Winamp Logo
HAM, FRITTEN & ZALDOT Cover
HAM, FRITTEN & ZALDOT Profile

HAM, FRITTEN & ZALDOT

Luxembourgish, Social, 1 season, 175 episodes, 4 days, 13 hours, 5 minutes
About
Méi Lëtzebuerg geet net. Den extrem seriö'en Podcast vum Pierre Jans a vum Matthias Kirsch.
Episode Artwork

#174 E Premier géint d'ganz Welt

De Luc Frieden ass net frou. Mat der lëtzebuergescher Press, déi hie wéinst dem Heescheverbuet net mat Rou léisst. Mat der auslännescher Press, bei där hie Saache gesot, awer net sou gemengt huet. Dréckt sech do een aus der Verantwortung? Ausserdeem: Lëtzebuerg huet seng Kandidatin fir de Eurovision Song Contest.
1/31/202437 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

#173 Habemus Oswald

Grad wou mer gemengt haten, am Dschungel vun de juristeschen Onsécherheete géif ni méi d'Sonn schéngen, lant e Procureur. D'Heescheverbuet huet also wuel keng juristesch Grondlag - mee d'Diskussioun ass domat nach laang net eriwwer. Ausserdeem: de Jean Asselborn geet an d'Pensioun an net an d'Europawahlen, a fir en CSV-Politiker kéint d'Spëtzekandidatur vum Nicolas Schmit nach eng schlecht Nouvelle ginn.
1/24/202437 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

#172 Schnéifräi?

D'Land geet am Schnéi ënner, d'Stad an de Polizisten, déi d'Heescheverbued ëmsetze sollen. Zënter e Méindeg ass déi nächst Phase vum ëmstriddene Gesetz amgaangen. Goufe scho Leit protokolléiert? Wat kascht dat? A wat, wann dee Protokoll net ka bezuelt ginn? Ausserdeem: Den Nicolas Schmit schéngt Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialiste fir d'Europaparlamentswalen ze ginn.
1/17/202438 minutes, 16 seconds
Episode Artwork

#171 Gloden vs Tonnar

Den Inneminister Léon Gloden mengt ze wëssen, wien d'Verantwortung dréit fir de Vandalismus u sengem Haus: d'Lëtzebuergesch Kulturzeen. Déi hat et gewot, den Här Affekot fir seng Decisiounen ze kritiséieren! Ausserdeem: de Premierminister Luc Frieden huet a sengem éischten Neijoerschinterview vill iwwert seng Vue op de Klimawandel verroden.
1/10/202441 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

#170 Ciao for now!

A schonn ass nees e Joer ëm. An der leschter Episod vum Joer schwätze mir iwwert d'Heescheverbuet an der Stad a kucken op déi politesch a medial Evenementer vum Joer 2023 zréck. Et geet ëm Walen, Mëttelfanger a Futtball - a natierlech ginn et nach Musik- a Podcastrecommandatiounen fir de Schluss vum Joer (oder de wäite Wee zréck op Lëtzebuerg).
12/20/202345 minutes, 49 seconds
Episode Artwork

#169 An der Keelt

De Wanter ass do a fir de neie Policeminister heescht dat: Zäit fir Heescherten aus der Stad ze geheien. De Leon Gloden huet d'Decisioun vu senger Virgängerin Taina Bofferding, de Stater "Platzverweis" net z'approuvéieren, réckgängeg gemaach. Ausserdeem: de längste Streik zu Lëtzebuerg zënter 30 Joer a den Ufank vum lëtzebuergeschen Eurovision Song Contest-Marathon.
12/13/202336 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

#168 Nei Käpp, al Diskussiounen

Déi nei Regierung steet. Mat gréisstendeels bekanntem Personal, mee awer e puer Iwwerraschungen. Ausserdeem: Wat war mam Koalitiounsaccord lass? An: Musek vu Lëtzebuerg - Cosmokramer!
11/22/202342 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

#167 De Premier seet: Näischt.

Stellt Iech vir, et wier Pressekonferenz, mee kee seet eppes! E bëssen d'Gefill, wat déi éischt Woche vum Luc Frieden senger Regentschaft zu Lëtzebuerg hannerloossen. Nach kéinten d'Gremie vun CSV an DP sech queesch stellen - gutt, datt déi dem Koalitiounsaccord mussen zoustëmmen, ier se en dierfe liesen...
11/15/202338 minutes, 40 seconds
Episode Artwork

#166 Zu Senneng gëtt op den Turbo gedréckt

Bis Enn nächster Woch wëllen CSV an DP duerch si mat hire Koalitiounsverhandlungen. E strammen Zäitplang, mee - wann een dem zukünftege Premier wëll gleewen - dann si sech déi zwou Parteie jo am grousse Ganzen eens. Bis op d'Posten, mee doriwwer schwätze mer (nach) net. Ausserdeem: de neie Beatles-Song an d'Oppositioun, déi sech waarm mécht.
11/8/202332 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

#165 Au revoir, Bruxelles-Bettel

De Pierre war um Xavier Bettel sengem - virleefeg - leschten EU-Sommet als Premierminister. Mir schwätzen iwwert seng EU-Karriär. Ausserdeem: e Bléck op diplomatesch Verzwackungen a Kultur-Tipps fir de Feierdag.
11/1/202332 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

#164 A mir schaffen!

D'Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP ginn an déi nächst Ronn, d'Aarbechtsgruppe sinn amgaangen ze schaffen. Wourop läit de Fokus? Wien sëtzt a wéi engem Aarbechtsgrupp? A wien ass guer net vertrueden? Ausserdeem: e Bléck op d'Wielerwanderung an d'Finanze vum Staat.
10/25/202335 minutes, 29 seconds
Episode Artwork

#163 De Luc späert d'Schlass zou

D'Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP ginn an déi nächst Phas. Fir d'Parteie leeft alles no Plang, fir de Presserot awer net. Wéist den #Luc, wéi hie wëlles huet, mat der Press ëmzegoen? Ausserdeem: déi gréng huelen sech endlech un hirer eegener Nues an d'lëtzebuergesch Futtballnationalekipp mécht sech d'Liewe ganz schwéier.
10/18/202339 minutes, 8 seconds
Episode Artwork

#162 Awer keng knapp Affär

D'Chamberwahlen 2023 si gelaf a Lëtzebuerg kritt eng nei Regierung. Wuel mat zum Deel ale Personal. Um Programm: den iwwerraschend däitleche Schluss vu Blo-Rout-Gréng. Déi ze erwaardend Ausriichtung vun enger CSV-DP-Regierung ënnert engem Premierminister Luc Frieden. D'Zukunft vun der LSAP. De gréngen Debakel. An de Ruck, dee rietsen.
10/11/202358 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

#161 Nach eng Woch: Eng knapp Affär

Virun de Chamberwahlen 2023 maache mir en Ausbléck. Wéi knapp gëtt et? Wéi ee Bezierk gëtt decisiv? An huet d'Affär Giorgetti en Afloss op d'Wahlresultat? Ausserdeem: Mir kucken op d'Nuit des Musées an eise Besuch am Festungsmusée.
10/4/202347 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

#160 Nach zwou Wochen: Death and Taxes

Zu Lëtzebuerg gëtt op Wahlplakater geschoss a net jidderee fënnt dat schlëmm. Wien huet d'Responsabilitéit fir esou eng Entwécklung? Ausserdeem: E Bléck op d'Propose vun de Parteien a Punkto Steierpolitik.
9/27/202346 minutes, 45 seconds
Episode Artwork

#159 Nach dräi Wochen: Wat maache mam Logement?

Dräi Woche virun de Chamberwahlen kucke mer op dee vläicht pertinentste Sujet vum Wahlkampf: de Logement. Wat hunn d'Parteie wëlles? Wien huet spannend Iddien? A wiem kann ee gleewen? Ausserdeem: E kuerze Bléck op en historesche Cargolux-Streik.
9/20/202349 minutes, 2 seconds
Episode Artwork

#158 Kee gudde Start

Déi éischt offiziell Wahlkampfwoch huet verschiddene Kandidate scho Steng an de Wee geluecht. Ausserdeem: Wat ass am lëtzebuergesche Prisongssystem lass? An en Ausbléck op eis Wahl-Episoden.
9/13/202337 minutes, 4 seconds
Episode Artwork

#157 Staffel 4, Episod 1

D'Vakanz ass eriwwer, d'Jongen si nees do. De Chamberwahlkampf huet offiziell ugefaangen an de Staatsrot gëtt nees hannerfrot. A wéi vill Wieler kruten d'Parteien a Brasilien mobiliséiert?
9/6/202342 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

#156 De Problem mat der Onscholdsvermuddung

Zu Lëtzebuerg gëtt géint véier Polizisten ermëttelt. De Virworf: Policegewalt. Ee vun de Polizisten soll e bekannte Sportler sinn. Doru knäppt och eng aner Debatt un, nämlech wéi Medien mat esou engem Fall ëmginn. Ausserdeem: e Bléck op "d'Affär" em d'Tatta Tom an dem Roy Reding seng Revanche.
7/19/202342 minutes, 54 seconds
Episode Artwork

#155 It's raining männlech Duebelspëtzten

No de Kongresser vun CSV an DP ass kloer, mat wéi engem Spëtzepersonal déi grouss Parteien an d'Chamberwahle ginn. Aus onerklärleche Grënn geet den Trend zu männlechen Duebelspëtzten. Ausserdeem: E Bléck op dem Premier seng Speserechnungen an eng lëtzebuergesch Nowuess-Basketspillerin, déi fir Rekorder suergt.
7/12/202341 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

#154 Roy ist raus?

