Winamp Logo
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani Cover
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani Profile

Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani

Luxembourgish, Health / Medicine, 1 season, 41 episodes, 20 hours, 8 minutes
About
Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen? Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani. Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...
Episode Artwork

Episode 40: Mobbingpreventioun

Mir interesséieren äis haut fir d’Wuelbefanne vun de méi Klengen, awer natierlech kann alles dat wat mer haut beschwätzen och op déi Erwuessen iwwerdroe ginn. Et geet drëms ouni Angscht kennen am Alldag ze funktionéieren a Resilienz ass do e gudden Wee, an dat kennen och schonn Kanner a Jugendlecher leieren. D’Michele Bloes war selwer Chargé a Schouljoffer a schafft haut als Resilienzcoach mat ganz ënnerschiddleche Gruppe vun Kanner mat sengem Löwenheldtraining am Beräich vun der Mobbingpreventioun.
2/2/202429 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

Episode 39 : Theta Healing

ThetaHealing ass eng Meditationstechnik a spirituell Philosophie, déi vun der Amerikanerin Vianna Stibal gegrënnt gouf. D’Theta Healing-Technik hëlleft un sech fir de Geescht,, Kierper a Séil nei anzeriichten an deem een sech mat enger méi heiger Kraaft verbënnt. Et ass keng Relioun mee awer gleeft een hei drun dass et eng Createur gëtt vun dëser Welt. Weider Detailer ginn et haut mam Kimberly Jeitz.
1/5/202427 minutes, 19 seconds
Episode Artwork

Episode 38: Wantersport

000002FC 000002FF 0000D4D3 0000D4D3 0007E505 0007E505 00007E86 00007E86 00060539 00060539
11/30/202318 minutes, 49 seconds
Episode Artwork

Episode 37 : Chiropraktik

11/2/202348 minutes, 20 seconds
Episode Artwork

Episode 36: Mentalfeldtechnik

D’Mentalfeld-Techniken (MFT) ass eng liewensbegleedend net invasiv Therapie - an Selbsthellefethode fir d’Balance fir den autonomen Nervesystem. Et kann ee Stress bewältegen egal op et physeschen oder mentale Stress ass an et ass eng Therapie déi ganz gutt hëlleft bei Ängschten, Phobien, Zwäng, Prüfungsangscht, Hyperaktivitéit, chronescher Péng, Allergien asw. Am Studio ass dofir d’Mandy Poncin, eegestänneg Physiotherapeutin mat engem grousse Bagage u Weiderbildungen huet si sech hiren eegene Wee gemaach a kann haut eng ganz breetgefächert Panoplie vun Therapien ubidden, dorënner och MFT.
10/6/202327 minutes, 59 seconds
Episode Artwork

Episode 35: Massagen

Massage ass jo bekanntlech eng Zort Behandlung vum mënschlechen Kierper duerch klappen, knieden, heemelen, drécken, zeien etc, ma des Technik déi een als Empfänger "kritt" kann och vill méi déif goen an ganz aner Blockaden léisen. D'Ayano Everling huet sech no enger Karriär am Enseignement reorientéiert an proposéiert haut ganzheetlech Massagen aus der ganzer Welt déi vill méi wäit wei just ënnert d'Haut ginn. Vun Lomi Lomi iwwer Reiki, Watsu, Thai, Balinesesch, Shiatsu bis hin zu Ayurvedeschen Massagen huet si ganz villes an hirer Handwierkskëscht an wënnt genee dat un wat grad gebraucht gëtt.
9/1/202329 minutes, 16 seconds
Episode Artwork

Episode 34: Krafttraining

Virum Summer kucken mir wei mir eisen Kierper an eisen Geescht kennen stäerken. Kraafttraining kann net just d'Kierperkraaft verbesseren mee op laang dauer och en enormen Impakt hunn op ais Gesondheet an Mobilitéit am Alter. Wisou Kraafttraining wichteg ass, wei een déi Saach ungeet an och wei een dobäi blatzt, dat weess d'Conny Kayser mat hierer 20 järeger Erfarung an deem Beräich ganz gutt. Sie ass vun der Langhantel iwwerzeegt an erkläert ais weieng positive Effekter des Zort vun Training kann hunn. Lauschtert eran an gidd vun der kräfteger Energie ugestach.
6/1/202334 minutes, 45 seconds
Episode Artwork

