Winamp Logo
Evergreens by Spuerkeess Cover
Evergreens by Spuerkeess Profile

Evergreens by Spuerkeess

Luxembourgish, Finance, 1 season, 26 episodes, 18 hours, 31 minutes
About
Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣ ⁣ Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.
Episode Artwork

Un avenir fluide sans liquide

Une société fonctionnant sans recours à des moyens de paiement physiques est tout à fait envisageable, et même réalisable aujourd'hui. Mais qu'en est-il de l'inclusion financière, de la protection des données, de la cybersécurité et de la dépendance technologique y liées ? Peut-on atténuer de manière efficace les risques potentiels pour les consommateur·rice·s et l'économie dans son ensemble ?⁣ ⁣ Bryan Ferrari en discute en profondeur avec trois invité·e·s. Natasha Deloge est Head of Innovation de la CSSF, entre autres en charge de l'Innovation Hub. Olivier Rozet est Chief Experience Officer d'Edonys, qui est la nouvelle marque de Vireo, une start-up 100% Made in Luxembourg. Serge Wagener est Vice-President et Head of Business Unit Payments à la Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.
2/23/202442 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

Laangfristeg investéiere mam ELTIF

De European Long-Term Investment Fund gouf vun der Europäescher Unioun an d'Liewe geruff, fir laangfristeg Investitiounen an Europa ze fërderen. Wéi eng Diere ginn domat fir privat Investisseuren opgemaach? A wéi profitéiert d'Wirtschaft op där anerer Säit vun dëser neier Méiglechkeet, fir Kapital ze bannen?⁣ ⁣ De Bryan Ferrari diskutéiert mat sengen dräi Invitéen am Detail zu dëse Froen. De Marc Meyers ass Associé an der Étude Loyens & Loeff, ass Responsabel fir d'Fongendepartement a gouf vun der Luxembourg Private Equity and Venture Capital Association (LPEA) invitéiert. Den David Zackenfels ass zanter 10 Joer Jurist beim Lëtzebuerger Fongverband ALFI a betreit am alternative Beräich och de Volet ELTIF. De Claudio Pompei schafft bei der Spuerkeess am Departement vun der Clientèle institutionnelle mat Fokus op alternativ Fongen.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
1/26/202448 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

Quo Vadis, Lëtzebuerger Wirtschaft?

Et war e mouvementéiert Joer, dat och d'Banken- a Finanzwelt net kal gelooss huet. Am leschten Episod 2023 steet bei Evergreens generell déi Lëtzebuerger Ekonomie am Fokus, déi nieft Maartturbulenzen och den Afloss vu Krich, héijen Zënsen an Inflatioun ze spiere krut. Wéi schwiereg ass et, dëst alles an engem europäesche Kontext ze navigéieren, a wéi problematesch ass d'Situatioun am Logement fir déi zukünfteg Entwécklung?⁣ ⁣ De Bryan Ferrari mécht mat sengen zwee Invitéen e Réck- an Ausbléck. De Serge Allegrezza ass Direkter vum Statec, dem Institut fir Statistik a Wirtschaftsstudien. De Jean-Paul Olinger ass Direkter vun der UEL, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Patronatsorganisatiounen.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣
12/29/202345 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

Lëtzebuerg a säin AAA-Status

Am November koum d'Nouvelle, dass Lëtzebuerg seng Kreditbonitéit – de sougenannten Triple A – behält. Firwat ass dëse Label esou wichteg? Wien decidéiert doriwwer, a wéi en Afloss huet den "AAA" net nëmmen op de Finanzsecteur, mee och allgemeng op d'Wirtschaft am Grand-Duché?⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat zwee Invitéen. D'Françoise Thoma, Generaldirectrice vun der Spuerkeess, erlieft dëse Prozess vum Rating zwee mol d'Joer hautno mat. De Bob Kieffer, Direkter vum Trésor, erkläert d'Wichtegkeet vum Kreditrating aus der Siicht vum Staat.⁣⁣ ⁣⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣⁣⁣
11/24/202342 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