De Roy Reding an d'ADR trennen sech. A wéi dat bei laange Relatiounen oft kënnt, ass de Schluss kee schéinen. Traut eng aner Partei sech erun? Ausserdeem: E kuerze Bléck op d'lëtzebuergesch Cannabis-Politik an e musikalesche Sprong an d'Vergaangenheet.
7/5/202338 minutes, 23 seconds
Episode Artwork

#153 Vu neien an aalen Leit un der Muecht

E neie Member fir d'Regierung: Muss dat véier Méint virun de Chamberwahlen nach sinn? Ausserdeem: E Bléck op d'Zukunft vun der Stad Lëtzebuerg. A Fudder fir d'Playlist gëtt et och nach.
6/28/202336 minutes, 45 seconds
Episode Artwork

#152 D'Kräizer si gemaach - an elo?

Part 1 vum Wahljoer 2023 ass an der Këscht. Wien huet op nationalem Plang bei de Gemengewahlen d'Nues fir? wien huet enttäuscht? Wat sinn déi grouss Geschichten aus dëser Wahlnuecht? 93 Gemenge, nach vill méi Mandater an eng Partei, déi sech ze wäit aus de Fënster geluecht huet.
6/14/202342 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

#151 Drëps um waarme Steen?

Nach eng Woch Dëppefester an dann ass et gepackt. De Gemengewahlkampf geet an déi final Phase a ganz éierlech: Et gëtt héich Zäit. Mir schwätzen iwwert e puer Gemenge, an deenen eis den Ausgang vun de Wahle besonnesch interesséiert. Ausserdeem: De Staat keeft Wunnengen. E Prezedenzfall oder just eng eemoleg Affär?
6/7/202339 minutes, 15 seconds
Episode Artwork

#150 Mam Bus op Ibiza

D'Luxair muss eng Réi Flich annuléieren - an direkt gi Stemmen haart, déi de Personalmangel bei der Airline kritiséieren. Ass eppes drun? Ausserdeem: d'Spiller vun de klenge Länner sinn amgaangen an d'Lëtzebuerger si nach ëmmer grouss Amateuren vun der Zigarett.
5/31/202340 minutes, 38 seconds
Episode Artwork

#149 Ciao Zweebrécken!

E klenge Suivi zur Affär Fayot, e stellvertriedende Bléck op eng Gemeng virun de Gemengewahlen an eng Gratulatioun an d'Futtballwelt – HAM, FRITTEN & ZALDOT, quick and dirty, well mir si nees ënnerwee.
5/24/202331 minutes, 46 seconds
Episode Artwork

#148 Lo gëtt et knaschteg

Tëscht der Inneministesch Taina Bofferding an der Stater Buergermeeschtesch Iron Lydie déit sech en Duell un. D'Heeschverbuet an der Stad Lëtzebuerg dierft wuel um Geriicht decidéiert ginn. Ausserdeem: Wat dierf eng Fläsch roude Wäin als Minister kaschten? De Franz Fayot ass no engem Mediebericht a Laberenten. Vill ze beschwätzen!
5/17/202340 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

#147 D'Wäisheet vum Alter

An der Stad ginn d'Säbele gerëselt - an all Hisiicht. Mir schwätzen iwwer d'Sécherheetspolitik, déi am Superwaljoer en Dauerthema bléift. A mir kucken op den Europadag. Ausserdeem: en Bléck an d'Preparatioun vu groussen Interviews!
5/10/202346 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

#146 Oops, I did it again..

Déi lëtzebuergesch Europadeputéiert Monica Semedo ass fir eng zweete Kéier innerhalb vun enger Legislaturperiod vum Europaparlament sanktionéiert ginn. Scho nees heescht d'Reproche: Harcèlement psychologique, oder och: Mobbing. Wat ass do scho nees lass? Ausserdeem: An der Affär em de Luxembourg Science Center deet sech eppes an déi rezentste Sonndesfro mécht der CSV e bësse Mutt.
4/26/202332 minutes, 42 seconds
Episode Artwork

#145 Op d'Lescht mat Iech!

Bei de Gemengewahlen gëtt et sou lues seriö. Mir schwätzen iwwert d'Proporzgemengen a wéi d'Parteien sech opstellen. Ausserdeem: E Bléck op d'Baukris zu Lëtzebuerg an e puer Recommandatiounen.
4/19/202340 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

#144 Här Bettel, mir wëlle Suen

Huet sech de Wand um Immobiliëmarché zu Lëtzebuerg wierklech gedréit? D'Kafpräisser ginn erof, mee d'Loyer'en erop. Wat sinn d'Grënn? Ausserdeem: De Radio 100,7 kritt méi Suen. Wat heescht dat fir de Programm an d'Zukunft vum Radio?
4/5/202338 minutes, 8 seconds
Episode Artwork

#143 Iron Lydie strikes again

Am Wahljoer well d'Lydie Polfer gär déi beis Heescherten aus der Stad geheien. Ganz zur Freed vun hirer Stammwielerschaft, de Stater Geschäftsleit. Sozial Politik geet anescht. Ausserdeem: Zwee Traditiounsmedien feieren ronn Gebuertsdeeg an de lëtzebuergesche Bistro soll verschwannen, oh no!
3/29/202341 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

#142 Ass d'Ländchen prett dofir?

D'Partei Fokus huet hire Wahlprogramm lancéiert - mat e puer duerchaus interessante Gedanken. Mir schwätzen iwwert hir Proposen an d'Anuerdnung vun der Partei an de letzebuergescher Parteielandschaft. Ausserdeem: D'Bankegewerkschaft Aleba huet Ambitiounen an d'Mediewelt setzt sech mam wichtegen Thema Aarmut zu Letzebuerg auseneen.
3/22/202339 minutes, 3 seconds
Episode Artwork

#141 Ground Control to Major Belval

Vu Lëtzebuerg bis an de Weltall a vun do bis un d'Front an der Ukrain: Wat huet et mat der chineesescher Firma Spacety Luxembourg op sech? Ausserdeem: de Stellungskrich an der Ukrain, de Verglach zu der europäescher Westfront am Éischte Weltkrich a wat d'Oscars 2023 domat ze dinn hunn.
3/15/202335 minutes
Episode Artwork

#140 E Mëttelfanger fir d'Inflatioun?

Eng Episod, leider opgeholl virum neie berühmteste Mëttelfanger vum Land. Dofir mat dem Best-Of -Lëtzebuergesch Top-Begrëffer: Tripartite, Mëttelstandsbockel a Steierbarème. A Musek gëtt et och nach.
3/8/202335 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

#139 Här Bausch, mat 273 Milliounen kann ee vill Wunnraum schafen

D'Kaz ass aus dem Sak: d'lëtzebuergesch Regierung keeft d'Hallschent vun HAM, FRITTEN & ZALDOT fir de Schnäppchepräis vun 273,5 Milliounen Euro. Ausserdeem: de Logementsminister Henri Kox invitéiert d'Bau-Branche an d'LSAP spillt a Saache Koalitioun 4D-Schach.
3/1/202339 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

#138 Wou geet et hin, Europa?

Zu Bréissel war e besonnesche Sommet, bei deem de Xavier Bettel eng remarkabel Ausso getraff huet. Huet d'EU a Saache Migratioun eng - traureg - Kéier geholl? Ausserdeem: De Bléck op eng journalistesch Recherche an e lëtzebuergeschen Entrepreneur. A frësch Musek fir d'Playlist.
2/15/202338 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

#137 D'Madame Backes an hire Kuerf voll Suen

2023 ass net just Superwahljoer, mee natierlech och Superwahlverspriechenjoer. An do duerfe Steiererliichterungen net feelen, wou kéime mer soss hin. Ausserdeem: Deeler vum Enseignement hunn Angscht virun der kënschtlecher Intelligenz an d'Kolleegen aus der Buvette feiere Gebuertsdag.
2/8/202338 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

#136 Can't let Friedrich have all the fun

D'Erneierung bei der CSV kritt am Hierscht 60 Joer. De Luc Frieden wäert wuel, wann d'Partei net nach grouss iwwerrascht, als Spëtzekandidat an d'Course goen. Do freet een sech dann awer schon, ob iergendeen an der Partei laangfristeg denkt. Ausserdeem: Wat ass bei de Jugendorganisatiounen vun de Parteie lass?
2/1/202338 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

#135 Drei Engel für Xavier?