Episode 33: Human Design

Human Design ass souzesoen eppes wei een Bauplang fir eist Liewen. Jiddereen ass jo mat engem eenzegaartegen Zesummespill vun Veranlagungen, Eegenschaften an Talenter gebuer ginn an Human Design soll hëllefen des ze identifizéieren an domat dann d’Liewen esou ze gestalten dass een sech besser versteet an och säin ganzt Potential erfaassen kann. Deemno ass een dann och méi an der Balance an fillt sech méi ausgeglach… doriwwer wollt ech méi wëssen. Human Design System baséiert sech op eng Mëschung vun honnertdausend aalen theorien iwwert Chakraen, also Energiepunkten am Kierper, I Gong, Astrologie mee och Quantephysik, Biochimie an Genetik. Gegrënnt gouf et virun 30 Joer an Kanada. Fir äis e bëssi eppes doriwwer ze zielen ass d’Franziska Müller am Studio.
5/4/202328 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

Episode 32: Bioresonnance

Moien bei Be Well, dem Gesonde Podcast zu Lëtzebuerg. Um Mikro ass wei gewinnt d’Sarah Cattani, Journalistin an Yoga Instructeur an haut gi mer mol bëssi an den Kierper mossen… an zwar mat Frequenzen. Mir interesséieren ais nämlech fir Bioresonanz. Des Methode kënnt aus der sougenannter Medecine Quantique an et geet heibäi drëms Bilan'en ze maachen an eventuell Anomalien ze reperéieren an zwar mat elektromagnéiteschen Analyse. Fir äis dat alles méi am Detail ze erklären hunn ech haut den Eric Esch am Studio.
4/7/202329 minutes, 20 seconds
Episode Artwork

Episode 31: Baubiologie

An dësem Podcast interesséieren mer äis un d’Ëmfeld an deem mer wunnen. Baubiologie ass un sech d’Leier vun der ganzheetlecher Bezéiung tëscht den Mënschen an hirer gebauter Ëmwelt. Baubiologie huet als Ziel een gesond naturno, nohaltegt an och ästhetescht Wunn oder Aarbechtsëmfeld ze schafen. Gebaier an Raim sinn fir Baubiologen souzesoen wei eng drëtt Haut vum Mënsch an dat kann op ganz villes en Afloss hunn, wou een vlait op den éischten Coup iwwerhaapt net drun denkt. Am Gespréich ass den Ralph Baden, Diplombiologe an Baubiologischer Messtechniker.
3/3/202324 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

Episode 30: Mindfullness

An dësem Podcast gi mer eis emol ganz bewosst wat genee an dësem Moment geschitt. Weieeng Techniken een kann benotzen am privaten oder och am professionellen Liewen fir méi uechtsam ze ginn an deemno och méi bewosst ze handelen.  Uechtsamkeet bezeechent en Zoustand vum Geescht an deem den Mënsch hellwaakreg ass an alles matkritt wat den Moment selwer geschitt souwuel kierperlech wei mental mee ouni Gedankenstreim dei hien op eng aner Platz matrappen, ouni Erënnerungen oder Projektiounen, ouni Phantasmen oder soss eppes wat hien oflenkt, an och ouni den Moment ze bewäerten. D’Marianne Reimann, Uechtsamkeetscoach erklärt äis net just wat et mat Mindfullness op sech huet mee gëtt äis och en klengen Fiergeschmaach mat enger Mikro Meditatiouns-Übung. Lauschter eran!
2/3/202352 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