The Expanding World of Blockchain

Verification and traceability are at the core of the blockchain technology. Is it still on its way to revolutionising the digital realm? What real-world problems is it poised to solve in the near future, for example in the financial sector?⁣ ⁣ Bryan Ferrari welcomes three guests who are experts in this field. Ivie Satijn is the Marketing Manager at Tokeny, provider of tokenisation solutions. Gilbert Fridgen is Professor and PayPal-FNR PEARL Chair in Digital Financial Services at the University of Luxembourg. Christophe Medinger is Deputy Head of Business Unit "Digitalisation" at Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess is a co-productioun with Lëtzebuerger Journal's Studio J.
10/27/202344 minutes, 23 seconds
Episode Artwork

Construire son futur financier

Manque de diversification ou ancienne sagesse ? Les Luxembourgeois·e·s ont tendance à graviter vers l'immobilier quand il s'agit d'édifier leur patrimoine financier, ou bien de laisser l'argent à l’abri dans le confort de leur compte bancaire. Y a-t-il des évolutions contemporaines, notamment chez les jeunes, ou d'autres types investissements qui pourraient changer fondamentalement cette manière d'agir ? Quels efforts restent à faire an matière d'éducation financière ? Bryan Ferrari en discute avec trois invité·e·s qui viennent de domaines très différents.⁣ ⁣ Claudia Halmes-Coumont est directrice de Lalux Assurances-Vie. Julien Pénasse est professeur à l'Université du Luxembourg au département des Finances. Claude Hirtzig est responsable du département Retail & Professional Banking auprès de la Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.
9/29/202344 minutes, 44 seconds
Episode Artwork

Les Big Four

Quel est le rôle des quatre plus grands groupes d'audit et de conseil dans l'économie du Luxembourg ? Quels sont les futurs développements prévus dans leurs activités ? Quatre représentant·e·s dévoilent l'empreinte indélébile de leurs sociétés sur le Grand-Duché en discussion avec Bryan Ferrari et dressent un tableau des défis et opportunités qui dessinent leur avenir.⁣ ⁣ Julie Batsch est associée chez PwC, responsable de l'industrie bancaire et auditrice. Stanislas Chambourdon est associé chez KPMG et en charge des activités banques et assurances. Pascal Martino est associé chez Deloitte, en charge de l'industrie bancaire. Dorian Rigaud est associé chez EY et responsable du secteur bancaire.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.
7/28/202341 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

Le monde des ETFs

Les Exchange Traded Funds sont des fonds indiciels qui cherchent à suivre fidèlement l'évolution des indices boursiers. Quelles sont les différentes catégories d'ETFs et quelle est la différence par rapport aux instruments financiers traditionnels ? Quels sont les risques associés à leur utilisation et les bonnes pratiques à adopter avant d'investir ?⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ C'est ce dont discute Bryan Ferrari avec trois expert·e·s en la matière. Solène Garnavault de Fidelity International s'occupe du développement commercial des solutions ETF à Luxembourg. Antoine Perrier gère la distribution des ETFs sur le Luxembourg et la Belgique chez DWS, et Guillaume Dambrine de Franklin Templeton s'occupe de la distribution de leur gamme d'ETFs en France et au Luxembourg.⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ Evergreens by Spuerkeess est une co-productioun avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.⁣⁣ ⁣⁣ Avertissement : Les invité·e·s parlent en leur nom propre et ce podcast ne constitue pas un conseil financier. Tout auditeur·rice est invité·e à se familiariser avec le sujet et à se renseigner.
6/30/202339 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