Et déit alles dorops hin, datt d'LSAP mam Paulette Lenert als Spetzekandidatin an d'Chamberwahle geet. An d'Génge-Spetzt weist mat béiden Hänn op d'Sam Tanson als Zuchpäerd. Zitt d'CSV no a schéckt och eng Fra an d'Course? Ausserdeem: Firwat d'Inhalter virun der Wal eng méi wichteg Roll sollten anhuelen, a wéi de Marc Angel sech zu Stroosbuerg esou séier eropgeschafft huet.
1/25/202341 minutes, 9 seconds
Episode Artwork

#134 Drënner an driwwer

De Xavier Bettel léisst sech den Zirkus zu Davos alt nees net entgoen, d'Paulette Lenert wëll d'Croix Rouge zu enger laang iwwerfälleger Decisioun iwwerrieden an d'Vicky Krieps huet zwar e gudde Film gedréint, op deen awer nach laang an de Kinoe soll lafen, ass eng aner Fro.
1/18/202338 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

#133 Départ an d'Superschaffjoer

Gemengewahlen am Juni, Chamberwahlen am Hierscht - an d'Parteien weisen an den éischten Deeg vum neie Joer, datt se chaud op Streidereie sinn. Mir kucken op dat, wat 2023 am Politik-Lëtzebuerg usteet, schwätzen iwwert de Neijoerschdags-Interview vum Xavier Bettel an d'Reaktiounen dorops, a fidderen eis Playlist mat neier Musek.
1/11/202334 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

#132 Ass dat eng Chrëschtfeier?

Kuerz viru Chrëschtdag huet d'Chamber sech nach e Bonbon prettgeluecht. Am Parlament gëtt des Woch iwwert d'Verfassungsreform ofgestëmmt. Wat heescht dat fir d'Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger? Wei eng Chance goufe verpasst? A firwat? Ausserdeem: Eise Best-Of zum Joresofschloss. Des Bicher, Lidder, Filmer an Texter hunn eis besonnesch gutt gefall.
12/21/202237 minutes, 50 seconds
Episode Artwork

#131 Lydie P. géint déi ganz Welt

Halt de Gaardeschlauch prett, an der Stater DP gëtt sechs Méint virun de Gemengewale schon dreckeg gespillt. Ausserdeem: An der Plagiatsaffär ëm de lëtzebuergesche Kënschtler Jeff Dieschburg ass en Urteel gefall an de Pierre war eng sëlwer Plaquette ofhuelen.
12/14/202241 minutes, 16 seconds
Episode Artwork

#130 Fränz, hei gëtt et keng Transparenz

Wéinst engem Geriichtsurteel ass e Register zougemaach ginn, dee besonnesch fir investigativ Medien en immens wichtegen Outil war. Firwat? A wat bedeit dat fir d'Aarbecht vu Journalist*innen zu Lëtzebuerg an an Europa? Ausserdeem: de Pierre Gramegna kritt säin laang erhofften EU-Job, wärend d'Europadeputéiert Monica Semedo nees mat Mobbing-Virwërf konfrontéiert ass.
11/30/202236 minutes, 6 seconds
Episode Artwork

#129 E gudde Boomer gëtt net krank

Dem lëtzebuergeschen Handwierk feele Leit. D'Äntwert läit fir d'Chambre des métiers op der Hand: Loosst déi faul Säck hir Krankheetsdeeg selwer bezuelen, djö! Ausserdeem: Aus wat fir engem Traité ass Lëtzebuerg elo scho nees erausgeklommen? An: Musek, Literatur a schamlos Eegewerbung.
11/23/202237 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

#128 By Orders of His Majesty

Et schneidert nees zu Lëtzebuerg, mee ausnamsweis ass net den Etienne schold. Mir schwätzen iwwert d'Causa Frank Schneider, de Futtball an der Futtballnatioun Qatar an iwwert eng Kürbiszopp, déi dem Pierre säi Liewen verännert huet.
11/16/202237 minutes, 4 seconds
Episode Artwork

#127 Dat gëtt et dach net!

Den Zoufäll huet zwee Bouwen mol nees zesummebruecht. An dat heescht: Ham, Fritten & Zaldot op enger Plaz! D'Themen: 20 Joer Luxair-Accident an den Ufank vum Gemengewalkampf. An e puer Recommandatiounen!
11/9/202244 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

#126 Gëff Gas!

Net nëmmen um Kierchbierg beim Claude Turmes, mee och zu Bréissel ass et ëm Gas, Noutfallpläng a Co. gaangen. Als reegelméissege Sommets-Gaascht weess de Pierre natierlech méi. Ausserdeem: am Fleegesecteur hunn d'Léit d'Flemm an zu Lëtzebuerg gouf en Documentaire iwwer de Fraefussball gedréit!
10/26/202236 minutes, 20 seconds
Episode Artwork

#125 Lo geet et ëm d'Mëtsch

Wann den Alldag ze schlëmm gëtt, da sicht een gär mol Halt a manner wichtegen Saachen. An enger Kompetitioun tëscht Croissant an Aachtchen, zum Beispill. Mir gi natierlech eise Pefferkär zur wichtegster Debatt am Land. Ausserdeem: Firwat gleeft d'LSAP nach ëmmer der DP hir Verspriechen zu enger Steierreform? An ass den Discours vun der Policegewerkschaft geféierlech?
10/19/202243 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

#124 Podcast zur Lag vun der Natioun

Et war alt nees sou wäit: mat der Ried zur Lag vun der Natioun huet de Wahlkampf 2023 ugefangen. Mee hat de Xavier Bettel eppes interessantes z'annoncéieren oder gouf sech alt nees virun allem selwer op d'Scheller geklappt? Eng éischt Reaktioun op den Etat de la Nation. E besse Musik an en Serien-Empfehlung gett et awer och nach.
10/12/202231 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

#123 Dat hei gëtt e Blockbuster

Goufe beim Lëtzebuergesche Filmfong mat ëffentleche Sue gespillt? No laanger Enquête kënnt e Rapport zu engem éischte Fazit. Ausserdeem: Lëtzebuerg weess net sou richteg, wou am Ländchen Liewensmëttel verbëtzt ginn an d'Klinik zu Ettelbréck huet e Problem mat der Pompel.
10/5/202234 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

#122 D'Wuert vum Joer

Et sinn Tripartite-Wochen zu Lëtzebuerg. No där "grousser" Tripartite stoung elo och nach eng Aviatiounstripartite un. Wat kënnt wuel als Nächstes? Ier et esouwäit ass, awer nach e Bléck op dat, wat déi lescht Woch am Ländchen geschitt ass.
9/28/202239 minutes, 54 seconds
Episode Artwork

#121 Tripartite-Winter is coming!

Ginn Regierung, Gewerkschaften a Patronat op d'Sennenger Schlass...wat wéi den Ufank vun engem Witz klengt, decidéiert wéi de Wanter zu Lëtzebuerg wäert ausgesinn. Ausserdeem ware politesch Box-Wochen am Ländchen. Um Programm: Piraten vs. Claude Turmes an CSV-Lokalpolitiker vs. Jonk Gréng.
9/21/202235 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

#120 Lo gräift de Comptoirsminister an

Alt nees heescht et: CNS vs Fapsylux. Wat kléngt wéi en Duell tëscht zwee Pokemon, ass leider fir vill Patientinnen a Patienten eng seriö Fro. Gi sech d'Psychotherapeuten an d'Gesondheetskeess endlech eens? Ausserdeem: Den Turmes'schen Spuerprogramm ass lancéiert an den Dylan "Nationale" Pereira huet endlech säin Titel geholl.
9/14/202242 minutes, 40 seconds
Episode Artwork

#119 Alles just waarm Berliner Loft

D'Politiker sinn zréck vun der Côte d'Azur a vu Knokke, d'Summerlach geet zou. Wat ass vun den éischte Gespréicher a Richtung Tripartite z'erwaarden? Ausserdeem: d'Präisser op der Fouer suergen fir Opreegung an eng Rei Verhütungsmëttel gi gratis. A bridderlech Musek gëtt et och.
8/23/202238 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

#118 Ouni Grompekichelcher geet hei näischt!

Datt d'Gaspräisser géife klammen, hate mer schon héieren. Elo gëtt et eng konkret Prognos fir den Hierscht zu Lëtzebuerg. Ausserdeem: den Impfstoff géint d'Afepouken ass ukomm an de Pierre an de Matthias stellen de perfekten Owend op der Schueberfouer op!
8/17/202244 minutes, 8 seconds
Episode Artwork

#117 Summerlach?

D'Chamber ass mat enger absolutter Barrage u Gesetzer an d'parlamentaresch Summerpaus gewandert. Leider ass eis Summervakanz méi kuerz. Kee Problem! Mir schwätzen iwwert den Télétravail, iwwer interessant Steiertalenter an Aktivistinnen an engem Bësch.
8/3/202241 minutes, 45 seconds
Episode Artwork

#116 Kommunikatioun ass eppes Schwéieres

D'Impfflicht ass vum Dësch. Komesch, mir hate gemengt, et géif de Coronavirus net méi ginn? Ausserdeem: Den Etienne Schneider flitt nees duerch de Weltall an d'lëtzebuergesch EU-Deputéiert fale mol eng Kéier positiv op!
7/13/202237 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

#115 Huel däin Dreck nees mat!

