Fréijoersbotz national an international. Beim Gibbes Bertolo maulen haut de Lucien Czuga, Al Ginter, Jemp Schuster a Gérard Valerius.
3/17/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 03/03/2019 11:10

Wien huet sech déi lescht 14 Deeg geschéckt, a wien huet sech de Batti gestallt? Wien huet gutt gemaach, a wien louch dernieft? Wien ass Top a wien ass Flop? All dat beschwätzen déi Hären Ginter, Czuga, Schuster, Valerius mam Dan Spogen.
3/3/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 17/02/2019 11:10

Si hu keng gutt an der Kopp a géifen och ni eppes verzielen wat en aneren hinnen opgeschriwwen huet. Si weisen hiren eegne Kapp an dat ass och gutt esou. Beim Gibbes Bertolo waren den Al Ginter, Lucien Czuga, Jemp Schuster a Gérard Valerius
2/17/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 03/02/2019 11:10

Si kënne net just bis 3 zielen. Si 5 zielen wat hinnen an de Kapp kënnt a wat déi lescht 2 Wochen d'Land an d'Welt beweegt huet, a wat alles geschitt ass. Beim Christiane Kremer sinn et déi Kéier den Al Ginter, Lucien Czuga, Jemp Schuster a Gérard Valerius.
2/3/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 20/01/2019 11:10

Business as usual, oder ass 2019 komplett aneschter am Verglach mat viregte Joer. Déi heiten 5 mussen et wëssen well si suivéieren d'Aktualitéit hautno. Beim Gibbes Bertolo am Studio den Guy Seyler, Al Ginter, Jemp Schuster an de Gérard Valerius
1/20/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 06/01/2019 11:15

Elo haalt Iech nees un, well et gëtt fläisseg ausgedeelt. An do gëtt jiddereen oder alles ugeschwat wat a leschter Zäit negativ opgefall ass. Se hunn hir Sensoren och am neie Joer op Empfang gestallt, a ronderëm den Dësch am Studio 11 sinn des Kéier beim Christiane Kremer de Guy Seyler, Lucien Czuga, Jemp Schuster a Gérard Valerius.
1/6/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 01/01/2019 11:15

Normalerweis kucken si op 14 Deeg zréck an hirer Ronn. Haut riskéiere se e Bléck zréck op déi leschten 12 Méint a maachen den Exercice wat bei hinnen alles sou hänke bliwwen ass, respektiv wéi eng Gedanken hinnen spontan bei dësem oder deem Stéchwuert duerch de Kapp ginn. Beim Christiane Kremer, de Gibbes Bertolo, Dan Spogen, Lucien Czuga, Jemp Schuster a Gérard Valerius.
1/1/20190
Episode Artwork

5 vir 12, 09/12/2018 11:10

Ongebremst geet et elo nees bis Mëtteg mat 5 Stéck déi sech nees vill ze verzielen hunn. 14 Deeg hu se sech net gesinn an entre temps ass vill geschitt. Um Kaffiskränzchen beim Gilbert Bertolo sinn haut de Guy Seyler, Lucien Czuga, Al Ginter a Gérard Valerius.
12/9/20180
Episode Artwork

5 vir 12, 25/11/2018 11:10

Et gëtt der déi fannen un allem eppes positives, an da gëtt et si. Déi heiten 5 fannen iwwerall en Hoer an der Zopp, eppes auszesetzen an ze meckeren. Bis Mëtteg si der elo an der Gesellschaft vum Al Ginter, Lucien Czuga, Jemp Schuster, Gérard Valerius a Christiane Kremer
11/25/20180
Episode Artwork

5 vir 12, 11/11/2018 11:10

Wat kënnt derbäi eraus wa 5 Maanskärelen déi sech gutt kennen 1 Stonn zesumme sëtzen. Dir kënnt elo Mäischen spillen beim Dan Spogen a senge Kollegen Al Ginter, Lucien Czuga, Jemp Schuster a Gérard Valerius.
11/11/20180
Episode Artwork