Kënschtlech Intelligenz verstoen

K.I. oder A.I., op Englesch, huet en neit Zäitalter agelaut. Wat fréier Science Fiction war, kéint geschwë scho Realitéit sinn: Maschinnen iwwertreffen de Mënsch, deen se gebaut a programméiert huet. Wat kann déi Intelligenz, déi kënschtlech geschaf gouf, bis ewell? Wéi eng Méiglechkeeten erginn sech doduerch an der Gesellschaft, a méi spezifesch am Banken- a Finanzwiesen? An iwwerweit den Notzen, deen de Mënsch doraus zitt, déi potenziell Geforen?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Misch Strotz ass ee vun Fondateuren a CEO bei Neon Internet, enger Agence, déi sech fokusséiert op nei Trends an d'Medie vun der Zukunft. De Jacques Pütz kënnt aus dem Banken- a FinTech-Milieu, kennt sech aus a Saachen Digitalisatioun an Innovatioun, a schafft aktuell bei Proximus als Head of Product Management vun Digital Trust Produiten. De Christophe Atten schafft bei der Spuerkeess am Beräich Data, wou eent vun den Ziler ass ze kucken, wéi een A.I. notze kann, fir de Clienten nei Produiten ze proposéieren.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣⁣⁣
5/26/202342 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

The Age of Talent Magnetism

Talent acquisition and retention have become more crucial than ever in today's competitive job market. With companies vying for the best candidates, it's essential to create the right workplace culture. In this episode in English language, we explore how companies can introduce and cultivate talent magnetism, and why it matters more than ever for business success.⁣ ⁣ Bryan Ferrari welcomes three guests who are experts in this field. Prof. Dr. Marion Festing is Professor of Human Resource Management and Intercultural Leadership at ESCP Business School's Berlin campus. Lieven Lambrecht is the Head of HR at PwC Luxembourg. Jennifer Kearny is the HR Director at Amazon Transportation Services in Luxembourg.⁣ ⁣ This episode was recorded on 28 February 2023.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess is a co-productioun with Lëtzebuerger Journal's Studio J.⁣⁣⁣⁣
4/28/202344 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

Volatilitéit op de Marchéen

Vill Investisseuren hunn e relativ schlecht Joer hanneru sech. Wat huet 2022 esou aussergewéinlech gemaach, a wéi eng Entwécklungen hunn dofir gesuergt, dass et op de Marchéen zu engem sougenannten "perfect storm" koum?⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Aude Lemogne war Traderin zu New York a geréiert elo säin eegene Portefeuille. De Claude Arend schafft bei Intesa Sanpaolo Wealth Management a këmmert sech ëm privat Clienten. Den Nick Huberty schafft bei der Spuerkeess an der Salle des marchés an der Equipe, déi den eegenen Investmentportefeuille vun der Bank geréiert.⁣ ⁣ Dësen Episod gouf de 14. Mäerz 2023 opgezeechent.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣⁣⁣ ⁣⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
3/31/202342 minutes, 40 seconds
Episode Artwork

Sinn eis Banke sécher?

Silicon Valley Bank, Signature Bank, First Republic Bank. Déi rezent Failliten an den USA hunn op de Finanzmarchéë Schockwellen ausgeléist. Wéi stabil sinn d'Banken an Europa an zu Lëtzebuerg opgestalt? A goufen déi richteg Léieren aus fréiere Krise gezunn?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Claude Wampach ass Direkter op der CSSF, der Commission de Surveillance du Secteur Financier, an ass verantwortlech fir d'Bankesurveillance. De Jerry Grbic ass CEO vun der ABBL, der Associatioun vun de Banken zu Lëtzebuerg, an de Claude Origer ass bei der Spuerkeess de Responsabele vun der Salle des marchés an och fir de métier Trésorerie.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
3/24/202344 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

Zënsen an Immobilien

De klasseschen Zënsmechanismus ass wichteg, fir d'Offer vu gespuerte Suen an Aklang ze brénge mat der Nofro no Investitiounen. Souwäit d'Theorie. Wat bedeit déi aktuell Hausse, nodeem d'Zënse jorelaang op engem historesch déiwen Niveau waren? A wéi en Afloss hu méi héich Zënsen op de Secteur vun den Immobilien zu Lëtzebuerg?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Paul Nathan vun der Bauentreprise Poeckes ass och Vizepresident vun der Chambre des Métiers a vertrëtt d'Handwierk. De Jean-Paul Scheuren ass aktiv am Immobiliesecteur a President vun der Chambre immobilière. De Charles Pletsch ass Responsabel fir de Reseau vun Agencë vun der Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
2/24/202337 minutes, 53 seconds
Episode Artwork