De Xavier Bettel war op Kiew. En hat seng beschten Tenue mat, huet de Fernand Etgen awer doheemgelooss. Wat dat wuel bedeit? Ausserdeem: d'EU-Energieministeren sichen zu Lëtzebuerg no Léisungen an um Stauséi hu sech d'Lëtzebuerger:innen alt nees net beholl.
6/29/202240 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

#114 Erneierung fänkt bei der Optik un!

Déi al CSV gëtt elo ganz nei, wierklech! Ausserdeem: Skandal op der weltberüümter Biennale vu Stroossen an am Stade Etienne Schneider geet et drënner an driwwer.
6/15/202247 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

#113 Dee Livestream gëtt chaud!

Fir deen een ass et déi grouss Nout, fir déi aner de politeschen Event vum Joer: Wann den ukrainesche President an d'Chamber kennt, treffen Welten openeen. Ausserdeem: De Xavier Bettel war zu Davos an d'HFZ-Playlist profitéiert vun der Museks-Renaissance.
6/1/202234 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

#112 Um Potaschbierg op der Tankstell

D'Paulette National ass alt nees a Laberenten. Wat huet e Gesondheetszenter, dee keng Klinik well sinn, domat ze dinn? Ausserdeem: An der Affär Dieschbourg/Traversini haakt et. Muss eng ganz nei Prozedur geschaaft ginn, fir ze decidéieren, wien déi fréier Ministesch unhéieren dierf? Um Schluss gëtt et dann nach e Koup Musek.
5/18/202233 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

#111 Am Stärenhimmel

Et ass Europadag an dat heescht: de Pierre huet fräi, wärend de Matthias muss schaffen. Trotzdeem werfe mer e klenge Bléck op dëse Feierdag. Ausserdeem: den Tripartite-Mesure-Pak kéint scho nees a Gefor sinn an den Gender Pay Gap zu Lëtzebuerg entwéckelt sech an déi richteg Richtung. A nei Musek gëtt et och.
5/11/202233 minutes, 16 seconds
Episode Artwork

#110 Et ass just e Stéck Pabeier

Do hunn Déi Gréng eis nawell schéi krut! Kee Superminister, dofir alt nees eng Memberskaart un d'Fra bruecht. Dat ass scho clever. Ausserdeem: De Matthias dierf elo am Pierre seng zweet Kummer wunne kommen - awer just dräi Méint am Joer!
5/4/202234 minutes, 45 seconds
Episode Artwork

#109 Bonjour, Här Superminister

Mir schalten op Paräis, wou de Pierre d'Presidentschaftswalen verfollegt huet, a kucken, wat d'Walresultat fir Lëtzebuerg heescht. Ausserdeem si mir faszinéiert vum neie lëtzebuergesche Superminister, denken awer driwwer no, wat d'Affär Dieschbourg personell fir Déi Gréng bedeit - och am Hibléck op d'Chamberwalen 2023.
4/27/202240 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

#108 Wou fiers de hin?

Bei eise franséische Noperen gouf gewielt an och zu Lëtzebuerg hu Fransousen hir Stemmen ofginn. D'Studente-Bourse gëtt un d'Inflatioun ugepasst an eis heroesch Europadeputéiert muss sech nees géint ganz béis Virwërf wieren.
4/13/202233 minutes, 29 seconds
Episode Artwork

#107 Wou ass d'rout Linn?

Nodeems néi schrecklech Krichsverbriechen aus der Ukrain ëffentlech ginn, stellt sech d'Fro: Wou bléift déi grouss Reaktioun? Och Lëtzebuerg hält sech bedeckt, wierklechen Drock aus dem Parlament gëtt et net. Ausserdeem: De Réckbléck op déi chaotesch Tripartite-Evenementer vun der vergaangener Woch. A Fudder fir d'Playlist gëtt et och.
4/6/202241 minutes, 59 seconds
Episode Artwork

#106 Biergerinnen a Bierger, elo ass et un Iech

Et war mol nees eppes lass am politesche Lëtzebuerg: Tripartite-Gespréicher mat duerchaus frowierdegen Resultater, zwee Parteikongresser mat erstaunlech wéineg Géigewier, a Suen fir d'Arméi gëtt et och nach. Kuerz: Et gouf vill ze beschwätzen. An e Spoiler gëtt et och: de Matthias an de Pierre si sech bei wäitem net iwwerall eens.
3/30/202248 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

#105 "Hallo? Hallo!"

Dräi Wochen no der russescher Invasioun an der Ukrain hellt de Xavier Bettel d'Saach selwer an d'Hand. Huet säin Appell zu Moskau iergend en Impakt? Ausserdeem: d'Zuel un ukrainesche Refugiéeën zu Lëtzebuerg klemmt an am Land leien weiderhin Milliarden u russesche Suen. Donieft kucke mer kuerz op de virleefegen Enn vun de Corona-Mesuren zu Lëtzebuerg.
3/16/202234 minutes, 2 seconds
Episode Artwork

#104 Ouni Wierder

Déi russesch Invasioun an der Ukrain geet weider, mëttlerweil sinn déi éischt Refugiéeën zu Lëtzebuerg ukomm. Mir schwätzen iwwer d'Solidaritéitsbeweegung zu Lëtzebuerg, wéi een vu Lëtzebuerg aus kann hëllefen a wéi d'Land sech preparéiert op dat, wat nach kéint geschéien. Ausserdeem: D'LSAP huet eng nei Parteispëtzt a Fudder fir d'HFZ-Playlist.
3/9/202238 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

#103 An d'Welt huet op eemol anescht ausgesinn

Déi russesch Invasioun an der Ukrain ass d'Haaptthema bei HAM, FRITTEN & ZALDOT. Mir kucken natierlech besonnesch op Lëtzebuerg: d'Reaktioun vum Grand-Duché, d'Auswierkunge vun de Sanktiounen op Lëtzebuerg, dat laangt Zécken vun zwee fréiere Ministeren. Ausserdeem: En Appell, sech trotz - oder grad wéinst - de schreckleche Biller och e Moment vun der Rou z'erlaben a no senger eegener mentaler Gesondheet ze kucken.
3/2/202241 minutes, 55 seconds
Episode Artwork

#102 Buckle Up, Cowboy

Déi ganz politesch Welt steet op der Kopp. Déi ganz politesch Welt? Nee! An engem klenge Grand-Duché wiert sech e klenge Grupp Leit géint de Status Quo. Wat ass vun der Grënnung vun der neier Partei Fokus ze halen? Ausserdeem: de Mulles Mubautz schreift zweiwelhaft Gedichter, de Jacques Poos ass gestuerwen an den Transfert vun engem Reporter mécht sech bezuelt.
2/23/202240 minutes, 4 seconds
Episode Artwork

#101 Die Ruhe vor dem Sturm

Lëtzebuerg féiert alt nees e ganz besonnesche Vältesdag. Ausserdeem: Wéi ass déi lëtzebuergesch Positioun zum Konflikt an der Ukrain a wéi beaflossen d'wirtschaftlech Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Russland dës Positioun?
2/16/202235 minutes, 1 second
Episode Artwork

#100 Blos di Käerz aus a weider geet et!

Wéi HAM, FRITTEN & ZALDOT jonk war, huet eis Mamm ëmmer gesot: Gerot net un déi falsch Leit! Hätt eisen Henri do nëmme nogelauschtert. Ausserdeem: Lëtzebuerg huet der Coronapandemie mol sou richteg d'Lewitte gelies an den Impfgéigner domat eng grouss Freed gemaach. Zum Ofschloss blécke mer dann awer nach e bëssen zréck op 100 Podcast-Episoden. Wansinn!
2/9/202257 minutes, 54 seconds
Episode Artwork

#99 E Succès fir d'Wëssenschaft

De Xavier Bettel schéngt seng Plagiatsaffär z'iwwerstoen, mee louabel ass d'Affär fir kee Bedeelegten. Ausserdeem: De Bierger-Klimarot hat seng éischt Sëtzung an den Immobilien-Agencen soll et un d'Cravatte goen.
2/2/202234 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

#98 Wat wënschs de der?

D'Anti-Impf-Manifestatiounen vun de leschte Wochen a Méint werfen d'Fro no der Noutwennegkeet vun engem Demonstratiounsgesetz op. Ass dat e klassesche Fall vun "Be Careful What You Wish For?" Ausserdeem: D'Schwurbler haten en Ausfluch gemaach, d'Circulaire Bettel mécht e wéineg erfreeleche Comeback an d'2000er wëllen hir Musek zeréck.
1/26/202237 minutes, 40 seconds
Episode Artwork

#97 Nun sag, wie hast du's mit der Impfpflicht?

Zënter dëser Woch gëllt zu Lëtzebuerg den 3G op der Aarbechtsplaz. Geet dat gutt oder ass et am Endeffekt just eng Sisyphos-Aarbecht? Ausserdeem: Police an Demonstranten danzen Tango an d'LSAP well vun der Impfflicht näischt wëssen.
1/19/202237 minutes, 53 seconds
Episode Artwork

#96 Lo geet de Spaass un!