Episode 29: Hypnobalance

D'Cindy Gouden ass Hiewan an Hypnotherapeutin an sëtzt sech virun allem mat den Themen Schwangerschaft, Gebuert, Kannerwonsch mee och traumatesch Gebuerten, Fehlgebuerten, Staerenkanner auseneen an seet selwer : egal wei haart d’Ëmstänn sinn et gëtt ëmmer en Mëttel an Wee fir des ze verschaffen. Et geet drëms den Mënschen ze hëllefen nees an den Aklang mat sech selwer ze kommen duerch d’Hypnose an domat dann och hier eegen Balance zreckzefannen. Lauschtert eran, et ass faszinant wat een alles duerch hynpobalance kann verschaffen léieren.
1/6/202327 minutes, 6 seconds
Episode Artwork

Episode 28: Medical Tattoo

An dësem Episode schwätzen mir mat der Tattoo-artistin Sandra Biewers iwwert medizinesch Tättowéierungen. Zanter gudd 25 Joër gëtt et des Spezialisatioun op “3D Areola/Nipple Restorative and Scar tattooing”. D’Patienten kreien heiduerch en ganzt nait Narbenbild an et kann hinnen och hellefen nee zu sech selwer an zu hirem Kierper ze fannen. En faszinant Thema wat dei aktif Kënschtlerin elo och hei am Land ënnert dem Numm “Moldokter” ugefaangen huet.
12/1/202237 minutes, 38 seconds
Episode Artwork

Episode 27: Energy Healing

Schamanismus bezeechent un sech eng Traditioun déi aus SIBIRIEN kennt an gëtt dohier och Sibireschen Animismus genannt. D’Heelritualer vun esou Schamanen ginn dobäi net just mam Moment selwer em mee kennen och an d’Vergaangenheet vun der Persoun goen déi bei si geet. Et ass weder eng Relioun nach just eng spirituell Praxis, mee Energieheelen oorientéiert sech awer un dësen Saachen an schafft wei den Numm et schonn seet mat Energien. Klengt vlait op den éischten Bléck bëssi skurril, mee mir wäerten gläich vill méi zu dësem Theme gewuer ginn. Bei mer ass den Frank W. Healer deen aus enger Famill vun Energieheeler kennt awer reicht rezent no enger Carrière am Finanzberaich selwer praktizéiert.
11/4/202226 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

Episode 26: Schwangerschaft

Bei Be Well geet et haut em eng ganz besonnesch Zäit an enger Fra (an och engem Mann) hirem Liewen, nämlech wann en neien klengen Mënsch decidéiert huet op des Welt ze kommen. Schwangerschaft, déi eng hunn eng oder méi hannert sech, aner dreemen dovun oder wëllen guer näischt dovun wëssen. D’Schwangerschaft den Ufank vun all Liewen hei op dësem Planéit, an dat an egal wei engem Familiären oder sozialen Kontext. Et ass den Ufank vun engem ganz neien Kapitel, fir den Puppelchen, fir d’Mamm, den Papp ma och fir all déi ronderem. Fir mat mir iwwert dëst schéint an Thema voller Léift ze schwätzen, an wat fir eng Optiounen een wärend dëser extraer Zäit zu Lëtzebuerg ass haut d’Hiewan Danielle Federspiel bei mir am Studio.  Uschléissend schätzen mir mam Stéphanie Fabbri dann och doriwwer wat eng Doula ass an wisou ëmmer méi Fraen och esou eng Berooderin an Begleederin wärend an no der Schwangerschaft huelen.
10/6/202238 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

Episode 25: Emweltmedizin

Mir sinn äis all bewosst dass äis Ëmwelt an eist Ëmfeld en Afloss kenne hunn op äis Gesondheet an awer faellt et eis dacks schwéier ze gesinn wat iwwerhaapt en Impakt op eis huet an wat vlait net. Weien Elementer vun eisem alldeeglechen Ëmfeld sinn deelweis direkt am Zesummenhang mat eisem Wuel oder eben Onwuelbefannen, oder esouguer eisen Krankheetsbiller oder eiser Péng am Kierper? D’EmweltMedizin, och nach Ursaachen Medezin genannt setzt sech genee domat ausenaner. An fir haut mat mir doriwwer ze schwätzen begréissen ech den Dr Joe Diederich bei mir am Studio. Hien ass Generalist an huet awer och eng Hellewull un aneren Formatiounen.
9/8/202239 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