5 vir 12, 28/10/2018 11:10

Wéinst de Chamberwalen hat d'Equipe e bësschen méi laang Summerpaus wéi gewinnt. E waarmen Hierscht hu si de Moien awer och versprach. Beim Gibbes Bertolo waren Lucien Czuga, Al Ginter, Jemp Schuster a Gérard Valerius a se hu net nëmmen zu Lëtzebuerg de béise Fanger gewisen.
10/28/20180
Episode Artwork

5 vir 12, 23/09/2018 11:05

Si gesi sech haut eng éischte Kéier no der laanger Summerpaus, a wéi iwwerall hu si sech natierlech och villes ze verzielen. 8 Wochen gëllt et opzeschaffen, a si sinn bestëmmt net mat Scheiklappen duerch d'Géigend gaang. Alles wat se opgeschnaapt hunn gëtt et elo bis Mëtteg. Beim Christiane Kremer sinn de Lucien Czuga, Al Ginter, Jemp Schuster a Gérard Valerius.
9/23/20180
Episode Artwork

5 vir 12, 01/07/2018 11:15

Déi, déi lo kommen, loossen sech net bal an d'Fanger huelen. Dofir kucke se awer deenen aneren ganz gären op d'Fanger, a wann et muss sin dann klappe se och alt emol engem haart op d'Fanger. Beim Christiane Kremer ugemellt hu sech haut d'Yannchen Hoffmann, den Al Ginter, de Jemp Schuster an de Gérard Valerius.
7/1/20180
Episode Artwork

5 vir 12, 17/06/2018 11:15

Wann d'Yannchen Hoffmann, de Lucien Czuga, Jemp Schuster a Gérard Valerius mam Dan Spogen zesummen sëtzen dann ass et net fir eng Partie Kaart ze maachen. Hei gëtt iwwert alles diskutéiert an iwwer jiddereen hiergefall deen et verdéngt huet. Knapps 1 Stonn Politik, Kultur, Sport awer och People.
6/17/20180
Episode Artwork

5 vir 12, 03/06/2018 11:15

Haut dierf ee sech froen, wéi eis Hären sech behuelen wann eng friem Dame derbäi ass. Beim Gibbes Bertolo schwätzen haut mat: de Guy Seyler, Al Ginter, Jemp Schuster, Gérard Valerius an d'Yannchen Hoffmann
6/3/20180
Episode Artwork

5 vir 12, 13/05/2018 11:15

Schwamme se elo mam Stroum oder dergéint? Op alle Fall traue si sech dat haart ze soen wat och e puer anerer just lues denken. An der Arena beim Dan Spogen sinn haut de Guy Seyler, Lucien Czuga, Jemp Schuster an de Gérard Valerius.
5/13/20180
Episode Artwork

5 vir 12, 29/04/2018 11:15

Déi 5 déi elo kommen si wéi e Ferrari. An Null Komma Näischt vun 0 op 100. Si kënne sech esou flott an den Äifer rieden bis de Kolli platzt. Freet Iech op déi 5 déi iwwerall matschwätzen kënnen. Mam Christiane Kremer diedegen den Al Ginter, Lucien Czuga, Jemp Schuster a Gérard Valerius.
4/29/20180
Episode Artwork

5 vir 12, 15/04/2018 11:15

Heiansdo ass ee frou iwwer eng 2t Meenung. Abee dir kritt elo souguer 5 ganz ennerschiddlech Meenungen. Beim Gibbes Bertolo sin et haut de Guy Seyler, Lucien Czuga, Jemp Schuster a Gérard Valerius
4/15/20180
Episode Artwork

5 vir 12, 25/03/2018 11:15

Beim Dan Spogen waren haut den Al Ginter, Lucien Czuga, Jemp Schuster a Gérard Valerius.
3/25/20180