Eng nei Partei, e puer däitlech (an onpassend) Wierder an e Policeminister ënner Drock: Dat neit Joer fänkt nawell anstänneg un! Et gëtt also genuch ze beschwätzen. Ausserdeem: eng Doku, zwee Bicher a nei Musek vu Lëtzebuerg!
1/12/202245 minutes, 44 seconds
Episode Artwork

#95 Until The Fat Lady Sings

Ass HFZ dëst Kéier méi séier wéi de Virus? Gutt méiglech. D'Regierung muss kuerz virun de Feierdeeg d'Mesuren unzéien. Ausserdeem: D'Schwurbler waren op der Télé an hu geschwurbelt. Dobäi hu se sech virun allem awer selwer entlarvt a bewisen, datt mat hinne net ze schwätzen ass.
12/22/202138 minutes, 38 seconds
Episode Artwork

#94 War eppes?

De Vakanzen-Timing vun HFZ war, soe mer et virsiichteg, excellent. Hu mer eppes verpasst? An dëser monothematescher Episod schwätze mir iwwer d'Schwurbler, d'Manifestatiounen zu Lëtzebuerg an "de Policestaat!" (sic!).
12/15/202142 minutes, 27 seconds
Episode Artwork

#93 Kaf Mech, Baby

Black Friday, Cyber Monday a Co. - de Konsumwan huet nees iwwerhand geholl. Wat hale mer dovunner? Ausserdeem: d'Land huet e neie Rocket Man an um Geriicht ginn Affekoten a Riichter uneneen.
12/1/202141 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

#92 Eng Fro vun der Léift

Nous Xavier huet sech fir d'éischte Kéier zënter senger Plagiatsaffär nees virun d'Press getraut. Wat koum dobäi eraus? Ausserdeem: Lëtzebuerg boostert monter drop lass, de Mr. Royal 100% war nees op Besuch a vill Stoff fir d'HFZ-Playlist!
11/24/202135 minutes, 6 seconds
Episode Artwork

#91 Guess Who's Back. Back Again.

Däitschland ass Weltmeeschter! Bei de Corona-Neiinfektiounen. Zu Lëtzebuerg ass d'Lag natierlech net besser. Mir schwätzen iwwert ongemittlech Decisiounen, schlecht Impfquoten - an de Bäcker!
11/17/202135 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

#90 Dat war dach en Eelefmeter! feat. Gilles Immer

Sebastien Thill, CS Grevenmacher, Flavio Becca – d'Richtung ass kloer. Dës Episod vun HFZ steet am Zeechen vum Futtball. Mam Invité Gilles Immer, engem vun den Hosts vum lëtzebuergesche Futtball-Podcast Buvette schwätze mir iwwer d'Professionaliséierung vum Futtball zu Lëtzebuerg, iwwer eng opstriewend Nationalequipe an alles, wat ee sech vun der Gëllener Generatioun nach erwaarde kann.
11/10/202136 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

#89 Ëmmer en Dag ze spéit

Copy Pasta, Basta! Eise Xavier stécht Knéidéif an enger Plagiatsaffär. Mee geschitt elo iergendeppes oder ass et dem Land total wurscht? Ausserdeem: De Coronavirus kennt mat Vollgas zréck, wärend e Pirat d'Boot muss verloossen.
11/3/202140 minutes, 1 second
Episode Artwork

#88 Na, begriffen? Wir kiffen, wir kiffen, wir kiffen!

Dat lëtzebuergescht Gras mécht weltwäit Schlagzeilen. Huet d'Regierung e Moossname-Pak gebastelt oder just e klenge Bonbon, fir hir verpasste Cannabis-Legaliséierung guttzemaachen? Ausserdeem: En Immobilie-Mogul huet vill iwwer sech verroden an de Pierre reegt sech op.
10/27/202135 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

#87 Mam wäissen Hiem an d'Chamber

Eng Beweegung géint d'Corona-Mesuren gewënnt zu Lëtzebuerg ëmmer méi Supporteren. Wat huet et domadder op sech? Ausserdeem: Alt nees e Covid-19-Cluster an engem Altersheem an e Kënschtler, deen eis aus de Schlappe geheit huet.
10/20/202133 minutes, 46 seconds
Episode Artwork

#86 Wohin gehst du, wenn du sagst, dass du nach Hause gehst?

Wat beschäftegt déi jonk Leit vun haut? Dat huet den HFZ-Bopa Pierre d'Lëtzebuerger Student:innen gefrot. Ausserdeem: De Xavier Bettel huet en Imagefilm gedréit an de Kowitschek suergt nees fir schlecht Stëmmung.
10/13/202134 minutes, 46 seconds
Episode Artwork

#85 Wenn drei sich streiten...

No kuerzer Paus (Danke, Merkel!) ass HFZ nees do: Mir schwätzen iwwer de Revirement bei der Cannabis-Legaliséierung, iwwer d'Revelatiounen vun de Pandora Papers an iwwer d'Bundestagswal, déi de Matthias schwéier beschäftegt huet.
10/6/202139 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

#84 Abschied auf Raten

Den Dan Kersch hält op. Warscheinlech. Awer eréischt an zwee Joer. Mee vläicht och net? Och HFZ huet keng definitiv Äntwert. Ausserdeem: Wat huet eng Impfflicht mat Moralphilosophie ze dinn, firwat halen 2021 souvill Lëtzebuerger Sportler:innen op a wat huet TUYS mat Metallica ze dinn?
9/22/202141 minutes, 12 seconds
Episode Artwork

#83 Zwee Headhunter an e Ventilator

D'EU-Institutiounen zu Lëtzebuerg hu Problemer Leit ze rekrutéieren. Ausserdeem: d'Schoulflicht gëllt an Zukunft net méi bis 16, mee bis 18 Joer. Wat dat mat sech bréngt a firwat elo scho Leit eng drëtt Impfung kréien, an der neier Episod vun HAM, FRITTEN & ZALDOT.
9/15/202135 minutes, 38 seconds
Episode Artwork

#82 Put That On A Wahlziedel!

Net méi fënnef Joer waarden: Fir Auslänner soll et méi einfach ginn, bei de Gemengewahlen ze wielen an ze kandidéieren. Ausserdeem: Beim Projet Südspidol gëtt d'Noutbrems gezunn an de Large Scale Testing geet op en Enn. Zu gudder Lescht dann nach e Musekstipp vum lëtzebuergeschsten Net-Lëtzebuerger ever!
9/8/202137 minutes, 15 seconds
Episode Artwork

#81 D'Crux mat der Aktualitéit

Wéi ass et fir d'Lëtzebuerger aus Afghanistan weider gaangen? Doriwwer schwätzen de Matthias an de Pierre mat enger Woch Ofstand. Ausserdeem: D'Rentrée kennt méi no an beim Corona-Konzept fir d'Schoulen gëtt et nach vill Diskussiounsbedarf, mir sprangen mat eiser Zäitmaschinn an d'Joer 1942, a mir hunn déi offensichtlechst Musek-Recommandatioun vun der Welt dobäi.
9/1/202134 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

#80 D'Muecht vun de Biller feat. Fotograf Jean-Marc Turmes

D'Situatioun an Afghanistan ass och fir eng Réi Persounen mat Lien op Lëtzebuerg net einfach. Wéi schafft Lëtzebuerg drun, déi Leit aus Kabul erauszekréien? Ausserdeem: Wat mécht eigentlech eise Premier a wat huet d'Lydie Polfer mat der aarmer Schueberfouer gemaach?
8/25/202143 minutes, 23 seconds
Episode Artwork

#79 War et dat wäert?

D'Evenementer an Afghanistan sinn dat grousst Thema vun der Woch. Wéi war Lëtzebuerg militäresch vertrueden a wéi eng Roll spillt de Grand-Duché an der aktueller Situatioun? Ausserdeem: D'Corona-Steier vum Dan Kersch kënnt esou mëttelgutt un an e Lëtzebuerger Extremsportler huet e Weltrekord gebrach.
8/18/202142 minutes, 40 seconds
Episode Artwork

#78 Drei Engel für Charlie

De Leefer Charel Grethen mécht sech bei Olympia zum neien Lieblingssportler vum Land. Mee grousse lëtzebuergeschen Gewënner ass zu Tokyo en aneren! Ausserdeem: a Klimarapport spells trouble an d'Chambre des Députés huet nees Problemer an der IT-Abteilung.
8/11/202135 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

#77 10 000 Euro de Quadratmeter feat. Max Leners

Zu Lëtzebuerg eng Wunneng bezuelen? Vir vill Leit schon zënter Joren eng Saach vun der Onméiglechkeet. Wat leeft schif mam Logement zu Lëtzebuerg? Ass et schon ze spéit, eppes un der Situatioun ze veränneren? A wa net, wien dréit d'Responsabilitéit? Mam Generalsekretär vun der Fondation Robert Krieps an Affekot Max Leners schwätze mer dës Woch iwwer de Logementsproblem zu Lëtzebuerg.
8/4/202159 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

#76 Dës Episod ass privat!