Episode 24: Wassersport

D’Element Waasser ass net aus dem Liewen net ewechzedenken, an an dësem Podcast beschäftegen mer äis mat Aktivitéiten déi een an oder um Waasser maachen kann. Waassersport ass grad am Summer och hei am Land op villen Platzen ugesot. Wat gëtt et iwwerhaapt fir Waassersportaarten? An wiefern ass et anescht um Waasser wei un Land an weieng Beneficer hunn Aktivitéiten an an ronderëm d’Waasser?  Fir doriwwer ze schwätzen ass den Vincent Villain haut mäin Invité. Hien huet eng Formatioun als Sozialpedagog an säit 11 Joer ass hien Coordinateur an Responsabel vun den Aktivitéiten op der Base Nautique vu Lëlz beim SNJ an kënnt sech mat allen Waassersportaarten aus.
6/30/202221 minutes, 50 seconds
Episode Artwork

Episode 23 : Aromatherapie

Lavendel fir ze entspanen, Eukalyptus wann een erkaalt ass, Rosen fir gutt Laun… dat huet een alt schonn emol op mannst héieren oder gelies mee wat genee stécht hannert dem Begrëff Aromatherapie? Wou an wei gëtt se agewennt, wat genee sinn ätheresch Ueleger an op wat muss een oppassen? Doriwwer schwätzen mer Haut mam Catherine Ludivig ,geleiert Gäertnerin an Assistante en Pharmacie. Hirem éischten Kontakt mat den Ueleger  war an der Apdikt an zanterhier si mat vill Passioun déi 2 Beruffer. Virun 10 Joer koum dunn déi éischt Aféierung an 2013 dann eng méi déif Ausbildung vun 200 Stonnen zu Köln. Haut schafft si och zesummen mat Hiewanen, Dokteren an Psychologen.
6/10/202228 minutes, 3 seconds
Episode Artwork

Episode 22 : Schlof

Schlof ass un sech en Zoustand vun absolutter Rou bei Mënsch an Deieren. Den Puls, d’Noutfrequenz an och den Bluttdrock veränneren sech an eisem Schlofphasen an schlof ass wichteg fir en gesond an equilibréiert Liewen, ma weder ze vill nach ze mann Schlof ass gutt fir äis. Wéi mir kennen besser schlofen, méi ausgeglach rouen an am Gesamtbild méi balancéiert kenne sinn dat ass der Masa Nobilo hier Aufgab. Dei fréier Interpretin an Iwwersetzerin ass haut als Coach Actif. Sie ass Embodied Facilitator, Sleep Coach and Movement an Acro Yoga Enseignant an verreit ais an dësem Podcast wéi mir all besser kënnen schlofen.
5/5/202230 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

Episode 21: Allergien

Allergien sinn en Phänomen vum Occident, wisou dat esou ass an wat een preventiv kann maachen, dat beliichten mer an dësem Episode vum Be Well Podcast. Pollen, Liewensmëttel, Fell vun Deieren oder Milben… et ginn eng hëllewull un Saachen op déi déi Erwuessen ma och d’Kanner allergesch reagéieren an déi puer awer och heiansdo ganz vill Auswierkungen op den Alldag hunn. Mee wat genee ass iwwerhaapt eng Allergie, wei entstinn se an wei kann een se evitéieren oder esouguer heelen?   Doriwwer schwätzen ech haut mat der Allergologin Dr Francoise Morel
3/31/202232 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

Episode 20: Trisomie21

Trisomie 21 ass déi heefegst genetesch Anomalie. 1 op 1000 Gebuerten getraff ass. Sie exiléiert op der ganzer Welt an dat schonn zanter ëmmer. Un sech enthalen Zellen vun engem Mënsch mat Down Syndrom eng zousätzlech Kopie vum Chromosom 21 also hunn si der am ganzen 3 puer an dohier och den Numm Trisomie 21. Mee wei ass d’Liewen mat deem “Chromosome en plus” an wei ass d’Situatioun haut . Doriwwer schwätzen mer mat der Presidentin an Fondatrice vun der Asbl Trisomie 21 am Kader vum Weltdaag vun der vun der Trisomie 21 den 21 Mäerz. Hei am Land ginn et em déi 250 betraffen Famillen.
3/4/202230 minutes, 42 seconds
Episode Artwork