Women in Finance

Am éischten Episod vum neie Joer sinn d'Fraen am Mëttelpunkt. Wéi steet et an der Banken- a Finanzwelt ëm d'Gläichberechtegung? Ass et am Verglach zu fréier haut éischter eng Normalitéit, dass een onofhängeg vum Geschlecht säi Wee ka maachen? A wéi gëtt Diversitéit am professionellen Alldag gelieft?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Nathalie Deltgen ass en charge vum Secrétariat général vun engem Single Family Office zu Lëtzebuerg an huet laang Joren am Bankesecteur geschafft. D'Lynn Alzin ass Partnerin am Finanz- a Kapitalmaartrecht bei Arendt & Medernach. D'Doris Engel ass Chief Financial Officer an och Member vum Comité de direction bei der Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣
1/27/202342 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

Banken- a Finanzwelt vu muer

Am éischte Joer vum Podcast Evergreens goufe ganz vill verschidde Sujeten opgegraff. Fir den 12ten a leschten Episod vum Joer 2022 gëtt nach emol e Bléck op déi wichtegst Theme geheit, mee et ass méi wéi just e Réckbléck. Wéi eng Entwécklunge sinn 2023 an doriwwer eraus z'erwaarden, a wéi gutt sinn d'Marchéen a besonnesch och d'Lëtzebuerger Finanzplaz dorobber preparéiert?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Françoise Thoma ass Generaldirectrice vun der Spuerkeess. De Philipp von Restorff ass den Deputy CEO vu Luxembourg For Finance, an de Jerry Grbic ass CEO vun der ABBL, der Associatioun vun de Banquieren zu Lëtzebuerg.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣ ⁣ Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
12/29/202250 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

Obligatiounen an hir Roll um Kapitalmaart

No Aktien, Devisen a Private Equity geet et dës Kéier ëm eng vun de gréissten "classes d'actifs" fir z'investéieren. Wat sinn Obligatiounen eigentlech genee, wat sinn déi fundamental Ënnerscheeder par rapport zu aneren Aktiva a wie sinn déi grouss Acteuren?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Carlo Oly ass responsabel fir de Relationship Management bei der Lëtzebuerger Bourse a war fréier zoustänneg fir d’Kotatioun vun den Obligatioune bei der Bourse. De Marc Dax ass schonn 30 Joer laang an de Finanzmarchéen aktiv an ass Broker fir Obligatioune bei der Firma Tradition. Den Nick Huberty schafft beim Financial Markets Department bei der Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
11/25/202243 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

Prinzip a Potenzial vun Aktien

Aktien hunn net grad dat bescht Joer hanneru sech. An awer kéint dës wichteg classe d'actifs an Zukunft erëm u Bedeitung gewannen. Wat fir e Prinzip stécht hannert den Aktien? A wéi gesäit den Ecosystem ronderëm aus?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Annick Maas ass schonn 10 Joer laang Aktienanalyst zu London mam Schwéierpunkt Medien. De Mike Reuter ass Aktienhändler bei Tradition zu London an huet mat institutionellen Investoren ze dinn. Den Nick Huberty schafft bei der Spuerkeess an der Equipe, déi d'Investment-Portefeuillë vun der Bank geréiert.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
10/28/202242 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

Wärungen an Devisen, fréier an haut

Wann ee vum Geldwiessel schwätzt, geet et ëm eppes, dat fir jidderee schéngt gräifbar ze sinn, an awer abstrakt bleift. Wat ass de Grondgedanken hannert dem Prinzip vum Tausche vu Suen? A wat ass de Rapport zu deem, wat aktuell an der Welt geschitt?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Marco Manieri war 32 Joer laang Devisenhändler a laangjärege Comitésmember vun der Luxembourg Financial Markets Association. De Jean-Jacques Rommes, fréieren Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL an och vun der Patronatsorganisatioun UEL, ass aktuell Vizepresident vum Conseil économique et social. De Sven Conter schafft bei der Spuerkeess am Departement Financial Markets.⁣⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
9/30/202241 minutes, 52 seconds
Episode Artwork