De Retour aus der Summerpaus! Hate mer eis déi falsch zwou Woche rausgesicht? Eventuell. Déi gutt Nouvelle: Et ass nach ëmmer vill lass. D'Corinne Cahen blockéiert, Pegasus spionéiert an de Verwaltungsrot vum radio 100,7 nominéiert!
7/28/202140 minutes, 9 seconds
Episode Artwork

#75 De Comeback vum Heidi

Fir d'zweete Kéier an dëser Pandemie geréit de Saumur an d'Schlagzeilen. Huet sech de Xavier Bettel am Strip-Club mam Coronavirus ugestach? Ausserdeem: d'Steiervermeidungsparadäis Lëtzebuerg ass nees an de Schlagzeilen an zwielef Athleten fueren fir d'Land op d'Olympiad zu Tokyo.
7/7/202134 minutes, 54 seconds
Episode Artwork

#74 Ech leeën dech op d'Kräiz!

Iwwer Kräiz impfen oder net? Dat ass hei d'Fro! Ausserdeem: De Reeboufändel gouf alt nees vun Entreprisen mëssbraucht an zu Lëtzebuerg gëtt eng Rassismus-Etude lancéiert!
6/30/202131 minutes, 40 seconds
Episode Artwork

#73 An domat zréck op de Kierchbierg feat. Caroline Mart

An dëser Episod vun HAM, FRITTEN & ZALDOT geet et ëm Journalismus: Wat ass gutt, wat ass schlecht? Wat huet eis iwwerhaapt an déi Branche gespullt? Dat kënne mer natierlech net eleng maachen: Dofir erzielt eis och d'RTL-Journalistin Caroline Mart vun hirem Wee an de Journalismus, vu Fraequoten an den 80er an deem, wat bei enger Talkshow alles ka schifgoen.
6/16/20211 hour, 6 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

#72 Iron Lydie is back!

En epesche Kampf déit sech an der Stad Lëtzebuerg un. Op d'Vëlosfuerer d'Iron Lydie an d'Knéie wäerten zwéngen? Ausserdeem: D'Bedeitung vun de G7-Stéierpläng fir Lëtzebuerg an eng wichteg Petitioun wäert an der Chamber diskutéiert ginn.
6/9/202139 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

#71 Eng ganz urgent Episod

Am Spidolswiesen deet sech eppes, mee net jiddereen mécht mat! Ausserdeem: Onse Pierre ass elo LuxPrivat-Star an de Summer, inklusiv Soundtrack, ass do.
6/2/202134 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

#70 Op d'Boot mat iech!

Déi bescht Woch vum Joer ass amgaangen: Päischtcroisière! De Comeback vun der lëtzebuergescher Nationalvakanz. Ausserdeem: Diskussiounen em d'Cannabis-Legaliséierung an de Xavier Bettel kritt e neien Chef de Cabinet.
5/26/202135 minutes, 29 seconds
Episode Artwork

#69 E Moien am Whirlpool

Onrou am Paradäis zu Munneref, Kläppereien op der Kinnekswiss an d'Reouverture vun der Banne-Gastronomie: Eng turbulent Woch zu Luxusbuerg!
5/19/202135 minutes, 54 seconds
Episode Artwork

#68 Welcome to the New Age

Impfnowierkungen, de Sträit em d'Impf-Patenter an d'Sécherheet an der Stad Lëtzebuerg. Ausserdeem: E Very Special Guest!
5/12/202132 minutes, 20 seconds
Episode Artwork

#67 It's the Pressefräiheet, stupid

Um Dag vun der Pressefräiheet schwätzen de Matthias an de Pierre iwwer Transparenz, déi nei Präsidentin vun der Cargolux an e bestëmmten "Siggy", de neie Patréiner vun de Lëtzebuerger Vëlosfuerer:innen!
5/5/202137 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

#66 Do ass eppes ondicht

Näischt ginn, dëst Joer mat lëtzebuergeschen Oscar. Dofir huet eist Hollywood-Vicky sech awer mat enger Kabes-Aktioun gutt blaméiert. Ausserdeem: de Claude Wiseler ass neien CSV-Präsident a mécht elo - wierklech wouer! - alles ganz anescht!
4/28/202136 minutes, 32 seconds
Episode Artwork

#65 Hal d'Schëller dohin!

D'fräiwëlleg Impfcampagne huet zu Lëtzebuerg ugefaangen, de Paul Helminger ass gestuerwen a beim Radio 100komma7 ass den Direkter erausgeflunn. Ausserdeem: E klenge Rant iwwer de grousse Futtball a wéi ëmmer: Fudder fir d'HFZ-Playlist.
4/21/202134 minutes, 59 seconds
Episode Artwork

#64 Luxusbuerg Is Back!

Et misst u sech de "richtege" lëtzebuergesche Nationalfeierdag sinn: Den Dag, un deem d'Logementspräisser vum Virjoer verëffentlecht ginn! Ausserdeem: No engem Joer Pandemie kënnt eng Testpflicht fir Visiteuren vun Altersheemer a mir schwätzen iwwer d'Thema Faulheet!
4/14/202135 minutes, 20 seconds
Episode Artwork

#63 A lass an de Süden!

An der Chamber gëtt revoltéiert, d'CNS mécht en Effort a Lëtzebuerg ass endlech e 634000 Awunner-Land! Wann dat net Grënn fir eng Spezial-Ouschterepisod sinn, da wësse mir och net..
4/7/202130 minutes, 53 seconds
Episode Artwork

#62 Elo mol seriö

HAM, FRITTEN & ZALDOT krut dës Woch en anonymmen Tipp. A well mer gutt Journaliste sinn, verbreede mer déi Rumeur einfach weider: Anscheinend ass Fréijoer! An Dir wësst, wat dat heescht: Neies vun der CSV, eng historesch Victoire vun de Roude Léiwen an e Patt op der Terrasse.
3/31/202127 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

#61 Et war eemol en Engelchen...

Ass HAM, FRITTEN & ZALDOT en CSV-noen Podcast? Laang stoung déi Reproche am Raum, och wéinst verdächtegen, méintlechen Iwwerweisungen vun engem bestëmmten Här Jean "CSV" Frëndeskrees. Haut raumen de Matthias an de Pierre déi Virwërf aus der Welt. Ausserdeem: e Literatur-Tipp a Fudder fir d'Playlist.
3/24/202134 minutes, 41 seconds
Episode Artwork

#60 Oh Capitani, my Capitani

Drama-Episod dës Woch bei HAM, FRITTEN & ZALDOT: Grouss Opreegung ëm eng Casting-Annonce fir déi zweet Staffel vu Capitani, d'Impfungen mat AstraZeneca ginn onerkläerlecherweis gestoppt an den Impfskandal am Groupe HRS geet an eng weider Ronn.
3/17/202135 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

#59 Early Morning Rendez-vous

Et war Internationale Fraendag, komm mer maachen doraus eng Fraewoch. Mir schwätzen iwwer ëmmer nach strukturell Benodeelegung an iwwer Hate Speech an de soziale Netzwierker, deem Fraen méi hefteg ausgesat si wéi Männer. Ausserdeem: Déi aktuell Corona-Lag an eng Korruptiouns-Affär, déi Erënnerungen wakereg rifft.
3/10/202142 minutes, 16 seconds
Episode Artwork

#58 Post vum Korrespondent

Ongewinnte Setup, gewinnten Themen: Retard um Stadion-Chantier, Chaos um Impf-Chantier. Ausserdeem: Mir briechen eng Lanz fir d'Sportaarten, déi grad ëm hir Bedeitung kämpfen an hu nei, jonk Musek dobäi!
3/3/202134 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

#57 Zwou Bullen

Déi lescht Moss ass aus dem Bic. E grousse lëtzebuergeschen Entertainer ass gestuerwen, mee an der Erënnerung un een mierken de Pierre an de Matthias: mam Fausti gëtt et eben ëmmer eppes ze laachen. Ausserdeem: Skandal-Time! D'Impfungen vum HRS-Verwaltungsrot an de feelende lëtzebuergesche Cremant bei der Luxair beschäftegen de Grand Duché!
2/24/202132 minutes, 23 seconds
Episode Artwork

#56 Mat de Bouwen un d'belsch Plage

1000 Kilometer non-stopp queesch duerch d'Belsch - um Vëlo a fir e gudden Zweck! Dat ass de verréckte Plang vun eisen Invitéeën. Ausserdeem: Lëtzebuerg huet alt nees ee vun de gréissten ökologesche Foussofdréck; den Interview, ob deen d'ganz Land gewaart huet an ongedëlleg (oder verantwortungslos?) Klinicke-Bossen.
2/17/202139 minutes, 15 seconds
Episode Artwork

#55 OpenLux, den eppes aneren Tennis-Tournoi

De lëtzebuergesche Finanzmarché gouf nees ënnert d'Lupp geholl. Ausserdeem: d'Geschicht vun zwee Comebacks - een erfollegräich, een manner erfollegräich. An: Don't Call Me Papp!
2/10/202136 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

#54 Sin City

E grujelege Crime huet Lëtzebuerg gerëselt a werft eng Rei Froen op. Ausserdeem: D'Aktualitéit vun der Affär Semedo huet de Matthias an de Pierre iwwerholl, dofir sinn se elo grouss um Aktiemaart aktiv.
2/3/202136 minutes, 52 seconds
Episode Artwork

#53 Op d'Fanger geklappt!