Episode 19: Danz

Danz, dat sinn un sech eng Serie vun Mouvementer déi dacks ästhetesch oder symbolesch gemengt sinn, et ass d’Beweegung vum Kierper ouni Wierder, et ass quasi eng Zort Sprooch vum Kierper. Wat fir eng Auswierkungen huet Danzen op eis? Kann eigentlech jiddereen Danzen? Wei kann Danzen eis als Erwuessenen mee och als Kand positiv beaflossen an eventuell zu engem ganz neien Kierpergefill hëllefen. Doriwwer schwätzen mer mat der Danzpädagogin Kamille M. an naitsten Podcast Be Well, de gesonde Podcast zu Lëtzebuerg.
2/4/202219 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

Episode 18: Mindful Eating

An dësem neien Episode beschäftegen mer eis haut mam Sprit vum Kierper, nämlech eisem Iessen an eisen Iessgewunnechten. Mindful Eating: wei kann ech méi bewosst an méi intuitiv Iessen an weieng ganz einfach Saachen kann ech an mengen Alldag ëmsetzen fir dass d'Iesssaachen déi ech zou mer huelen mir och an Leif an Séil gutt dinn. Doriwwer schwätzen mer mam Tammy Diderich, Diététicienne am Sportslycee. Sie ass spezialiséiert op Sporternährung an Intuitiv Iessen.
1/6/202227 minutes
Episode Artwork

Episode 17: Osteopathie

Osteopathie ass eng eegestänneg Form vun Medezin an där mat den Hänn geschafft gëtt. Den Mënsch gëtt an senger Gesamtheet behandelt. Vill Leit ginn mat Neigebueren bei den Osteopath oder z-B wann se Péng am Kierper hunn oder aner Problemer. Wat genee ass Osteopathie? Wou hëlleft se an wat ënnerscheet Osteopathie, vun Kiné, Chiruparktiker oder MikroKiné? Vir doriwwer ze schwätzen ass haut den Laurent Devalet bei mir. Hien schafft 2015 als Osteopath an enger pluridisziplinär Praxis.
12/2/202135 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

Episode 16: Burnout

Emotional exhaustion syndrome oder och Burn Out genannt huet een op 10 Employéen an Europa. Am Grand-Duché geet des Zuel souguer nach an d’Lut mat 2 Persounen op 10 déi sech op der Aarbecht gestresst fillen, an chroneschen Stress ass den gréissten Risikofacteur fir en Burn Out. Haut schwätzen mer mam Violaine Neuser , Psychologin am Gesondheetszentrum. Sie ass spezialiséiert am Stress Management an Biofeedback Therapy.
11/5/202126 minutes, 12 seconds
Episode Artwork

Episode 15: Hypnotherapie

Hypnotherapie baséiert op Psychotherapie an schafft mat verännertem  Bewosstsinn déi ënnert dem Begrëff  „Trance“ zesummegefaasst ginn. Dëst passéiert duerch Techniken mat Suggestiounen an Formuléieren an sollen et erméiglechen un Partien vun Ennerbewosstgsinn ze kommen op déi mir soss am alldeeglechen liewen keen Accès hunn. Fir mat äis doriwwer ze schwätzen accueilléieren ech haut d’Vanessa Grandjean, si ass Psychotherapeutin am Centre Hospitalier de Luxembourg
9/30/202127 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

