Winamp Logo
REPORTER Story Cover
REPORTER Story Profile

REPORTER Story

Luxembourgish, Cultural, 1 season, 6 episodes, 1 hour, 40 minutes
About
„Aarm trotz Aarbecht“ ass d’REPORTER Story iwwer Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen an awer net genuch verdéngen, fir en anstännegt Liewen ze hunn. „Aarm trotz Aarbecht“: De Phänomen ass zu Lëtzebuerg sou present wéi kaum an engem anere Land an der EU. Vun der elengerzéiender Mamm bis zum jonke Beruffsufänger. Si erzielen hir Geschicht. „Aarm trotz Aarbecht“ ass eng Podcast-Serie vu Reporter.lu – recherchéiert an erzielt vum Isabel Scott. Nei Episode gëtt et all Méinden op Reporter.lu, Spotify, Apple Podcasts a weidere Plattformen. Produktioun: Isabel Scott, Laurent Schmit Grafik: Robine Gillen Musek: Georges Goerens
Episode Artwork

Aarm trotz Aarbecht: Wéi ongerecht ass Lëtzebuerg?

Datt d’Schéier tëscht Aarm a Räich ausernee geet, mécht de Lëtzebuerger grouss Suergen. Wéi hunn sech déi ekonomesch Ongläichheete verännert a wat kann d’Politik konkret dogéint ënnerhuelen?
4/10/202318 minutes, 45 seconds
Episode Artwork

Aarm trotz Aarbecht: Wild Wild Wedely

D’Online-Liwwerplattform „Wedely“ versprécht Aarbechter, si kéinten 200 Euro den Dag op eng „einfach Manéier“ verdéngen. En Ex-Livreur widdersprécht där Pub. Ëm d’Realitéit hannert der Plattform-Ekonomie geet et an dëser Episod.
4/3/202319 minutes, 19 seconds
Episode Artwork

Aarm trotz Aarbecht: Sozialhëllef ass net geschenkt

D’Ann ass op staatlech Hëllef ugewisen. Si wëll awer finanziell op eegene Been stoen. Huet d’REVIS-Reform hir Ziler erreecht? Wéi schwéier ass et fir Betraffener, aus deem System eraus ze kommen?
3/27/202320 minutes, 15 seconds
Episode Artwork

Aarm trotz Aarbecht: D’Limitte vum „Lëtzebuerger Dram“

Den André huet grouss Pläng fir seng berufflech Karriär. Bis elo krut hien awer just eng fest Platz bei enger Botzfirma ugebueden. Wéi schwéier ass et, säi soziale Milieu ze iwwerwannen an opzesteigen?
3/20/202318 minutes, 44 seconds
Episode Artwork

Aarm trotz Aarbecht: Eng elengerzéiend Mamm an der Inflatiounskris

Eng elengerzéiend Mamm, déi trotz guddem Job op d’Epicerie sociale ugewisen ass: Dat ass d’Geschicht vum Delfina. Firwat si Monoparentalle besonnesch dem Aarmutsrisiko ausgesat a wat misst sech änneren?
3/13/202321 minutes, 46 seconds
Episode Artwork

Aarm trotz Aarbecht: Teaser

„Aarm trotz Aarbecht“ ass d’REPORTER Story iwwer Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen an awer net genuch verdéngen, fir en anstännegt Liewen ze hunn. Vun der elengerzéiender Mamm bis zum jonke Beruffsufänger. Si erzielen hir Geschicht.
3/3/20231 minute, 23 seconds