D'Affär Semedo geet weider a kéint elo awer nach Konsequenzen hunn. Ausserdeem: Firwat de Coronavirus just mam Fliger kann op Lëtzebuerg kommen a net mat Auto oder Zuch. An: Musek vum Lëtzebuerger Kënschtler CHAILD.
1/27/202134 minutes, 23 seconds
Episode Artwork

#52 Et war eemol zu Stroossbuerg...

Wéi ënnerschiddlech gewielte Volleksvertrieder hir Virbildfunktiounen interpretéieren, hunn dës Woch zwee Fäll gewisen. Ausserdeem: Mysteriéis Aueren an eng Asselborn-Anekdot.
1/20/202132 minutes, 7 seconds
Episode Artwork

#51 Haarden Tubak

Eng seriö Episod: Kennen Twitter a Facebook a Co. de Matthias an de Pierre geschwënn einfach esou spären? Sollte mer Privileegien dierfen hunn, wa mer geimpft sinn? A wéi huet sech den Etienne Schneider alt nees an Bredouille bruecht, obwuel en dach an der politescher Pensioun ass? Froen iwwer Froen. Hei sinn e puer Äntwerten.
1/13/202137 minutes, 6 seconds
Episode Artwork

#50 Gëllen Hochzäit

Wat e Start an d'Joer: Zwee grouss Staatsmänner am Interview, Kritik un der Impfstoff-Akafsstrategie an déi gutt al Monarchie-Kritik. HAM, FRITTEN & ZALDOT ass zréck mat enger Jubiläumsepisod - 50!
1/6/202140 minutes, 38 seconds
Episode Artwork

#49 Deckel drop!

Wat bléift vum Corona-Joer 2020? Mir schwätzen iwwer eis Non-Corona-Highlights vum Joer. Ausserdeem: Eis Favoritten aus Musek, Literatur a Film fir d'Feierdeeg. Déi lescht HAM, FRITTEN & ZALDOT vum Joer.
12/23/202045 minutes, 40 seconds
Episode Artwork

#48 De Kulturkampf

E seelent Déier gouf ze Lëtzebuerg gesinn: den Drama-Lama! Mir schwätzen iwwert de Skandälchen, deen aus der Podcast-Welt eraus an iwwer d'ganzt Ländchen geschwuppt ass. Donieft: Eng couragéiert Personaldecisioun beim Lëtzebuerger Journal. An eis Invitée, d'Schauspillerin Gerri Raths, brécht eng Lanz fir d'Kultur an der Pandemie.
12/16/202038 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

#47 After Work Special

Klimaschutzgesetz, Impfstrategie a Keup-Debut. An der Chamber war vill lass. Ausserdeem: Wat vun den Télétravail-Ofkommes och no der Pandemie sollt bléiwen.
12/9/202036 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

#46 Aus Sécherheetsgrënn!

D'Diskussioun iwwer privat Sécherheetspersonal op der Stater Gare ass d'Haaptthema dës Woch. Ausserdeem: Schampes um Knuedler, d'Course ëm den Impfstoff a nei Musék vu Lëtzebuerg!
12/2/202034 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

#45 Late Late Night Show

Well d'Lëtzebuerger Corona-Mesuren alt nees ze spéit kommen, huelen och de Matthias an de Pierre spéit op. Welcome to the Late Night Show! Am Fokus: De Mini-Shutdown kennt (endlech) an de Lëtzebuerger Journal brennt sech selwer of.
11/25/202036 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

#44 Wat läit der um Häerz?

Wat beschäftegt de gemenge Lëtzebuerger dëser Deeg? Dat huet de Politmonitor alt nees erausfonnt. Mir schwätzen iwwer Wunnraum, Verkéier a Klimawandel - an iwwer zimmlech voll Lëtzebuerger Foussgängerzonen.
11/18/202037 minutes, 50 seconds
Episode Artwork

#43 Kee flitt bei der Luxair!

No der US-Wahl ass virun der Luxair-Tripartite. Ausserdeem: Wien vun Iech war nees no 23 Auer dobaussen? Donieft gëtt et eng Podcast-Recommandatioun an déi bescht Songs fir den Corona-Curfew-Blues!
11/11/202032 minutes, 50 seconds
Episode Artwork

#42 Den Autokrat vum Krautmaart

Wat si scho Wahlnuechten an Attentater géint Bettel-Drama an der Chamber? Eben, guer näischt! HAM, FRITTEN & ZALDOT liwwert d'Lëtzebuerg-News - a vläicht awer e klenge Bléck a Richtung Ausland.
11/4/202034 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

#41 Wat méchs de, Pauline?

Laang hu mer vun hir geschwat, elo ass se do: Déi zweet Well. Leider weess nach ëmmer keen, wat maachen. Mir blécken op d'Situatioun an de Klinicken, an de Schoulen, a renovéieren e running gag.
10/28/202031 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

#40 Dialog zur Lag vun der Natioun

Déi Lescht sinn déi Bescht, heescht et dach. Dowéinst ass et dann elo och um Pierre an um Matthias, de politeschen Event (anscheinend) vum Joer ze beschwätzen. Ausserdeem: Lëtzebuerg als Coronaparty-Hotspot an néi Musek vu Lëtzebuerg!
10/21/202036 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

#39 Et war emol e Professer...feat. Chris Pesch

Schoul an Zäite vu Corona: Wéi ass dat wierklech? Doriwwer schwätze mir mam Engleschprofesser Chris Pesch. Ausserdeem: Wat leeft schif am lëtzebuergesche Schoulsystem?
10/14/202051 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

#38 Et war eemol eng Jughurtsfabrick...

Dann ass een eng Woch net do a schonn explodéiert d'Jughurts-Bomm. Mir werfen e Bléck op den Dossier Fage, kucken op en Debat tëscht dräi jonke Politiker an küren de Mann vum Joer!
10/7/202035 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

#37 How To Catch A Smile feat. Fabienne Dimmer

Ouni Matthias, dofir mat enger spezieller Invité: Mam Fabienne Dimmer vum Atelier schwätzt de Pierre iwwer seng Fräiwëllegen-Aarbecht an der Flüchtlingshëllef, iwwer falsch Erwaardungen a firwat verschidde Saache méi wichteg sinn wéi Kultur.
9/30/202037 minutes, 7 seconds
Episode Artwork

#36 Indian Summer, presented by Škoda

Et gouf gerätselt, et gouf recherchéiert - elo ass kloer: Nous Charles huet säi groussherzogleche Kapp an dat hellegt Waasser gezappt. Ausserdeem: Fiasko beim Tour de Luxembourg, Fiasko beim Télévie a Fiasko am Corona-Risikogebitt München!
9/23/202031 minutes, 31 seconds
Episode Artwork

#35 3, 2, 1 - Schoulrentrée!

Endlech ass et sou wäit, d'Summervakanz ass eriwwer a mir dierfen nees an d'Schoul. Déi nei Episod vun HAM, FRITTEN & ZALDOT ass eng richteg Schoultut: De grousse Corona-Rentrées-Quiz, Katastroph am Flüchtlingscamp Moria an e mysteriéise Magic Man.
9/16/202033 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

#34 Crimy City LXB

Ongläichheet, gesprengte Bankautomaten an de lëtzebuergesche Michael Schumacher - an der neier Episod vun HAM, FRITTEN & ZALDOT geet et furios zou! Ausserdeem: E weidere Bléck op d'Lëtzebuerger Podcast-Welt an dat geféierlechst Déier op der Welt!
9/9/202033 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

#33 From Munich With Love

Et soll een jo ëmmer probéieren, Saachen fir d'éischte Kéier ze maachen! Op mannst stoung et sou op eisem Yogi Téi. Also hunn de Matthias an de Pierre eng Episode opgeholl - op der selwechter Plaz. Eng Weltpremière!
9/2/202031 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

#32 Mam Jang um Vëlo! feat Nicolas Wildschutz

Mam Spontan-Invité Nicolas Wildschutz, Journalist an Asselborn-Expert, schwätze mer iwwer d'Mediewelt an #vakanzdoheem. Ausserdeem: Däitschen Indie an en Abschid op Zäit.
8/19/202034 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

#31 Kappsprong an d'Summerlach

Wéi eng Sëtzung vum Regierungsrot symbolesch fir d'Summerlach steet. Ausserdeem: Wéi geet de Journalismus mat dëser méi roueger Zäit vum Joer ëm? A wat huet déi nei HFZ-Playlist mat all deem ze dinn?
8/12/202033 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

#30 Good Wednesday Agreement

Mir testen déi nei national Corona-Teststrategie! Ausserdeem: Déi bescht Fussball-related Lidder an e spueneschen Ex-Kinnek um Wee an d'Exil.
8/5/202036 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

#29 Mat der Chamber op der Terrasse

Wat geschitt u sech, wann Politiker a Journalisten Mëtteg iesse ginn? De Matthias an de Pierre klapperen d'Lieblingsrestauranten vun de politesche Parteien of. Ausserdeem: Wéi de Lëtzebuerger Stadion WIERKLECH hätt sollen heeschen.
7/29/202030 minutes, 15 seconds
Episode Artwork

#28 Wëllkomm am Stade E.S.