Episode 14: Microkinesitherapie

Microkinesitherapie ass eng douce an manuell Therapie wou mat Beréierung geschafft gëtt fir am Organismus déi Platzen ze fannen wou Wonnen nach net geheelt sinn. D'Microkiné, wéi se kuerz genannt gëtt kann Irritatiounen oder Trauma opschaffen déi engem un sech net vlait guer net wierklech bewosst ass. Fir doriwwer ze schwätzen ass haut den Kiné Christophe Radek bei mir am Studio deen zanter 30 Joer als Kiné schafft ma haut quasi just nach Microkiné praktizéiert zu Lëtzebuerg an an Frankräich.
9/9/202123 minutes, 27 seconds
Episode Artwork

Episode 13: Yoga Therapie

Yoga gëtt et an den ënnerschiddlechste Varianten an déi al Léier aus Indien ass scho laang e weltwäiten Trend. Et ass eng Antik Praxis fir den Kierper an den den Geescht ze harmonéieren an dat mat Otem Exercicer, Übungen an Meditatioun. Yoga Therapie ass wann een des Prozesser ganz bewosst a säin deeglecht Liewen abaut an applizéiert. Mir schwätzen mam Helder de Graça deen schonn méi wei 10 Joer Yoga an och Yoga Therapie enseignéiert an praktizéiert.
7/1/202127 minutes, 7 seconds
Episode Artwork

Episode 12: Nutritioun

Wat ass déi bescht Ernierung, eng Fro déi d'Leit schonn zanter laangem iwwerall op der Welt hunn. Eng kloer Aenwert gëtt et net, mee ech gëtt sécherlech Richtungen déi méi gesond sinn wei anerer. Wouropper kann een an sengem Alldag oppasse, an wat duerch wat ersetzen. Wei schiedlech ass Zocker an wei schwéier wichteg ass et sech bewosst ze ernären an net just einfach all puer Stonne eppes iessen. Iessen kann een gesond, mee eben och krank man. An net all Kierper brauch genee déi selwecht Närstoffer. Wat ass äis Bezéiung zum Iessen an wei kann se besser ginn? Doriwwer schwätzen ech haut mam Isabel Galiano, Cancer Coach mä och Nutritioun Expert, Yogainstructeur & Yogatherapeut, och doheem am Reiki an den Moment am gaangen Naturopathie ze leieren. Baséiert ass d'Isabel zanter laangem zu Singapur an Asien.
6/3/202135 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

Episode 11: Gesondheetsberuffer

Sie waren virun allem am leschten Joer déi absolut Helden vum Alldag! Infirmieren an Infirmiere, Dokteren, Aide Soignanten… dat ganzt medezinescht Personal an dat weltwäit. Wei wichteg et ass dass vill Leit der Beruffung als Fleeger noginn hunn mer alleguerten spéitstens do verstanen. Fir iwwert d’Passioun vun den Gesondheetsberuffer schwätzen ass haut d’Elsa Do Carmo, Directrice vum Pôle Centre Mère-Enfant aus dem CHL bei Be Well am Gespréich. Mir schätzen iwwert den Alldag an den Klinicken ma och iwwert d’Situatioun vun den Gesondheetsberuffer zu Lëtzebuerg par Rapport zum Ausland,  an wei et mam Nowuess steet. Wat gëtt et neits am Beruff an wei wichteg ass et mat der Zäit ze goen an och nei Technologien mat afléissen ze loossen. Hei ass Be Well mam Thema - Gesondheetsberuffer, am Kader  der Journée internationale des infirmières, den 12 Mee 2020
5/6/202134 minutes, 55 seconds
Episode Artwork

Episode 10: Otmung

Et ass eng vun den banaalsten Saachen an eisem Liewen an awer stécht esou vill an eisem Otem wat mir net wouerhuelen. Mat den richtegen Techniken kann een sech entspanen oder nees Energie kréien, et kann een Saachen opschaffen oder sech komplett aus enger Stresssituatioun erauszéien. Wéi een den sougenannten "Breathwork" kann ugoen, an weieng ganz einfach Übungen een selwer kann man, dat erklärt äis d'Michèle Schons, Radiosspeakerin an Life Coach, mee och Expert am Breathwork, also Otemübungen.
4/8/202132 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