Erausfuerderungen am Entreprenariat

Kleng a mëttelstännesch Betriber sinn d'Réckgrat vun der Ekonomie, woubäi déi sougenannte Startups de Motor vun der Innovatioun sinn. Mee wien sech op eege Fauscht lancéiere wëll, geet zu Lëtzebuerg e Wee, deen nach ëmmer éischter d'Ausnam ass. Donieft huet een eng sëllegen Hürden ze huelen.⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Patrick Kersten ass Grënner vun Doctena a vun Athome.lu, a begleet respektiv beréit ganz vill Startups. Den Tom Michels ass ee vu fënnef Grënner vu Salonkee, engem Service fir online ze buche bei Coiffeuren a Beauty-, Massage- a Wellnesssalonen. De Marc Wagener ass bei der Chambre de Commerce en charge fir den Entrepreneurship.⁣⁣ ⁣⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣
8/26/202239 minutes, 38 seconds
Episode Artwork

Faarf bekenne bei der Nohaltegkeet

Als Verbraucher ass ee frou, wann ee bei sengen Investitioune geschützt gëtt an alles transparent ofleeft. Dofir suergt d’Direktiv ronderëm d’Marchéë fir Finanzinstrumenter, kuerz MiFID II genannt. Ab August 2022 muss e Client vum Beroder oder Portfoliomanager och no senge Präferenzen a punkto ESG, also Nohaltegkeet, gefrot ginn, fir säi Profil ze completéieren. Wat bréngen déi zousätzlech Date konkret a wat huet de Verbraucher wierklech dovun?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D’Emmanuelle Mousel ass Partner an der Affekotenétude Arendt & Medernach, këmmert sech ganz vill ëm regulatoresch Thematiken a befaasst sech och mat ESG. De Charles Muller huet säi ganzt Liewe laang an der Lëtzebuerger Finanzwelt geschafft, ass Avocat honoraire a President vun der ASBL „Finance and Human Rights“ déi versicht, de Finanzsecteur fir Mënscherechter z’interesséieren. D’Laura Schoumacher ass bei der Spuerkeess Responsabel fir d’Equipe Investment beim Product Management, an ë.a. zoustänneg fir de Produit MiFID II/ESG.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
7/28/202240 minutes, 44 seconds
Episode Artwork

Mat Geld eppes Positives bewierken

Den Impact Investing stellt nach eng relativ kleng Kategorie vum weltwäit investéierte Geld duer, mee am Zäitalter vun der Nohaltegkeet kritt si eng ëmmer méi grouss Bedeitung. D’Fro stellt sech allerdéngs, wéi een als klengen, privaten Investor Zougang dozou kritt a wou d’Risike par rapport zu aneren Investissementer leien.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D’Annemarie Arens ass Directrice indépendante a Fongegesellschaften, vun deenen der vill am Impact Investing aktiv sinn. De Lennart Duschinger ass Conseiller am Finanzministère fir nohalteg Finanzen. De Georges Bock huet mat Investre eng ESG-fokusséiert Fintech Startup gegrënnt a wëll de Leit et erméiglechen, a Sustainable an Impact Fongen z’investéieren.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
6/24/202242 minutes, 5 seconds
Episode Artwork

Ketten-Revolutioun mat der Blockchain

Déi sougenannten Distributed-Ledger-Technologie gëtt vu ville Leit als revolutionäre Schrëtt an eng nei Ära gesinn. An am Hibléck op Web3 a Co. sinn d’Verwendungszwecker vun der Blockchain effektiv onendlech. Et gëtt ëmmer méi spannend Entwécklungen, déi de prakteschen Notze vun esou enger dezentraliséierter, fälschungssécherer Datebank ënner Beweis stellen.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Jean-Paul Scheuren ass schonn 20 Joer laang am Immobiliesecteur täteg an donieft Co-Fondateur vu BlocHome. Den Tom Kettels ass Project Leader vun der asbl Infrachain, déi den Developpement vun der Blockchain operationell soll virubréngen. Den Affekot Jeff Braun beréit am Beräich Crypto a Web3 Blockchain Projeten an ass Co-Fondateur vun der asbl LëtzBlock.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.
5/26/202240 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

Firwat ass Private Equity wichteg?