Vakanzeneditioun bei HAM, FRITTEN & ZALDOT - an de Matthias an de Pierre surfen op der Zweeter Corona-Well. Ausserdeem: Hätt de Stade de Luxembourg e méi wierdegen Numm verdéngt?
7/22/202027 minutes, 30 seconds
Episode Artwork

#27 Lëtzebuerg, deng Verschwörungstheoretiker

De Wee2050 ass aus sengem Lach erausgekroch a geheit nees mat Dommheeten rënderem sech. Ausserdeem: D'Lëtzebuerger Land brauch eng nei Spëtzt, während déi Gréng hir fonnt hunn. Mee: Wou féiert dat hin?
7/15/202030 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

#26 Dat hei ass kee Sproochecours!

Lëtzebuergesch ass eng schwéier Sprooch an dat muss adresséiert ginn! Ausserdeem: Wéi gëtt e Kach zum Verschwierungstheoretiker? A wat maachen eigentlech déi lëtzebuergesch Gréng?
7/8/202034 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

#25 Habemus Bommeleeër?

En Uerteel an der SREL-Affär! Liverpool ass Champion! An ass Corona nees do? Eng Woch wéi eng Achterbunn-Fahrt an de Matthias an de Pierre sëtzen an der éischter Réih.
7/1/202030 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

#24 Vive den Heng! Vive!

De Pierre hält eng Uso u säi Vollek - et si Wierder vun Encouragement, mee och vu Warnung. Wiisst hei e Staatsmann erun?
6/24/202034 minutes, 59 seconds
Episode Artwork

#23 Korintekacker!

Corona-Tracing-App a Gig-Economy - et ass d'Woch vun de groussen Anglizismen bei HAM, FRITTEN & ZALDOT! Außerdeem: Eng Filmrecommandatioun an e Bléck op d'Diskussioun ëm Statuen an Denkmäler, déi ee vläicht sollt iwwerdenken.
6/17/202037 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

#22 Beyond Ham!

Eise Fleeschfrupser huet sech an ongewinnten Territoire beweegt an eng nei Welt entdéckt. Ausserdeem: Gëtt Lëtzebuerg zur Velosstad?
6/10/202035 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

#21 #blacklivesmatter

D'Situatioun an den USA ass Thema beim Matthias a beim Pierre. Ausserdeem: Wat mécht de Summer mat Corona?
6/3/202032 minutes, 42 seconds
Episode Artwork

#20 Mam Rebecca op der Terrasse feat. Rebecca Baden

De Pierre an de Matthias kréie Besuch - vun der Journalistin Rebecca Baden. Et geet ëm Rassismus, Feminismus an dorëms, wéi een aus der eegener Erfahrung e journalisteschen Text mécht.
5/27/202048 minutes, 53 seconds
Episode Artwork

#19 Vu Fräiheet a Fräistéiss!

De Matthias an de Pierre setzen sech virun d'Telé a kucke Fussball. Ausserdeem: D'Grenze si nees op, d'Luxair flitt erëm an am Restaurant gëtt et nees eppes z'iessen.
5/20/202037 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

#18 Nous, Charles

Als offizielle Podcast vum groussherzoglechen Haff war dëst natierlech eng grouss Woch! Lauschtert de Charel scho no? Mir menge schon. Mat engem Koup Musik vu Lëtzebuerg an engem ëmstriddenen Handelsakkord.
5/13/202031 minutes, 6 seconds
Episode Artwork

#17 Es war einmal ein Confinement...

75 Joer nom Ënn vum Zweete Weltkrich an Europa geet och d'Corona-Kriis op en Ënn: De Coiffer mécht nees op! Ausserdeem: Sollte Schüler bestrooft ginn, wann se elo net an d'Schoul ginn? An: Eng lëtzebuergesch Supergroup...
5/6/202035 minutes, 5 seconds
Episode Artwork

#1 Special: De Feierstorch - Episod 10

Och den Akademikerpodcast kënnt net um Feierstorch laanscht. Den zéngten Deel vum legendär absurde Hörspiel aus der lëtzebuerger Podcast-Welt.
5/3/202015 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

#16 Mama, wei geet d'Wäschmaschinn?

D'Lëtzebuerger Wort huet nei Proprietären an d'Nationalbibliothéik eng néi Directrice. Ausserdeem: Déi bescht Sportlerspëtznimm ever!
4/29/202037 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

#15 Mir sinn dach héi net op der Schueberfouer!

Hëlt Corona éis elo och nach d'Schueberfouer? Dat geet dach net! Außerdeem: Tracking-Apps, Fräiheetsrechter an eng McDonalds-Ouverture.
4/22/202032 minutes, 9 seconds
Episode Artwork

#14 Gruß an die Muttis!

Gesi mer Luucht um Ënn vum Corona-Tunnel? De Matthias an Pierre kucke mat rauen Hänn an d'Zukunft - an op de Jean Asselborn.
4/15/202037 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

#13 Fakes, Fakes, Fakes!

D'lëtzebuerger Schoulen bléiwen zou, de Matthias huet soulues d'Flemm an de Pierre recommandéiert Musik vu sengem Doppelgänger.
4/8/202037 minutes, 13 seconds
Episode Artwork

#12 Communication Is The Schlëssel

Ass de Coronavirus scho laanschtgezunn? Mir maache virsichteg de Rideau op a kucke mol eraus. Ausserdeem: Dräi Bicher an eng gro Stad!
4/1/202034 minutes, 31 seconds
Episode Artwork

#11 Par Toutatis!

Week 2 vun der Isolatioun an de Matthias dréit sou lues um Rad. Mee säi Noper nach méi! De Pierre ass iwwerdeems inspiréiert an zaubert an der Kichen. Ausserdeem: Mir traueren dem Astérix-Erfënner no a gi Film-Tips!
3/25/202034 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

#10 Léift Corona-Tagebuch...

De Bilan vun der éischter Woch Quarantän. De Matthias ësst nëmme Nuddele mat Tomatenzooss, de Pierre reegt sech iwwer déi Léit op, déi nach am Park hänken. Ausserdeem: Musik vu Lëtzebuerg an en digitalen Trip an de Naturmusée.
3/21/202032 minutes, 38 seconds
Episode Artwork

#9 Souverän duerch d'Quarantän!

De Pierre ass zréck - mee doheem ass näischt méi, wéi et war. Och HAM, FRITTEN & ZALDOT muss sech enger néier Liewensrealitéit upassen. Ausserdem: Tipps géint Langweil an der Quarantän!
3/17/202032 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

#8 I'm Here Without You, Baby

Et ginn Deeg, do gëtt een enttäuscht. Haut ass esou en Dag. Stonnelaang waart de Matthias op en Appel vum Pierre - ëmsoss. Ass dat den Enn vun HAM, FRITTEN & ZALDOT?
3/11/20204 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

#7 Beachboys

Während de Matthias um Büro sech de Réck futtischafft, läit de Pierre 10000 Kilometer fort op der Plage. E Grond fir HAM, FRITTEN & ZALDOT eng Woch Paus ze maachen? Natierlech net! Dofir: Alles eran an den Zuch Richtung Manila, en Ticket brauch een net - mir fueren elo fir näischt!
3/4/202028 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

#6 Mile High Club

10 000 Euro fir e Fliigersticket, bezuelt vum Patron? Pah, Peanuts! Außerdem: Wat huet et mam néien nationalen Alkoholsplang op sech? A kritt e jonke Lëtzebuerger mat senger Spendenaktioun méi Sue ran, wéi den EZB-Direkter ausgëtt?
2/26/202033 minutes, 5 seconds
Episode Artwork

#5 For Your Ears Only

Zwou Fritten am Déngscht vun der Majestéit: De Sean Connery ass zu Gaascht, d'Billie Eilish och, an de Matthias huet nees Bobo. Kann de Pierre Jans, Codenumm 007, eppes dogéint ënnerhuelen?
2/19/202028 minutes, 55 seconds
Episode Artwork

#4 A wien bass du?

De Fotograf an Exil-Münchener Jean-Marc Turmes ass op Besuch bei HAM, FRITTEN & ZALDOT. Hien huet dem Grand-Duc nach e puer Saachen ze soen. Ausserdeem geet et ëm eng Fro, déi vill jonk Lëtzebuerger sech iergendwann stellen: Ginn ech nees zréck an d'Heemecht?
2/12/202033 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

#3 Eng Praliné vum Haff

De Grand-Duc huet d'Kontroll verluer, de Stéphane Bern beléidegt d'lëtzebuergesch Press an de Matthias kämpft mam Coronavirus. E vollen Teller bei Ham, Fritten an Zalot!
2/5/202033 minutes, 12 seconds
Episode Artwork

#2 Saving Private Muffel

Dës Woch um Teller: En Déier dominéiert d'Headlines zu Lëtzebuerg. Schlëmm Nouvellen aus der Politik. A wouhier kënnt den Ausdrock: "Op der Pompel"?
1/29/202029 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

#1 Pilot

Méi Lëtzebuerg geet net. De Podcast mam Pierre Jans a mam Matthias Kirsch.
1/21/202030 minutes, 42 seconds