Episode 9: Ayurveda

Dass Planzen eis kennen hëllefen ass scho laang bekannt, dass et awer ëmmer em déi richteg Mëschung geet an dass déi fir anescht ass ass vlait net esou gewosst. Haut Reesen mer bis an Indien an interesséieren eis fir hier traditionell Medezin an do spillt alles eng Rolle fir eis Gesondheet ugefaangen bei deem wat mer iessen. AyurVeda op englesch iwwersat “ knowledge of life and longevity" also  "Langliewen an virun allem gesond" dat wëllen mer jo all, wei mer dat kennen ugoen mat Ayurveda dat erklärt eis den John Schlammes, Yoga Prof an Ayurveda Ernährungs- an Gesondheetsberoder.
3/18/202123 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

Episode 8: Akupunktur

Alternative Medezin, do denkt een séier un  also Traditionell Chinesesch Medezin an aus där kennt dann och d’Akupunktur an déi gëtt schonn iwwer 3000 Joer praktizéiert. An Asien Géigenden ass des Technik awer vill méi rezent. Wei kennen Nolen heelen an weieng Impulser setzen si am Kierper?  Bei wat kann een Akupunktur uwenden an wei effikass ass dat ganzt? Fir doriwwer ze schwätzen ass den Dokter Tom Elvinger, Generalist & Akupunkturist.
3/4/202135 minutes, 23 seconds
Episode Artwork

Episode 7: Psychotherapie

Och 2021 zecken nach ëmmer vill Leit fir bei den Psycholog oder den Psychiater ze goen wann et hinnen séileg net gutt geet. Deels natierlech och well dëst nach net vun der Krankekeess gett, wat sech jo an Zukunft zu Lëtzebuerg kéint änneren. Wat ass iwwerhaapt den Ënnerscheed tëscht Psychologe, Psychotherapeut, Psychiater an Coach an wat kann wiem an weienger Liewenssituatioun hëllefen… ech schwätzen dorriwer mam Psychotherapeut Michel Junker Hien deen sech op Schematherapie spezialiséeiert huet an och Member ass vun der Association Luxembourgeoise de Cognitivo-Comportementale.
2/18/202135 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

Episode 6: Minimalismus

“Let go of things, calm your mind, nurture your soul” - www.less.lu Haut geet et em eppes wat mer all ze vill doheem hunn, nämlech Saachen… fir déi eng ass et den Schaaf voller Kleeder déi een ni undeet, déi aner hunn eng Kichen voller Tasen an Tupperware wou een ni richteg weess wouhin domat. 10 Handdicher op den Kapp oder 100 Puer schong… mir kennen den Problem an un sech och d’Léisung. Mat manner Saachen lieft et sech net just méi einfach mee och indirekt vill méi gesond. Doriwwer schwätzen mer haut mam Nicole Wiesner, déi 2017 Less.lu gegrënnt huet an elo als Expert bei d’Leit heemgeet fir hinnen ze hëllefen manner ze hunn. Pay-what-you- wish ass den Moment dem Nicole sain Business Schema. Dat ass jo immenz! Méi dozou am Podcast!
2/4/202125 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

Episode 5: Cold Yoga

Schonn déi antik Tibetaner wossten et; de beschte Remède géint Keelt ass… Keelt! Hieren Yoga mécht een net nëmme méi resistent mee och méi staark a méi fit. TOUMO - iwwersat : "inner fire” also d’Feier wat an äis brennt ass eng Technik aus dem Tibetanesche Yoga an et geet drëms wei ee kann de Kierper an och de Geescht fir extrem Konditiounen adaptéieren. Et kann een sech natierlech virstellen dass dat gutt ass fir den Immun System, mee do geschéien nach vill méi Saachen, an der Keelt. Déi bekanntesten Meeschter aus aiser Zait sin den Wim Hof mat sengen verréckten Äis a Schnéi Experimenter an den Maurice Daubard deen mat sengen 91 Joer nach emmer iwwer 15min an 1 Grad Wasser bueden geet. Mat "Cold Yoga" kann een Immunsystem stäerken, Cellulite reduzéieren, Endorphiner ukuerbelen also Gléckshormoner an Enthusiasmus, a méi staarkt fir duerch d’Liewen ze goen et ass och en Anti-inflammatoire… wat brauch ee méi! Bei "be well" gëtt et haut esou richteg äis kal! Am Interview ass den vielfältegen Philippe Kieffer, deen beim Maurice Daubard geléiert huet an och zu Lëtzebuerg Yoga an der Keelt unbidd.
1/21/202130 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