Jidderee schwätzt vu Private Equity, mee déi mannst wëssen, wat dat ass. Dobäi geet et ëm en essentiellen Deel vun der Finanzwelt, a besonnesch fir kleng a mëttel Entreprisen ass PE wichteg, fir dat laangfristegt Iwwerliewen ze sécheren. Et geet ëm Know How, Nohaltegkeet an d'Aarbechtsplaze vu muer.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Stéphane Pesch representéiert als CEO vun der Luxembourg Private Equity & Venture Capital Association déi ganz Communautéit an Industrie. De Yannick Oswald ass Partner bei der Venture Capital Firma Mangrove Capital Partners zu Lëtzebuerg, déi jonk Tech-Entreprise sicht an ënnerstëtzt. Den Yves Bodson ass Team-Manager vun der Aktivitéit Global Credit Investments & Financial Markets vun der Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
4/28/202242 minutes, 2 seconds
Episode Artwork

Cryptomania an den Notze vun digitale Wärungen

D'Pandemie huet den Opschwong vu Crypto-Geld befligelt. Mee nach ëmmer gëtt et vill Skepsis géintiwwer dësen Assets ouni physesch Substanz. Geet et hei ëm sënnlos Spekulatioun, wéi d'Kritiker behaapten, oder huet Crypto eng Zukunft am Mainstream?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Nadia Manzari ass Associée bei Schiltz & Schiltz an ass zoustänneg fir Finanzrecht a Finanztechnologien. De Christof Torres ass Doktorand op der Uni Lëtzebuerg an der TU München, an seng Dissertatioun befaasst sech mat der Sécherheetsanalyse vu Blockhain-Technologien, d.h. Crypto-Geld a Smart Contracts. De Jacques Weniger ass Associé bei Neon Internet, déi sech wärend de leschten zwee Joer intensiv mat Crypto auserneegesat hunn.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
3/24/202241 minutes, 55 seconds
Episode Artwork

Musse sech Banken online nei erfannen?

D’Digitalisatioun ass e grousst Thema, mee et geet hei ëm méi wéi 1ten an 0en. Dat traditionellt Bankwiesen muss sech engem Public upassen, deen Interaktivitéit gewinnt ass a bürokrateschen Opwand scheit, ouni awer déi Clienten ze vergiessen, déi sech méi schwéier mam Changement dinn.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Christophe Medinger vun der Spuerkeess schafft am Service Digitalisatioun an huet Dag fir Dag mat Projeten an dësem Beräich ze dinn. De Raoul Neu ass Solution Architect bei der Fintech Luxhub, déi di digital Transformatioun am Finanzsecteur als Open Banking Plattform soll facilitéieren. De Raoul Mulheims ass de CEO vu Finologee, engem Finanzdéngschtleeschter fir Banken an aner Acteuren. Hien ass schonn iwwer 20 Joer laang an digitale Projeten implizéiert, dorënner och Digicash.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.
2/25/202239 minutes
Episode Artwork

Och Suen hannerloosse Spueren

Geld huet en Impakt. Dees ass ee sech an der Banken- a Finanzwelt mëttlerweil bewosst. Mee wéi beaflosst d’Thema Nohaltegkeet dës Beräicher an Zukunft? Wéi evitéiert ee Greenwashing a belount déi, di sech wierklech dru ginn? A wou kënnt déi sozial Verantwortung mat an d’Spill? Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat dräi Invitéë vum Scientific Advisory Board vun der Spuerkeess. D'Nathalie Roth vu 4Climate ass schonn 20 Joer laang aktiv am Beräich Ëmwelt a Finanzen, d'Jenny de Nijs ass am Finanzministère responsabel fir nohalteg Finanzen, an den Dr. Félix Urbain ass Innovatiounsberoder a Projektentwéckler, ënner anerem fir d'EU-Kommissioun. Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.
1/27/202242 minutes, 51 seconds