Winamp Logo
Kichelcher Cover
Kichelcher Profile

Kichelcher

Luxembourgish, Comedy, 1 season, 13 episodes, 13 hours, 41 minutes
About
D'Elena Forgiarini an d'Sammy Cardoso hun ee Podcast. Lauschtert am Bäschten selwer eran, well em wat et geet, variéiert vu Folg zu Folg. All Méinden 00:00.
Episode Artwork

#13 TOMATE MOZZARELLA

Back for one last time (dëss Season hehe). Mir spillen "Wie gut kennst du mich" an beäntwerten är Froen. See ya in September, we're off <3 @kichelcherpodcast op Instagram fir dass dir eis nët vermësst xoxo Elena a Sam
7/16/20231 hour, 13 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

#12 GINGS DU DENG KANNER POSTEN?

Hello, Dëss Folg kritt eng kuerz Beschreiwung well d'ass grad 00:20 an d'Sammy ass midd. Lauschtert eis no, wéi mer iwwert Family a Mommy Vlogger an Influencer diskutéieren, well enger Meenung si mer definitiv net. Followed eis op eisem Insta @kichelcherpodcast an schreiwt eis onbedengt fir di nächst Folg e puer Froen!! See ya next week.
7/2/202359 minutes, 5 seconds
Episode Artwork

#11 SpiRiTuAliTéiT

Welcome to the shitshow. Dat heiten ass eis cursed/lost episode déi et baal net online gepackt hätt. Mir hoffen trotzdem, se gefällt Iech. Mir schwätzen iwwert Glaawen und so, vill méi ass hei nët well mer e riesen Stéck verluer hun, rip. Ganz vill huet missten geschnëppelt gin, well immens vill schiefgaang ass mee heyho kleiner Stern, alles ass gutt. Kussi babes Elena + Sam BTW mir hun elo en Instagram, just fir de Pod: @kichelcherpodcast xoxo
6/27/202343 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

#10 MAMA, WAT ASS CONSENT?

TW ab Minutt 56:00 : Sexuelle Mëssbrauch An einfach esou hun d'Elena an d'Sammy einfach schon 10 Folgen opgeholl. Jubiläumsfolge whohoooooooo!!! Et gëtt (leider) rem ebessi geeky. Geschwaat gëtt iwwert Top-Podcasts, Comfort Serien, ee Jonggesellinnen-Abschied an Consent, what a mix. An dëser ronner Folg hu mir awer och zwee Iwwerraschungsgäscht dobäi, di eis ebessi eppes ze zielen hun. Loosst Iech iwwerraschen, well dëss Folg ass definitiv e Mix un Themen. Folgt eis op Instagram, wann dir zousätzleche Content zu de Folgen wëllt. @s.vmmy an @the.forgiarinis Kussiiiiiiii
6/18/20231 hour, 14 minutes
Episode Artwork

#9 D'ASS KIERMES AM DUERF

Back again, dess Woch mat enger Folg di baal live, kuerz a knackeg ass. Vun der Kiermes, bis zum McDonalds, d'Elena an d'Sammy wëlle wëssen wat di aner Persoun am léifsten bestellt fir ze iessen. Doniewt gëtt iwwer Celebrity crushes, Minigolf an Fashion Trends, déi ausstiewen sollen, geschwaat. Kussiiiiii
6/11/202346 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

#8 SAD KICHELCHER CLUB

D'Elena an d'Sammy sin no enger Woch Paus zeréck. D'Sammy reegt sech gefillt iwwert alles op, ennert aanerem grouss Konzerner di Ideen bei kleng independent Shops siche ginn, iwwert Männer, Alkohol an awer och iwwert sech selwer. D'Elena war mat sengem Schatzi campen an wëll elo onbedengt e Schoof. Weieen Promi hoffs du, datt gecancelled gëtt? Hiews du d'Jupe rop wanns du Pipi maan muss oder zitts du se rof wi eng Box? An wéi demütegend ass et wanechglift, ee Body unzedoen an d'Knäpp zouzeklippsen? Serieux gëtt et an der Folg awer och nach: enner aanerem schwätzen di 2 driwwer, wéi et ass eng Fra ze sin an di Ängscht di een och nëmmen als Fra gefillt huet. Eng aner wichteg Sach: Healing ass leider net lineär. Ee Setback bedeit awer allerdéngs och net, datt d'Fortschrëtter vu firdrun komplett ignoréiert solle gin. We love y'all. Take care, kussiiiiiiiii
6/5/20231 hour, 6 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