Episode 4: Faaschten

Faaschten, also fir Stonne, Deeg oder esouguer Wochen näischt z'iessen gëtt et schonn Joerhonnerten. Wat huet et domadder op sech an wat geschitt dobäi am Kierper an am Geescht. Doriwwer schwätzen ech mam Monique Schmit vun Fastenwandern.lu. Si ass pensionéiert Infirmière an huet sech hiert Liewen laang mat Ernierung an Gesondheet beschäftegt. Zanter 25 Joer mëscht si all Joers eng Faaschtewoch no Buchinger a beschäftegt sech och soss ganz vill mat gesonder vitalstoffräicher Vollwertkascht. Nieft hirem Engagement bei den Faaschtenwanderer geet si och soss vill wanderen, Vëlofueren an danzen. www.fastenwandern.lu
1/7/202118 minutes, 49 seconds
Episode Artwork

Episode 3: Soundmassage

Musek an Téin hunn en groussen Effekt op äis. Se kennen frou stemmen oder traureg. Ma doriwwer eraus kënnen se äis awer och déif entspanen an et ass och eng Methode fir verschiddenes am Kierper ze débloqueieren. Mam Gilles Heinisch, zertifiéierten Entspanungstrainer an Klangmassagepraktiker schwätzen mer an dësem Episode iwwert d'Beneficen vun Soundhealing an als Bonus gëtt et um Enn dann och nach eng Klangmassage fir vun doheem aus matzemaachen. Macht et iech also gemittlech. www.calme.lu
12/18/202035 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

Episode 2: Mindset beim Sport

Dass Sport oder physesch Aktiviteit gudd ass fir den Kierper an och den Geescht ass wuel jidferengem bekannt. Mee wéi wichteg ass den Mindset beim Sport an op waat kann een selwer oppassen oder wéi kritt een sech selwer motvéiert? De Jeff Paulus ass Fitnesscoach, Personal Trainer an Athletiktrainer. Hien huet Sportwëssenschaft am Master zu Saarbrecken studeiert an ass Diplom Sportprof. Zanter 2011 ass hien selbststänneg an huet sain Studio AFORM gegrënnt (elo um Belval). Hien huet och vill Handball gespillt souguer och fir d’ Nationalequipe. Den Jeff ass Educateur gradué an Papp vun engem klenge Meedchen. Hien wees ganz gudd wei schwiereg et ass heiansto den Sport mam Alldaag ze jongeleieren. www.aform.lu
12/4/202024 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

Episode 1: Forestbathing

D'Karen Decker ass Bësch Coach, ma als passionéiert Bësch Guide weess hat awer och ganz vill iwwert d’Beem an och soss all Bëschbewunner ze zielen. D’Karen ass elengerzéiend Mamm vun 2 Kanner, Educateur gradué an huet sech nach ëmmer fir orientalesch Philosophy a Spiritualitéit interesséiert. En Trip a Japan mat 19 Joer hat och do en groussen Afloss. D’Karen huet dann och Chinesesch Medezin studéiert, en Diplom als Face-Yoga-Prof a meditéiert reegelméisseg. 2016 hat hatt en totalen Burnout deen 3 Joer gedauert huet an den Bësch huet gehollef fir do nees erauszekommen a genee dat mécht hat dann och haut mat de Leit: Bësch Coaching… an dat ka vill méi bewierke wéi ee vlait kéint op den éischte Bléck mengen… www.beschcoaching.lu
11/26/202025 minutes, 9 seconds
Episode Artwork

Episod 0

Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen? Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani. Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...
11/1/20201 minute, 4 seconds