#7 DUERCHFALL UM TEPPECH

Sou wéi den Titel ass d'Folg vun dëser Woch eng rieseg Mess. D'Sammy ass net gutt drop, d'Elena och net. Amplatz iwwert hier Problemer ze schwetzen, menge si et wier eng gutt Iddi, "witzeg" ze sin. Wanns DU di éicht 10 Minutten vun dëser Folg packs, dann chapeau, wierklech. Et gouff ganz vill rausgeschnidd, dat héiert een deelweis och mee hey, mir wëlle jo authentesch bleiwen. An deser Folg gett wi gesoot ganz vill Schäiss geschwaat, mee och iwwert den Firfall wou een op dem Sammy säin Teppech "grouss" gemaach huet... D'Elena an d'Sammy stelle sech fir, wat se mat 1 Mio. € maache gingen, an et gett och na deep. "Du gesäis awer gutt aus!! Hues du ofgeholl???" ass e grousst Thema. Merci weiderhin fir di schéin Wierder an de Support. Kussiiiiiiiiii
5/21/20231 hour, 8 minutes, 5 seconds
Episode Artwork

#6 RIP BLOKKER

And so we meet again, an dëss Woch mat Kamera. Di huet d'Elena an d'Sammy schlussendlech awer méi genervt wi datt se hinnen gutt gedo huet, also muss an Zukunft aanecht audiovisuellen Content opgeholl gin. D'Sammy war op Köln an huet ganzer 3 (WOW!!!) Sätz mam one and only Tommi Schmitt geschwaat an heen kennt elo genuch vum Sammy senge facial Features datt en technically vun him dreeme kinnt. D'Elena bréngt den Trauma vun der Schülerband "Smashing into pieces" rem op, wou d'Sammy probéiert huet ze vergiessen lol. Ausserdem gëtt iwwert eng cool Keller-Rave zu Bastenduerf, Modesünden an Action, Blokker, Hema, etc. geschwaat. D'Conclusioun ass: D'Hollänner hun et iergendwéi raus. Mir hun eis en Tiktok gemaach, followed eis @kichelcher op Tiktok, Content kënnt och do lues awer sëcher. Eis Instas si weiderhin @s.vmmy an @the.forgiarinis Love, Elena a Sammy Kussiiiiiiiii
5/14/20231 hour, 8 minutes, 42 seconds
Episode Artwork

#5 SCHAMPESMAUSI

Joined d'Elena an d'Sammy des Woch an enger "After dark" Folg. Owes gëtt et bei hinnen nach méi Gekuschels an playful banter wéi soss. Geschwat gëtt och an dëser Episode iwwert alles a näischt (wéi esou oft...).  Beschwaten Themen sinn dem Elena seng Gedanken, wéi hatt d'Sammy fir di éischte Kéier gesinn huet, Alkohol- a Social-Media-Konsum, esou wéi fragwürdeg Zännbotz-Routinnen.  Mir promoten elo och nees shamelessly eis Insta-Säiten, also please followed eis, dann nerve mir och net méi.  Elena: the.forgiarinis Sammy: s.vmmy Kussiiiiiii
5/7/20231 hour, 1 minute
Episode Artwork

#4 D’ELENA KRUT GEMECKERT

Triggerwarnung: Di eicht Minutt gett abuséiert geknätscht well d’Sammy keng Manéieren huet. D’Elena an hat sin an enger silly goofy mood, oder op lëtzebuergesch, an enger geckeger, verréckter Laun. Geschwaat gett iwwert den Elefant am Raum, eis éichte Kéier, Glaawen, Baklava an Tomate Mozzarella, eis Mammen an fir d’Foodies gëtt et zum Schluss och en laang ersehntenen Treat. Fir d’genannten Restaurants kënnt dir dem Sammy seng Instagram Highlights kucken. Kussiiiiiii
4/30/20231 hour, 19 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

#3 JOFFER VS. HOMESCHOOL-MAMA

De Cringe-Kichelchen ass back! Dëss Woch beschwätzen d’Elena an d’Sammy de Schoulsystem an dat aus zwee grondverschiddenen POVs: d’Joffer Sammy, vs. d’Elena, d’Homeschool-Mama. Enjoy, kussiiiiii
4/23/202356 minutes, 46 seconds
Episode Artwork

#2 BREIF FIR DE FELIX LOBRECHT

D’Sammy huet dem Felix Lobrecht e Bréif geschriww an huet Post-“Concert”-Depression. D’Elena probéiert hat mat 5 Prompts ofzelenken. An dëser Folg beschwätze si Kandheets- a Jugenderënnerungen, Self-love a Komplimenter, esou wéi RTL-Facebook-Kommentatoren. All luv though. Insta Sammy: @s.vmmy - Insta Elena: @narratiophile an/oder @the.forgiarinis
4/16/20231 hour, 12 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

#1 SCHWENGSFOUSS AM STAU

D'Elena an d'Sammy hu sech entscheed e Podcast ze maan. Sidd beim éichten Take dobäi an hoffentlech och weiderhin all Woch Méindes fir e Kichelchen. Dëss Folg huet sech d'Sammy e puer Prompts iwwerluecht an beschwätzt Bucket lists, Rootschléi an funky Iessens-Kombinatiounen mam Elena. Instagram Elena: @narratiophile Instagram Sammy: @s.vmmy Gitt iergendengem Haut e Kuss awer iergendeen deen e wëll. Kussi <3
4/9/202351 minutes, 5 seconds